Header for 2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här Presi dent. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Lag vun der Natioun ass mat déi wichtegst Analys hei am héi jen Haus, fir d’Erausfuerderunge vun eiser Natioun unzegoen, fir dem Bierger eng Perspektiv op déi nächst Méint a Joren ze ginn, an dëst mat ver schiddene politesche Standpunkten a Visiounen. Wa mer iwwert d’Lag vun der Natioun schwätzen, kënne mer d’Lag vun der EU, vun Europa a vun deenen anere Länner awer net ausklameren. Mir wëssen et alleguerten: Mir kënnen an eisem Land ouni internationalen Austausch net fonctionéieren. Lëtzebuerg feelt et ouni seng Partner un Energie, Matièrepremièren an, wéi mer besonnesch an deene leschte Méint nach eemol gesinn hunn, un Aarbechtskräften.

Déi vergaange Méint waren, wat d’international Kooperatioun betrëfft, awer leider keng Stärestonn, weeder fir Europa a scho guer net fir d’Groussre gioun. Wéi wichteg a gläichzäiteg fragill eis Bezéi ungen zu den Nopeschlänner sinn, huet eis d’Covidpandemie onmëssverständlech nach eemol virun Ae gefouert. Op eemol war sech jiddweree just nach selwer am nächsten an national Aleng gäng waren erëm onerwaart den Alldag.

Vun engem Moment op deen anere ware mer eis net méi sécher, ob mer genuch Personal am Ge sondheetssecteur géife behalen, falls eis Nopesch länner hir Grenze géifen zoumaachen oder hiert Personal selwer géife requisitionéieren. Esou international Interdependenzen an déi domat verbon nen Ofhängegkeete kënne veronsécheren. Jo, si kënnen engem souguer Angscht maachen a kënnen ee souguer gleewe loossen, datt eist Land besser dru wär ouni déi aner, datt et besser wär, wa mer alles géife selwer hierstellen, all d’Servicer géife selwer assuréieren a just no de Leit aus eisem Land géife kucken. Mee dat ass eng geféier lech nationalistesch Illusioun!

Lëtzebuerg ass just Lëtzebuerg, wann et en oppent Land ass. E Land, wat Mënschen aus de verschid densten Hierkonftslänner empfänkt, den interna tionalen Dialog sicht a länneriwwergräifend koope réiert. Ech sinn houfreg drop, an engem Land ze liewen, wat och a Krisenzäiten ëmmer erëm säin Engagement fir international Solidaritéit a Koope ratioun ervirhieft, obwuel gläichzäiteg nationalis tesch Narrativer weltwäit Buedem gewannen.

Mee och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Stëm men, déi duerch Friemefeindlechkeet an Nationa lismus um rietse Bord opfalen an zu deene sech Mënschen, déi sech vum aktuelle System am Stach gelooss fillen, leider nëmmen allze oft higezu fil len. Wa mer de Wäert vun der Demokratie an der Stabilitéit héichhale wëllen, geet et dofir net duer, just op e puer wéinegen internationale Konferen zen eppes iwwert d’Virdeeler vun der Kooperatioun a Solidaritéit ze soen, da geet et net duer, sech selwer op d’Schëller ze klappen, datt ee wärend der Covidkris Solidaritéit mat de vulnerabele Persoune bewisen huet. Da musse mer dës Solidaritéit och an eisem Land liewen! An d’Mënsche mussen d’Vir deeler vum Echange op internationalem Niveau sel wer an hirem Alldag ze spiere kréien.

Wat mer dofir brauchen, ass eng éierlech, solida resch Reform. Mir dierfen dem rietse Bord d’Iddi vun enger déifgräifender Verännerung vum System net eleng iwwerloossen. Mir mussen de Leit eng reell Alternativ bidden, eng Alternativ, déi amplaz op Ausgrenzung op Zesummenhalt a Solidaritéit baséiert. Einfach esou weidermaache wéi bis elo, ass do keng Optioun.

