Header for 12. Résolution de M. Sven Clement relative à la publication d’un rapport spécial de sortie de crise

12. Résolution de M. Sven Clement relative à la publication d’un rapport spécial de sortie de crise

Dës Ried hunn ech den 26/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “12. Résolution de M. Sven Clement relative à la publication d’un rapport spécial de sortie de crise” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Regierung huet elo och ee Plang. Dee Plang nennt sech dann „Neistart Lëtzebuerg“ a pre sentéiert Léisungen, wéi mir aus dëser Kris erauskomme sollen.

„Schéin a gutt!“, kann ee soen. Ma ech regret téieren, wéi esou heefeg, datt d’Regierung erëm net de Wee gewielt huet, fir d’Chamber mat an d’Ausschaffe vun dëse Léisunge matan zebannen. Och d’Parlament muss seng Res ponsabilitéit huelen an net d’Regierung einfach maache loossen.

Här President, ech hu viru Kuerzem déi Reso lutioun hei deposéiert, déi virgesäit, alleguerten de Chamberskommissiounen, déi sech mam Coronavirus amgaange sinn ze befaassen oder sech wäerte mat de Konsequenze vum Virus befaasse missen, den Optrag ze ginn, e Rap port spécial de sortie de crise ze publizéieren.

Ma domat net genuch! Mir Piraten gesinn et als äussert wichteg un, datt d’Zivillgesellschaft mat an d’Iwwerleeungen, wéi mir aus där Kris erauskommen, abezu gëtt. Mir wëllen net, wéi dat beim CETA de Fall war, datt d’Zivillgesell schaft mam Fanger am Mond dostoe gelooss gëtt, ouni no hirer Meenung gefrot ze ginn. Den Artikel 22 (veuillez lire: Artikel 25) vum Chambersreglement gesäit vir, datt d’Kommis siounen d’Méiglechkeet hunn, Auditions publi ques duerchzeféieren. Dëst ass an eisen Aen eng viabel Pist, fir d’Zivillgesellschaft wierklech konsequent an d’Aarbechte vun der Sortie de crise matanzebannen, hiren Avis ze lauschteren an domat e méiglechst breede Konsens ze er reechen, dee gläichzäiteg all d’Aspekter an d’Enjeuen, déi esou eng Sortie de crise mat sech bréngt, kann abezéien.

Virun allem sollte mer eis als Chamber selwer responsabiliséieren. Mir sollten nolauschteren a mir sollten als Chamber eis Pisten, fir aus der Kris erauszekommen, nidderschreiwen. Et ass kee reng intellektuellen Exercice. Et ass en Exer cice, deen an deem Fall unique ass, mee mir sinn och mat enger relativ uniquer Kris hei be faasst.

Et ass en Exercice, deen definitiv méi Oppen heet hätt, wéi just tëschent engem Adhoc Gremium, deen aus der Conférence des Présidents an dem Bureau besteet, an der Regierung ze diskutéieren. Et wär en Exercice, dee wierklech géif op d’Matbestëmmung, op Bürgernähe, wéi een dat op Däitsch seet, agoen.

Mir mussen iwwert d’Cellule de crise eraus kommen a mir mussen hikommen zu enger Approche, wou mer op jiddweree lauschteren, wou mer mat jiddwerengem schwätzen a wou mer dann e méiglechst breede Konsens fan nen, fir op eng unique Kris mat uniquen Änt werten opzewaarden.

Mir wëssen, datt d’Regierung ewell annon céiert huet, Lëtzebuerg neizestarten. Wéi eisen deemolege Walslogan verréit, wollte mer 2013, also viru siwe Joer schonn, Lëtzebuerg reboo ten. Dëse Reboot hätt an eisen Aen awer genee dora bestanen, direkt op den Dialog ze setzen an net de Plang ze annoncéieren an en dann einfach nëmmen duerchzezéien.

Dëse Rapport de sortie de crise, wéi mir e ge sinn, sollt also dofir ënner Abezéiung vu méiglechst villen Acteure stattfannen, méig lechst strukturéiert an encadréiert sinn an esou och weisen, datt d’Chamber den éischten Uspriechpartner ass, wann et drëm geet, d’Zu kunftsgestaltung no dëser Kris unzegoen. Alle guerten zesummen, ouni forcement e partei politescht Geplänkels, mee esou, datt mer konsensuell Léisunge fannen an domadder dann och Léisunge fir Lëtzebuerg fannen!

b.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. A wou hunn ech vu „bedauere“ geschwat, Madamm Lorsché?

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Dat war ënnerschwelleg.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Madamm Lorsché, pardon, wou hunn ech vu „bedauere“ geschwat?

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Dat war …, Dir hutt dat …

M. Fernand Etgen, Président. D’Ma damm Lorsché huet d’Wuert!

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Här Clement, Dir hutt dat Wuert net genannt, mee et huet sech ënnerschwelleg esou unhéieren.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Ech stellen Iech an, Madamm …

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Ech wëll awer soen, …

M. Sven Clement (Piraten), auteur. … Lorsché, als meng Interprète!

c.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Ech fannen et wierklech witzeg, Madamm Lorsché, wéi Der Är Prinzippien hei grad wierklech mat Féiss trëppelt!

