Header for 2. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet du racismeHeure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la situation de discrimination et de racisme au Luxembourg

2. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet du racismeHeure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la situation de discrimination et de racisme au Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 01/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet du racismeHeure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la situation de discrimination et de racisme au Luxembourg” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Doud vum USA-merikaner George Floyd huet fir Empörung iwwert de ganze Globus gesuergt. De 5. Juni hu sech laut der Lëtzebuerger Police virun der amerikanescher Ambassade ronn 1.500 Demonstranten afonnt d’Quelle vun den Organisateure soen, et wären der däitlech méi gewiescht , dat fir en Zeechen ze setze géint Friemefeindlechkeet a Rassismus. Eppes fält op: Et si gréisstendeels jonk Leit, déi sech mobiliséieren.

Als Zweet wëll ech awer och soen: Wa mer iwwer Rassismus schwätzen, musse mer och generell iwwer all Form vun Diskriminatioun schwätzen. Béides ass enk liéiert.

Här President, zanter gëschter leeft déi 44. Sessioun vum Conseil des droits de l’homme vun de Vereenten Natiounen un. Um Ordre du jour stinn ënner anerem d’Theeme Rassismus a Xenophobie. Virun allem awer soll d’Deklarati oun vun Durban a Südafrika vun 2001 reaffir méiert ginn. Dës Deklaratioun huet viru bal 20 Joer eng ganz Partie u Recommandatiounen a Mesurë festgehalen, fir de Problem vum Rassis mus innerhalb vun der internationaler Commu nautéit unzegoen, der internationaler Commu nautéit, déi aus engem bluddege Weltkrich eraus entstanen ass. Mir hu gesinn, zu wat Frie menhaass ka féieren!

D’international Communautéit hält op d’Anhale vun de Mënscherechter. A mir Piraten halen drop, datt d’international Communautéit e Garant vun universale Wäerter muss sinn.

Ech hu viru Kuerzem déi Emissioun, déi de Paul Galles schonn ugeschwat huet, op der Lëtze buerger Tëlee gekuckt, wou d’Theema Rassis mus war. Et huet sech erausgestallt, datt Rassis mus an Diskriminatioun eppes ass, wat am Liewe vu ville leider nach ëmmer un der Dages uerdnung ass.

Här President, Mënsche mat net Lëtzebuerger Originnen oder enger anerer Hautfaarf hunn hei am Land Problemer, eng Wunneng ze fan nen. Si kennen et, um CV d’Foto ewechzeloos sen, si benotzen heiansdo en aneren Numm, fir datt net direkt hir Originnen erkenntlech sinn. Jo, mir hunn zu Lëtzebuerg e Problem mat All dagsrassismus!

Mee Alldagsrassismus, et geet net duer, dat einfach als individuell Fäegkeet, individuell Tätegkeet ofzeklasséieren. Alldagsrassismus féi ert, an dat huet de Paul Galles virdru ganz gutt illustréiert, zu engem strukturelle Rassismus. A strukturelle Rassismus, dee féiert a leschter Kon sequenz zu sozialen Inegalitéiten. An esou oft, wéi mer hei an der Chamber iwwert d’sozial In egalitéite schwätzen, misst eis bewosst sinn, datt ee vläicht do och eng Kéier un d’Wuerzel vum Problem muss goen.

Jo, net all sozial Inegalitéit ass duerch Rassis mus. Mee wa mer emol all déi sozial Inegalitéi ten, déi duerch Rassismus, duerch Alldagsrassis mus, duerch deen dach esou harmlose Rassis mus, deen an de Kommentarspalte vun Inter netplattforme postuléiert gëtt, wa mer déi géi fen an de Grëff kréien, da géife mer schonn e grousse Sprong no vir maachen, wann et ëm sozial Ongläichheete geet.

