Dëst ass den éischte Beitrag an enger neier Serie vu Blogposts, déi souwuel op Sven.lu wéi och op Jay.lu gepost wäerte ginn. Doranner diskutéieren de Sven Clement, Präsident vun der Piratepartei, an de Jerry Weyer, Vize-Präsident, iwwert en bestëmmten Thema mam Ziel souwuel déi perséinlech, wéi och d’Positioun vun der Piratepartei méi kloer ze definéieren. Déi eenzel Kommentare sinn perséinlech Meenung vun de Bedeelegten, kënnen awer iwwerspëtzt formuléiert sinn fir den’advocatus diaboli’ ze spillen. Dofir gëllen d’Aussoen net als offiziell Parteimeenung.

Jerry: Wéi transparent muss Politik sinn? Muss se iwwerhaapt Transparent sinn? Kann een net soen, dass fir erauszefannen op eng Entscheedung richteg ass oder falsch, een net muss wësse wisou se geholl ginn ass? An deem Fall wier transparent Politik iwwerflësseg!

Sven: Ech denken datt Politik muss transparent sinn fir datt de Wieler d’Zesummenhäng verstoe kann. Verschidden Entscheedunge kann een net als objektiv richteg oder falsch klasséieren, respektiv réischt wann et ze spéit ass. Op der anerer Säit ass et esou datt wa mer wësse firwat eng bestëmmten Entscheedung getraff gëtt, mer (besser) aschätze kennewat fir Effekter se huet a weem se a priori notzt. Nëmmen duerch eng vollkommen Transparenz kann de Wieler d’Entscheedung fir sech selwer novollzéien an decidéieren ob hien och esou gestëmmt hätt oder firwat eben net. Dat heescht den Ursprong vun enger Entscheedung ass bal genau sou wichteg wei d’Entscheedung selwer. Oder mëscht et keen Ënnerscheed wann en Deputéierte regelméisseg vun engem Lobbyist zum Iessen ageluede gëtt an dann deementspriechend Gesetzer stëmmt wei wann en net vum Lobbyist dozou bruecht gëtt? Lobbying muss jo net schlecht sinn, well wann et transparent ofleeft weess jidderee firwat en esou oder anescht gestëmmt huet.

Jerry: Transparenzgebot gëllt also net onbedéngt fir ze kucken op eng Entscheedung richteg oder falsch ass, ma fir dem Wieler ze erméiglechen ze erkennen op säi Vertrieder no senge Virstellungen handelt an fir anzeschätzen op en dat an Zukunft och wäert maachen. Transparenz ass also wichteg als Kontrollmechanisme fir d’Zukunft. Souguer all objektiv “richteg” Entscheedung muss oppe begrënnt ginn, fir, dass de Bierger an Zukunft kann erkenne wéi seng Vertrieder ofstëmme wäerten.
D’Fro ass lo wéi wäit dës Transparenz muss goen. Dës Limit ass schwéier ze fannen, wann een dovun ausgeet, dass all Mënsch beaflossbar ass an all Mënsch eng Privatsphär huet. Muss all Entscheedung total transparent sinn heescht dat, dass et Privatsphären net méi gëtt, schliisslech si mer all Wieler an all politesch aktiv. D.h. déi éischt realistesch Grenz ass ze soen, dass de Politiker a senger Amtszäit muss transparent sinn. Wéi wäit muss/dierf een hei goen? Muss ee wéi an den USA se fir säi ganzt Liewe rechtfäerdegen? Sollt een Politiker zwéngen Niewenakommes oppen ze leeën, a wa jo vu wéi enger Perioden? Soll een se zwénge Kontakter vun der Famillen, oder souguer Bekannter oppen ze leeën?

