Header for 13. Motion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude independante externe afin d’analyser et d’evaluer les faits survenus depuis la mifevrier dans la maison de retraite Um Lauterbann a NiederkornMotion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude externe indépendante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgéesMotion de M. Mars Di Bartolomeo concernant l’étude externe independante relative aux clusters dans les structures d’hebergement pour personnes âgées

13. Motion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude independante externe afin d’analyser et d’evaluer les faits survenus depuis la mifevrier dans la maison de retraite Um Lauterbann a NiederkornMotion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude externe indépendante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgéesMotion de M. Mars Di Bartolomeo concernant l’étude externe independante relative aux clusters dans les structures d’hebergement pour personnes âgées

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “13. Motion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude independante externe afin d’analyser et d’evaluer les faits survenus depuis la mifevrier dans la maison de retraite Um Lauterbann a NiederkornMotion de M. Michel Wolter relative a l’elaboration d’une etude externe indépendante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgéesMotion de M. Mars Di Bartolomeo concernant l’étude externe independante relative aux clusters dans les structures d’hebergement pour personnes âgées” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wollt als Éischt zu der Motioun schwätzen, déi vun de Kolleege vun der Majoritéit hei deposéiert gouf, déi jo och am Virfeld zirkuléiert ass. Ech muss soen, si ass zir kuléiert, et gouf en Austausch dozou de Moien an der Kommissioun. An duerno war ofgemaach ginn, datt nach eng Kéier géif driwwer geschwat ginn. An de Considerantë sinn e puer éischter kosmeetesch Ännerunge geschitt. An ech wëll mech elo emol als Éischt op de Consideranten atteléieren, well ech mengen, datt do awer e puer Saache sinn, déi, fir eis als Piraten zumindest, net drobar sinn.

An do fänkt et domadder un, datt d’Chamber soll „consideréieren“ an der éischter Fassung stoung do „saluéieren“ „la collaboration étroite et constructive entre les ministères de la Santé et de la Famille ainsi que les gestionnaires“. Ech hunn domadder e Pro blem, wann ech …, eleng de „saluer“ konnt ech scho guer net matdroen, aus deem ganz einfache Grond, well ech et net weess. Ech weess net, ob dat esou konstruktiv an etroite ass, wéi et hei duergestallt gëtt. Ech hunn och meng Doutten, datt et esou ass, wann ech den Artikel vu Reporter.lu liesen, wou dräi Dokteren awer gesot hunn, datt et do wuel „Ofstëm mungsschwieregkeeten“, an dat ass elo dee posi tiivsten Terme, deen ech dofir fannen, gouf an datt et do eeben net ëmmer esou etroite, konstruktiv war, mee datt et do éischter war: „Vogel friss oder stirb“, datt et relativ am Hauruckverfaren deelweis goung. Anescht kann ee sech jo och verschidde Couacken, déi virkomm sinn, net erklären.

Dann: „considérant la mise en place de mesures sa nitaires spécifiques et de recommandations de la part des Ministères de la Santé et de la Famille“.

Bon, ech fänken elo net nach eng Kéier domadder un. Duerfir hunn ech eng Proposition de loi depo séiert, déi mer da jo gegeebenenfalls och nach eng Kéier diskutéiere kënnen. Ech sinn der Meenung, datt et eeben net genuch Recommandatiounen a virun allem keng bannend Recommandatioune gëtt.

An eleng déi zwee Consideranten, ouni op de Fong vun den Invitten anzegoen, wou mengen ech nach eng ganz Rëtsch aner Problemer sinn, weisen, datt et fir eis ganz schwéier war an onméiglech ass, déi Motioun an där heiter Fassung ze stëmmen.

Schlussendlech geet et ëm d’Invitten. An do be gréissen ech et, datt et eng Étude indépendante soll sinn, datt déi extern soll sinn. Ech hunn awer e Problem domadder, wéi d’Collaboration étroite vun de jeeweilegen Acteuren hei gereegelt gëtt. An et feelt mer definitiv, an dat gouf och de Moie méi wéi eng Kéier ugeschwat, de Volet vun der Implicatioun vun der Chamber. An dat ass, mengen ech, dat, wat hei wierklech feelt. Hei gëtt eng Etüd gemaach oder se soll gemaach ginn, wou déi Leit, déi etudiéiert ginn, mat Partner sinn, a gläichzäiteg soll deen, deen hei d’Motioun stëmmt, nämlech d’Chamber, nëmmen herno informéiert ginn.

An ech mengen, dat ass e Problem fir eis, an duerfir wäerte mir dës Motioun hei leider, obwuel mer de Kär, genausou wéi de Mars Di Bartolomeo dat vir dru gesot huet, de Kär vun der Motioun ënnerstët zen. Ech hunn dat d’lescht Woch hei gesot, mir hunn et haut hei nach eng Kéier gesot, ech wäert et duerno bei där anerer Motioun och nach eng Kéier soen: De Kär, d’Étude indépendante ass, mengen ech, dat allerwichtegst bei där Saach. De Problem ass, déi Étude indépendante muss richteg enca dréiert sinn an d’Chamber muss do e gudden Droit de regard hunn. An ech fannen, datt dat an där hei ter Motioun net wäit genuch geet. An duerfir kënne mer déi Motioun aktuell net matdroen.

