Header for 2. Débat sur la politique européenne et étrangère

2. Débat sur la politique européenne et étrangère

Dës Ried hunn ech den 12/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Débat sur la politique européenne et étrangère” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Här Asselborn huet eis gëschter op eng grouss Weltrees matge holl. Meng Zäit fir déi grouss Weltrees ass nëmmen zéng Minutten. Duerfir beschränken ech mech op déi wichteg Punkten. Ech hunn net Zäit wéi aner Kolleegen, fir en Exkurs vun dem Walrecht an Ame rika ze maachen. Ech hunn net Zäit, fir iwwer wat hätt kënne sinn ze schwätzen, wann net eng Coro napandemie dertëschentkomm wär. Bref, ech kom men direkt op dat Wichtegt ze schwätzen.

Den Här Ausseminister huet nämlech mat verschid dene Punkten aus senger Ried ganz Recht. Lëtze buerg brauch an Zukunft e méi breetgefächerte konsularesche Reseau, fir kënnen a Krisenzäite besser ze reagéieren. Dir hutt exzellent Aarbecht gemaach an dat gouf jo hei och méi wéi eng Kéier schonn ervirgehuewen. Mee gutt geet ëmmer bes ser. A wann een d’Moyenen huet, a Lëtzebuerg huet d’Moyenen, da sollt een déi notzen, fir eeben nach eng besser Aarbecht ze maachen. An duerfir be gréisse mer all Ustrengung, fir de konsularesche Reseau auszebauen. Eis diplomatesch Ustrengunge mat eisen Nopeschlänner souwéi mat Länner op der ganzer Welt gehéiere verstäerkt.

Jo, Lëtzebuerg huet wärend dëser Kris Solidaritéit gewisen, andeem mer Patienten opgeholl hunn a gehollef hunn, Material an aner Länner ze transpor téieren. Mee och ausserhalb vu Krisenzäiten an hoffe mer, datt mer séier erëm dohinner kommen! brauche mer e besseren Dialog mat eise Partner, wann et ëm Fréiwarnsystemer a Liewensmëttelsé cherheet geet. A jo, mir brauchen och eng EU Struktur, fir d’Fuerschung an der Unioun ze stäer ken. Esou wäit si mer eis eens.

Mee et ginn awer nach e puer verschidde Punkten, op déi mer wëllen am Kader vun der Lëtzebuerger Aussepolitik agoen, wou mer vläicht anerer Mee nung sinn.

De Problem vum Klimawandel zum Beispill gouf heibanne schonn e puermol genannt. E wichtegen Deel am Kampf géint de Klimawandel sinn eis Bë scher. Mir all wëssen, datt all Dag weider grouss Stécker vum Reebësch verschwannen. D’Ofholzung op der ganzer Welt huet dëst Joer nach eemol zou geholl. Vum August 2019 bis Juli 2020 goufen am Amazonasgebitt 34 % méi illegal Ofholzunge ver zeechent wéi nach am Joer virdrun!

D’lescht Joer gouf et déi schlëmmste Waldbränn am Amazonas zanter dem Ufank vum Joerdausend. Am Juli hat de brasilianesche President Bolsonaro d’Brandrodung fir 120 Deeg a verschiddene Re gioune verbueden. Dat ass awer, wann een dat esou ka soen, wierklech just eng kleng Drëps op de glid dege Steen, vun engem Mann, deen nach ëmmer d’Follge vum Klimawandel bestreit a sech net aktiv fir d’Erhale vum Reebësch asetzt.

D’EUKommissiounspresidentin von der Leyen hat versprach, datt d’EU och bis 2030 hir Emissiounen ëm 55 % erofsetzt. Dëst gëtt vu Lëtzebuerg ënner stëtzt. An och do, Här Ausseminister, Dir hutt eis Ënnerstëtzung, fir dat ze erreechen, well et ass ab solutt noutwendeg, wa mer bei maximal 1,5 Grad Celsius Äerderwärmung wëlle bleiwen. Lëtzebuerg mécht hei Efforten. Et sinn awer aner Länner, déi et nach e gutt Stéck besser maache wéi mir. Mir kafen aus deem Grond! gréng Zertifikater aus Litauen an Estland, fir esou iwwerhaapt kënnen eise viséier ten Niveau vun 11 % erneierbaren Energië fir 2020 ze erreechen. A Realitéit ass nämlech eisen na tionale Stroummix nach guer net esou gréng a mir hänke vun eisen Nopeschlänner an deelweis sou guer vu Länner vill méi wäit fort of, fir eist Zil ze er reechen.

