Header for 2. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement

2. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 02/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass eppes, wat am Kontext vum Covid19 ass. Ech mengen, dat ass elo keng grouss Surprise. Mir hunn ewell e puermol iwwer Erliichterungen am Beräich vun de Loyere geschwat an ech be gréissen och ausdrécklech de Reglement, dee geholl gouf vun der Regierung, fir d’Deguerpis sementen auszesetze wärend der Kris.

Ech sinn awer der Meenung, datt et domadder net duergeet, mee datt et an datt et do de Legislateur brauch, dat hu rezent Aussoen och vun de Vertrieder vun de Bailleure gewisen, vun de Proprietäre gewisen eng gesetzlech Basis brauch, fir d’Loyeren eng Zäit laang kën nen auszesetzen, wann een explizitt vun dem Covid19 finanziell betraff ass. Et geet hei net drëm, fir jiddwerengem de Loyer ze erloossen. Et geet net drëm, fir de Loyer komplett ausze setze fir jiddwereen. Mee et geet drëm, fir déi Leit, déi a finanzielle Schwieregkeete sinn, do madder ze entlaaschten an hinnen eebe bis zu 24 Méint Remboursement anzeraumen.

Domadder deposéieren ech eng Proposition de loi, déi et de Locatairë soll erméiglechen, och an dëser Kris gutt derduerchzekommen.

7549 Proposition de loi instituant des dis positions transitoires concernant les baux à loyer dans le contexte de la crise sanitaire Covid19

Ech soe Merci.