Mir bedaueren dowéinst och, datt de Premier vir gëschter ugekënnegt huet, keng gréisser Projete wëllen unzegoen an an der kommender Sessioun de Sozialsystem just wëllen esou ze erhalen, wéi en elo ass. Den aktuelle Sozialsystem ze erhalen, bedeit nämlech och, Ongerechtegkeeten an Inegali téiten ze erhalen. Et ass wichteg, datt mer eis elo drop konzentréieren, beschtméiglech duerch déi aktuell Pandemie ze kommen, mee dat däerf awer keng Excuse sinn, fir wichteg Dossieren net unze paken!

Jo, eist Land stécht aktuell an enger schwéierer sanitärer Kris, a mir soen dem Premier och ausdré cklech nach eemol Merci derfir, datt e virgëschter nach eemol drop opmierksam gemaach huet, datt et dësen neie Virus ëmmer nach gëtt an datt en och ëmmer nach geféierlech ass. Mee dës sanitär Kris ass leider net eisen eenzege Problem. Mir stinn zousätzlech enger Klimakris, enger Loge mentskris an, jo, enger sozialer Kris géintiwwer. D’Ongläichheete wuessen an eisem Land vu Joer zu Joer un. Do kënne mer elo net einfach ewech kucken. Dat ze maachen, géif de Rietsextremisten, de Rietspopulisten a generell dem rietse Bord just an d’Kaarte spillen.

Mir brauche méi effikass Ëmverdeelungsmecha nismen an eng besser Grondsécherung, an dat esou séier wéi méiglech. Mir brauchen elo eng Steierreform, an net eng, déi nach Joren op sech waarde léisst. All Mount bezuele Jonggesellen, Wittfraen a Wittmänner hir ongerecht méi héich Steieren un de Staat. Mir kënnen net nach méi laang akzeptéieren, all dës Leit weiderhin onge recht ze behandelen a méi héich ze besteiere wéi Leit, déi d’Chance hunn, an enger Koppel ze liewen. Mir brauchen eng éierlech Solidaritéit an net just e Sozialstaat um Pabeier.

Wéi de Premier virgëschter dovu geschwat huet, datt an deene leschte sechs Joer 1.650 nei Wunnu nitéiten am soziale Wunnengsbau geschaaft gi sinn, konnt ech nëmme staunen! Et huet sech wierklech esou unhéieren, wéi wann de Minister houfreg drop wier, datt duerchschnëttlech 275 Wunnenge pro Joer geschaaft gi wieren, obwuel sämtlech Etüden aus de leschten 20 Joer eis ëmmer erëm drop hiweisen, datt mer vill méi abor dabele Wunnraum misste schafen, wéi dat bis elo de Fall war.

An da schwätze mer nach guer net dovun, datt d’Präisser vun deene Wunnengen an Haiser, déi dës Regierung als „abordabel“ bezeechent, oft al les anescht wéi wierklech abordabel sinn! En Ap partement fir 400.000 Euro ze verkafen, léif Kollee ginnen a Kolleegen, ass keng sozial Mesure! A lauschtert do op eist Jugendparlament, dat a senger Resolutioun de les chte Freid eg genau hei op dëser Plaz genau dee Punkt vun „abordabel“ nach eng Kéier kritiséiert huet. Wann d’Präisser um reguläre Marché explodéieren a gläichzäiteg d’Be vëlkerungszuelen ëmmer weider an d’Luucht ginn, muss de Staat d’Offer vill méi drastesch an d’Luucht setzen a soziale Wunnraum schafen, dee wierklech bezuelbar ass!

Wa mir de Wonsch vun der Regierung, datt se elo am Beräich vum Logement gutt Aarbecht geleescht hätt, obwuel d’ëffentlech Zuele weisen, datt et net déi ganz Wourecht ass, och net deelen, da freeë mer eis awer driwwer, datt gëschter ugekënnegt ginn ass, an Zukunft weider an dëst Politikfeld ze investéieren. Grad an Zäite vun negativen Zënsen, a wou d’Regierung jo manifestement kee Problem domadder huet, fir Scholden opzehuelen am Interêt vum Land, misst ee sech froen, ob een net hei dat als Staat och kéint maachen, wat d’Biergerinnen an d’Bierger dobausse säit Jore musse maachen, nämlech Schold ophuelen, fir a Steng ze inves téiere fir déi zukünfteg Generatioune vun eisem Land. Et ass nämlech méiglech an néideg. De Staat kann ouni finanziell Pertë fir zéng Euro de Meterka ree an deelweis souguer drënner Wunnenge bauen an ubidden. Wat feelt, ass de politesche Wëllen! Dofir reeche mir, Här President, haut och eng Mo tioun an, mat där mer d’Regierung invitéiere wëllen, de Projet, abordabele Wunnraum ze scha fen an de kommende Joren, endlech an d’Realitéit ëmzesetzen. Wannechgelift, Här President!

