Header for 12. Motion de M. Gilles Roth relative à la fixation du taux de l’intért de retard à 0,3 par mois

12. Motion de M. Gilles Roth relative à la fixation du taux de l’intért de retard à 0,3 par mois

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Motion de M. Gilles Roth relative à la fixation du taux de l’intért de retard à 0,3 par mois” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, déi Motioun hei huet e grousse Meritt, dat ass, datt se en Zënssaz, deen an anere Secteuren hautdes daags einfach net üblech ass, géif no ënne revi déieren. An ech mengen, aleng dat sollt eis ze denke ginn.

Ech hu mech allkéiers gewonnert, wann ech vun deenen Zënse liesen, déi beim Staat op Steieren applizéiert ginn, op Steierretarden. Jo, déi sinn direkt geschëllt, mee deen Zënssaz ass einfach demesuréiert par rapport zu deem, wat am Moment um Marché un Zënsen ze bezuelen ass. An deem entspriechend denken ech, datt een hei sollt déi Motioun stëmmen. Et ass eng Entlaaschtung. Et ass eppes, wat deene Betraffene géif hëllefen. Och wann et do ganz vill Latitude am Moment gëtt, ass dat heiten eppes, wou ee sech generell sollt d’Fro stellen: Misst een deen Zënssaz net un en internationale Standard upassen, esou wéi dat deelweis an anere Länner gemaach gëtt Interbank plus x respektiv Euribor plus x? Dat wäre Mesuren, déi mir ganz géifen ënnerstëtzen, well einfach un engem starren Zënssaz an engem dynameschen Zënsëmfeld festzehalen, ass an eisen Aen awer dach e bëssen ze simplistesch. An et géif eis wierklech gutt zu Gesiicht stoen, hei eppes ze hunn, wat méi flexibel wär an och dem Marché géif entspriechen.

Merci.