An och de Biodiesel aus Palmueleg gëtt nach ëm mer op der Tankstell verkaaft. Och dat ass e Pro blem, dee mer mussen ugoen, e Problem, dee mer net kënnen eleng hei zu Lëtzebuerg ugoen, well mir wëssen, datt all déi Chaînedelivraisonen, Chaîne deproductionen net nëmmen zu Lëtzebuerg ge maach ginn, mee international. Dat heescht, mir brauchen hei eis Partner. Mir mussen op eis Part ner awierken, wa mer eng kohärent an nohalteg Po litik wëlle maachen.

An dat géif viraussetzen, datt all eis Partnerlänner eleng schonn an Europa géife matmaachen, wat d’Klimaziler ugeet. An Däitschland zum Beispill kënnt den Ausstig aus dem Kuelesecteur eréischt an 18 Joer. A Pole soll nach bis 2049 Kuel ofgebaut ginn. A Polen huet sech och als eenzegt EULand net verflicht, fir 2050 klimaneutral ze sinn.

Et wäerten also och an Zukunft nach ëmmer Steier gelder an de Kuelesecteur fléissen, e Secteur, deen nëmmen duerch esou Finanzsprëtzen iwwerhaapt nach iwwerliewe kann. Dës Subventioune kéinten an eisen Aen an d’Zukunft amplaz an d’Vergaangen heet vun Europa investéiert ginn. Mir mussen op passen, wéi mer an der EU mat deenen Hëllefen ëmginn, dëst virun allem, wann a verschiddene Memberstaate carrement europäesch Wäerter ënnergruewe ginn.

Dëse Mount hunn den EUConseil an d’Europaparla ment sech op e Mechanismus gëeenegt, deen zukünfteg soll Verstéiss géint de Rechtsstaat an Europa stoppen. Dat ass e gudden a wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Esou krite Länner, an deenen zum Beispill d’Onofhängegkeet vu Ge riichter net méi garantéiert ass, zukünfteg manner EUGelder. Dëse Mechanismus ass awer nach net beschlosse Saach. A wéi den Här Ausseminister scho sot, erwänen Ungarn a Polen, datt si den EU Budget an déi domat verbonne Covidhëllefen net matstëmmen, falls dëse Mechanismus agefouert gëtt.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, esou komme mer net virun! Et kann net sinn, datt verschidde Länner nach ëmmer net zur Rechenschaft gezu gi fir Prak tiken, déi kloer géint europäescht Recht verstous sen. Mir dierfen eis do och net erpresse loossen! A mir mussen eis do net erpresse loossen.

Den Här Asselborn sot de leschte Mount, den Orbán hätt villes kapott gemaach. Ech bieden den Här Mi nister ausdrécklech drëm, sech derfir anzesetzen, datt d’EUCovidhëllefen an de Rechtsstaat lechkeetsmechanismus net och nach op d’Lëscht vun deene Saache kommen, déi hei an Europa wéinst dem Här Orbán net erreecht ginn.

Mir mussen eis méi konsequent géint déi radikal réck wäertsgewannte Politik vu verschiddene Mem berstaate stellen. Mir mussen no vir kucken anstatt ëmmer no hannen. Esou och am Moment, wa mer eis Polen a Malta ukucken. Et gouf ewell uge schwat: D’Ofdreiwungspolitik a Polen ass proble matesch! Et kann net sinn, datt e Land respektiv eng Regierung enger Fra d’Recht hëlt, iwwer hiren eegene Kierper ze entscheeden, an dat an enger Eu ropäescher Unioun, wou d’Fraerechter an d’Gläich berechtegung tëscht de Geschlechter u sech als fundamental misste gëllen.