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). D’Logementskris ass awer net nëmme fir déi Äermsten an eiser Gesellschaft e Problem, mee och fir de Mëttel stand, deen a ville Fäll net vum soziale Wunnengs bau profitéiere kann. An dofir geet d’staatlecht Bauen eleng natierlech net duer. Mir brauchen do riwwer eraus eng Steierpolitik, déi et méi onattrak tiv mécht, eng héich Unzuel un Immobilien ze besëtzen a mat Immobilien ze spekuléieren.

D’Erofsetze vum Taux d’amortissement vu 6 % op 5 % respektiv 4 % wäert an deem Kontext, fäerten ech, awer net wierklech deen Impakt hunn, deen d’Regierung eis hei versprécht. Wann ee sech ukuckt, wéi niddreg d’Zënssätz aktuell um Finanz maart sinn a wéi staark d’Präisser um Logement vu Joer zu Joer steigen, ass en Investissement an eng Immobilie ëmmer nach eng extreem attraktiv Léi sung. Ech denken net, datt d’Reform vum Amortis sement accéléré do iergendee bedeitenden Afloss op d’Investitiounsverhale wäert hunn.

A wann ech liesen an der Press, datt et Leit gëtt, déi 96 Unitéite privat besëtzen a miwweléiert ver lounen, an dat och nach ënner Exklusiounskrittä ren, wou se soen: „A nee, also keng Studenten, keng Koppelen, keng Leit mat deem an deem Akommes, u sech just Young Professionals, déi de préférence dräi bis sechs Méint hei am Land sinn“, da gi mer d’Schudderen aus! Wéi kënne mer an engem soziale Staat akzeptéieren, datt esou Eefa milljenhaiser reieweis vum Marché geholl ginn, fir dorauser e Saucissonnage ze maachen a kleng Zëmmeren ze offréieren zu exorbitante Präisser?! Mir hunn, zu Recht, eis an der Vergaangenheet hei iwwer Cafészëmmeren opgereegt, iwwert déi deso lat Situatioun an de Cafészëmmeren. Ma genausou musse mer eis doriwwer opreegen, wann et Leit betrëfft, déi méi Geld hunn, déi et sech u sech leeschte kënnen, an deene Wunnengen ze wunnen, mee déi domadder direkt dozou bäidroen, datt de Wunnengsmaart sech weider uspaant an net entspaant.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech froe mech gene rell, ob déi puer Mesuren, déi d’Regierung trotz hi rer allgemenger StatusquoPolitik an hannert dem Koalitiounsaccord verstoppt ëmsetze wëllt, tatsächlech déifgräifend Verännerunge mat sech brénge wäerten. Mir schéngt et hei éischter, wéi wann e puer kleng Adaptatiounen, e puer kleng Plooschteren hei an do géife gemaach ginn, fir sech net musse virwerfen ze loossen, näischt gemaach ze hunn, ouni wierklech de politesche Wëllen ze hunn, eppes ze änneren. Datt et mat der Géisskan a Krisenzäiten eriwwer ass, ass eis, mengen ech, alleguerte kloer. Mee e wéineg méi politesche Gestaltungswëlle géif awer sécher net schueden!

