Header for 2. Débat sur le programme de stabilité et de croissance (PSC), le pro gramme national de réforme (PNR) et le plan pour la reprise et la rési lience (PRR)

2. Débat sur le programme de stabilité et de croissance (PSC), le pro gramme national de réforme (PNR) et le plan pour la reprise et la rési lience (PRR)

Dës Ried hunn ech den 29/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Débat sur le programme de stabilité et de croissance (PSC), le pro gramme national de réforme (PNR) et le plan pour la reprise et la rési lience (PRR)” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mierken, mir hunn et haut mat den nautesche Metapheren. Da probéieren ech haut emol als Pirat, eng Kéier net mat nautesche Metapheren ze hantéieren, well wien op engem Schëff steet, dee muss och heiansdo Angscht virun de Piraten hunn. Mee bref.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, iwwert dëse PSC, PRR a PNR da si mer erëm bei der Buschtawenzopp vu gëschter schwätze mer erëm ënner e bësse méi speziellen Ëmstänn, well och wann de Finanzminister d’Liicht um Enn vum Tunnel scho gesäit an ech säin Optimismus begréissen, esou si mer awer nach laang net um Enn vum Tun nel ukomm a mir musse wierklech oppassen, datt déi Luucht, déi eis do entgéintkënnt, net en Zuch ass, deen deen anere Wee op eise Gleiser fiert an do eng Frontalkollisioun kéint generéieren. Well, an dat ass kloer, duerch dës sanitär Kris huet Lëtze buerg, wéi vill aner westlech an och generell Länner am globale Süden, opgewisen, datt et bei eisem Santéssecteur Defiziter gëtt, déi mer einfach ze laang ignoréiert hunn.

Dofir begréissen d’Piraten, datt 231 Milliounen an d’Santé gefloss sinn. Leider muss een dann awer soen, datt, wann ee vun deenen 231 Millioune schwätzt, der schonn e ganze Batz dovunner fort si fir kuerzfristeg Projete wéi de LargeScaleTesting an d’Kafe vu Schnelltester.

Fir déi méi laangfristeg digital Projeten am Santés beräich sinn am éischte Pilier vum PRR just nach ronn 1,1 Millioune virgesinn. Fir also esou grouss Chifferen ze nennen an ze soen, datt een de Santés secteur wäert laangfristeg ënnerstëtzen, ass awer e bëssen Aewëscherei! D’Piraten hätte sech do e bësse méi Wäitsiicht, vläicht och iwwert den Tunnel eraus, gewënscht. Zum Beispill hätt ee kënnen nach méi Budget virgesinn, fir d’Kafe vu medezin nesche Geräter wéi zum Beispill HäerzLongeMa schinnen, vun deene mer jo elo wëssen, datt mer der hei zu Lëtzebuerg net genuch hunn.

Här President, vum Theema Santé wéilt ech dann awer och op de Sujet vun der sozialer Gerechteg keet ze schwätze kommen. Do huet de Minister Fayot jo en Dënschdeg erkläert, datt elo d’Ziler net méi an absolutten Zuele gemooss ginn, mee datt d’ODDen an de PIB du bienêtre eng méi grouss Roll solle spillen. Wann een deen éischten ODD vun der UN liest, heescht et als zweet Zil Zitat : « réduire de moitié au moins la proportion d’hommes, de femmes et d’enfants de tous âges souffrant d’une forme ou l’autre de pauvreté, telle que définie par chaque pays ».

Wann een hei zu Lëtzebuerg géif dervun ausgoen, datt domadder de Seuil de pauvreté gemengt ass, dann, muss ech soen, si mer awer am Moment ge nau an déi aner Richtung ënnerwee. Laut de Statis tiker an Europa hätt Lëtzebuerg missen 2020 den Aarmutsrisiko vun 85.000 op 79.000 Leit, also ëm 7 %, senken. 2020 hu mer laut Statec awer e grousse Plus, well mir si vu 85.000 Leit op 103.600 eropgaan gen amplaz erof op 79.000. D’Zil ODD 1 ass domad der kloer net erreecht a souguer nach méi wäit vun eis ewechgeréckelt.

Wa mer vun Aarmut zu Lëtzebuerg schwätzen, da musse mer och dovunner schwätzen, datt et zu Lëtzebuerg Leit gëtt, déi nach ëmmer keen Accès zu elektronesche Geräter, dem Internet an den néi degen digitale Kompetenzen hunn.