Dëse Fall weist nach eemol, wéi wichteg dëse Rechtsstaatlechkeetsmechanismus ass a wéi wich teg et wär, datt, wéi vum EUParlament gefuerdert, dësen och scho misst kënnen applizéiert ginn, wann e Verdacht op e Verstouss virläit. Nëmmen esou kënne mer als europäesch Wäertegemein schaft Drock ausüben an derfir suergen, datt d’Memberstaate sech fir déi elementar Rechter a Wäerter asetzen.

Net nëmmen an Europa, mee och am Rescht vun der Welt muss Lëtzebuerg sech weider derfir aset zen, datt d’Mënscherechter respektéiert ginn.

Am Moment ass et roueg gi ronderëm d’Mënsche rechtssituatioun zum Beispill zu Hongkong. Et gëtt net méi all Dag an de Medien dovunner bericht, a genau dat spillt China an d’Kaarten. Vill Leit an Eu ropa hu sech mëttlerweil scho vläicht domadder of fonnt, datt Hongkong sech elo net méi vu China ënnerscheet. Mir mussen de Leit erëm kloermaa chen, datt et hei net nëmmen ëm eng Stad oder e Wirtschaftsstanduert geet. Hei geet et ëm Mën schen, Dausende Mënschen, déi vun der Police me nacéiert a verhaft ginn, Mënschen, déi hiert Recht op fräi Walen erëmwëllen an déi hir Fräiheeten an engem Rechtsstaat ausliewe wëllen.

Europa dierf net weider nokucken, wéi China, mee och aner Länner méi no bei eis, wéi zum Beispill och schonn ugeschwat haut, Wäissrussland, hire Biergerinnen a Bierger scheiwerchersweis d’Rech ter ewechhuelen a se stëll an heemlech aspären, well se mam Regimm net d’accord sinn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Nicolas Schmit vertrëtt als EUKommissär fir Aar becht a sozial Rechter Lëtzebuerg an der EUKom missioun. Ee grousse Projet vun dëser EUKom missioun ass et, e Mindestloun an all Land an Eu ropa festzeleeën.

D’Piraten sti jo u sech fir en universaalt Grond akommes, mee trotzdeem ënnerstëtze mer dëse Projet, wann esou jiddereen Accès zu engem faire Loun kritt. D’Kommissioun rifft och derzou op, datt an de Memberstaaten d’Aarbechtskonditiounen duerch e kollektiven Dialog mat alle Parteie solle verbessert ginn, eng Initiativ, déi mir begréissen.

Wat d’EUAarbechtspolitik ugeet, ginn et awer leider net nëmme positiv Punkten. Wéi am Text vum Bud get fir 2021 festgehalen ass, kann do nämlech nach e grousse Problem op Lëtzebuerg zoukommen. An och dee Problem gouf hei schonn e puermol thema tiséiert. Wann nämlech d’EUReglementer 883 an 987 geännert ginn an esou d’Sozialsystemer an Europa koordinéiert ginn, muss Lëtzebuerg an Zu kunft de Chômage u betraffe Frontaliere bezuelen an dës Leit an der ADEM betreien.

Doduerch stéing eise Sozialsystem, do misste mer eis alleguerten eens sinn, viru groussen Erausfuer derungen. D’ADEM misst massiv ausgebaut ginn an et géif de Staat méi wéi 60 Milliounen d’Joer Sup plement kaschten. Eis Regierung muss sech an ei sen Aen op de Fall virbereeden, falls dës Reform kënnt, an däerf net waarden, bis d’Kand am Pëtz läit. Dat hate mer schonn eng Kéier mat der ETVA. Mir brauchen e konkreete Plang, wéi mer an deem Fall d’ADEM an aner Administratiounen ëmstruktu réieren an dës Käschte finanzéieren.

An dann, Här President, léif Kolleeginnen a Kollee gen, kommen ech och schonn zu mengem leschte groussen Theema, en Theema, wat de Piraten säit ëmmer um Häerz läit, Dir kënnt et eroden: den Date schutz.