Et wär elo net d’Zäit fir eng „Politique politicienne“, huet de Minister virgëschter gemengt. An ech muss him do Recht ginn. Mee wat ass eng Reform vun de FISen zesumme mat der Aféierung vun enger Prime participative aneres? Mir maachen déi eng Säit eng Dier fir Ongerechtegkeeten zou an déi aner Säit direkt erëm eng op, fir et de Groussver dénger am Land nëmmen net ze schwéier ze maa chen. A wat ass et aneres wéi Politique poli ticienne, wann d’Majoritéitsparteien hei am Haus virun engem Mount nach géint eng Motioun fir d’Ofschafe vun de FISe gestëmmt hunn, fir et elo als eegen Iddi ze verkafen?

(Interruption)

Do musse mer eis net wonneren, wann d’Leit …

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Et stoung am Koalitiounsprogramm, Här Clement. Just zur Informatioun!

M. Sven Clement, (Piraten). Do musse mer eis net wonneren …

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. An zur in tellektueller Éierlechkeet, och moies um 8.00 Auer!

(Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten). Do musse mer eis net wonneren, wann d’Leit duerch esou Saache skeptesch ginn an dann éischter gewëllt sinn ze gleewen, datt eng global organiséiert, béisaarteg politesch Elitt probéiert, si auszebeuten, wéi drop ze vertrauen, datt hir Stëmm am demokratesche Prozess zu Lëtzebuerg nach e Gewiicht huet.

Wann et dem Premier, wéi hie sot, ëm Gerechteg keet, Moral an Anstand geet, da gräifen dës Mesu ren, déi un den Ongläichheeten an Ongerechteg keeten an eisem Land wéineg bis guer näischt ännere wäerten, ze kuerz.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer iwwer Gerechtegkeet schwätzen, da musse mer och déi intergenerationell Gerechtegkeet uschwät zen. An dann däerfe mer och eis Responsabi litéit visàvis vun eise Kanner an de Genera tiounen, déi no hinne kommen, net aus den Ae verléieren.

An da si mer séier bei deem ganz wichtegen Theema vum Ëmwelt a Klimaschutz. E Sujet, dee mir an deem Kontext besonnesch wichteg ass, ass dee vun der Transparenz, wann et drëm geet, eis Klimabilanz ze evaluéieren. Et hëlleft wierklech kengem, wann een hei Zuele schéirechent oder nëmmen déi Zuele matdeelt, déi engem an de Krom passen! Eis Loft gëtt net méi propper a mir consomméieren och net manner, wa mer just anescht rechnen oder eppes ëmformuléieren.

Wann een zum Beispill héiert, datt 200.000 Leit zu Lëtzebuerg mat Wandenergie versuergt ginn, wéi de Premier gëschter sot, héiert sech dat exzellent un. Dat héiert sech fir Leit, déi sech mam Sujet net auskennen, esou un, wéi wann d’Energieconsom matioun vun ongeféier engem Drëttel vum Land duerch Wandkraaft assuréiert kéint ginn. Mee esou ass et net! Wäit ewech vun engem Taux vun 33 % un erneierbaren Energien, kämpfe mer am Moment jo schonn, fir vläicht an zéng Joer en Taux vun nëmme 25 % realiséiert ze kréien! Firwat probéiere mer hei, Saache schéinzerieden? Soe mer dach, wéi et ass: miserabel!

Mir liewen iwwer eise Verhältnisser. Wa mer eis Kli maziler erreeche wëllen, musse mer nach vill méi Efforte maachen. Mir brauchen nei Pisten a musse bestoend Mesuren evaluéieren.

Eng vun dëse Mesuren, déi dréngend evaluéiert misst ginn, ass zum Beispill déi aktuell „Cleverfue ren“Primm, déi Persoune kënnen ufroen, wa se e Vëlo, en Elektroauto, en Hybridauto kafen. De Pre mier huet sech do virgëschter gefreet, datt seng Mesure grad bei Vëloen, wou d’Verkafszuelen am leschte Joer duerch de Plaffong gaange sinn, e risegen Erfolleg gewiescht wär. Mee fairerweis muss een dann awer och zouginn, datt de Covid säin Deel dozou bäigedroen huet. Schliisslech gouf et weltwäit en Ustuerm op Vëloen, wéi d’Leit bis ugefaangen hunn, iwwerfëllt Bussen an Zich ze meiden, an eng Alternativ gesicht hunn. An dat och a Länner, wou et keng Primme gouf! Mee aus wéi enge Grënn d’Leit elo och ëmmer decidéiert hunn, sech e Vëlo ze kafen, ass jo eigentlech guer net esou wichteg. All Vëlo méi op eise Stroossen ass schliisslech e Gewënn.