An deenen zwou éischte Woche vum Lockdown d’lescht Joer waren 10 % vun de Schülerinnen a Schüler, laut den Zuele vum Educatiounsministère, net ze erreechen, an dat obwuel de Ministère ronn dausend Schülerinnen a Schüler en Tablet oder e Computer zur Verfügung gestallt huet, deelweis, well d’Kanner an d’Elteren doheem net eens gi sinn, deelweis, well ee mat engem Computer net esou vill ufänke kann, wann ee keen Internetuschloss huet.

D’Piraten hu scho bei de leschte Wale gefuerdert, datt all Stot mat schoulflichtege Kanner e Compu ter misst accessibel hunn. Wier dat 2018 scho ge schitt, hätt een an der Covidkris déi Suerg zumin dest manner gehat.

D’Piraten begréissen an deem Kader dann och d’Formatiounen, déi de Staat wëllt mat de Beruffs kummeren an der ADEM organiséiere fir Leit am Chômage oder am Chômage partiel. Allerdéngs kann ech elo scho soen, datt et net esou wäert klappen, wéi d’Regierung sech dat virstellt. Beim Programm „Digital Skills“ zum Beispill solle Per sounen, déi bis den 31. Mäerz am Chômage partiel waren, kënne vun engem 500EuroBong fir Coursë profitéieren.

Dat ass eng exzellent Initiativ! A verstitt mech net falsch, ech fannen dat gutt, datt mer Leit reskillen, upskillen an datt mer hinnen iwwerhaapt Forma tiounen offréieren. Mee mir gesinn hei awer e klenge Problem, wa Leit, déi a Coursë sollen un digital Ou tilen erugeféiert ginn, scho mussen, ier se am Cours matmaachen, de Bong op guichet.lu eroflueden a scho musse capabel sinn Zitat , « de suivre de ma nière autonome une formation à distance ».

Do geet dach eppes net op! Mir soen de Leit: „Mir er klären Iech, wéi den Internet fonctionéiert, mee fir datt mer Iech dat kënnen erklären, musst Der den In ternet verstoen!“ Iergendwou ass do en Denkfeeler.

An ech mengen, dee fält och nach e puer anere Leit heibannen op.

Et erënnert mech e bëssen un d’Geschicht vun den Impfzertifikater, déi een nëmmen dann nach eng Kéier als Kopie krut, wann ee sech mat engem Token op guichet.lu konnt aloggen. Entweeder sol len dës Coursë fir komplett Neiasteiger sinn oder et ass fir déi Leit, déi schonn eppes vu Computeren a Videokonferenze verstinn. Mee béides gläichzäiteg schéngt mer e bësse komplizéiert.

Och solle mer d’Leit net nëmmen, wat d’digital Kom petenzen ugeet, prett fir d’Zukunft maachen. Mir missten zu Lëtzebuerg momentan ongeféier 150.000 Wunnhaiser hunn. Géife mer op d’Hallschent vun deene Gebaier eng Fotovoltaikanlag vun 10KWPeak installéieren dat ass eng normal Anlag, déi een op engem Daach kann hunn, a mir hu jo mëttlerweil e Solarkadaster , da kéint ee 7,5 Terawattstonne Stroum pro Joer produzéieren. Lëtzebuerg brauch haut zwëschen do schwanken d’Zuelen 5,5 a 6,5 Terawattstonnen d’Joer. Dat heescht, mir kéinten, reng rechneresch, mat Solarstroum de mathema tesche Bedarf vu Lëtzebuerg decken.

Am Beräich vun Ëmweltenergien ass also vill Poten zial do. An dofir sollte mer probéieren, esou vill wéi méiglech Leit an dësem Beräich aus a weiderzebil den. Nëmmen esou maache mer eisen Aarbechts marché prett fir d’Zukunft a reduzéieren eise strukturelle Chômage.

A wa mer bei de Mënschen am Chômage sinn, wëll ech op dëser Plaz drop opmierksam maachen, datt vill Persoune wéinst der Pandemie nach ëmmer Problemer hunn, eng nei Aarbechtsplaz ze fannen, an tëschenzäitlech schonn hire Chômage verluer hunn an entweeder mussen op hir Reserven zréckgräifen oder an de REVIS gefall sinn.

D’Piraten hätte sech hei gewënscht, datt och d’Méint vun November bis Februar, wou et wéinst dem Wanter traditionell méi schwiereg ass, eng Aarbecht ze fannen am HorecaBeräich souguer onméiglech, net bei der Dauer vum Chômage mat gezielt hätten. Well anescht wéi den optimistesche Finanzminister eis et en Dënschdeg erkläert huet, ass de Chômage net op engem gudden Niveau a wäert bis 2025 och nach weider bis op 7 %, schlëmmstefalls 7,5 % klammen.

