Header for 16. Motion de M. Fernand Kartheiser relativeaudépt à la Chambre des Députés d’un proet de loi permettant aux parents de figurer en tant ue mère et père sur tous les documents officiels

16. Motion de M. Fernand Kartheiser relativeaudépt à la Chambre des Députés d’un proet de loi permettant aux parents de figurer en tant ue mère et père sur tous les documents officiels

Dës Ried hunn ech den 09/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “16. Motion de M. Fernand Kartheiser relativeaudépt à la Chambre des Députés d’un proet de loi permettant aux parents de figurer en tant ue mère et père sur tous les documents officiels” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, „Politics by Facebook“ fonctionéiert halt net ëmmer, well schlussendlech mussen esou Motiounen da glécklecherweis awer nach am Plenum diskutéiert ginn.

Ech kann Iech eppes soen: Wie mengt, datt säi Rôle als Papp duerch en Term an engem Gesetz, dat eppes mat der Adoptioun ze dinn huet, erofge wierdegt géif ginn esou wéi et hei steet, e géif erofgewierdegt ginn, de Rôle vum Papp , deen huet eng immens, awer wierklech immens limitativ Astellung zum Term „Papp“. Well wann et just nach ass, well op iergendengem Ziedel „Papp“ drop steet, datt ee Papp ass, dann doe mer déi Kanner leed.

Ech kann Iech soen: Ech hunn e biologesche Papp, deen ech immens gär hunn. Ech gi super mat mengem biologesche Papp eens. An dann hunn ech e Stéifpapp. An dee Stéifpapp ass och e Papp vu mir, well en a bedeitende Phase vu mengem Liewe fir mech do war, well en a bedeitende Phasen och e familiäre Réckhalt gebueden huet.

Ze mengen, datt een do einfach nëmme seet …, well op engem Ziedel steet „Papp“ an een domadder dann de biologesche Papp mengt, wär de Papp valoriséiert, ma ech kann Iech Beispiller nenne vu Kolleeginnen a Kolleegen, ma do huet dee Papp, deen hei gemengt wär mat deem Text, näischt mat dem Liewe vun deene Kanner ze doe gehat! Dat war kee Papp! Dat war dat, wat een ëmgangssproochlech nennt en „Erzeuger“, well fir méi war en net gutt!

(Interruption)

Och där Leit gëtt et, déi näischt anescht gemaach hu wéi eebe beim Akt vun der Prokreatioun derbäi ze sinn! A genau dat sollt een och soen: Papp sinn ass vill méi wéi nëmmen e Kand ze zeugen. Papp sinn ass, e Kand grousszezéien. Papp sinn ass, eng Relatioun mat deem Kand ze hunn.

Just nach eppes zur Form vun där heiter Saach zum Fong hunn ech, mengen ech, geschwat : Datt en De putéierten, kuerz nodeem d’Chamber gestäerkt gouf, heihinnerkënnt an d’Regierung opfuerdert, e Projet de loi virzeleeën, wou e jo awer Zäit hat, fir eng Pro position de loi ze schreiwen oder fir bei deem heite ganz konkreete Projet en Amendement ze schreiwen, wat der ADR fräisteet, ma da soll en als Éischt d’Ou tilen och benotzen, déi de Parlamentarismus eis gëtt! Mir hu gewësse Moyenen hei als Chamber. Mir maachen eis selwer lächerlech, wa mer déi net not zen. Dat heescht, hei an der Form sollt een et maa chen, andeem een eng Proposition de loi schreift oder en Amendement, mee et soll een net d’Regie rung opfuerderen, seng eegen Aarbecht fir ee selwer ze maachen. Dat ass e bësse simplistesch geduecht, genausou simplistesch wéi ze mengen, „Papp“ hätt just eppes mat der Prokreatioun ze dinn. Dofir pardon, ech hat et nach net gesot wäerte mir déi Motioun net matstëmmen.