Et stellt sech awer d’Fro, ob dat bei den Elektroau toen och ëmmer esou ass. Stellt en héich moto riséierten an extreem deieren Elektroauto wierklech esou e Gewënn fir d’Allgemengheet duer, datt en och duerch eng vun dëser Allgemengheet fi nanzéiert Primm muss gefërdert ginn? Sécher net! Mir brauche sozial gerecht Primme fir eng klimaf rëndlech Mobilitéit. Eng Primm vun 8.000 Euro fir en 100.000 Euro deieren Elektroauto mat 350 PS ass en Hon!

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass e finanziel len Zouschoss fir eng staatlech gefërdert Energie verschwendung an eng Frechheet visàvis vun eisem Sozialstaat! Doduerch, datt déi aktuell Primm fir Elektromobilitéit net sozial gestaffelt ass an och de Präis vum Auto kee Krittär ass, fir d’Héicht vun der Primm ze definéieren, kënnt et aktuell zu Situatiounen, an deenen d’Allgemeng heet de Luxus vun deene finanzéiert, déi och ouni eng staatlech Primm méi wéi genuch Suen hätten, fir sech hiren Elektroauto als Zweet oder Drëttauto ze kafen.

Fir dat an Zukunft ze ënnerbannen, reeche mir dofir dës Motioun an, Här President, an där mer d’Regie rung bieden, d’„Cleverfueren“Primm nom Schluss vun hirer éischter Phas am kommende Fréijoer ze evaluéieren an no soziale Krittären ze adaptéieren. Mir proposéieren dofir, d’Héicht vun der Primm nom Akommes vun de Keefer ze staffelen an eng netto Kafpräislimitt vum Auto festzesetzen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Wa mer d’Elektro mobilitéit doriwwer eraus an Zukunft ausbaue wëllen, ass et wichteg, dorop opzepassen, datt wärend der Transitiounsphas sozial benodeelegt Haushalter net zousätzlech belaascht ginn oder faktesch vu gewëssene Mesuren ausgeschloss ginn, well hinnen déi finanziell Mëttele feelen, fir iwwerhaapt vu gewëssene Primme profitéieren ze kënnen.

An deem Kader ass et definitiv ze begréissen, datt d’Regierung decidéiert huet, gläichzäiteg mat der Erhéijung vun de Bensinns an Dieselpräisser eng Augmentatioun vum Crédit d’impôt virzegesinn, esou wéi mer dat hei oft scho betount hunn. Et ass awer vläicht e bëssen ze kuerz gegraff, wann ee bedenkt, datt dat just op der Berechnung vum ge fuerene Kilometer baséiert a mer ganz vergiessen, datt grad déi Leit, déi et am néidegsten hunn, hee feg net d’Geld hu fir eng energeetesch Sanéierung an domadder och nach Brennes verheizen, an do madder mat 96 Euro d’Joer sécher net eraus komme wäerten.

Wa mer dovu schwätzen, wéi mer den CO2Aus stouss an Zukunft reduzéiere wëllen, da betrëfft dat awer net just den Eenzelne mat sengem Auto un der Pompel, mee virun allem och d’Industrie. Eng individuell nohalteg Aart a Weis ze liewe muss begleet ginn duerch eng nohalteg Produktiounsket ten. Nohaltegkeet a wirtschaftlech Entwécklung musse sech géigesäiteg net am Wee stoen. Mat klore Krittären an Nohaltegkeetschartae fir Entre prisë kënne mer zu Lëtzebuerg e betribsfrëndlecht Klima schafen, ouni eis natierlech Ressourcen ze verschwenden.