Mir hunn also gläichzäiteg de Problem vun engem konjunkturelle Chômage wéinst der Kris an dee vum scho bekannte strukturelle Chômage, dee muss duerch reskilling geléist ginn.

Mee kréie mir mat ReskillingProjete wierklech de Problem vum Chômage geléist? Etüde weisen, datt vun de Formatiounsoffere meeschtens déi Leit pro fitéieren, déi schonns gutt forméiert sinn. Wie keng Bildung huet, kritt also keng bis wéineg weider, wärend ee mat Bac+5 nach ëmmer méi Chancen um Marché kritt. D’Formatiounen hunn also net ëm mer e qualitativen Usaz.

Dofir si mir Piraten der Meenung, datt et nëmmen ee Wee aus dësem Problem gëtt, an dat ass d’Grondakommes. D’Grondakommes géif grad an deenen Zäiten all deenen d’Méiglechkeete ginn, sech weiderzebilden, déi am Moment aus finan zielle Grënn net kënnen drop verzichten, zu zwee Vollzäit schaffen ze goen.

Et ass och nëmmen, wann ee weess, datt säin Akommes ofgeséchert ass, datt ee sech traut, fir seng eegen Iddien ëmzesetzen a vläicht seng ee gen Entreprise ze grënnen. Och wann dëse Projet vu villen heibannen nach ëmmer net als seriö Alter nativ zu eisem jëtzege System wouergeholl gëtt, esou wäerte mir Piraten weiderhin un där Fuer derung festhalen, well dat ee vun den zukunfts fäegen a virun allem zukunftsräife Modeller ass.

Här President, wie vu sozialer Gerechtegkeet schwätzt, muss och vum Logement schwätzen. Ech mengen, mir alleguer heibanne waren erféiert, wéi mer déi lescht Zuele vum Statec gesinn hunn: 16 a méi Prozent Croissance an engem Joer. Dat weist, datt mer definitiv eng Penurie hunn. Dat weist, datt mer en akute Problem hu fir d’Abordabilitéit vu Loge menter!

D’Piraten begréissen dofir, datt 51 Millioune sollen an de Logement, an de Projet „NeiSchmelz“ fléissen.

Mir wëllen awer kloer soen, datt dëst net duergeet, fir d’Logementskris ze meeschteren. Mir haten op dëser Plaz hei scho vun enger Lex Koller geschwat.

Mir haten d’lescht Joer och eng Motioun deposéiert, fir eng Etüd ze maachen, ob d’Lex Koller och hei am Land géif Sënn maachen.

Dat gouf ofgeleent, obwuel zum Beispill, wéi den David Wagner dat esou treffend formuléiert huet, d’ausserparlamentaresch Fraktioun vun der LSAP, nämlech d’Fondatioun Robert Krieps, der Meenung ass, datt dës Iddi op d’mannst zu Lëtzebuerg sollt getest ginn.

Och kéinte mer eis virstellen, datt mer bei der Besteierung vum Logement net vum Logement selwer, mee virun allem bei deenen, déi an de Logement investéieren nach eng Kéier missten Hand uleeën. Ob dat den Amortissement accéléré ass, ob et iwwerhaapt Sënn mécht, steierlech haut engem ze soen, wann en e Gebai keeft, datt dat fis kalesch Valeur ofhëlt, stelle mer a Fro.

Haut hu mer eng pervers Situatioun: Een, deen en Haus keeft fir ze verlounen, dee setzt all Joer eng Perte de valeur, en Amortissement, of. A wann en et da weiderverkeeft, gëtt deen Amortissement, deen en ofgesat huet, dee mer fiskalesch als wouer geholl hunn, net méi an d’Plusvalue agerechent. Dat heescht, u sech zerwéiert dee sech zweemol am hai tege Steiersystem, dat zousätzlech zu deem, wat de Gilles Roth virdru scho sot doriwwer, wéi eng aner Avantagen et gëtt, wann ee Geld verdéngt, wat een net duerch Schaffen, mee duerch Investitiounen oder duerch eebe Wunnen oder Wunnraum scho verdéngt, soudatt mer haut eng Situatioun hunn, datt een, dee fir 100.000 Euro schaffe geet, an dat ass schonn eng richteg gutt Pai, wann e Celibataire ass, um Spëtze steiersaz ass; deen, deen awer 100.000 Euro duerch Investitioune verdéngt, nëmmen d’Hallschent u Steieren dovunner bezilt.

