Header for 2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

Dës Ried hunn ech den 09/10/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, och eis Gedanke sinn natierlech um haitegen Dag beim Félix Braz a senger Famill a mir wënschen him vill Kraaft an dass hien erëm schnellst méiglech op d‘Bee kënnt. Ech mengen, jidd wereen huet et scho gesot, e gëtt heibanne vermësst.

D‘Piraten hunn elo wärend engem Joer konn ten Erfahrungen hei am Parlament sammelen a mir hunn eis an der Roll vun der Oppositiouns partei, mengen ech, esou lues a lues agelieft. Mir wëllen dobäi eng konstruktiv, awer och kompromëssbereet Oppositiounspolitik maa chen.

U sech ass et jo och der Oppositioun hire Rôle, fir nom État de la nation op dësen ze reagéie ren a sech inhaltlech un deem ze reiwen, wat de Premier am Numm vun der ganzer Regie rung iwwert den Zoustand vun eisem Land an, vill méi wichteg, iwwert d‘Visiounen an d‘Pläng fir d‘Zukunft ze soen hat. Dëst fält mer haut ëmsou méi schwéier, well d‘Ried vum Premier minister inhaltlech leider substanzlos war.

Mir haten eis eng Ried mat klore Propose fir d‘Zukunft erwaart, mat Proposen, wéi mer eis Klimaziler kéinten erreechen, wéi jiddweree sech en Daach iwwert dem Kapp ka leeschten a wéi mer jonken a manner jonke Leit mat alle Bildungshannergrënn Perspektiven um Aar bechtsmarché kënne ginn. Wat mer kruten, war eng Beschreiwung vum Status quo e Constat, mä keng Léisungsusätz!

Et geet net duer, sech Ziler ze setzen. Et muss een och seriö eppes derfir maachen, fir se ze erreechen.

Gëschter konnte mer héieren, datt weiderhin un de Klimaziler fir 2030 festgehale soll ginn an d‘NettoNull fir 2050 och nach ëmmer d‘Zil vun der Regierung bleift.

Dat freet eis natierlech ze héieren. Mä Lëtze buerg huet scho widderholl gewisen, datt d‘Klimaziler zwar ugekënnegt ginn, um Enn dann awer net erreecht ginn. Wann et haart op haart koum, gouf d‘Lat bis elo nach all Kéiers zu gudder Lescht dach op en Neits gerappt. Dat muss sech änneren!

Et geet eben net duer, dass de Xavier Bettel sech privat eng kleng Juggurtsmaschinn keeft, fir de Klima an domadder de Planéit ze retten.

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d‘État. … well soss géift Dir …

M. Sven Clement (Piraten). Mir musse méi maachen, méi wäit goen, an net nëmmen iwwert d‘Konsequenzen …

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Mi nistre d‘État. … och eng Maschinn kafen …

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten). Ma, Här Bettel, ee Virdeel huet Är Juggurtsmaschinn näämlech gehat: Mindestens zwee Opposi tiounspolitiker hunn e bësse méi CO2 konnte produzéieren, wärend mer doriwwer geschwat hunn.

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d‘État. Ech kann Iech just och d’Ma schinn, fir Spruddelwaasser ze maachen, re commandéieren!

M. Sven Clement (Piraten). Ech hunn eng an ech soen Iech och net, wéi eng Mark et ass, dat wär …

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV). Nee, léiwer net!

M. Sven Clement (Piraten). … näämlech verbuede Werbung heibannen!

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV). De Max Weber freet sech net!

M. Sven Clement (Piraten). Mir musse méi maachen, méi wäit goen, an net nëmmen iwwert d‘Konsequenze vun eisem Handele schwätzen, mä eis gutt Virsätz och tatsächlech liewen an eis esou konsequent fir de Schutz vun eiser Welt asetzen.

Souguer d‘Europäesch Kommissioun, déi jo net fir ambitiéis Klimaziler bekannt war, huet sech beklot, datt eis Approche, fir eis eegen national Klimaziler ze erreechen, nach onkloer an onde finéiert wieren.

(Interruption)

Erlaabt mer, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d‘Fro opzewerfen, wéini d‘Regie rung plangt, de Prinzip vum Pollueurpayeur endlech konsequent ëmzesetzen. Ab wéini wäert de realen Impakt vum individuellen Han delen op Basis vun transparente Berechnunge fir d‘Konsumente gräifbar ginn?

