Header for 2. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet du stage d’enseignement dans l’enseignement fondamental

2. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet du stage d’enseignement dans l’enseignement fondamental

Dës Ried hunn ech den 14/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet du stage d’enseignement dans l’enseignement fondamental” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, Merci, Här President. Kolleeginnen a Kolleegen, wéi esou oft, wann een als Leschte schwätzt, ass vill Richteges scho gesot ginn. An dës Kéier ass et tatsächlech dee grousse Bemoll, datt mer hei als Chamber quasi de Moien aus der Press gewuer goufen, iwwer wat mer de Mëtten diskutéiere kéinten.

Datt hei Delaien immens laang daueren, bis eng Heure d’actualité um Ordre du jour steet respektiv datt de Minister an d’Kommissioun kënnt, fir zu engem Thema ze schwätzen, wärenddeem awer weider Faite geschafe ginn, bedaueren ech immens, well et ass eis Aarbecht heibannen, an et gouf heefeg gesot haut, fir d’Regierung ze kontrolléieren. Dat ass op dëser Säit vun der Bänk vläicht e bësse méi am Kapp wéi op där anerer Säit vun der Chamber, well et ass natierlech méi einfach, als Oppositioun de Fanger an d’Wonn ze leeën, wéi wann een aus de Regierungsparteie kënnt.

Ech muss awer soen, an dofir soen ech souwuel der CSV wéi och deene Lénke Merci, datt se dat Thema hei nach eng Kéier op den Ordre du jour gesat hunn, datt mer haut doriwwer kënnen diskutéieren.

Ganz kuerz zum Stage: Mir hunn et hei déi lescht Jore verpasst, fir op d’Spezifissitéite vun engem Enseignement anzegoen. Wann ech Schoul hale wëll, da maachen ech dat, well ech gäre Schoul halen, well ech gäre Wësse vermëttelen, an net, well ech mech mat administrativen Hürde wëll erëmploen. Deementspriechend sollt een och net e Studium, deen ee bis ugefaangen huet, duerno nach eng Kéier an engem Stage a Fro stellen. Tout au contraire, et sollt een dat, wat ee geléiert huet, verstäerken. Et soll een d’Leit doranner ënnerstëtzen, dat och direkt um Terrain ze applizéieren, a se net nach duerch onnëtz weider Prozeduren duerchzejoen.

Deementspriechend wäerte mer elo e bëssen Zäit brauchen, fir déi nei Annoncë vun der Regierung ze verdauen. An ech denken, datt dat heiten net déi leschte Kéier ass, datt mer iwwert d’Reform vum Stage schwätzen.

Villmools Merci.