Dat ass eng ongerecht Behandlung! An da muss ee sech nach ëmmer soen: Et muss een déi 100.000 Euro emol verdéngen! Déi meescht Leit verdéngen déi jo net, mussen awer op engem Wunnengsmaart, wou esou Incentive sinn, iergendwou Fouss faas sen. 51 Milliounen Investitioun fir de Projet „NeiSchmelz“ wäerten do net duergoen. Et ass eng Drëps, eng wichteg Drëps, mee et ass nëmmen eng Drëps op e gliddege Steen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ier ech zum Schluss kommen, wëll ech op dëser Plaz och nach iwwert d’gréng Mobilitéit schwätzen. Laut PRR sinn hei 40 Millioune virgesinn, fir Bornen op zeriichten. Déi 40 Millioune sinn och dréngend néideg, well laut dem ACL hu mer eist Zil vun 800 Borne fir 2020 ëm lächerlech 40 %, voire 300 Bornen, verfeelt gehat. D’Zil fir 2030 si jo 26.000 Bornen. Mir kucken dann, ob mer dat Zil erreechen, well ouni Bornen ass d’Elektromobilitéit natierlech manner attraktiv, an dat net nëmme fir d’Privatper sounen, mee och fir d’Betriber.

Hei missten de Staat an och d’Chamber mat gud dem Beispill virgoen. Well wann déi 60 Deputéiert heibannen alleguer wéilten elektresch fueren, da misste se sech am Moment eng Born deelen. Da wësse mer, datt et e Problem gëtt! Wéi soll ee mam gudde Beispill virgoen, wann den Outil guer net zur Verfügung steet? Also ech hu schonn eng Plaz, wou ee kéint 59 vun deene 26.000 Bornen installéieren.

Dat géif vläicht och heibanne fir eng gewësse Vir bildfunktioun suergen.

Fir e ganz rezent Beispill ze zitéieren, wat déi absurd Situatioun weist, kann een dann eng Busfirma zitéie ren, déi an der leschter Woch eng mobill Luedsta tioun virgestallt huet: e Camion, deen elo op ver schiddene Plazen am Land wéi de Rotonden an der Stad Halt mécht, fir Busser opzelueden, e Camion, dee selwer awer net mat Elektresch geluede gëtt, deen et der Firma awer wäert méiglech maachen, fir méi Linne mat den EBusser ze fueren.

Bis 2025 solle 50 % vun de Kilometeren am Kader vum RGTR mat elektreschbedriwwene Busser a Camionnettë gemaach ginn. D’Busfirme kéinten also elo op d’Iddi kommen, nach méi mat fossille Brenn stoffer ugedriwwe Camionen ze kafen, fir esou e Virdeel bei der Linnevergab ze kréien, fir da kënne punktuell am Land d’Busser ze lueden. Dat ass dach absurd! D’Firme géifen investéieren an Dieselcamio nen amplaz an EBusser an dat kann net eist Zil sinn!

Hei ass et wichteg, datt mer eng kloer Äntwert op esou Froe ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pira ten begréisse ganz vill vun den Initiative vum PRR a PNR, déi Lëtzebuerg solle fit fir d’digital Zukunft maachen. Mee wéi ech grad erkläert hunn, sinn dës Pläng nach ëmmer net ganz ausgeräift. Mir hoffen dofir, datt d’Regierung an noer Zukunft endlech hire Plan d’action d’inclusion numérique virstellt, fir datt mer endlech kënnen novollzéien, wou d’Rees laut der Regierung da soll higoen. Hoffentlech kënnt eis da keen Zuch entgéint!

Mir begréissen och d’Tatsaach, datt an de Logement investéiert gëtt, och wann nach eemol kloer muss gesot ginn, datt et mat deene puer Suen net gedoen ass.

Mir si gespaant, wéi d’Projete fir eng Guichetsapp an eng EADEM um Enn wäerten ausgesinn. A mir hoffen, datt mat deenen 1,3 Millioune fir den LBR genuch Verännerunge kommen, datt Lëtzebuerg net méi viru weideren OpenluxSkandaler steet.

Alles an allem kann ee soen, datt d’Iddien am Grond saz gutt sinn, datt et awer deelweis un der Ausféie rung kéint scheiteren, deelweis awer och um po litesche Wëllen, fir nach e puer Schrëtt méi wäit ze goen.

D’Piraten gesinn dofir nach net d’Enn vum Tunnel, wat d’sozial Ongerechtegkeeten an d’Logements kris ugeet, mee mir loossen eis ëmmer gäre vum Géigendeel iwwerraschen.

Merci.