Header for 11. Motion de Mme Martine Hansen relative à la mise en place d’une prime spéciale uniqueaccordée aux prestataires de soins engagés dans la lutte contre la pandémie Covid­19

11. Motion de Mme Martine Hansen relative à la mise en place d’une prime spéciale uniqueaccordée aux prestataires de soins engagés dans la lutte contre la pandémie Covid­19

Dës Ried hunn ech den 17/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “11. Motion de Mme Martine Hansen relative à la mise en place d’une prime spéciale uniqueaccordée aux prestataires de soins engagés dans la lutte contre la pandémie Covid­19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Den Här Reding huet elo grad eppes gesot, wat, mengen ech, zum Kär vum Problem kënnt. Nämlech huet e gesot, datt déi Strukture privat organiséiert sinn an datt et net un eis wär, fir do anzegräifen.

Ech si ganz anerer Meenung. Bei allem Respekt fir den Här Reding sinn ech der Meenung, datt ausseruerdentlech Aarbecht soll ausseruerdentlech honoréiert ginn. A wann eise Gesondheetssystem gréisstendeels privat ass an déi Strukture privat sinn, dann ass vläicht genau do de Problem. A wann dat eis soll drun hënne­ ren, fir deene Leit, déi wierklech am häertste schaffen, eng Primm auszebezuelen, da musse mer de System vläicht grondsätzlech iwwerdenken!

Dofir wäerte mir Piraten dës Motioun matstëmmen. An ech hoffen, datt net mat Argumenter gefuer gëtt wéi: „Dat doten ass privat, dofir kann d’Regierung oder d’Chamber näischt maachen“. Mir hunn och Patrone gesot: „Dir maacht elo Äre Betrib zou!“; mat guddem Recht, et war richteg, et ze maachen. Mee mir kënne Patronen dann awer och soen: „Ënnerstëtzt déi Leit, déi am häertste schaffen!“ Ech wär frou, wann dat steierlech begënschtegt gi wär. Mee ganz éierlech: Da musse mer et eeben iwwert dëse Wee maachen!