Header for 10. Motion de M. Marc Lies relative à la réouverture des aires de jeux à partir du 10 juin 2020

10. Motion de M. Marc Lies relative à la réouverture des aires de jeux à partir du 10 juin 2020

Dës Ried hunn ech den 09/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. Motion de M. Marc Lies relative à la réouverture des aires de jeux à partir du 10 juin 2020” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass dach en Trauerspill, wa mer heibannen als Chamber eis elo op e puer Stonne vertréischte loossen a gesot kréien: „D’Zuele gi muer am Regierungsrot presentéiert.“ Ma wien ass dann deen éischte Pouvoir am Land? D’Chamber oder d’Regierung?

Wie soll, …

M. Marc Spautz (CSV). Richteg! Richteg, Här Clement. Sot et!

(Interruption par Mme Simone Beissel)

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass eng gutt Fro, Madamm Beissel. Wie geréiert d’Kris dann? Dat ass wierklech eng gutt Fro. A wa mer dat diskutéieren, Madamm Beissel, …

(Brouhaha)

M. Guy Arendt (DP). D’Oppositioun an d’Spillpazen!

(Coups de cloche de la présidence)

… jo, do gesi mer et. Do gesi mer et.

M. Roy Reding (ADR). Estce qu’il y a un capitaine à bord?

M. Sven Clement (Piraten). Kommt, mir stellen …

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Clement huet d’Wuert.

M. Sven Clement (Piraten). … Kadaver gehorsam hannendrun.

M. André Bauler (DP). Wat sinn ech frou, datt Dir d’Kris net geréiert.

M. Sven Clement (Piraten). Genau dat. Also ganz, …

M. Georges Engel (LSAP). Also mat Spill plaze geréiert een d’Kris net.

M. Sven Clement (Piraten). Ganz éier lech, mir hunn hei …

(Interruption par Mme Simone Beissel)

Den Här Bettel huet elo grad gesot: „D’Zuele sinn an e puer Stonnen do.“ Majo, souwäit ech den Ordre du jour vun der Chamber hei ge sinn, hu mer nach e bëssen Ordre du jour virun eis. A wann d’Zuelen, an do ginn ech dem Kol leeg vun déi Lénk absolutt Recht, wann d’Zuele jo vu gëschter sinn, da si se do. Da waarde mer elo, datt mer se presentéiert kréien, datt mer net drop waarden, datt d’Pushnotification vun iergendengem Presseorgan kënnt, an da kann d’Chamber en connaissance de cause net elo, net a fënnef Minutten, mee dann an annerhall wer Stonn oder an zwou Stonnen doriwwer ofstëmmen. Nämlech zu deem Zäitpunkt, wou déi Zuelen do sinn. Well wéi eescht …

M. Guy Arendt (DP). D’Spillplazen op fir d’Oppositioun!

M. Sven Clement (Piraten). … huele mir eis als Chamber? Wéi eescht huele mir eis als Chamber, wa mir haut, an do denken ech un d’Kolleege vun der Majoritéit, wa mir haut ëm, kommt, mir soen, fënnef Auer géint d’Opmaa che vun de Spillplaze stëmmen an de Regie rungsrot muer de Moien ëm eelef Auer an noncéiert, datt d’Spillplazen opginn? Dat ass dach net seriö ze huelen! Do maache mer eis dach heibanne selwer lächerlech. An ech men gen, genau dat ass et, wat d’Politikverdrossen heet am Land generéiert, …

M. Guy Arendt (DP). O!

M. Roy Reding (ADR). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). … wann d’Chamber mëttes seet: „Nee!“, …

(Brouhaha)

Une voix. Egal wat!

M. Sven Clement (Piraten). … an d’Re gierung den Dag drop seet: „Jo!“

(Coups de cloche de la présidence)

An dat ass lächerlech, léif Kolleeginnen a Kol leegen!

(Brouhaha)