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Nee, nee, ech soe just, wat ech denken, Här Clement!

(Interruptions)

Wann Dir verlaangt, datt eng Biergerversamm lung soll mat un de Gesetzer decidéieren, da si mer iergendwéi …

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Dat steet net am Text!

d.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Jo. Fait personnel, vu datt ech e puermol uge schwat gouf, Här President.

Wou soll ech ufänken? Une voix. Vir.

Une autre voix. Bei der Madamm …

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Vir. Ma da fänken ech beim Här Baum un. Den Här Baum an den Här Engel hu sech hei de Relais ginn an deem, wat d’Madamm Lorsché mer duerno virgeworf huet. Nämlech deen ee seet: „Mir si schonn an der Exitstrategie. Deement spriechend kënne mer souwisou als Chamber näischt méi änneren“, deen anere seet: „Mir sinn nach net prett, fir iwwert d’Exitstrategie ze schwätzen.“

Wat ass et dann elo? Si mer an der Exitstrate gie, an d’Chamber soll de Bak halen, well et ass alles gemaach? Oder si mer nach net do, an d’Chamber soll sech als Legislateur, als éischte Pouvoir vum Land behaapten an dat beglee den? D’Äntwert dorobber …, ech si gespaant!

An dann, déi gréng Partei. Keen huet mech haut esou enttäuscht wéi d’Madamm Lorsché! An, jo, Madamm Lorsché, ech hu gutt gelaa cht, wärend Der do geschwat hutt, well mani festement, ech kann Iech mäi Brëll léinen, vläicht hätt Der domat den Text vun der Reso lutioun besser gelies an net iergendwou ge mengt, Saachen ze liesen, déi net drastinn, res pektiv mir net Wierder an de Mond geluecht, déi ech net gesot hunn.

Nee, ech bedaueren net, den État de crise mat gestëmmt ze hunn! Ech bedaueren et net, well et war zu deem Zäitpunkt déi richteg Entschee dung. Ech bedaueren och net, e Rapport spé cial ze froen, deen d’Sortie aus der Kris soll begleeden. Do geet et net drëm, Leit responsa bel ze maachen. Et geet net drëm, fir iergend een ze vernennen oder politescht Kapital aus iergendwelleche Kommunikatiounsgaffen ze schloen. An ëm Gottes wëllen, et gëtt der méi wéi genuch, déi ee kéint elo thematiséieren! Nee, et geet drëm, datt d’Chamber, den éischte Pouvoir am Land, mat de Biergerinnen a Bierger, déi eis dee Pouvoir ginn hunn, déi mer all Dag erëm dovunner iwwerzeege mussen, datt mer och an hirem Interêt schaf fen, mat hinnen zesummen, datt déi Gehéier fannen! Ech weess net, wat déi Aversioun virun Auditions publiques, déi am Reglement virgesi sinn, ass! Et ass en Outil, deen eist Reglement eis gëtt. Mee mir trauen eis net, en ze benot zen.

Fir dann drop hinzeweisen, datt et jo esou vill Petitioune géif, ma dat ass inkohärent, well dat weist, datt et en Diskussiounsbedarf gëtt! Dat weist, datt et net nëmmen d’Gewerkschaften, d’Kierch, d’Ëmweltverbänn, d’Zivillgesellschaft tout court ass, déi gäre matdiskutéiere wëllt. Et sinn och Biergerinnen a Bierger, déi eppes wëlle beweegen, déi eeben net méi an enger Zäit sinn, wou d’representativ Demokratie an engem Elfebeentuerm sëtzt a vun uewen erof hinne seet, wat se ze denken hunn a wat se gutt ze fannen hunn. Nee! Dat heiten ass eng unique Chance. A wéi de Marc Baum et richteg gesot huet: D’Sonndesrieden, déi gehale goufe virum État de crise, wärend dem État de crise, mir bräichten en Ëmdenken, mir bräichten eng grondsätzlech Diskussioun iwwer eise Liewens wandel, mee dat gëtt ad absurdum gefouert, wa mer eis refuséieren, déi Diskussioun ze féie ren!

Wat den Zäitpunkt ubelaangt Dir hutt et selwer gesot , et brauch Zäit, fir dat ze organi séieren, dat geet net vun haut op muer. Esou e Rapport spécial schreift sech net an e puer Deeg. Deementspriechend sollte mer elo ufän ken an net a sechs Méint! Deementspriechend sollte mer déi Interpellatioun vun der ADR als Basis huelen a matabannen. Esou e Rapport spécial schreift sech net an deenen nächsten zwou Wochen. An dat war och net d’Inten tioun. D’Intentioun vun dëser Resolutioun war et an ass et, datt mer deen Debat ufänken, datt mir als Chamber weisen, datt et eis net egal ass, iwwer wat mer schwätzen, datt mer eis net vun der Regierung virschreiwe loossen, wéi eng Gesetzer mer diskutéieren a wéi eng net. Et geet drëm, datt mer mat de Leit zesummen un der Sortie de crise schaffen.

