Header for 10. Motion de M. Fred Keup relative à l’arrêt de toute privatisation de l’école publique

10. Motion de M. Fred Keup relative à l’arrêt de toute privatisation de l’école publique

Dës Ried hunn ech den 17/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. Motion de M. Fred Keup relative à l’arrêt de toute privatisation de l’école publique” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi Motioun ass u sech fir eis eppes, wat ganz sympathesch ass, well ech hunn déi lescht Deeg domadder verbruecht, mat den Direktiounen aus deene jeeweilege véier betraffene Lycéeën ze kommunizéieren, an déi véier Direktioune waren definitiv net consultéiert ginn.

A wann een elo seet, mir missten dann elo endlech diskutéieren, ass dat vläicht de falsche Wee. Wa mer esou e Projet maachen, da sollt ee vläicht am Viraus den Dialog sichen, a grad mat deene Betraf fenen, well wann et nëmme solle véier Lycéeë sinn, dann hätt de Minister och kënnen en amont mat deene véier Direktioune schwätzen.

Elo ze behaapten, et wäre just véier Lycéeën, ass iwwregens, an do ginn ech dem Martine Hansen Recht, och e bësse geflunkert, well schonn am Exposé des motifs steet dran, datt ee kéint iwwer leeën, dat Ganzt nach eng Kéier fir aner Lycéeën opzemaachen. An et däerf een net vergiessen, datt et en analoge Gesetzesprojet gëtt, fir dat heiten och nach a véier aneren Instituter ze maachen.

Deementspriechend sinn ech der Meenung, datt mer hei wierklech sollten den definitive Retrait froen an datt een dee ganze Spaass do soll nei ufänken.

Dat Zweet ass: Wat mécht eis déi Motioun hei e bëssen onsympathesch? Dat ass wierklech dat mat där perfekter Beherrschung. Den David Wagner sot et, d’Martine Hansen sot et, ech hunn nach vir dru mam Marc driwwer geschwat: Kee vun eis hei banne kann déi dräi Sprooche perfekt. A wann och nach ee vun eis perfekt Lëtzebuerg kéint schreiwen, da wär e warscheinlech an iergendenger anerer Sprooch defizitär. A wann en déi aner Sprooche per fekt kann, dann ass en am Lëtzebuergesche vläicht defizitär.

Deementspriechend, wann dat kéint geännert ginn, da kéinte mir déi Motioun matdroen. Wat de Rekru tement ugeet vun den Direkteren a Schoulen, mengen ech, sollt et evident sinn, datt déi eng gewëssen Erfarung, eng gewësse pedagogesch Ausbildung brauchen, an dat fënnt een …

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). … nun emol am Corps enseignant an net op iergendenger Bank oder an enger Assurance.