Let's make it happen

Let's make it happen

Wann eis gutt bezuelten Experten schonns op dëse Slogan komm sinn fir eist Ländchen no baussen an no bannen ze verkafen dann ass et e gudde Slogan fir de Startschoss op déi nächst Wahljoren ze ginn.

No zwee Joer erhuelen – also vum Wahlkampf – geet et elo neess lass, et gëllt Wieler an Nët-Wieler z'iwwerzeegen datt Verännerung net mat deenen ze maachen ass déi zanter iwwer zwanzeg Joer verantwortlech sinn.

Och wann et déi läscht zwee Joer ë bëssi méi roueg em d'Piraten gouf heescht dat net datt mir verschwonne sinn. Ganz am Géigendeel hu mir eis bénévole Kräfte gesammelt fir elo em sou méi kräfteg de Beruffs- a Vollzäitpolitiker ze weisen datt eng modern, fair an transparent Politik 2017 nach méi gebraucht gëtt wéi 2013. Mir wëlle weisen datt Politik aanescht ka gemaach ginn an datt Politik virun allem matt alle Menschen déi betraff sinn zesumme muss gestalt ginn. Mir si géint Allenggäng a fir e bessert Zesummeliewen.

No de Wahlgewënn vun Extreme Parteien an dem Donald Trump weist sech datt vill Leit d'Flemm hu vir weider vun deenen verwalt ze ginn déi well déi läscht zwanzeg oder méi Joer d'Soen haten. Et ass eng Sich no Alternativen do a mir wëllen dës Alternativ sinn ouni dofir mussen politesch Tabu'en ze briechen oder op den extreme Bord'en ze fëschen.

Wann ech déi läscht 3 Joer als Entrepreneur eppes geléiert hunn, dann ass et datt nach emmer villes am Ländchen an an der Stad schiefleeft. Vun net genuch Wunnraum iwwert ze komplizéiert Verwaltungsacten an onverständlech Entscheedungen.

Et gëtt héich Zäit datt sech eppes ännert an datt och d'Stad Lëtzebuerg am 21. Jorhonnert ukënnt an nët den Uschloss zu aneren europäeschen Haptstied verléiert. Well och wann Fintech wéi "Technologie" klengt geet et net duer e puer Giganten hei unzesiedelen, mee et brauch eng Entwécklung vun ënnen, et brauch kleng a mëttelstännesch Betrieber a Startupen fir d'Economie stabil genuch ze halen fir datt Giganten wéi Amazon, PayPal oder Microsoft déi néideg Persounen zu Lëtzebuerg fannen oder heihi lackele kënnen. Alleng op en Asteroid ze fléien, wéi eisen Economiesminister dat maache wëll geet dofir net duer. Eis Economie – an zwar net nemmen an der Stad – muss méi breed opgestallt ginn.

Eis Stad brauch eng Frëschzellekur, net architektonesch, mee inhaltlech. Mir brauchen rëm (jonkt) Liewen an der Stad, fir datt Stadter net mussen eweschplënneren wann se doheem erausplënneren a fir datt nei Jonker sech net an den Satelitte-Gemengen ronderem d'Stad oder souguer vill méi wäit ewesch nidderloossen. Eng méi lokal Populatioun ass och gutt fir eis Emwelt a fir d'Verkéierssituatioun, well och den Tram wäert eis net virum Kollaps ze rette wëssen. Eis Stad brauch en neit Verkéierskonzept wou d'Geschäftsleit hire Clienten attraktiv Konditioune bidde kënnen, wou awer d'Parken vun Employéeën an den Transitverkéier ënnerbonne gëtt.

Dofir proposéieren ech d'Verkéiersplangung vun der Stad eng Kéier komplett z'iwwerdenken an virun allem e Kurierdéngscht anzeféieren mat deem Geschäftsleit aus der Stad hiere Clienten käschtegënschteg kënnen d'Akeef heem liwweren. Dobäi denken ech un e Präis vun manner wéi 2 Stonne parken (4 EUR).

Mir brauchen awer och erem Liewen an de Quartieren a richteg Duerfkären fir sech ze treffen, Akeef ze maachen an um soziale Liewen deel ze huelen. Dës Plaze musse verkéiersberouegt sinn an sollen Inselen an der Stad sinn wou lokal Leit sech och mol nees kënne vernetzen. Eis Gemeng muss och bei neie Bauprojeten ab enger gewësser Gréisst vill méi proaktiv mat de betraffene Bierger schwätzen wéi dat haut geschitt. Well bei dëse Gespréicher kommen oft déi besser Léisungen fir e Quartier eraus, wéi wann vum Knuedler aus e Projet ferngesteiert gëtt.

Et gëtt esouvill Chantieren an der Stad, do geet e Blog-Post net duer fir se all unzeschwätzen, dofir mellt iech am Newsletter un a kritt all weider Neiegkeeten direkt an Äer Inbox.

Let's make it happen seet eis Regierung, majo dann fänke mer un fir de Knuedler z'enteren. De Wahlkampf huet grad eréischt ugefangen.