Et ka jo net sinn, datt eng Schülerin oder e Schüler an enger Lëtzebuerger Schoul domat rechne mussen, datt se vun hirem Schoul meeschter oder vun hirem Proff gesot kréien: „Jo, nee, du pass hei net hin!“ Sou héieren! Oder de Saz: „O, du schwätz awer gutt Lëtze buergesch!“ Ee mat wäisser Haut, ee wéi mir heibanne kennt dee Saz éischter net: „O, du schwätz awer gutt Lëtzebuergesch!“ Dat ën nerstellt nämlech jiddwerengem, deen anescht ausgesäit, dee vläicht en Numm huet, deen net stacklëtzebuergesch kléngt, datt e kee Lëtze buerger wär.

Bref, Lëtzebuerg ass eng Terre d’accueil ge wiescht, ass et nach ëmmer. A mir hunn eng ganz grouss Populatioun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, déi net wéi den typesche „Biolëtzebuerger“ ausgesinn. Mir hunn eng ganz Rëtsch Leit an der Populatioun, déi net wäiss sinn, déi net e lëtzebuergeschen Numm droen, mee déi méi exotesch Nimm hunn, déi eng méi exotesch Hautfaarf hunn. An awer, et si Lëtzebuerger, déi sech all Dag unhéiere mussen: „O, du schwätz awer gutt Lëtzebuergesch!“ Dat implizéiert iergendwou: „O, du schwätz awer gutt Lëtzebuergesch fir deng Hautfaarf, fir deng Originn, fir deng …“, jo, fir wat eigent lech? Et kéint ee bal soen, iergendwa seet een dann: „fir deng Rass“. A spéitstens da si mer beim Wuert „Rassismus“, e Wuert, wat iwwre gens ganz batter ass, well et benotzt eng biolo gesch Differenz als Grondlag, eng soidisant Differenz, déi an enger Theorie baséiert ass, déi ewell laang widderluecht gouf, eng Theorie, déi zu gräissleche Schanddote virun 80 Joer ge fouert huet, eng Theorie, déi dovunner aus geet, datt Mënschen inhärent ze ënnerdeele sinn.

Nee, ech gleewen net drun, datt eng Rassen theorie hautdesdaags nach hir Plaz huet. Eng Rassentheorie, déi d’Grondlag war, nach virum Zweete Weltkrich, vum Kolonialismus, e Koloni alismus, wou och Lëtzebuerg säi Rôle hanner froe muss am Congo belge. D’belsch Kinneks famill huet sech rezent nach eng Kéier ent schëllegt fir dat, wat se am Kongo gemaach hunn. D’Roll vu Lëtzebuerg ass an deem Kon text nach ëmmer net genuch erfuerscht.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech sinn der Meenung, datt mer och do nach eng Kéier e Schrëtt no vir sollte maachen, eis eiser Vergaan genheet sollte stellen an eis dann och do entschëllege sollten, do, wou Lëtzebuerger mat am Coup waren.

Wäiss a Schwaarz si keng Faarwen. Schwaarz a Wäiss si sozial Konstrukter, déi déif an der Ge sellschaft an an der Geschicht verankert sinn. Et freet mech ze gesinn, datt déi Jonk sech haut fir en oppenen an tolerante Contrat social staarkmaachen, andeem se keng Differenz tëschent Schwaarz a Wäiss maachen.

Mee, Här President, nodeem ech déi Rassis musdebatt op der Lëtzebuerger Tëlee gekuckt hunn, hunn ech e grousse Feeler gemaach. Ech hunn erofgescrolled, ech hunn d’Kommentare gelies. An do liest een dann direkt am éischte Kommentar, deen ech fonnt hunn, datt et jo och Rassismus géint Wäisser géif ginn. Jo, inter essant! Et si Leit, déi soen: „Mir wëlle bleiwen, wat mer sinn!“ An da soe se am nächste Saz: „Ech si jo kee Rassist, mee …“

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech fannen esou Aussoen inakzeptabel. A wann dann och nach drënnersteet: „Wann der eppes hei net geet als Schwaarzen, da géi zréck an däi Land!“, adresséiert un d’Persoun vun enger Lëtzebuergerin mat schwaarzer Hautfaarf.