Plusieurs voix. Très bien!

M. Fernand Etgen, Président. Merci villmools, Här Clement. Da kritt den Här Marc Baum d’Wuert.

M. Marc Baum (déi Lénk). Merci, Här President. Ech wéilt och do ufänken, wou de Sven Clement opgehalen huet, nämlech mat der Form. Hei gëtt e Gesetzesprojet vun der Regierung, deen d’Regie rung virun dräi, véier Méint deposéiert huet, als Ulass geholl, fir eng Debatt ze féieren iwwer eigent lech eppes ganz anescht, eng Debatt, déi mer schonn 2014 heibanne geféiert hunn a wou zënter 2014 d’Positiounen, mengen ech, kloer sinn oder ee selwer Eegeninitiativen hätt kënnen huelen.

Normalerweis ass et esou: An enger Debatt, wann e Projet de loi deposéiert ass, diskutéiert een driwwer an der Kommissioun. Et waart een d’Avisen of aus der Zivillgesellschaft, vun deenen eenzelne Chambreprofessionnellen, vum Staatsrot, an d’Dis kussioun geet an der Kommissioun weider. Dat ass den ordinären, nenne mer en de „konservativen“, Wee, wéi mat Gesetzer ëmgaange gëtt.

(Interruption)

Deen anarcheschen ass deen, datt e Gesetz depo séiert gëtt an da liest een ee Saz aus deem Text eraus, ee Begrëff hëlt een eraus …

M. Sven Clement (Piraten). Dräi Wierder, dräi Wierder!

2.

M. Sven Clement (Piraten). „Entwierdegung“, hutt Der geschriwwen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech muss leider äntweren, well, ganz éierlech, ech sinn ugeschwat ginn an ech profitéieren dann awer, fir zwou Saache riichtzebéien.

Dat eent ass: Den Här Kartheiser huet eis invitéiert, säin Text ze liesen. En huet eis invitéiert, genau ze liesen, wat e fuerdert. An do steet dann dran: „D’Chamber vun den Deputéierten ass sech bewosst, datt d’Tilgung vun der Notioun ‚Papp’ respektiv ‚père’ eng Erofwierdegung vun der zentra ler Roll vum Papp am Liewe vum Kand duerstellt“. Dat kann ech esou net ënnerschreiwen, well just doduerjer … An ech hu virdrun erkläert, firwat de biologesche Papp net ëmmer eng Papperoll anhëlt. A mir kéinten esou wäit goen an an där Logik, déi hei opgeféiert gouf, derzou kommen, datt een u sech de Kanner seet, déi zwar e biologesche Papp hunn, mee déi sech engem anere Papp méi no spie ren, nämlech hirem Adoptivpapp, hirem Stéifpapp, wéi och ëmmer, datt déi imposéiert kréien, datt sech dee biologesche Papp nach däerf a senger Roll als Erzeuger an da souguer nach als Papp bestätegt fillen. Ech fannen dat ganz problema tesch aus Kannerrechtssiicht, well och dat kann zu psychologesche Laangzäitschied féieren.

An dann nach eng Kéier: D’Chamber fuerdert d’Regierung op, der Chamber e Projet de loi virze leeën! An da gëtt ganz genau gesot, wat dora gefuer dert gëtt. Ma et wär dach einfach: Dat dote kann een Artikel Proposition de loi sinn! Et kann een Artikel sinn. Wann et der ADR eescht wär, fir dat heiten zu engem Vott ze bréngen, an net, fir en anere Projet de loi hei ze benotzen, fir hir Ideologie ze thematisé i eren an et ass hir Ideologie, net deenen aneren hir, déi hei diskutéiert gëtt, musse mer eis dach bewosst sinn, datt se dach Zäit misste fannen, een Artikel Gesetzespropositioun ze schreiwen. Well fir d’Motioun ass et jo manifestement duergaangen.