Header for 15. Résolution de M. Sven Clement concernant la déclaration du Luxembourg en zone de liberté LGBTIQ+

15. Résolution de M. Sven Clement concernant la déclaration du Luxembourg en zone de liberté LGBTIQ+

Dës Ried hunn ech den 29/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “15. Résolution de M. Sven Clement concernant la déclaration du Luxembourg en zone de liberté LGBTIQ+” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Merci, Här President. Merci och där ganz, ganz breeder Majori téit hei an der Chamber, fir dat heiten ze ënnerstët zen. Mir reien eis domadder genau géint verschidde Länner an, déi haut “LGBTIQfree zones” deklaréie ren. Ech kucken op Polen. D’Tierkei knëppelt eng Pride nidder. Ungarn setzt Pedophilie mat Homo sexualitéit gläich a gängelt souguer Fussballfans aus Holland, wa se wëllen e Fändel mat an de Sta dion huelen.

Famill ass méi wéi nëmme Mann, Fra a Kanner.

Plusieursvoix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten), auteur. Et gi Reebou Familljen. Dat kënnen zwou Frae sinn, dat kënnen zwee Männer sinn an et gëtt nach eng ganz Rëtsch aner Familljebiller, déi vläicht net jiddwerengem hei an de Krom passen. Mee Léift ass Léift an et kann een dat net einfach esou ignoréieren.

A genau duerfir geet et hei net drëm, méi Rechter, nei Rechter ze schafen. Et geet drëm, en Akt ze set zen, Rechter ze reaffirméieren, d’Recht op Léift ze reaffirméieren, nämlech dat Recht, wat Verschidde ner heibannen leider, mee glécklecherweis just eng Minoritéit Leit wëllen ewechhuelen. A genau duerfir, mengen ech, ass et wichteg.

A vläicht nach eng kleng Erklärung, firwat ech mech op deen ee Saz, eng Ausso, een Invite aus der Re solutioun vum Europaparlament limitéiert hunn: Ma ganz einfach, well deen zweete war: „[…] denounces all forms of violence or discrimination against per sons on the basis of their sex or sexual orienta tion.” Dat musse mir hei zu Lëtzebuerg glécklecher weis net stëmmen, well dat steet schonn am Code pénal. A wie sech net dorunner hält, deen huet dann e Rendezvous um Geriicht.

Ech fannen dat hei e wichtegen Akt. Ech soen Iech alleguerte Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten), auteur. D’Dinosaurier sinn och ausgestuerwen.