Header for 12. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative a un large débat et a une consultation publique sur la révision constitutionnelle

12. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative a un large débat et a une consultation publique sur la révision constitutionnelle

Dës Ried hunn ech den 19/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Résolution de M. Fernand Kartheiser relative a un large débat et a une consultation publique sur la révision constitutionnelle” gehalen.

M. Sven Clement (Pira ten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verspriechen, ech probéieren et e bësse méi calme ze maache wéi mäi Virriedner. Et ass eng Resolutioun, déi mer an engem Invite oder an enger „Decisioun“ besser ganz sympathesch ass: nämlech déi vum Referen dum. Ech sinn der Meenung, datt et bei Verfas sungsännerunge generell sënnvoll ass, d’Vollek of stëmmen ze loossen.

Ech hunn awer e Problem mat deenen zwee éisch ten Decisiounspunkten, well ech der Meenung sinn, datt mer dat zum Deel scho gemaach hunn an zum Deel och afléisse gelooss hunn. An et kann een dach net allkéiers oder just well een …, an ech sinn och net ëmmer zefridde mat deem, wat erauskënnt, mee et kann een net allkéiers, wann ee mat eppes, wat dann duerch d’demokratesch Moulinette ge dréint huet, onzefridden ass, de Prozess nach eng Kéier vu vir ufänken! Sou nom Motto: Ech dréine sou laang en Tour um Karussell, bis d’Resultat mer ge fält. Dat ass net eeschtzehuelend Politik, léif Kol leeginnen a Kolleegen!

Ech sinn also der Meenung, datt déi éischt zwee Punkten net méi hei an déi Diskussioun passen, well déi Saache gemaach goufen. Vläicht net an deem Mooss, wéi ech mer et gewënscht hätt ech hätt mer gewënscht, datt déi Diskussiounsronnen anescht stattfonnt hätten, ech hätt mer gewënscht, datt se anescht begleet gi wären, bref, dofir war keng Majoritéit do. Mir hu lo e Resultat vun deene Consultatiounen, an déi fléissen an.

An dofir wäerte mir eis bei där Resolutioun hei ent halen, well mer déi zwee éischt Punkten net kënne matdroen, wärend mer deen drëtte Punkt, nämlech e Referendum fir eng Verfassungsännerung, abso lutt begréissen. An ech wëll hei nach eng Kéier drop hiweisen, datt et natierlech de Biergerinnen a Bie r ger dobausse fräisteet, sech ze mobiliséieren, déi néideg Ënnerschrëften ze sammelen, fir den zweete Vote constitutionnel duerch e Referendum ze erset zen. Wien dat mécht, wäert sécherlech meng Ënner stëtzung dofir hunn.

Merci.