Header for 10. 3 Proet de loi portant modification de 1° la loi modifiéedu 12 novembre 200 relativeà lalutte contre le blanchiment et contre le financement du terrorisme 2° la loi modifiée du 20 avril 19 relative à l’exploitation des eux de hasard et des paris relatifs aux épreuves sportives 3° la loi modifiée du 1 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif 4° la loi du 25 mars 2020 instituant un système électroniue central de recherche de données concernant des comptes BA et des coffresforts 5° la loi du 10 uillet 2020 instituant un Registre des fiducies et des trusts

10. 3 Proet de loi portant modification de 1° la loi modifiéedu 12 novembre 200 relativeà lalutte contre le blanchiment et contre le financement du terrorisme 2° la loi modifiée du 20 avril 19 relative à l’exploitation des eux de hasard et des paris relatifs aux épreuves sportives 3° la loi modifiée du 1 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif 4° la loi du 25 mars 2020 instituant un système électroniue central de recherche de données concernant des comptes BA et des coffresforts 5° la loi du 10 uillet 2020 instituant un Registre des fiducies et des trusts

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. 3 Proet de loi portant modification de 1° la loi modifiéedu 12 novembre 200 relativeà lalutte contre le blanchiment et contre le financement du terrorisme 2° la loi modifiée du 20 avril 19 relative à l’exploitation des eux de hasard et des paris relatifs aux épreuves sportives 3° la loi modifiée du 1 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif 4° la loi du 25 mars 2020 instituant un système électroniue central de recherche de données concernant des comptes BA et des coffresforts 5° la loi du 10 uillet 2020 instituant un Registre des fiducies et des trusts” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass d’Theema vum Dag: Antigeldwäsch, GAFIKrittären. Et hat een e bësse geduecht, et wär elo grad de Moment, wou de GAFI hei wär, fir eis ze kontrolléieren a säin Avis ofzeginn, fir vläicht dee Fleck, dee mer op eiser West hate vun där leschter Kontroll vun 2014, Pan démie oblige, datt mer dee géifen erofkréien, andeem mer géife weisen, wéi gutt mer awer geschafft hunn.

Bon, de GAFI ass net do. Dat hënnert eis awer net drun ze schaffen. Dat hënnert eis net drun, fir hei weider ze maachen an an engem relativ grousse Gesetz mat ganz villen Ënnerpunkten, mat ganz vil len eenzelne Gesetzer, déi do implizéiert sinn, dann elo e bëssen eppes méi ze maache géint d’Geld wäsch, e bëssen eppes méi ze maachen awer och a puncto Glécksspill, Brexit an Nummerekonten, also esou e bëssen eemol alles, kann ee bal soen.

Et ass ee Gesetz, dat et engersäits méi schwéier soll maachen, d’Wäisswäsche vu Gelder hei am Land ze maachen. Et soll also domadder net nëm men tatsächlech kriminelle Vereenegungen tout court et méi schwéier maachen, fir hir Suen ier gendwéi erëm an e legitimme Kreeslaf ze kréien, et soll et och méi schwéier maachen, terroristesch Organisatiounen ze finanzéieren.

Ech mengen, dat ass alles näischt Triviales, wat mer hei maachen. Dat ass alles eppes, wou ee scho soll soen: Et ass wichteg, datt mer dat heite maa chen! Et ass net pour la forme, wou mer dat heite maachen. Mir maachen dat heite wierklech, well et un d’Substanz geet. Et geet un d’Substanz, deene Leit, déi eppes Schlechtes wëllen, hir Moyens de fi nancement ewechzehuelen. An ech denken, datt dat wichteg ass. Datt et dann och nach gutt fir den Image vu Lëtzebuerg ass, wann et da richteg ver stane gëtt dobaussen, dat ass vläicht dee klenge Bonus, dee mer hei kréien.

Dann, wa mer iwwert de Fong schwätzen, do gouf scho vill gesot, wie wéini wat muss denoncéieren. Do soen ech dann och dem André Bauler nach eng Kéier Merci fir déi ausféierlech Erklärungen, déi ge maach goufen. Ech mengen, datt et wéi ëmmer ganz edukativ war, fir sech dat unzelauschteren, eeben och well et hei net nëmmen ëm d’Wäisswäsche vu Gelder geet, mee och ëm Num merekonten, eppes aus längst vergaangener Zäit, wat jo an de Filmer nach ëmmer gäre benotzt gëtt, wa mer vu Geldwäsch schwätzen, a wou d’Banken u sech Demandeur sinn, fir se lasszeginn. Bon, dat ass jo och en Dossier, op dee mer nach eng Kéier zréckkomme wäerten, deen iwwert déi Nummere konten an doriwwer, wouhinner déi Suen da solle goen, wa mer esou en Nummerekont hunn, deen inaktiv ass. Dat ass jo och rezent nach an der Press thematiséiert ginn.

An da geet et ëm de Brexit. Bon, fënnef Joer nom Referendum misst jo dann dee leschten OPC tatsächlech Zäit fonnt hunn, fir sech ëmzestellen. Ech hoffen, datt mer domadder da laang genuch Delaie ginn hunn.

An da komme mer zu deem leschte Volet, dem Volet Glécksspill. An do muss ech soen, datt et wierklech noutwendeg ass, datt mer net nëmmen dat heite Gesetz huelen, mee generell nach eng Kéier iwwert dee Volet vum Glécksspill hei zu Lëtzebuerg schwätzen, well et ass eng Tatsaach, datt mer hei zu Lëtzebuerg 2.000 Pi mol Daum illegal Glécksspillbornen a Caféë stoen hunn. Am Moment kënnen déi net benotzt ginn, mee soubal d’Caféen erëm opginn, kënnen déi erëm benotzt ginn. Also, mir hu ronn 2.000 illegal Glécksspillbor nen hei, déi da forcement och net kontrolléiert ginn, wou mer net wierklech eppes géint d’Suchtverhale maachen, wou mer dann och deementspriechend nëmmen d’Steieren op de Profitter kréien, awer net op dem Glécksspill, keng Glécksspillsteier. Ech mengen, datt mer hei wierklech nach eng Kéier mussen aktiv ginn.

D’Lëtzebuerger Gesetzgeebung ass duerch d’Benotze vum Internet aktuell ganz liicht ze ëmgoen, well Glécksspiller, déi vun engem anere Land aus als legal Aktivitéit bedriwwe ginn, net kën nen zu Lëtzebuerg verbuede ginn. An och do musse mer usetzen, och do musse mer mat eise Partner länner Léisunge fannen. A mir hoffen, datt d’Justiz ministesch sech dann an noer Zukunft domat beschäftege wäert, fir d’Glécksspilllegislatioun hei zu Lëtzebuerg ze verbesseren, well hei ass aktuell an eisen Aen e Lach, wouduerch d’Geldwäsch an d’Finanzéierung vun illegalen Aktivitéiten awer iergendwéi kéinte méiglech gemaach ginn an dat mer onbedéngt sollten zoumaachen, fir hei guer net eréischt an d’Laberenten ze kommen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtze buerg brauch eng gerecht Finanzpolitik mat trans parente Virgaben a Kontrollen an eng Finanzplaz, déi modern an zugläich fair ass. All Schrëtt, deen et de Kriminelle méi schwéier mécht, fir hire Machen schaften nozegoen an hei am Land Geld iergendwéi wëlle wäisszewäschen, fënnt duerfir eis Ënner stëtzung. Duerfir gi mer den Accord.

Ech soen Iech Merci.