D’Piraten setze sech europawäit fir de Prinzip vun der Datespuersamkeet an. An d’Dateniwwerwaa chung an d’Datespäicherung solle just duerchge fouert ginn, wann ee Verdacht op e Verbrieche vir läit. Geheimdéngschter hunn an eisen Ae keng Legitimitéit, ganz Länner an hir Bierger mat Hëllef vun onproportionale rechtlechen an technesche Mesuren ze iwwerwaachen.

Wéi dës Woch vum Éisträichesche Rundfunk ge mellt gouf, plangt den EUMinisterrot, datt Platt formbedreiwer wéi zum Beispill WhatsApp an Zukunft e Generalschlëssel missten hunn, fir eng Iwwerwaachung vun allen Noriichten am Fall vun enger Ermëttlung säitens der Police oder de Geheim déngschter ze erméiglechen.

Ech wäert elo net am techneschen Detail op dat Theema agoen, well mir hunn nach eng Aktua litéitsstonn d’nächst Woch, fir am Detail iwwert dës Geforen ze informéieren. Et ass allerdéngs net déi éischte Kéier, datt als Reaktioun op en terroris teschen Ugrëff probéiert gëtt, duerch en Auswäite vum Iwwerwaachungsstaat e Gefill vu Sécherheet ze vermëttelen, ouni datt dëst Verspriechen an ier gendenger Form kéint agehale ginn.

An Éisträich hu mer gesinn, datt de Verfassungs schutz den Täter kannt huet. En ass zweemol duerch de Raster gefall, an déi drëtte Kéier huet e seng grujeleg Dot begaangen. Et seet een esou gä ren: „Wann een d’Nol am Stréi net fënnt, muss ee vläicht manner Stréi op de Koup leeën amplaz méi.“ Mee genau dat ass et, wat hei probéiert gëtt: Et gëtt probéiert, méi Stréi op de Koup ze puchen, an doduerch gëtt déi Nol ëmmer méi schwéier ze fan nen. Dat heescht, amplaz elo méi Daten iwwer on schëlleg Bierger ze erhiewen, misst et an eisen Aen drëm goen, fir déi Daten, déi do sinn, méi effikass ze notzen an eis Sécherheetsinfrastrukture méi effi kass opzestellen, méi Beamten, besser ausgebilte Beamten an déi Outilen zur Verfügung ze stellen, déi eng Auswäertung vun de bestoenden Donnéeën erméiglechen, éier mer no neien Donnéeë schilen.

Dat selwecht ass nämlech och bei der Aféierung vun der Vorratsdatespäicherung geschitt, déi duerno net nëmmen eemol, mee direkt e puermol vum Europäesche Geriichtshaff als e Verstouss géint d’Grondrechter consideréiert gouf. Ma och hei ass et enttäuschend, datt eis Regierung stillschwei gend bei engem Ënnerfaange kollaboréiert, dat vun der Justiz als illegal arrêtéiert gouf an als contraire zu eise Grondrechter deklaréiert gouf.

Mir dierfen eis Grondrechter net opginn, fir der Fata Morgana vu kompletter Sécherheet nozelafen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst war ganz sécher keen einfacht Joer a mir sinn och nach net um Schluss vun dësem Joer ukomm. A puncto Klimawandel huet d’Mënschheet dëst Joer op beandrockend Manéier kënne gesinn, wat fir en Afloss d’Mënsche wierklech op hir Ëmwelt hunn. Kaum hunn d’Leit missen an hiren Haiser bleiwen, schonn huet d’Natur ugefaangen, sech hire Wee zréck an d’Stied ze sichen. Och mir hoffen, datt den designéierte President Biden sengem Verspriechen nokënnt, an den USA esou séier wéi méiglech d’Zi ler vum Paräisser Klimaofkommes ëmzesetzen.

Och hoffe mer, datt de Rechtsstaatlechkeetsmecha nismus endlech déi autoritär Tendenzen an Europa stoppt. Mir mussen als Europa erëm léieren, besser zesummenzeschaffen an eis op d’Grondrechter ze besënnen.