Dofir, Här President, reeche mer och haut nach eng weider Motioun an, an där mer fuerderen, datt all Entreprise, déi sech an Zukunft fir de lëtzebuerge sche Wirtschaftsstanduert entscheet, eng ëffent lech zougänglech Nohaltegkeetscharta beim Ëmweltministère areeche muss, aus där ervirgeet, wéi eng Ressourcë verbraucht wäerte ginn a wéi séchergestallt soll ginn, datt de Verbrauch net iwwer gewësse Grenzwäerter, déi d’Regierung verbindlech festleeë soll, erausgeet.

Et ass wichteg, datt se ëffentlech zougänglech ass, fir datt mer Diskussioune wéi ronderëm FAGE oder Google, wou verschidden elementar Donnéeë ge heim gehale ginn, vermidde ginn, a gläichzäiteg, datt e Krittärekatalog en amont definéiert ass, fir datt eng Entreprise net op e Jo muss waarden, mee éier si iwwerhaapt eng Ufro zu Lëtzebuerg stellt scho selwer kann evaluéieren: Kéint ech e Jo kréien oder net? Well, jo, an eppes huet de Premier Recht: „E Jo muss e Jo bleiwen.“ Mee nach besser wär et, wann dat net eleng op de Schëllere vun der Regierung an ontransparente Prozesser géif leien, mee transparent am Viraus vun de betraffenen Ent reprisen nozevollzéie wär.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir mussen déi wirt schaftlech Entwécklung zu Lëtzebuerg nohalteg gestalten, wa mer de Mënschen hei och nach an Zukunft en Doheem wëlle bidden, an deem ee ge sond liewe kann. D’Loftverschmotzung, d’Qualitéit vun eise Gewässer an den Zoustand vun eise Bëscher sinn e grousse Problem. Mënschen an Déiere gi krank. Mir bréngen dat empfindlecht Gläichgewiicht vum Ökosystem duerjerneen a stinn engem rasante Verloscht vun der Aartevillfalt géint iwwer. Mee mir kënnen dorunner nach eppes änneren, wa mer op dësem Sujet zesummeschaffen.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Wéi aus engem rezente Rapport vun der Europäescher Ëmwelta gence ervirgeet, stierwen an Europa 400.000 Leit virzäiteg wéinst Loftverschmotzung. Dat ass en enorme Chiffer! Obwuel, an eigentlech grad well eise wirtschaftleche Wuelstand steigt, verschlech tert sech eis Liewensqualitéit. Dat zeechent sech och a steigenden Zuele vu Persoune mat Depres siounen an engem héijen Taux u Suiciden of. Wann de BIP an d’Luucht geet, dann heescht dat leider net, datt och d’Wuelbefanne vun de Leit an d’Luucht geet. Geneesou wéineg heescht et awer, datt wann de BIP erofgeet, d’Wuelbefanne vun de Leit sollt erofgoen.

Wärend der Covidkris hu vill Mënschen ënner Exis tenzängschte gelidden. A leider ass de Leidenswee fir vill Leit nach net erlaanscht. Mir freeën eis dofir, datt decidéiert gouf, d’Mesuren aus dem Stabi litéitspak weiderzeféieren, a sinn och der Meenung, datt et richteg a wichteg war, de Leit duerch spezi fesch Hotlinen Ulafstellen ze bidden, wou se no Hëllef froe konnten.

De Covid huet d’Theema vun der Santé mentale, dat laang Zäit net genuch Opmierksamkeet geschenkt krut, méi an de Fokus geréckelt. A mir hoffen, datt vun dëser Opmierksamkeet wäert pro fitéiert ginn, fir dréngend noutwendeg Mesuren unzestoussen. Et gëtt aktuell an der Bevëlkerung eng ganz Rei Leit, déi probéieren deen Tabu, deen ëmmer nach mam Theema vu psycheschen Erkran kunge verbonne gëtt, ze briechen. Sief et op Social Media oder elo rezent am Jugendparlament, eis Gesellschaft huet de Wonsch, méi oppe mat deem Theema ëmzegoen a vill méi Preventiounsaarbecht ze maachen.