(Interruption)

2.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, merci fir d’Wuert. Ech schéngen nëmmen ze verstoen, datt mer net an zwou distincten Diskussioune sinn, wéi ech dat am Ufank probéiert hunn ze maachen, mee an enger eenzeger iwwert déi zwou Motiounen.

Da wëll ech awer och profitéieren, fir iwwert déi zweet Motioun kuerz ze schwätzen an op e puer Saa chen anzegoen, déi hei gesot goufen.

Dat Éischt ass, datt d’Fro ass: Wien ass associéiert mat esou enger Enquête? Et geet hei nach net ëm Scholdzouweisungen, esou wéi et och an enger Enquête préliminaire vun der Police judiciaire net ëm d’Scholdzouweisung geet. Et gëtt à charge et à décharge gekuckt, ob alles fonctionéiert huet oder och net. An d’PJ géif, mengen ech, ni op d’Iddi kom men, fir an enger Enquête préliminaire potenziell In culpéierter oder Zeien als Associéiert zu der Enquête ze gesinn. Wa mer also déi Analogie rich teg dréien, da kann et net sinn, datt déi, iwwert déi enquêtéiert gëtt, Deel vun der Enquête sinn. Dat wär esou onlogesch …

(Brouhaha)

Et ass eng Enquête!

Une voix. Wou si mer dann hei!

(Coups de cloche de la présidence)

M. Fernand Etgen, Président. Wannechgelift!

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Hei gi jo bewosst Saache vermëscht, bewosst Saache ver mëscht.

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Clement huet elo d’Wuert.

M. Sven Clement (Piraten). Et gouf gesot, …

(Brouhaha)

… et gouf gesot: „D’Donnéeë musse jo fléissen, an duerfir mussen déi jeeweileg Acteuren associéiert ginn.“ Mee Donnéeën, wa mir soen, wann d’Cham ber seet: „Et fënnt eng Etüd statt!“, an déi Etüd brauch Donnéeën, dann hunn déi Donnéeën ze fléis sen.

Et kann net sinn, datt mir hei géife stëmmen, datt eng Etüd stattfënnt, an da géif gesot ginn: „Ma nee, déi Donnéeë kënne mer net erausginn, well Dir hutt jo net gesot, datt mir Deel vun der Etüd sinn.“ Also wannechgelift, dat ass dat schwächsten Argument, wat ech haut derfir héieren hunn, fir déi véier aner Acteuren hei mat an déi Etüd eranzehuelen.

An dann dat Zweet, wou, mengen ech, d’Majoritéit, bewosst oder onbewosst, ech weess et net, falsch versteet, wat an der Motioun vun der Oppositioun steet. D’Invitten 3 a 4 schwätzen nämlech net méi vun der Etüd, mee schwätze vum Audit. An dee Comité de pilotage soll deen Audit pilotéieren an net d’Etüd. Déi Etüd ass onofhängeg, soll et sinn a soll et och bleiwen. An och do wëllt d’Chamber just informéiert bleiwen. An ech mengen, dat steet am Invite 5 vun der Oppositioun dran.

Am Invite 4, wou et ëm de Comité de pilotage geet, geet et drëm, datt deen de Kader kann definéieren, dat dee kann de Kader setzen, an deem den Audit ka stattfannen. An deen Audit ass onofhängeg vun der Etüd ze gesinn. D’Etüd ass eppes Wëssen schaftleches, an den Audit, dat ass eppes, wou et ëm d’Anhalen, d’Applikatioun vum Cadre légal et réglementaire geet.

An ech mengen, datt mer déi zwou Saachen, déi Ënnerscheeder wierklech musse berücksichtegen a mer net einfach hei alles an een Dëppe solle puchen an esou maachen, wéi wann et der Oppo sitioun just géif drëm goen, fir hei Mëssmut ze séien, an op där anerer Säit géif et der Majoritéit hei ëm vollsten Opklärung goen.

Ech mengen, datt béides eng absolutt Verkierzung vun der Tatsaach ass. An ech mengen, mir géife gutt drun doen, hei fir Kloerheet ze suergen, fir Transparenz ze suergen, an dat an deene Gremie maachen ze loossen, wou et néideg ass. An duerfir wäerte mir och d’Oppositiounsmotioun matstëm men.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Fait personnel, Här President, well d’Madamm Ministesch huet mech jo explizitt ugeschwat, engersäits wéi se zur Propo sition de loi geschwat huet oder zumindest wollt schwätzen, déi nach net emol an der Chambers kommissioun virgestallt gouf. Duerfir fannen ech dat och komesch. Ech deelen do d’Meenung vum David Wagner, datt mer hei an enger ganz kome scher Situatioun sinn an u sech dat doten eng Déclaration gouvernementale war, op déi mer elo missten no iergendengem Riedezäitmodell alle guerten nach eng Kéier Stellung huelen. Dat géif awer, mengen ech, de Kader hei sprengen. Duerfir loossen ech et just dobäi sinn, datt ech dat awer och zu Protokoll ginn hunn, datt ech dat eng ganz kokass Situatioun fannen.