Header for 2. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

2. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 19/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Dépôt d’une résolution par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn alle guer opmierksam déi lescht Deeg nogelauschtert, wat d’Regierung annoncéiert huet. Mir hunn déi Texter och hei an der Chamber scho beschafft, haaptsächlech d’Amendementer fir de 7694.

Déi nei Covidmesuren hu mer jo awer wierklech schonn diskutéiert, och an der Kommissioun. An do gëtt et eppes, wat och an der Kommissiounsaar becht ëmmer erëm erauskoum, nämlech d’Aidë fir déi Betriber, déi zougemaach ginn. D’Aidë fir déi Betriber, déi also hei duerch dat neit Gesetz sollen administrativ Fermeturen hunn.

Do hunn de Premier an och d’Gesondheetsmi nistesch e puermol gesot, datt se dervun ausginn, datt déi och dee Moment a Kraaft trieden, wou dann déi nei Covidmesurë géifen a Kraaft trieden. Dat hunn ech nogelauschtert. An dunn hunn ech mech e bëssen erageknéit a gekuckt, wéi een Text dat da soll sinn. Dat ass de Projet de loi 7703, deposéiert vum Mëttelstandsminister Lex Delles, deen also déi Aidë soll aféieren.

Aiden, déi bis zu 90 % vun de Pertë wärend där Fer meture administrative ginn. 90 % also, déi cou vréiert wären. Ech mengen, datt dat ganz wichteg ass, fir deene Betriber net komplett d’Genéck ze briechen.

Wär ech frou, wann eppes anescht an deem Gesetz géif stoen? Méi Aiden? Sécherlech! Mee mir hunn hei en Text virleien, deen d’Regierung wëllt. An ech sinn der Meenung, datt d’Chamber sech soll dann och d’Moyene ginn, datt mer deen Text stëmmen, éier mer déi nei Covidmesurë stëmmen. Well et kann net sinn, datt mer op där enger Säit e Gesetz stëmmen, wat d’Restauranten an d’Hoteller zou mécht, an op där anerer Säit d’Aiden no hanne schiben.

Dofir, Här President, deposéieren ech eng Reso lutioun, wou ech d’Chamber invitéieren, de Projet de loi 7694 eréischt op den Ordre du jour ze huelen, wann de 7703 och op dësem steet.

Ech soen Iech Merci.

Résolution