Mir gesinn also, datt an der Gesellschaft Bewee gung an déi Saach kënnt. An d’Politik muss dee Prozess, dee Wonsch, hei en Tabu ze briechen, elo duerch konkreet Mesuren encadréieren, zum Bei spill mat engem Gesetz, wat géif festhalen, wéi an a wéi engen Zäitofstänn Entreprisen, Schoulen an Universitéite Gesondheetschecks ubidde missten, déi och d’mental Gesondheet ofdecke géifen.

Grad wat esou Preventiounsaarbecht ugeet, musse mer elo oppassen, datt mer eis Aarbechterinnen an Aarbechter an den essenzielle Beruffer net iwwer laaschten. Am Beräich vun der Santé a vun de Soine war de Summer alles anescht wéi eng gemittlech Zäit. Et konnt ee sech net wierklech erhuelen. Et huet ee sech preparéiert op deen nächste Stuerm. Vill Leit hunn am Kader vun der Kris iwwer hir perséinlech Limitten eraus hiert Bescht ginn, fir jiddwerengem ze hëllefen, deen Hëllef gebraucht huet, och wann dat bedeit huet, fräiwëlleg eng ganz Rei Iwwerstonnen op sech ze huelen. Dësen Asaz verdéngt Unerkennung. An et ass eis Flicht, dëse Leit, nodeems se esou vill ge leescht hunn, och selwer Hëllef zoukommen ze loossen, falls se der brauchen. D’Ariichtung vun enger spezieller Hotline fir Professioneller aus dem Gesondheets a Fleegesecteur ass dofir och e richtegen a ganz wichtege Schrëtt gewiescht! An Zukunft misst een awer och duerch obligatoresch preventiv medezinnesch Kontrollen, déi och d’Santé mentale betreffen, dat Ganzt ergänzen.

Doriwwer eraus musse mer eis awer och iwwer leeën, wéi d’Persounen aus den essenzielle Beruffssparten allgemeng méi Unerkennung kënne kréien. Ech denken do beispillsweis och un dee ganzen Hygiènessecteur, an deem d’Leit ganz ge réng Salairen hunn an awer en essenziell wichtege Bäitrag fir eis Gesellschaft leeschten. Et ass ein fach net gerecht. Essenziell Beruffer mussen déi Unerkennung kréien, déi hinnen zousteet! An enger gerechter Gesellschaft soll de Salaire och de Ver déngscht fir d’Gemeinschaft representéieren.

An et ass schéin a gutt, international Talenter mat spezifesche Qualifikatioune wëllen duerch speziell Vergënschtegungen op Lëtzebuerg ze bréngen. Mee dat schléisst net aus, datt mer och manner seelen a manner héich qualifizéiert Beruffsgruppen duerch spezifesch Vergënschtegunge valoriséiere géifen. E Land brauch net nëmme Satellitteninge nieuren, an eng Regierung däerf hire Bléck net ëmmer nëmmen a Richtung vun de Stäre riichten. Ëmmer méi héich, ëmmer méi wäit an ëmmer méi grouss …

(Interruption)

… ass net ëmmer besser. Jiddwereen an eiser Gesellschaft huet eppes zur Gemeinschaft bäize droen. An ass et och just e klenge Bäitrag, kann e vu ganz grousser Bedeitung sinn.

Mir hätten eis gewënscht, datt d’Regierung de Wäert vun deene ville klenge Bäiträg, déi déi grouss Mass u Leit all Dag leescht, unerkannt a valoriséiert hätt. Et ass wichteg, datt d’Politik de Bléck nees op d’Leit riicht, hir Potenzialer erkennt an och unerkennt an net just dohi kuckt, wou de Räichtum direkt ze fannen ass. Wann dat net ge schitt, muss ee sech net wonneren, wann Enttäu schung a Frustratioun sech breetmaachen. An da muss ee sech och net wonneren, wann de rietse Bord dës negativ Emotioune bedéngt, fir Wieler fir seng mënschefeindlech Politik ze begeeschteren.

Wa mer dat verhënnere wëllen, brauche mer dat, wat ech am Ufank eng „éierlech Solidaritéit“ ge nannt hunn: eng Politik vun der Mënschlechkeet.

Ech soen Iech Merci.