Header for 16. Resolution de M. Yves Cruchten relative a la poursuite des efforts en matiere de defense des droits de l’homme y compris dans le cadre des relations entre le Luxembourg et la Chine

16. Resolution de M. Yves Cruchten relative a la poursuite des efforts en matiere de defense des droits de l’homme y compris dans le cadre des relations entre le Luxembourg et la Chine

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “16. Resolution de M. Yves Cruchten relative a la poursuite des efforts en matiere de defense des droits de l’homme y compris dans le cadre des relations entre le Luxembourg et la Chine” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass eng Resolutioun, do muss een u sech net vill dozou soen, well u sech fuerdere mer just vun de Chinee sen, datt se Sanktiounen ophiewen, déi an eisen Ae guer net hätte misse geholl ginn. A virun allem sti mer fir Kolleege vun eis op. Mir sti fir Leit op, déi deelweis mat eis an de Kommissiounen hei zu Lëtzebuerg sëtzen, well se invitéiert sinn. Mir sti fir Leit op, déi vun de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuer ger gewielt goufen, fir fir dat anzestoen, woufir Lëtzebuerg steet. An ech mengen, dat dierf net sanktionéiert ginn.

Sanktiounsregimmer sollen d’Exekutiv viséieren, si sollen d’Close associates vun der Exekutiv viséie ren, wann et dann néideg ass. Mee mir sollten op alle Fall dovunner ewechkommen, datt mer elo och nach Parlamentarier, déi gewielt sinn, an demo kratesche Staaten, Sanktiounen ënnerwerfen.

Ech mengen, datt dat heite fir China méi wéi nëm men negativ Konsequenze wäert hunn, well ech ka mer net virstellen, datt mer elo nach vill wäerten iwwert de Comprehensive Agreement on Invest ment mat China schwätzen. Ech mengen, datt d’Chancë vill méi grouss gi sinn, datt international Gremien elo dat, wat se mat den Uigure maachen, als dat klassifizéieren, wat se mat den Uigure maa chen, an datt dat ganz no …, wann net schonn d’Grenz iwwerschratt huet zum Genozid.

Ech mengen, datt hei eng ganz Rëtsch Saache sinn, an ech fannen et u sech ganz schrecklech, datt mer hei nach vun engem Partner schwätzen, well esou e Behuele wéi dat, wat China am Moment un den Dag leet, ass net dat vun engem Partner.

An ech mengen, ech sinn net deen eenzegen Depu téierten heibannen, deen heiansdo Bréiwer oder Notte kritt aus anere Parlamenter, déi aus, ech soen elo emol, manner staarken a wierhaften Demokra tien deelweis kommen, wou mer opgefuerdert ginn, zu iergendwelleche Saache Stellung ze huelen, wat mer meeschtens net maachen.

Dat heiten ass awer genau de Contraire. Mir sollten also deen Outil, dee mer eis hei als Parlament ginn, eng Resolutioun, fir zu Sanktioune Stellung ze hue len, och net iwwerstrapazéieren. Dofir fannen ech et ganz gutt, datt mer eis hei op d’Fuerderung oder Levée vun de Sanktioune limitéiert hunn an net nach eng weidergeeënd politesch Appreciatioun maachen. Dat huet et och méi einfach gemaach, mengen ech, fir Konsens ze fannen. Netdestotrotz sollte mer am Parlament, wa sech heirobber näischt deet, dann och bereet sinn, déi néideg Kon sequenzen doraus ze zéien.

E grousse Merci un den Yves Cruchten fir d’Initiativ an d’Schreiwe vun där Resolutioun. Mir als Piraten wäerten déi op alle Fall matstëmmen.