Header for 10. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse des prix et de la pénurie des matériaux de construction

10. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse des prix et de la pénurie des matériaux de construction

Dës Ried hunn ech den 06/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse des prix et de la pénurie des matériaux de construction” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech soen der CSV fir d’éischt Merci fir d’Ufroe vun dëser Aktualitéits stonn. Allerdéngs muss ech och soen, datt d’Thee ma vun dëser Stonn, wéi scho bei enger anerer Ufro zu de Sprittpräisser, erëm en Theema betrëfft, wat déi national Politik nëmme minimal beaflosse kann. D’Penurie vu Materialie wéi Holz an Isoléier material betrëfft jo net nëmme Lëtzebuerg. Déi be traffe Materialie kommen aus aller Häre Länner. An d’Penurie ass virun allem ausgeléist duerch eng Hausse vun der Demande aus den USA a China.

Lëtzebuerg kann net zu Kanada a Russland soen, si missten einfach emol méi Holz aschloen a verka fen. Mir hunn also weeder e signifikanten Afloss op d’weltwäit Demande nach wierklech een op d’Offer.

A wie sech elo d’Kurv vun den Holzpräisser um in ternationale Marché ukuckt, dee gesäit, datt se als Éischt explodéiert sinn, fir sech du ganz séier erëm ze effondréieren, well et dunn eeben zu enger Iw werproduktioun koum an doduerjer de Maart ganz séier reagéiert huet an d’Präisser erëm gefall sinn.

Dat heescht: Wien op Holz spekuléiert huet, deen huet op eng Blos spekuléiert.

Wou mir awer hei eppes kënne maachen, dat ass, ganz kloer ze soen, datt d’Präishausse bei ëffent leche Bauten net op den Endkeefer iwwerdroe gëtt.

D’Penurie u Baumaterialien dierf net derfir suergen, datt d’abordabel Wunnenge méi deier ginn. Dës Haussen, déi d’Konstruktioun verursaacht huet, mussen an eisen Ae vun den ëffentleche Fongen ausgeglach ginn. Dat ass d’Aufgab vun engem So zialstaat an déi sollte mer och unhuelen.

An deem Kader wéilt ech och op de Punkt vu méig lechen Hëllefe fir de Secteur agoen. D’Chambre des Métiers bestätegt mat hiren Zuele vum éischten Tri mester 2021, datt den Artisanat nach ëmmer vun der Kris betraff ass. De Bausecteur huet am Schnëtt 6 % vu sengem Chiffre d’affaires agebéisst.

Dat läit awer haaptsächlech un de Congéen an de Quarantainen, déi derfir gesuergt hunn, datt d’Fir men net esou virukomm si mat hire Projeten, wéi se sech dat gewënscht hunn, an net direkt un der Pe nurie u Materialien.

Mee, an dat muss een och soen, de Konstruktiouns secteur ass ee vun deene Secteuren, déi am mannsten ënnert der Covidkris gelidden hunn. Si waren nom éischte Lockdown déi Éischt, déi erëm hunn däerfen ufänke mat schaffen. Den Emploi to tal ass vun Enn 2019 bis 2020 nach ëm 3,8 % ge stigen, dat heescht, trotz engem haarde Lockdown an enger zweeter Well sinn haut méi Leit am Konstruktiounswiesen agestallt wéi nach virun der Kris. Trotz der Kris hunn d’Patronen also weider Aarbechterinnen an Aarbechter agestallt.

Well och vill vun dëse Firme ganz grouss Firme mat vill Kapital sinn, gesi mir d’Bereetstelle vu staat lechen Hëllefen hei liicht skeptesch. Hei misst ee virun allem deene klenge Firmen am Secteur hëlle fen, déi duerch hir Gréisst einfach manner upas sungsfäeg sinn. Virun allem deene Firmen, déi sech fir d’Zukunft prett maachen a méi ëmweltfrëndlech bauen oder sanéiere wëllen, muss de Staat nach méi staark mat Rot an Dot zur Säit stoen. Duerch Projete vun der EUKommissioun wéi de Green New Deal huet sech d’Méiglechkeet opgedoen, de Fir men op Basis vun hirer Ëmstellung op méi ëmwelt frëndlech Praktiken ënnert d’Äerm ze gräifen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir eis Piraten dierf dëse Manque u Baumaterialie keen Afloss op den abordabele Wunnraum hunn. Dat muss dee wichtegste Message sinn, mat deem mer erausginn! Déi, déi d’Chance hunn, eng vun de wéi nege Sozialwunnengen ze kréien … Et sinn der net genuch an et ass eng Drëps op de waarmen, op de gliddege Steen a mir soen dat hei oft genuch an ech mengen, mir hunn an der Lescht heibanne ganz vill iwwert de Logement diskutéiert: Et geet net duer! Mee dann däerfe mer deene Leit, déi d’Chance haten, op der Lëscht wäit genuch no vir ze réckelen, fir sech kënnen eppes ze leeschten, elo net nei Steng an de Wee leeën, andeem mer eng Hausse, déi net selwer verscholt ass, weider reechen.

Hei muss also de Staat respektiv mussen déi ëf fentlech Promoteuren ausgläichen. De Staat muss och Baufirmen, déi méi nohalteg wëlle schaffen, weiderhëllefen, dëst, wéi gesot, net nëmmen duerch Subsiden, mee och duerch kompetent Be rodung.

Finalement ass et awer esou, datt mir als Staat keen Afloss op d’Offer hunn an nëmme ganz be schränkt kënne Subside ginn, ouni géint EUReege len ze verstoussen. Et muss ee soen, datt dëse Pro blem net eleng um nationale Plang ka geléist ginn.

Deementspriechend muss ee sech och eng Kéier ukucken, wat an de Motioune steet, déi ech d’Chance hat kuerz ze liesen.

Do geet et drëm, datt d’Gemengen Här President, erlaabt et mer, ech schwätzen och direkt zu de Mo tiounen engersäits elo en Taux zéro solle kréien, fir Surcoûten auszegläichen. Mir sinn an enger Niddregzënssituatioun a grad fir TripleAgerated Entitéiten déi d’Lëtzebuerger Institutioune sinn sinn déi Tauxe souwisou scho ganz no bei null. Dat heescht, den Ënnerscheed wäert sech relativ wéi neg op de Gemengenhaushalt auswierken.

Wou mer en Taux zéro bräichten, dat ass bei Leit, déi Primoacquéreur sinn! Dat ass bei Leit, déi wéi neg Geld hunn an déi eeben elo duerch eng Hausse vun de Wunnengspräisser zousätzlech gestrooft ginn. Deene musse mer hëllefen! Net onbedéngt de Gemengebudgeten, wou den Ënnerscheed zwë schent null Prozent op dräi Joer an ee Komma ep pes Prozent op dräi Joer wann et dann iwwerhaapt esou vill ass, wat se bezuele mussen net wierk lech an d’Gewiicht fält. Wie weess, datt de Staat rezent erëm mat Negativzënse geléint huet, weess, mengen ech, datt d’Zënse fir ëffentlech Bauträger wierklech ganz geréng sinn.

Wat déi aner Aiden ugeet, mengen ech, sollte mer eis op déi Schwächst an der Gesellschaft fokus séieren, op déi, déi haut schonn um Wunnengs maart, deen absolutt iwwerhëtzt ass, d’Schlappe verléieren, an hinnen ënnert d’Äerm gräifen, fir datt dës Penurie an domat déi konsequent Präishausse d’Wunnen net nach méi zu engem Dram mécht, dee si ni kënnen erreechen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Nächsteléift an Ak tioun!