An dann, ganz éierlech, wann ech héieren, wéinst sanitäre Konditioune kéinte mer keng Auditions publiques maachen: Also ech fille mech, wéi wa mer géifen 1920 liewen, wou ee sech physesch huet missen treffen. Mir hunn elo ganz gutt funktionéiert mat Kommissiouns sëtzungen, mat auswäertege Participantë vu Ministèren, vu Verwaltungen, déi deelweis vun doheem aus hirem Zëmmer, aus hirer Stuff, aus hirer Kiche mat u parlamentarescher Aarbecht geschafft hunn, an et ass gaangen! Mir sinn 2020, mat digitalen Outilen, mat deene mer déi lescht Wochen a Méint hei geschafft hunn. Firwat soll dann eng Audition publique iwwert déi nämmlecht Kanäl op eemol net goen? Also, déi Logik muss ee mer erklären!

An da schlussendlech: Et geet hei net drëm, de Krisemanagement ze begleeden. Ech hunn et kloer gesot. Et geet drëm, den Aprèscrise ze definéieren, ze kucken: Wou soll sech eis Gesellschaft hinentwéckelen? An dat ass net eppes, wat een einfach zu 60 am „stillen Käm merlein“ mécht. Dat ass net eppes, wat een ouni Abanne vun der Zivillgesellschaft mécht. Jo, mir kënne weider Politik maache wéi an deene leschte Joerzéngten. Jiddweree vun eis kann a senger Fraktioun, Sensibilitéit déi jee weileg Verbänn, déi him nostinn oder och net nostinn, empfänken, kann dann am Hanner zëmmer do mat deenen hir Positioun diskutéie ren a kann dann an d’Chamber kommen an hei seng Sonndesried halen. Oder: Mir kënne se an d’Chamber ruffen, mir kënnen hinnen hei nolauschteren …

M. André Bauler (DP). Dat maache mer jo och.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. … a mir kënnen da mat hinnen diskutéieren. A wann ech héieren: „Jo, dat maache mer“, Här Bauler, wannechgelift, sot mer: Wéini war déi lescht Audition publique hei an der Chamber ausserhalb vun enger Petitioun? Dat géif mech ganz staark interesséieren, well ech mengen, datt et en Outil ass, dee massiv ënnerbewäert an net genuch benotzt gëtt!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement. An dann huet d’Madamm Lorsché d’Wuert gefrot wéinst Fait personnel. Madamm Lorsché, Dir hutt d’Wuert.

Mme Josée Lorsché (déi gréng). Jo, ech wëll net nach eng Kéier vu vir ufänken, mee ech wëll just betounen, datt mir als Gréng na tierlech zu Audienze stinn. Mir hunn der selwer organiséiert: d’Landesplanung. Dat war alles keen Theema. Mir hunn de RifkinProzess mat begleet. Här Clement, mir hu wierklech scho vill an déi do Richtung geschafft.

Wat ech virdru gesot hunn, ass, datt mer zu dësem Moment am Krisemanagement, wéi dat an der Resolutioun steet, datt mer dat elo net hikréien. Dat hunn och den Här Engel an den Här Baum gesot. Zu dësem Moment ass de Krisemanagement eeben ugesot. An do gëtt et endlech Zäit, datt d’Chamber erëm hir Verantwortung kann iwwerhuelen, datt se schafft …

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Ge nee dat!

Mme Josée Lorsché (déi gréng). … an datt mer déi Covidgesetzer och elo zum Enn bréngen, datt mer déi wierklech hei zesummen ausschaffen, datt mer se hei diskutéieren. Dat verhënnert natierlech guer net, datt mer och Dialog féieren. Mee zu dësem Moment ass dat net méiglech, an eisen Aen, well et einfach muss séier goen a well all zwou Wochen …

(Interruption)

… aner Decisiounen, deemno wéi, musse ge holl ginn. An an deem Sënn menge mir als Chamber, datt et elo un eis ass fir ze schaffen an an enger zweeter Etapp natierlech de Bier gerdialog weider ze fërderen, wéi mer et souwisou scho laang maachen.

(Brouhaha)

M. Fernand Etgen, Président. Merci vill mools, Madamm Lorsché.

D’Diskussioun ass elo ofgeschloss. Mir kommen zur Ofstëmmung iwwert d’Resolutioun.

Vote sur la résolution

Fir d’éischt de Vote électronique fir déi perséin lech Stëmmen. D’Ofstëmme fänkt un.

Wien e Vote par procuration ofgi wëllt, soll d’Hand an d’Luucht hiewen.

Appel nominal (votes par procuration)

Dës Abstentioun ass domadder mat 25 Jo Stëmmen …

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Et ass zwar keng Abstentioun, Här President.

Une voix. Et ass eng Resolutioun.

(Interruptions)

Une voix. Dës Resolutioun!

(Concertation interne)