Et ass kee Geheimnis, datt ee Liter Bensinn 2,3 Kilo CO2 produzéiert. Beim Diesel sinn et sou guer 2,6 Kilo. Eis aktuell CO2Steier um Bensinn mécht nëmme ronn 11 Euro pro Tonn aus. Dat entsprécht net am Geréngsten dem Präis, deen op den Energiemarchéë fir en Emissiounszertifi kat haut opgeruff gëtt. Géife mer eis um ak tuelle Präis vun der Bourse wat en niddrege Präis ass! orientéieren, missten eis Taxen um Karbon bei 25 Euro pro Tonn leien. Also méi wéi duebel esou héich, wéi se haut sinn!

Konkret géif dat heeschen, dass de Bensinns präis ëm ronn 3 Cent pro Liter géif an d‘Luucht goen. Fir den Duerchschnëttskonsument géif dat bedeite plus/minus 5 Euro de Mount méi. Mä dat traut sech d‘Regierung net ausze schwätzen. Si traut sech net, hire Wieler d‘Wou recht ze soen, a spillt net mat oppene Kaarten. Léiwer bretzt se sech domat, ver meintlech Ëmweltschutzmesuren ëmzesetzen, obwuel dës just e minimalen Impakt oder sou guer guer keen Impakt op d‘Weltklima hunn. Wann d‘Regierung vun enger ökologescher Steierreform schwätzt, da muss se och vun enger Steier op Zäregase schwätzen. Mä et muss een awer och konkret Propose maachen, wéi eng CO2Steier sozial verträglech gestalt ka ginn, fir Leit mat klengem Akommes, déi op hiren Auto ugewise sinn, net zousätzlech ze belaaschten. Et geet net duer, just iwwert d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze schwätzen. Et muss een och Pisten hunn, fir dëse méi accessibel ze maachen. Grad déi Leit, déi am dréngendsten op den ëffentlechen Transport ugewise sinn, fir hire Mobilitéitsbudget ze reduzéieren, hunn oft e schlechten Zougang zu dësem.

Et sinn net déi Leit, déi sech en Appartement oder en Haus an der Stad kënne leeschten, déi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn. Et sinn déi Leit, déi sech just nach ausserhalb, voire iwwert d‘Grenz ewech eppes leeschte kënnen, déi op e performanten ëffentlechen Transport ugewise sinn. Duerfir brauche mir besser Verbindungen am ganze Land a méi breet a flexibel opgestallte Fuerpläng.

Dir Dammen an Dir Hären, eis Klimaziler sinn ech erënneren nach eemol drun trotz Wuess tum bis 2030, eis Zäregasemissiounen ëm 55 % par rapport zum Joer 2005 ze reduzéie ren a gläichzäiteg den Undeel un erneierbaren Energien op 25 % eropzesetzen. Do stellt sech natierlech d‘Fro: Wou si mer haut drun? Wéi wäit si mer scho komm?

Dat huet de Premier eis gëschter net esou ge nee duergestallt. An e wäert och sécher seng Grënn gehat hunn, well mir hunn an deene leschte 14 Joer eis Emissioune just ëm ongeféier

26 % reduzéiert. Et feelen also nach weider

30 %, fir eist Zil fir 2030 ze erreechen. An et bleiwen elo awer just nach eelef Joer.

Beim Taux vun den erneierbaren Energien am ganzen Energiemix vu Lëtzebuerg gesäit et nach méi dramatesch aus. 25 % sinn d‘Zil; Stand 2017 laut Eurostat 6,38 %.

Wéi mer dat Zil wëllen erreechen, dorobber huet d‘Regierung gëschter keng Äntwert ginn.

Mat eppes huet de Premier gëscht awer recht gehat: Et ass nach Zäit, eppes ze änneren. Mä da geet et net drëms, weider „ze maachen“, mä endlech unzefänken!

A fir dësen Ufank ze maachen erlaabt mer, Här President, Dir Dammen an Dir Hären , de poséieren ech heimadder souwuel eng Proposi tion de loi an eng Motioun mam Zil, der Netto Null méi no ze kommen.

Wannechgelift!

M. Sven Clement (Piraten). Et geet ëm eng Proposition de loi, déi d‘Planze vu Beem am Kader vu Bauprojete virgesäit, fir en Deel vum CO2, deen duerch de Bau entsteet, erëm ze bannen a gläichzäiteg d‘Natur ze stäerken. Eis Motioun proposéiert zousätzlech eppes, wat ech och per Courrier un de Bureau vun der Chamber proposéiert hunn, näämlech, d‘Déngschtreesen duebel mat CO2Zertifikater ze kompenséieren.