Ma, a wéi ee Land soll déi Fra dann zréckgoen, wann net an hiert Heemechtsland, wat Lëtze buerg ass? Do muss ee sech awer dann d’Fro stellen: Gëtt et Rassismus zu Lëtzebuerg? A bref, de Constat ass leider: Jo. An dat heescht, mir mussen Zivillcourage weisen, mir mussen deene Leit widderspriechen, mir däerfen esou Aussoen net einfach onkommentéiert stoe loos sen.

Et gëtt Zäit, datt mer alleguerten deem All dagsrassismus eppes entgéintsetzen, fir datt esou de strukturelle Rassismus d’Grondlagen entzu kritt, fir esou a leschter Konsequenz sozial Ongläichheete kënnen ze reduzéieren.

De Legislateur, mir heibannen, kënnen dat net eleng. Jiddwereen ass gefuerdert! Jiddwereen dobaussen ass gefuerdert, seng Reflexer ze iw werdenken. Seng Reflexer ze iwwerdenken, wann e seet: „O, dee Jugo do!“, oder: „O, dee Guall!“ Nee, och dat sinn inakzeptabel Sätz, déi een heiansdo oniwwerluecht benotzt an déi awer weisen, wéi déif verankert Rassismus, Xenophobie, d’Angscht virum Friemen zu Lët zebuerg heiansdo sinn.

Loosst mech op e leschte Punkt agoen, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Zäit leeft mer fort. Mir Lëtzebuerger kultivéiere grondsätzlech d’Diversitéit. Gäre setze mer se a faarwege Publicitéitscampagnen an Tourismus katalogen an Evidenz. Gäre weise mer, datt Lët zebuerg e Land ass, wat méi ass wéi nëmme wäiss, e Land, wat Faarf kennt, e Land, wat Terre d’accueil ass, e Land, wou jiddweree wëll komm ass a senger Diversitéit.

Ma kommt, mir kucken eis eng Kéier heiban nen ëm! Verschidden Nimm kenne mer heiban nen ewell. Dat weist op eng laang Immigra tiounsgeschicht vu Lëtzebuerg hin. Aner Haut faarwe sinn am héijen Haus bis haut éischter rar geséit. Och d’Chamber ass net deen een zege representativen Echantillon vun der lëtze buergescher Gesellschaft. Mir sinn een Echan tillon. Mee si mer representativ? Nee! A genau dorunner musse mir och alleguerten als Poli tiker schaffen. Well wat mir méi inklusiv sinn an eisem Behuelen, wat et méi kredibel ass, wa mer dobausse fir méi Inklusioun optrieden.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Dir stitt eebe fir Rassismus, Här Kartheiser, Dir weist et.

c.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn elo laang iwwer Rassismus an Diskrimina tioun diskutéiert. An ech mengen, datt et nach vill méi dozou ze soe géif ginn. Dofir erlaabt mer, datt ech ganz kuerz och schonn zur Mo tioun an zur Resolutioun schwätze vun de Kol leege vun der Majoritéit. Dat sinn zwou gutt Initiativen, déi mir kënnen esou matdroen. Ech deelen awer do och dem David Wagner seng Meenung, datt et vläicht gutt gewiescht wär, zumindest d’Resolutioun mat gréisstméiglecher Zoustëmmung heibannen zesummenzekréien. Eventuell léisst sech do jo nach eppes maachen.

Dann, léif Kolleeginnen a Kolleegen, erlaabt mer, datt ech och nach zwee Texter deposéie ren. Dat eent, dat ass eng Resolutioun, déi u sech fuerdert, d’Fuerderunge vu „Black Lives Matter Lëtzebuerg“ unzeerkennen. Ëm wat geet et dobäi? Ma et ass ganz einfach: „Black Lives Matter Lëtzebuerg“ luttéiert fir eng „transforma tion sociale à travers le changement du traite ment et de la perception des personnes subis sant des discriminations“. Ech mengen, dat ass eng Fuerderung, där mer eis hei net sollte ver schléissen. Dat ass un d’Chamber adresséiert. Dat ass, fir datt mir als Chamber eis do och be wosst sinn, wat et heescht, déi Leit ze ënnerstët zen, déi am Reen, trotz Corona, virun der ameri kanescher Ambassade demonstréiert hunn, eebe fir dem George Floyd ze gedenken, mee net nëmmen, mee fir insgesamt op systeemesch Diskriminatioun hinzeweisen.

