Header for 14. Résolution de M. Léon Gloden relative à la décision de rendre les réunions des commissions publiques

14. Résolution de M. Léon Gloden relative à la décision de rendre les réunions des commissions publiques

Dës Ried hunn ech den 19/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “14. Résolution de M. Léon Gloden relative à la décision de rendre les réunions des commissions publiques” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Ech wollt als Éischt eng Kéier op den aktuelle Règlement agoen, well dat, mengen ech, hei an där Resolutioun wierklech wichteg ass, fir de Kader ze setzen.

Dat Éischt ass: Den Artikel 22 (7) (veuillez lire: Ar tikel 25 (7)) seet, datt eng Kommissioun ka mam Accord vun der Conférence des Présidents ëffent lech Sëtzungen ofhalen. Dat heescht, et wär am Moment méiglech, wann dann d’Majoritéit dat géif matdroen, bei Sëtzungen, wou mer eis eens sinn, se ëffentlech ze maachen, fir se ëffentlech ze maa chen, sous condition datt d’Conférence des Pré sidents do vläicht eng Kéier e prinzipiellen Accord géif ginn.

Ech géif dann deementspriechend och d’Demarch ënnerhuelen, fir der nächster Conférence des Pré sidents esou eng Demande fir e prinzipiellen Accord virzeleeën. Dat ass dat Éischt.

Dat Zweet ass, den Artikel 86 (3) (ndlr: aktuellen Artikel 89 (3)) seet, datt eng Motioun, déi hei depo séiert gëtt an an eng Kommissioun verwise gëtt, in nerhalb vun engem Delai vun dräi Méint erëm muss zréck an d’Chamber kommen.

Mir wëssen alleguerten, datt dat hei an der Cham ber reegelméisseg net de Fall ass. Bei deem heite Fall ass dat manifestement net de Fall gewiescht. Mir schwätzen hei vun eppes, wat bei engem État de la nation virun engem Joer deposéiert gouf, wat nach ëmmer net erëm zréckkomm ass. D’General sekretariat huet hir Aarbecht gemaach.

Da wëll ech awer dozou kommen, wat wichteg ass: Ass et méiglech? Vläicht net fir all Sëtzung, déi mer am Moment en présentiel maachen. Mee dat sinn déi wéinegst. Mir benotzen am Moment Webex, fir déi Sëtzungen ze maachen, déi mer maachen. Do huet jiddwereen eng Kamera. Jidd wereen ass à même, datt seng Kamera e filmt. A jiddwereen ass à même, déi Kamera, dat Bild komescherweis an den Internet ze iwwerdroen, well soss géife mer Iech net gesinn.

Webex huet eng flott Fonctionalitéit, an dat ass: Et kann een et direkt op Youtube oder änlech Platt forme streamen. Dat heescht, technesch gëtt et keen Argument, fir hei dergéint ze sinn! Mir benot zen haut eng Software, fir eis Kommissiounen ze organiséieren, déi dat kann, déi parfaitement à même ass, dat ze maachen.

Et gëtt also keen Argument, iwwer Kameraen ze schwätzen, iwwer Mikroen ze schwätzen. Wann et da bei engem Deputéierte sollt un de Suen hänken, fir en anstännege Mikro ze kafen, mengen ech, fanne mer och eng Léisung dofir.

Et ass nun emol esou: Technesch ass et méiglech, politesch war et emol eng Kéier gewollt, zumindest ëffentlech deklaréiert. Mee kommt, da maache mer et! Ech hoffen dann, datt dat, wat haut gesot gouf, datt an der Conférence des Présidents dann do op meng Propos hin, wann dat heiten da rejetéiert sollt ginn, wéinstens eng Unanimitéit do ass, fir en Accord de principe ze ginn, fir datt all Kom missioun, déi wëllt ëffentlech tagen, och ëffentlech tage kann.