(Interruption)

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, och wann de Klimaschutz e wichtegen Aspekt vun der Lag vun der Natioun ass, esou ass et bei Wäitem net deen eenzegen. Net méi spéit wéi virgëscht huet de Statec déi nei Zuelen zu den Immobiliëpräisser publizéiert: 11 % Crois sance an engem Joer ech sinn net deen éisch ten, deen et seet.

Domadder schloen eis steigend Immobiliëpräis ser op en Neits all Tauxen op de Bourssen, den Taux vun der Inflatioun bei Wäitem an natier lech och all Zënssaz op engem Spuerbuch. Wa mer d‘Entwécklung vum Immobiliëmarché mat den Zënsen um Spuerbuch vergläichen, wues sen d‘Präisser, fir ze wunnen, honnertmol esou séier wéi Kapital op engem Spuerbuch.

Et dierf dach net sinn, datt een, dee sech en Appartement fir 400.000 Euro kafe wëllt an do fir all Mount 2.000 Euro op d‘Säit leeë kann, net hannendrukënnt, well en no engem Joer zwar 24.000 Euro um Spuerbuch huet, mä d‘Appartement dann op eemol 444.000 Euro kascht.

Dat ass eng Diskrepanz! Do lafe mer just nach hannendrun! Do dréie mer am Hamsterrad wéi d‘Kolleegin Martine Hansen dat hei scho gesot huet.

D‘Leit sinn esou verzweifelt op der Sich no be zuelbarem Wunnraum, datt se souguer an der däischterer Nuecht virun engem Bürosgebai campéieren, fir déi Éischt ze sinn, fir eng De mande ofzeginn. Mä et ginn am räiche Lëtze buerg ze vill Leit, déi net obdachlos sinn, mä a ganz prekäre Situatioune wunne musse wéinst den héije Loyeren, awer net eleng aus hirer Situatioun erauskomme kënnen. Net jidderee kritt e Prêt an un dësem Trend wäert sech, dank neie macroprudentielle Regelen, wuel esou séier och näischt änneren. Ganz am Géi gendeel, et wäert fir Privatpersoune weider méi schwéier kënne ginn.

Wann ee sech säin Doheem awer weder mat engem Spuerbuch nach mat engem Prêt finan zéiere kann, wat bleift dann nach? Wat versprieche mer deenen nächste Generatiounen, déi op de Wunnengsmaart kommen?

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi Wéinegst vun eis heibannen hunn de Pro blem vun der Wunnengsnout un der eegener Haut erlieft. Dat heescht awer net, datt mir de Problem dierfen ignoréieren. Wärend mir hei sëtzen, stinn, schwätzen, liewe Leit, déi e festen Job hunn, op Campingsplazen, well se sech keng Wunneng leeschte kënnen, déi besser wier wéi déi Roulotte, an där se grad wunnen. Et liewe Leit an hiren Autoen an anerer huelen all Dag a Kaf, hiren Aarbechtsdag ëm Stonnen a Stonnen ze verlängeren, fir ze pendelen, well si keng aner Méiglechkeet hunn. Zur Dignitéit vum Mënsch gehéiert och d‘Recht op en an stännegen Daach iwwert dem Kapp an d‘Recht genuch iwwreg ze halen, fir sech gesond ze er nären.

D‘sozial Schéier geet zu Lëtzebuerg ëmmer méi wäit auserneen an de Logement ass een, wann net souguer dee gréisste Facteur bei dësem Problem. Et ass awer net deen eenzegen.

Jo, mir hu gesond Statsfinanzen. Mä wat bréngt eis dat, wann d‘Inegalitéiten an d‘On gerechtegkeeten ëmmer méi grouss ginn? Ganz egal, wéi héich de Wuesstum vun eisem Land ass, en ass näischt wäert, wann net jid deree gläichermoossen dovu profitéiere kann!

Eist Land, dat sech mat sengem TripleA do bausse bretzt, huet den TripleA a soziale Froe scho längst verluer.

Wa mer wëllen ufänken, de Problem vun de so zialen Ongläichheeten ze léisen, da musse mir jidderengem nees Opstigschancë bidden, d‘ADEM muss méi performant ginn, fir Aar bechtssichender méi zilgeriicht ze beroden an ze begleeden, a mir brauchen e soziaalt Netz, wat perséinlechen Engagement belount.

Zousätzlech musse Prozedure vereinfacht ginn, fir et de Betraffenen ze erméiglechen, d‘Iwwer siicht ze behalen a sech och un d‘Konditiou nen, déi u se gestallt ginn, ze halen.

