Header for 10. Motion de M. Marc Spautz relative a la convocation d’une réunion du Comité de coordination tripartite

10. Motion de M. Marc Spautz relative a la convocation d’une réunion du Comité de coordination tripartite

Dës Ried hunn ech den 12/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “10. Motion de M. Marc Spautz relative a la convocation d’une réunion du Comité de coordination tripartite” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un d’CSV an un de Marc Spautz fir déi Motioun, déi mer, dat kann ech Iech elo scho soen, wäerte matdroen. Well, éischtens, d’Regie rung selwer am Stabilitéits a Wuesstumsprogramm en däitlech méi düüstert Bild moolt, wéi de Gilles Baum dat hei op der Tribün gemaach huet. Wien do liest, datt de Chômage an d’Luucht soll goen …, an dat sinn net ech, deen dat behaapt, dat ass d’Regie rung an engem offiziellen Dokument, wat se op Bréissel geschéckt huet. Dat heescht, jo, vläicht hu mer am Moment eng saisonal Entlaaschtung, mee d’Regierung selwer an de Statec gi vun enger Erhéi jung vum Chômage aus. Haut de Moie war nach am „Paperjam“ en Artikel, datt déi Faillittewell elo eréischt kënnt, wann et eng Relance économique gëtt. Och dat wäert natierlech en Afloss op de Chô mage hunn, op d’Gesamtklima, wéi et zu Lëtze buerg wäert goen. Deementspriechend sinn ech net ganz esou zweckoptimistesch, wéi de Gilles Baum dat hei op der Tribün war.

Zweetens, d’Tripartite ass e strukturéierte Sozial dialog. Wa mer eppes zu Lëtzebuerg an der Ver gaangenheet gemaach hunn, an de Gilles Baum huet dat richteg hei duergestallt, war dat ëmmer e Krisenoutil. Et war net en „Après“Krisenoutil, et war en Outil, fir wärend der Kris den Aprèscrise ze denken, ze plangen. Mir sollten et also elo net esou gesinn, datt mer eréischt no der Kris d’Tripartite ruffen, wa se net méi vill ka maachen, mee mir musse se an der Kris aktivéieren, fir datt mer eeben elo zesumme schaffen an net géinteneen, fir aus där Kris erauszekommen.

A schlussendlech musse mer de Momentum, dee mer hunn, dee Wëllen, fir aus der Kris erauszekom men, elo notzen, déi Bereetschaft, och Kompromës ser ze maachen, ier mer am Aprèscrise sinn, wou jiddwereen erëm sech selwer am noosten ass, fir zesummen dës Sortie ze denken, ze plangen. An dat ass dat, wat de Lëtzebuerger Modell ausge maach huet. An dofir wäerte mir, wéi ech et gesot hunn, dës Motioun och matstëmmen.