Header for 12. Motion de M. JeanPaul Schaaf relative à la langue des signes

12. Motion de M. JeanPaul Schaaf relative à la langue des signes

Dës Ried hunn ech den 29/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Motion de M. JeanPaul Schaaf relative à la langue des signes” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo. Merci, Här President. Bon, ech kann domadder liewen, wa se an d’Kommissioun geet, ech hätt se awer och haut direkt kënne matstëmmen.

Ech wollt just umierken, datt ech et vu menger Säit ganz schued fannen, datt mer am Chambers reglement am Moment keng Moossname virgesinn hunn, wa mer iwwer esou en Theema schwätzen, wat Betraffener direkt concernéiert, datt mer net d’Méiglechkeet hunn, fir da wéinstens fir déi Inter ventioun och eng Gebäerdedolmetscherin oder e Ge bäerdendolmetscher ze engagéieren. Well ech sinn der Meenung, datt dat hei wierklech en Theema gewiescht wär, wou mer eng méi breet Visibilitéit hätte kënne schafen. An dat wär en Zeeche vun In klusioun gewiescht. Esou hu mer alt als „ablebo died“ driwwer diskutéiert, an déi Persounen, déi wierklech dervu betraff sinn, kruten et leider net direkt mat a mussen herno d’Ënnertitele kucken.