Mir hu schliisslech déi lescht Woche gesinn, datt et eng ganz Rei onduerchsiichteg Prozedu ren zu Lëtzebuerg gëtt an dass souguer ge stane Gemengepäpp sech a Prozeduren zum Beispill ronderëm Baugeneemegungen iere kënnen. D’Kompetenze goufen einfach op ze vill verschidde Plaze verdeelt.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et kann een net weidermaachen, wann nach näischt gemaach gouf. Da muss ee sech als Éischt emol trauen, unzefänken.

Ufänken, dat muss bedeiten, et klenge Betriber méi einfach ze maachen, qualifizéiert Fachper sonal anzestellen, ouni onnéideg administrativ Barrièren.

Ufänken, dat muss bedeiten, qualitativ héich wäerteg Betreiungsstrukture fir den drëtten Alter ze garantéieren, déi net esou vill kasch ten, dass eeler Leit an hire leschte Liewensjore gezwonge sinn, alles ze verkafen, fir dat si e Liewe laang gespuert hunn.

Dat muss bedeiten, méi soziale Wunnraum fir 10 Euro de Meterkaree ze offréieren. An dat muss bedeiten, jidderengem ze erméiglechen, Vertrauen an eis Regelen a Kritären ze hunn, dee Moment, wou se ufänke mat plangen, am plaz eréischt duerno.

De Stat eleng kann a wäert net all déi néideg Wunnenge bauen. Duerfir ass een op Privatpro prietairen a Promoteuren ugewisen, déi mat staatlecher Ënnerstëtzung oder mat staatleche Garantië fir en abordabele Präis bauen, verka fen oder verlounen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, gëschter hate mer eis, mengen ech, alleguer e bësse méi Substanz erwaart net nëmme bei der Fro vun der Klimakris, der Logementspro blematik oder der sozialer Kohäsioun, mä virun allem och bei der heefeg ugekënnegter Steier reform.

Bref, mir sinn e bëssen enttäuscht. D‘Regierung fiert weider mat hirer Salamitaktik a kënnegt Schrëtt fir Schrëtt ëmmer nei Adjektiven un, déi déi Steierreform soll erfëllen.

D‘Piraten bleiwen awer bei hirer Fuerderung, datt mer op déi eng Steierklass déi jo ugekën negt ass, mä wou mer nach ëmmer net wës sen, wéi se ausgestalt soll ginn solle kommen. Mir begréissen also explizitt, datt d‘Regierung op déi Pist wëllt goen an datt mer endlech eng Steierpolitik, déi der Realitéit vum 21. Jorhon nert ugepasst ass, kréie sollen, wou eng Fra net méi als Unhängsel vun hirem schaffende Mann consideréiert gëtt.

Mä kéinte mer do net ganz kleng, ganz séier, ganz direkt ufänken, kleng Problemer ze léisen? Ufänken, d‘Steierkaart 2 net d‘office dem weib leche Partner an enger Koppel zouzeschécken. D‘Steierverwaltung kéint dat jo beim Bestietnis iwwer eng einfach Checkbox offroen, wien da wéi eng Steierkaart soll kréien. Ee klengen Hoken, a scho wär dee patriarchaleschen Ana chronismus vun deene leschten honnert Joer iwwerwonnen. Dat ass alles, wat et bräicht. Net vill, eng kleng Këscht méi op engem For mulaire.

De Fait, datt eng grouss Reform usteet, ka keng Excuse dofir sinn, datt Problemer, déi elo schonns geléist kéinte ginn, ignoréiert ginn. Et gëtt aktuell ganz kloer Ongerechtegkeeten an eisem Steiersystem. Mä amplaz méiglechst schnell géint dës virzegoen, wëllt eise Premier Ännerunge just an ech zitéieren „progressiv […] aféieren […] iwwer e méiglechst laangen Zäitraum“.

Wat deen Zäitraum méi laang gëtt, wat déi Be traffe méi laang leiden. Dat kann net sinn! Dofir fuerdere mir, datt kuerzfristeg Abatte menten an degressiv Steierkreditter ëmgewan delt ginn, fir esou kleng Paie schonn elo ze ent laaschten an d‘Kafkraaft ze stäerken.

Dass Persounen, déi sech en emissiounsaarmen Auto kafen oder hiert Haus sanéieren, steierlech entlaascht ginn, ass eng Saach. Dass Leit, déi sech awer iwwerhaapt emol keen Auto an en eegent Haus leeschte kënnen, iwwerhaapt net dovu profitéiere kënnen, eng aner.

