Header for 18. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état de préparation en cas d’une éventuelle deuxième vague de l’épidémie Covid19

18. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état de préparation en cas d’une éventuelle deuxième vague de l’épidémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 02/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “18. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état de préparation en cas d’une éventuelle deuxième vague de l’épidémie Covid19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Marc Baum huet et ganz treffend gesot: U sech sollte mer iwwert den État des lieux vun der Prepara tioun op eng zweet Well schwätzen. Mir hu ganz vill driwwer geschwat, wat deen Eenzele maache soll, maache kann oder an deene leschten Deeg vläicht ënnerlooss huet, firwat mer iwwerhaapt esou akut Zuelen erëm ge sinn. Mir hunn alleguerten an enger éischter Phas vum État de crise Disziplinn bewisen. Mir hu Courage bewisen, fir dës eemoleg Kris ze iwwerwannen. Et ass elo net de Moment fir op zeginn! Mir sollten net elo de wäisse Fändel virun deem onsiichtbare Feind weisen!

Et ass awer esou, datt een, wann een iwwert d’Preparatioun vun enger zweeter Well oder en amont vun enger zweeter Well schwätzt, datt een net derlaanschtkënnt ze kucken: Wat kéint een anescht maachen? Wat misste mer indivi duell anescht maachen? An do ass et ganz kloer, datt jidder Eenzelen eng Responsabilitéit, net nëmme fir sech, mee fir d’Allgemengheet huet.

Et geet hei ëm Eegeverantwortung, eng indivi duell Verantwortung fir déi kollektiv Gesond heet. Jidderee vun eis sollt Deel vun der Léisung an net Deel vum Problem sinn. Et ass e bësse wéi am Autoverkéier: Just well e puer Leit Rowdye sinn, onerlaabt op Plaze fir Mënsche mat Behënnerung parken oder ze séier fueren, verbidde mer jo net d’Autofueren. Nee, am Contraire. Mir setzen op Kontroll. An dann, wann et néideg ass, op Repressioun.

Loosst eis also beim Kampf géint de Covid19 et d’selwecht maachen! Loosst eis alleguerten individuell eis Responsabilitéiten huelen a loosst eis alleguerte fir eis selwer déi sinn, déi sech pa cken, déi sech zesummerappen, fir esou eis Fräiheeten, déi mer elo erëmkruten, net erëm op d’Spill ze setzen!

Zum géigesäitege Respekt gehéiert et, seng Distanzen anzehalen, keng onnéideg Risiken anzegoen, seng Mask unzedoen a generell d’Gestebarrièren anzehalen. Ech mengen, dat ass alles kloer!

Zum Matenee gehéiert awer och, déi individu ell Responsabilitéit ze iwwerhuelen, sech testen ze loossen, wann een d’Invitatioun kritt. D’Wëssenschaftler soen eis, an dat ass eng vun deene wéinege Saachen, wou se eis ganz kloer kënnen eng Ausso ginn, datt mer mindestens 50.000 Tester d’Woch brauchen, fir eng zweet Well ze anticipéieren a ganz séier ze bremsen. An dat ouni e weidere Lockdown. 50.000 Tes ter d’Woch, do si mer nach e Stéck, e grousst Stéck dovunner ewech. Dat heescht, en prépa ration vun enger zweeter Well, fir datt keng zweet Well kënnt, musse mer alleguerten eis Responsabilitéit huelen.

Mee fir datt jidderee seng Responsabilitéit hëlt, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mussen d’Consi gnen awer och méi kloer sinn. Et ass jo awer schwéier fir Verschiddener ze verstoen, datt si ewell deen zweete Bréif kréien, fir sech selwer testen ze loossen, wärend anerer am nämm lechte Stot, déi en änleche Beruff hunn, nach guer net geruff goufen.

Jo, et gouf eis erkläert, firwat dat esou ass. Et gouf och e puermol widderholl, firwat dat esou ass, datt dat do deelweis Random Sampling ass, datt et Maschentester sinn, datt dat sekto riell gemaach gëtt. Mee um Enn vum Dag: Wat denkt Dir, wann Äre Liewenspartner doheem fir d’zweet geruff gëtt an Dir nach net? Wéi moti véiert ass een dann, fir dat wouerzehuelen? Wéi kredibel fënnt een dann d’Testingstrategie, wou ee gesot huet: „Jidderee soll getest ginn“? An ech mengen, dat ass eng Preparatioun virun der zweeter Well, wou mer musse besser kom munizéieren.

Am Ufank vun der Kris huet d’Regierung kloer kommunizéiert: „Bleif doheem!“ Dat war eng kloer Ausso: „Bleif doheem! Schwätz mat ken gem! Bleif op Distanz!“

(Interruption)

„Bleif doheem!“

„Géi keng Party maachen!“, soe se haut. Elo soe se: „Stop the party!“ Mee wat heescht „Stop the party!“, wärend ee gläichzäiteg doheem am Privaten däerf Leit hunn, well de Staatsrot dat gesot huet, wärend een an de Re stauranten däerf zu zéng um Dësch sëtzen? Ab wéini ass et eng Party? Ab wivill Leit ass et eng Party? U wéi eng Consignë mussen d’Leit sech halen, sollen d’Leit sech halen? Et ass vill „sollen“ a „Maacht et, wannechgelift!“. D’Leit verléieren e bëssen den Iwwerbléck.

An ech mengen, en préparation vun enger zweeter Well, déi hoffentlech net kënnt, déi mer hoffentlech dank LargeScaleTesting kënnen ën nerbannen, misst ee méi kloer kommunizéieren, misst een net nëmmen op „sollen“ a „kéinte“ setzen, mee et soll een op kloer Messagë setzen. „Stop the party!“ ass zwar kloer, mee et ass, wéi ech sot, verkierzend. D’Reegele sinn eeben anescht a méi komplex, wéi dat, wat een op den éischte Bléck ze verstoe gëtt.

Här President, loosst mech awer nach e lesch ten Appell maachen un eis alleguerten heiban nen: Kommt, mir politiséieren den Debat vun der zweeter Well net! Kommt, mir spillen net Majoritéit géint Oppositioun, och esou wéi eng vu menge Virriednerinnen dat hei gemaach huet, wéi se gesot huet: „Am Zweifel lauschtere mer einfach net op Iech.“ Nee! Mir hunn zesumme geschafft, fir et bis heihinner ze packen. Loosst eis dat net elo duerch verkierzend Aussoen op d’Spill setzen!

Ech soen Iech Merci.