Éiert ee mer noseet ech wéilt elo just d’DP1 “bashen”, well ech als éischt erklären datt ech et super fannen, datt d’DP net nemmen hiere läschte Kongress gestreamed huet2, nee se fänke suguer un ze twitteren3 ob dat wuel matt de Kommunalwahlen zesummenhänkt? Trotzdem huet den onbekannten DP-Twitterer den 26. Mee d’Piratepartei op Twitter recommandéiert4, dofir e GROUSSE Merci
Trotzdem muss ech op mäin Titel zréck kommen, sin säit der Erstellung vum Kommunalwahlprogramm5 vun der DP, bei hinnen vläit di ominéis Tasten Ctrl + C an Ctrl + V e bëssen ofgenotzt? Meng Äntwert dodrop ass ee kloren JO, well esou offensichtlech Dubletten kennen keen Irrtum sin an ech froen mech wat d’DP domadder bezwecke well. Et ka sin datt se dem Wieler net zougetraut hun di passend Fuederung op der richteger Plaz ze fannen, dofir hun se se widderholl, vläit sin hinnen awer och d’Themen ausgaang an se wollten trotzdem de Programm “opblähen”? Di richteg Äntwert kenne wuel just d’Parteistrategen…
Beim schnellen iwwerfléien, hun ech elo just d’Iwwerschrëften matteneen verglach, an ech kommen op di folgend Statistik:
D’DP huet op 7 Kapitel insgesamt 115 Fuerderungen gestallt, di verdeelen sech wi folgt:
25 x Kinder- und Familienfreundlichkeit
13 x Energiekosten & CO2
18 x Zusammenleben
8 x Mobilitéit
13 x Naturschutz
25 x Sëcherheet & Demokratie
13 x Kultur & Sport
wann ech elo kucken awer d’Iwwerschrëften matteneen vergéäichen, da kommen ech op folgend Statistik:
Kapitel 1: 10/25 Punkten kommen nach eemol am Programm fir
Kapitel 2: 1/13; Kapitel 3: 1/18; Kapitel 4: 4/8; Kapitel 5: 0/13; Kapitel 6: 0/25; Kapitel 7: 4/13.
Wann een dat elo berücksichtegt, huet de Programm vun der DP nach 105 Fuederungen vun deenen eng gudd Rutsch a mengen Aaen näischt an engem Gemengewahlprogramm ze sichen hun well se nemmen op nationalem wann net suguer europäeschem Plang behandelt musse gin.
Wat richteg erstaunlech ass, ass datt d’DP am Virwuert schreiwt:
Basisdemokratie mussten wir nicht erst erfinden. Sie gehört zu den Fundamenten der liberalen Bewegung in Luxemburg, der Demokratischen Partei.
Ech muss net wäit kucken, nämlech just bis an hier Statutten6 wou een da liese kann:
le respect scrupuleux des principes de la démocratie et du système du parlementarisme démocratique (Art. 1 (a))
Och fënnt een an hierem Grondsazprogramm7 nët EEMOL dat Wuert “Basisdemokratie”, hei also ze behapten et géif zu hiere Fundamenter gehéieren ass a mengen Aaen einfach lächerlech.
Och weider Punkten am Wahlprogramm stousse mir perséinlech sauer op, mee dat ass dann d’Matière fir ee weidere Blogpost nodeems ech och all di aaner Programmer duerchgeknat hun
Wi ëmmer si Commentairen gäere gesin, sulang se konstruktiv sin…
Quellen
2 comments
Perforin says:
May 29, 2011
Dogéint!
Naja mir hunn als Land souwisou den Faibel vir aner Länner 1:1 ze kopéieren obwuel dat wat mer do kopéieren, schon an deem Land vir schlecht oder onsécher deklaréiert gouf. Nuje, soulaang et eng stäerk Lobby dohannert gëtt, soulaang wäerten mer och all Schäiss opgezwonge kréien.
Sven Clement says:
May 29, 2011
Wéi mengs du dat elo? Ech hun den Kontext net ganz verstaanen