fbpx
 

Questions ParlementairesStatec Ëmfroen

March 22, 20210
https://sven.lu/wp-content/uploads/2021/03/business-people-discussing-survey-results-ZSB9H65.jpg

D’Gesetz vum 10te Juli 2011, hält fest dass d’Deelhuelen un STATEC-Ëmfroen obligatoresch ass. Doniewent, huet de STATEC huet och d’Recht, am Kader vun Ëmfroen, Accès op perséinlech Informatiounen ze kréien, déi op stattlechen Datebanke gespäichert sinn. Am Artikel 15 vum uewe genannte Gesetz sinn dann och méiglech Strofe festgehalen, falls ee refuséiert un enger Ufro deel ze huelen. Art. 15.: “”Le refus de fournir les renseignements demandés, le refus de les fournir dans le délai prescrit ainsi que le fait de fournir intentionnellement des renseignements inexacts ou incomplets est passible d’une amende de 251 euros à 2.500 euros. Le paiement de l’amende ne dispense pas de la fourniture de l’information demandée.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mol goufe Strofen, wéi am Artikel 15 virgesinn, ausgeschwat?

  2. An sengen Ëmfroen, kann de STATEC och Informatiounen iwwert aner Persounen aus dem Stot froen. Deemno, kréien si also Accès zu perséinlechen Daten, ouni onbedéngt den Accord vun de betraffe Persounen ze hunn. D’Gesetz vum 11 August 1982 concernant la protection de la vie privée schreift vir, dass d’Privatsphär vun de Bierger muss respektéiert ginn.  Gesäit de Minister an dëser Prozedur ee Konflikt tëscht dem Droit à la vie privée an den Ëmfroe vum STATEC?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3897

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.