Jidderee muss d‘Chance kréien, fir säin Deel géint dës Klimakris bäizedroen, mä breet Schël lere sollten dobäi eigentlech méi droe wéi schmueler. Eis ökologesch Steierreform däerf net esou ausfalen, dass déi, déi am meeschten hunn, am meeschten ofsetze kënnen, wärend déi, deenen et um Néidegste feelt, näischt eraus kréien.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et gi ganz vill konkret a kuerzfristeg ëmsetzbar Moossnamen, mat deene mir akut Problemer ugoe kéinten. E puer dovun hunn ech elo hei schonn ugeschnidden an ech hoffe wierklech, datt e puer vun deenen Iddien Uklang fannen an onkomplizéiert kënnen ëmgesat ginn.

Dir gesitt, mir maache gären eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht a mir wëllen dofir net einfach nëmmen dergéint sinn, mä op Basis vum Constat konkret Propose maachen.

Mir deposéieren dowéinst haut eng weider konkret Proposition de loi, fir unzepaken. Eng konkret Mesure, fir den Echange tëschent de Biergerinnen a Bierger virunzedreiwen. Ma wat mengen ech domadder?

M. Sven Clement (Piraten). Ech erhoffe mer bei dëser Motioun dann eng breet Zou stëmmung vun alle Säiten, well et gouf jo haut vu méi wéi enger Säit ugeschwat.

Duerfir ass dës Motioun éischter e Rappell an e fermen Opruff un d‘Regierung, fir endlech mat der Aarbecht unzefänken. De Verhalenskodex fir Gemengeconseilleren a Schäffen dierf net nach méi laang op sech waarde loossen.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech kommen elo nach op e weidert Thema ze schwätzen, dat e groussen Deel vun der Ried vum Premierminister ëmfaasst huet: d‘Digitali séierung an den Dateschutz. Dobäi fält engem déi Naivitéit op, mat där un dës grouss gesell schaftlech Erausfuerderungen erugaange gëtt. D‘Kand ass schonns an de Pëtz gefall a mir klappen eis op d‘Schëller, datt mer am Nohi nein aktiv ginn, well mer verpasst hunn, am Virfeld eng richteg Dateschutzkultur ze maa chen, amplaz déi virherrschend Datesammel wut ze erriichten. Et ass méi wéi paradox, datt mer elo maachen, wéi wann näischt geschitt wär, wéi wa mer just missten an Zukunft e bësse besser oppassen an et géif alles gutt ginn.

Neen, mir hätte schonn an der Vergaangen heet misse besser oppassen, mir alleguerten zesummen! Jiddereen, deen Datebanken hätt missen zur Geneemegung ufroen, jiddereen, deen deemools Datebanke geneemegt huet, jiddereen, deen haut op Datebanken zou gräift, muss sech froen: Maachen ech hei Dateschutzkultur oder maachen ech hei Date sammelwut?

De beschten Dateschutz ass deen, d‘Daten iwwerhaapt net ze erhiewen a scho guer net an Datebanken ze späicheren. Duerfir gehéieren d‘Vorratsdatespäicherung a Co ofgeschaaft. Leider ass d‘Regierung vun engem wierklechen Ëmdenken nach wäit ewech.

De Premier sot gëschter, datt et schwéier bis onméiglech wär, datt et keng Daten iwwer ee géif ginn. Dat läit och dorun, datt de Stat zum aktuellen Zäitpunkt ëmmer nach grondlos déi enorm Massen un Date vu sämtleche Bierger späichert an domat, wéi den Europäesche Ge riichtshaff och scho festgestallt huet, géint d‘Grondrechter vun de Bierger verstéisst. Sou laang Lëtzebuerg un der Vorratsdatespäiche rung festhält, akzeptéiert dës Regierung, datt d‘Grondrechter vun den Awunner vun dësem Land all Dag dausendfach verletzt ginn. Dat dierft et an engem Rechtsstat net ginn!

Leider verwonnert déi Situatioun een awer net emol méi, well e Stat, dee seng eege Gesetzer net respektéiert, dierft et jo eigentlech och net ginn. An awer huet déi ganz Affär ronderëm d‘staatlech Datebanke gewisen, datt et esou ass.

D‘Vertrauen an de Rechtsstat gëtt eiser Deeg wierklech op d‘Prouf gestallt an et gëtt ëmmer méi schwiereg ze erklären, firwat ee Bierger sech soll u Gesetzer halen, wann de Stat et selwer net mécht. Dat ass eng Katastroph, an dem Eescht vun dëser Situatioun gëtt een net gerecht, wann ee sech, esou wéi de Premier gëschter, einfach just op e puer Punkte vum RGPD referéiert.