Header for 2. Heure d'actualité de la sensibilité politique ADR au sujet de la politique européenne et étrangère

2. Heure d’actualité de la sensibilité politique ADR au sujet de la politique européenne et étrangère

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Heure d’actualité de la sensibilité politique ADR au sujet de la politique européenne et étrangère” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kann Iech direkt soen, d’Piraten wäerten déi Motioun net matstëmmen. Ech fannen, datt et eng Sauerei ass, esou eng Motioun hei iwwerhaapt am Parlament virzestellen, well et ass d’Kontrollmissioun vum Parlament pervertéiert. Jo, mir sollen eis domadder auserneesetzen, wat d’Regierung mécht, a mir sollen dat och haart an der Saach maachen. Mee mir sollen et haart an der Saach maachen an dobäi de Ball spillen, an net de Spiller!

Sou, dat war et mat de Sportsanalogien. Dir wësst, ech spille Volleyball, do spillt een normalerweis just de Ball an net de Spiller, soss deet et ganz séier wéi an et gëtt och séier Kaarten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi mer all wëssen, hänkt d’Lëtzebuerger Aussepolitik oft genuch vun der europäescher Aussepolitik of. Mir si keng Insel, mir si keng Weltmuecht, mir kënne weeder Police vun der ganzer Welt spillen a mir sinn och bei Friddensverhandlungen net den éischte Choix, fir Mediateur ze spillen.

Grad dat gëtt eis awer d’Méiglechkeet, fir heiansdo eng Meenung ze hunn, eng eege Meenung, an déi Meenung och haart an däitlech ze soen. Mir kënnen a sollen net ëmmer drop waarden, wat aner Länner maachen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, well da si mer komplett glat gemainstreamt a kuerz gesot: langweileg.

Mir si responsabel fir eis eegen Entscheedungen. An déi Entscheedunge ginn hei am héijen Haus ge traff, an dat bedeit net, datt mer anere Länner, esou fräi wéi se sinn an hiren Entscheedungen, net solle soen, firwat mir déi Entscheedungen treffen, déi mir fir richteg fannen, an dat dann och kloer an däitlech soen.

Lëtzebuerg muss Häerz weisen! Leit, déi op der Flucht sinn, maachen dat ganz, ganz seelen aus fräie Stécker. Déi maachen dat, well hinne wuert wiertlech de Plaffong op de Kapp fält, well Bom men aschloen. A wou se da landen, a Griicheland, zu Lesbos, am Camp Mória, do wunnen da 4,5mol esou vill Leit, wéi d’Lager et virgesinn huet.

Stellt Iech vir, mir hunn elo heibannen de Cercel gewielt wärend der Covid19Pandemie, fir datt d’Deputéiert zu 60 kënnen zwee Meter ausernee bleiwen. Déi zwee Meter Distanz sollten u sech och an engem Flüchtlingscamp respektéiert ginn. Stellt Iech elo emol vir: 4,5mol dat heiten. Dat géif bedei ten, datt 270 Leit heibannen net nëmme géife sie géieren, mee 270 Leit heibanne géife wunnen. Bon, „wunne“ kann een dat net méi nennen, dat wär just nach existéieren.

A wann do engem de Kolli platzt an een eng Kéier seet: „Ma këmmert Iech dach ëm déi Leit!“, dann hunn ech dofir Versteesdemech. Ech ginn och dem Kolleeg David Wagner Recht, dee seet, um Stam minee komme warscheinlech Kartheiser a Kurz Aussoe méi einfach eriwwer, well se méi sim plistesch sinn an net dat ganzt Bild vun der Situa tioun erëmginn.

An da kommen ech och schonn zum Kär vun der Saach: europäesch Verdeelungspolitik. Bréissel huet, mengen ech, d’Hoffnung opginn, datt mer do iergendwéi zu engem Accord kommen, a setzt elo net méi op Verdeelung, mee méi oder manner ëmmer méi op Ofschibung. E Land, wat also keng Flüchtlinge méi wëllt ophuelen, soll elo anere Länner hëllefen, se méi séier aus Europa erausze kréien. Doriwwer kënne mer herno nach schwätzen. Ech fannen dat eng Perversioun vum Asylrecht!

Italien a Spuenien, déi an deene leschte Méint am meeschte gelidden hunn, déi sëtzen zousätzlech mat engem Gros vun de Flüchtlingen, mat den Demandeurs de protection internationale do a gi re lativ eleng gelooss.

Dat kann net klappen! A mir gesinn, et klappt och net. Mir brauchen eng reell Chance fir jiddwereen, deen den Neiufank probéiert ze woen. Jo, mir mussen op der Plaz hëllefen. Mee fir datt mer op der Plaz hëllefe kënnen, musse mer als Éischt emol op der Plaz derfir suergen, datt een iwwerhaapt do erëm liewe kann! A soulaang dat net garantéiert ass, musse mer de Leit hëllefen, mënschewierdeg ze liewen. Dat heescht, datt mer eis derfir asetze mussen, datt d’Leit net onnëtz am Mëttelmier er saufen. Da musse mer eis derfir asetzen, datt d’Leit net a Campen zu 4,5mol esou vill wéi geplangt mussen hausen. Da musse mer derfir suergen, datt mënschenonwierdeg Politicken an der ganzer Welt denoncéiert ginn. A wann dat haart an der Saach ass, majo, da musse mer dat och haart an der Saach maachen.

Mir sollten de Ball spillen, net de Spiller. An ech denken, datt dat hei och net gemaach gouf. Ech soen Iech Merci.