Header for 12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du dialogue social et des consé quences de la crise sanitaire au niveau économique et social

12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du dialogue social et des consé quences de la crise sanitaire au niveau économique et social

Dës Ried hunn ech den 16/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du dialogue social et des consé quences de la crise sanitaire au niveau économique et social” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll als Alleréischt der CSV a virun allem och dem Marc Spautz Merci soe fir dës Aktualitéitsstonn, well si ass alles anescht wéi anodin.

Grad an dësen Zäiten, déi gepräägt si vun Onsécherheet an Zukunftsängscht, sollte mer de Sozialdialog ganz grouss schreiwen. D’Gewerkschaften hunn hire Wëllen, fir sech mat der Regierung un een Dësch ze setzen, schonn zënter dem Ufank vun der Coronakris verlaude gelooss.

Och mir Piraten hunn eis derfir ausgeschwat, de Sozialdialog un déi éischt Plaz, nieft der wirtschaftlecher Relance, ze setzen. Dofir hate mer ewell viru Kuerzem hei an der Chamber an enger Motioun gefuerdert, fir e Rapport spécial de sortie de crise zesumme mat der Zivillgesell schaft auszeschaffen. Dozou wäert et, wéi d’Majoriéit et heibannen decidéiert huet, net kommen, well d’Motioun gouf ofgeleent.

Här President, scho virun der Coronakris koume säitens dem Patronat Stëmmen op, an ech wëll hei keng Nimm nennen, déi gemengt hunn, de Modell vun der Tripartite wier obso let, well net konsensfäeg. Ech erënnere mech un eng Emissioun op der Antenn vun RTL, wou ëmmer erëm vun „Dialog“ geschwat gouf. Dësen Dialog sollt, wann et nom Patronat geet, just nach an enger Zweeërkonstellatioun ge fouert ginn an net méi an enger Dräierkonstel latioun.

Mir Piraten halen et awer grad an de Krisen zäiten fir imminent wichteg, datt mer elo keen Dialogue de sourds féieren. D’Tripartite huet eisem Land ewell fréier aus schwéieren Zäite gehollef, an dat geneesou am Sënn vun de Patrone wéi an deem vun de Salariéen.

Haut liewe mer awer an aneren Zäiten, kéint ee mengen. Zum sozialen an ekonomeschen As pekt geselle sech och nach aner politesch Agendaen, wéi notamment de klimateschen Enjeu oder dee vun der Cohésion sociale.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Lockdown ass eriwwer. D’Verbreedung vum Virus schéngt ofgeschwächt an den État de crise geet lues awer sécher op en Enn. No der sanitärer Kris riskéiere mer awer elo, vun enger wirtschaftlecher a sozialer Kris getraff ze ginn. D’Konsequenze vun dëser Entwécklung kënnen ënner Ëmstänn desastréis sinn. Och virun der Kris hate mer a Saachen Aarmut, Accès zum Logement, Klimaziler oder sozial Kohäsioun ewell Nohuelbedarf.

Elo sti mer hei matzen an enger Kris. Mir hu keng Zäit. Mir dokteren, plooschteren, mee e Plang hu mer net. Mir hunn héchstens d’Gewëssheet, Här President, datt um Enn vun dëser Kris déi Problemer, déi dëst Land, eist Land ewell virun der Kris hat, sech nach eng Kéier verschäerfen. Ma wéi solle mer un dës Pro blemer erugoen, wann net am Dialog?

Jo, mir Piraten si Fan vum Sozialdialog. Et ass absolutt néideg, datt sech déi eenzel Acteuren zesummen un den Dësch setzen, fir d’Proble mer, déi mer hunn, an déi, déi eis bevirstinn, gemeinsam unzepaken. Mir gesinn awer och, datt de Sozialdialog muss reforméiert ginn. Eng Tripartite ass schéin a gutt, mee mir brauchen e moderne Sozialdialog, deen iwwer eng reng Tripartite erausgeet an deen och aner Acteure vun der Zivillgesellschaft mat un den Dësch hëlt.

Wien haut e Gesetz mécht, dee muss méi Para metere matabezéien, wéi dat nach virun 20 Joer de Fall war. Mir liewen an enger Zäit, wou keng Decisioun méi ka getraff ginn, ouni de sozialen, ekologeschen, demokrateschen an digitalen Aspekt ausser Uecht ze loossen (veuil lez lire: Aspekt mat ze betruechten).

Här President, mir liewen am Zäitalter vun de Reseauen. Och d’Politik kann dovu profitéieren, fir gutt Gesetzer ze maachen: Gesetzer, déi mat de Biergerinnen a Bierger ofgestëmmt sinn, Gesetzer, déi basisdemokratesch legitiméiert sinn, Gesetzer, déi contrairement zu fréier kee méi ausschléissen an eng Hellewull u Parame tere matabezéie kënnen, jo, souguer mussen. Wa mir wëlle Konsequenze vun der Kris anti cipéieren, da kommt, mir hunn de Courage, mat de Biergerinnen a Bierger ze schwätzen: Wou leien d’Doleancen? Wéi kënne mer e Maximum u Biergerinnen a Bierger mat eiser Politik erreechen? Wéi kënne mer wierklech e Sozialdialog op d’Rei bréngen?

Mir duerfen net riskéieren, datt dat, wat mer hei schwätzen, dobausse kee Mënsch méi er reecht. Mir mussen net nëmmen ufänken, d’Zi villgesellschaft aktiv anzebannen, an dat op vil len Niveauen, mee mir mussen och ufänken, iwwer alternativ Participatiounsmodeller noze denken, zum Beispill „liquid democracy“. Well, Här President, ech soen Iech eppes: Déi Leit, déi d’Politik haut vergësst, bei deenen d’Mesu ren net gräifen, déi wende sech vun der Politik of. An dat ass grav.

Mir Piraten si fir e modernen, participativen, sozialen an ekologeschen Dialog, dee sech den Enjeue vun haut a muer bewosst ass, deen d’Leit sech bedeelege léisst, deen de Biergerin nen a Bierger d’Gefill gëtt, datt d’Politik fir si do ass, fir hinnen an hirem alldeegleche Liewe wierklech ze hëllefen. An dat heescht, fir den Eenzelnen an d’Kollektivitéit an de Vierder grond ze stellen.

Ech soen Iech Merci.