Ma mir kënnen net ëmmer nëmmen op dat Bescht hoffen, mir mussen eis och fir méi schlecht Zäite virbereeden an eis deenen an de Wee stellen, déi eis Welt an eis Europäesch Unioun wëlle futti maa chen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Merci, léif Kolleeginnen a Kolleegen. Et ass esou, datt mer dës Motioun net matstëmme wäer ten aus deem ganz einfache Grond, well mer mengen, datt et wichteg ass, der Oppositioun an der Tierkei weiderhin eng Perspektiv ze bidden, op déi et sech lount hinzeschaffen, an net eng Dier zouzeklaken, just well un der Spëtzt grad ee steet, deen eis net geet. Wann dat nämlech esou wär, misste mer mat enger ganzer Rëtsch Länner opha len, verstäerkte Verhandlungen ze féieren. An dat hu mer net gemaach. Deementspriechend sollte mer et och net elo hei maachen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn et virdru scho gesot: Mir däerfen net eis Grondrechter affere fir enger Fata Morgana vun enger absolutter Sécherheet nozelafen. Dat heiten ass eng Motioun, déi genau dat mécht. Et ass eng Motioun, déi eis d’Mär vun enger Sécherheet wëllt verkafen, wa mer dach nëmmen eng gemeinsam Äntwert op den Terrorismus géife fannen. Eng gemeinsam Äntwert, déi an der Vergaangenheet meeschtens vum Euro päesche Geriichtshaff kasséiert gouf. Eng Äntwert, déi bis elo allkéiers zu enger Erosioun vun de Grondrechter gefouert huet.

A wien am Moment d’Texter liest, déi Macron, Mer kel, Groussbritannien deelweis souguer och nach ausgeschafft hunn an déi am Moment nach de Wee duerch de Ministerrot maachen, dee mierkt: Et geet hei net drëm, iergendwellech Grondrechter ze schützen. Et geet hei drëm, fir en Iwwerwaa chungsstaat auszebauen, fir datt jiddweree vun eis zum gliesene Bierger gëtt, fir datt jiddweree vun eis als Éischt emol verdächteg ass an eréischt duerno gekuckt gëtt: Vläicht bass de onschëlleg?

Ma dat ass d’Ëmdréine vum Rechtsstaatsprinzip! A genau dowéinst kënne mir net matdroen, datt mer do eng gemeinsam Politik maachen, déi d’Grondrechter ëmmer méi ofschaaft.

Den David Wagner huet gesot, datt ee sech dann och nach d’Fro muss stellen, ob net nach aner Leit op eemol och an déi Iwwerwaachung erafalen. Ma ech soen em ganz kloer: Jiddweree vun eis fält herno dorënner, well et kann een eng Dier net nëm men e bëssen opmaachen, fir den Terroristen noze kucken. Wann een d’Dier opmécht, mécht ee se fir jiddwereen op. A genau dat ass de Problem, léif Kolleeginnen a Kolleegen.

Ech si ganz averstane mam éischten Invite. Jo, mir sollten eis Solidaritéit politesch an diplomatesch, mee virun allem mënschlech mat deene getraffene Länner ausdrécken. Mee just well mer betraff sinn, sollte mer net an iergende blannen Aktionismus verfalen a Grondrechter erodéieren, ouni datt et dofir iergendeen erwisene Benefiss gëtt. Well bis haut ass jiddwereen de Beweis schëlleg bliwwen, datt d’Grondrechter ofschafen iergendwéi géif zu méi Sécherheet féieren.

Ech soen Iech Merci.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Merci, léif Kolleeginnen a Kolleegen. Et ass esou, datt mer dës Motioun net matstëmme wäer ten aus deem ganz einfache Grond, well mer mengen, datt et wichteg ass, der Oppositioun an der Tierkei weiderhin eng Perspektiv ze bidden, op déi et sech lount hinzeschaffen, an net eng Dier zouzeklaken, just well un der Spëtzt grad ee steet, deen eis net geet. Wann dat nämlech esou wär, misste mer mat enger ganzer Rëtsch Länner opha len, verstäerkte Verhandlungen ze féieren. An dat hu mer net gemaach. Deementspriechend sollte mer et och net elo hei maachen.