Sven: Ech gesinn d’Transparenzgebot tatsächlech als en Utile fir dem Bierger d’Kontroll iwwert seng Deputéiert ze ginn, en Politiker, zumindest soubal en en Amt huet an zumindest während genee där Mandatsperiod ka keng Privatsphäre fir sechbeusprieche wann et ëm Saache geet déi mat senger politescher Aarbecht ze dinn hunn.
Du gees mer e bëssen ze wäit wanns de sees, datt jiddereen ee Politiker ass, do stëmmen ech nämlech net zou. Ech man en kloer Ënnerscheeden tëscht Politiker mat Amt (also gewielt) an all anerem Bierger.
Ee gewielte Politiker soll Niewenakommes a Spende genee wei Kontakter mat Lobbyisten oppe leeën. Firwat och net, en entscheet sech fräiwëlleg fir dee Liewensstil an ass jo och bereet virun der Kamera vill opzegi wat een ënnert Privatsphäre versteet. Firwat solle mer do wann et ëm d’Geld geet stoppen?
Prinzipiell bräichte mer an enger éischter Phase ee Lobbyisteregister wou jiddereen dee lobbye wëllt sech muss androen, dëst géif vun der Chamber gefouert ginn a Kontakter mat dëse Persoune mussen oppe geluecht ginn. Dës Weideren bräichte mer eng Transparenz bei den Niewenakommes während der Amtszäit vun eise gewielte Vertrieder. Inwiefern dat duer geet, kann ee réischt ofschätze wa mer et hunn. Deemno wéi misst een awer nach weider goen!

Jerry: Vertéischt, fir et aus dem Wee ze hunn: fir mech ass all Mënsch Politiker. Soubal zwee Mënschen zesummen treffenmussen se Problemer ënnerenee léisen, dat ass fir mech d’Definitioun vu Politik; eng Gesellschaft lenken. Du hues awer (bewosst oder onbewosst) déi richteg Formuléierung geholl andeems de “gewielten” Politiker benotzt hues. Dës Leit hunn d’Entscheedung gemat net nëmme fir sech, ma och fir aner Mënschen Entscheedungen ze huelen. Doduerch mussen se enger méi grousser Transparenz ënnerleien.
Problemer mat denger Fuerderung zum Oppelee vun Niewenakommes a Lobbygruppe gesinn ech an der praktescher Ausféierung: et ginn ëmmer Mëttel a Weeër dës Regularien ze ëmgoen. Och ass et onméiglech alles opzeleeën; sou wéi jiddereen en Politiker ass, ass och jiddereen e Lobbyist.
Allerdéngs gesinn ech an, dass dëst keng konstruktiv Erugoensweis ass, wëll se all Evolutioun géif am Wee stoen. Dofir muss een kucken Mindeststandards op d’Been ze stellen, déi gewielte Politiker un den Transparenzgedanke gewinnen. Doriwwer raus muss een de Wieler kloer maachen, dass se keng Leit solle wielen, déi net Transparent am Amt (net privat!) net ausliewen. Wëll wat ziel herno am meeschten? Stëmmen!
Ech wëll awer nach emol umierken, dass et musse Limitë ginn. Souguer e gewielte Politiker huet en Recht op Privatsphär. Déi Sphäre ka méi kleng sinn, ma Null ass se ni. Besonnesch eng Ausbreedung op intiimst Familljeliewen, wéi se an den USA bei Presidentschaftskandidaten oder Riichtere fir d’Verfassungsgeriicht gemeet ginn ass ze fill dës Gudden. Wëll och wann de Politiker fräiwëlleg säi Wee aschléit, sou muss seng Famill nach laang net selwecht denken!

Sven: De Choix vu gewielte Politiker ze schwätzen hunn ech bewosst getraff fir och all Kandidat z.B. erauszehuelen. Weis de vollkomme richteg feststells, hunn dës Leit e Choix getraff a mussen dofir méi Transparenz an ëffentlech Opmierksamkeet erdroen.
Natierlech kann een all Regularien ëmgoen, genee wei d’Leit d’Promillegrenz oder d’Vitesselimiten ignoréieren, sou wäerten och Leit d’Transparenzregele verletzen. Mee nëmme mat klenge Schrëtt komme mer zum Ziel, an dofir sot ech jo, ech gesinn dat als éischt Phase, wann dat net duer geet, da musse mer noleeën, mä et ass a mengen Aen de richtege Wee.
Zum Thema Privatsphäre vu Politiker denken ech si mer op enger Linn. Natierlech hu Liewenspartner a Kanner dee Wee net onbedéngt gewielt a mir als Pirate sollten een ze staark Persoune bezu politesche System och ofleenen. Kloer sollt awer sinn datt de gewielten Akteur dës Privatsphären net fir sech perséinlech fuerdere kann.
Nëmmen duerch méi Transparenz och wat d’Niewenakommes vu gewielte Politiker ubelaangt, kann de Wieler seng Rechter & Pflichte besser ausüben.