Résolution 2

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Dat Zweet, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ass eng Motioun, déi d’Regierung invitéiere géif, fir en État des lieux ze maachen iwwert d’aktuell Legislatioun am Beräich vun der Antidiskriminéierung. Dat ass mam Zil, datt dësen Debat hei net haut ophält, mee datt mer eeben déi Datebasis hunn. De Paul Galles huet virdrun ugefaange mat de statisteschen Datebasen. Ech mengen, datt mer awer och mussen eng Kéier eis Legis latioun op de Leescht huelen, datt mer musse kucken: Wat hu mer schonn a wou geet et net duer? An dat ass nun emol esou, datt an eiser spezieller Form vum Parlamentarismus, wéi Lët zebuerg dee lieft, d’Regierung do weess, wéi eng Gesetzer se schonn huet, an der Pipeline huet, a potenziell eis dann och ka weisen, wat do nach an hiren Ae soll verbessert ginn.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). An da profi téieren ech vu menge puer Minutten, déi mer nach bleiwen u Riedezäit, fir awer op een „Een zelfall“, wéi en et selwer genannt huet, hei zréckzekommen. An ech hoffen, datt den Här Kartheiser wierklech en Eenzelfall ass, léif Kol leeginnen a Kolleegen, well esou e Brach hunn ech scho laang net méi héieren hei am héijen Haus!

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Als Éischt ënnerstellt e mer Saachen, déi ech net gesot hunn. An, Här Kartheiser, Dir sidd en intelli gente Mënsch, a wann Der litt, just fir e poli tesche Punkt ze maachen, dann ass dat aarm séileg! Mat kengem Wuert a menger Ried hunn ech gesot, datt iergendwellech Zensur misst kommen. Ech hu mat kengem Wuert gesot, datt iergendee vun deene Commentairen, déi Dir zitéiert hutt warscheinlech komme se vun Äre Wieler , geläscht muss ginn. Nee, ech hu gesot, mir sollte se net onkommentéiert stoe loossen. Ech hunn un den Zivillcourage vun all den Antirassisten hei zu Lëtzebuerg appelléiert fir ze widderspriechen, fir den Debat net ze scheien, fir eebe grad an den Debat eranzegoe mat Argumenter, fir ze weisen, wou dividéiert gëtt a wou net.

Ech hunn net gesot, mir wéilten eng Zensur. A wann den Här Kartheiser dat hei um Podium behaapt, da litt en! A wie litt, dee kann ech net ganz eescht huelen.

(Interruption)

An dat Schlëmmst ass: Mir schwätzen hei zwou Stonnen iwwer Rassismus, an zéng Minutten dovunner schwätzt een, dee sech all eenzelt Ar gument vun „Ech si kee Rassist, mee …“ zu eege mécht, fir hei zéng Minutten um Podium …

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). An dat ass Meenungsfräiheet, dat ass keng Zensur! Den Här Kartheiser huet dat Recht, fir hei ze soen, hie wär anerer Meenung wéi d’Majoritéit. Ech sinn heefeg anerer Meenung wéi d’parlamen taresch Majoritéit. Dat ass e gutt Recht. Mee dann ze mengen, datt ee misst hei am Debat vu Rassismus iwwert d’Zensur schwätzen, déi mat kengem Wuert ugeschwat gouf, wärend ee gläichzäiteg déi Dausende vun Doudegen, déi duerch Lëtzebuerger am Kongo zustane kou men, denigréiert … Jo, och dat ass erëm, och dat Wuert „denigréieren“ ass esou iergendwou e bësse rassistesch, e bëssen implizitt eppes ge mengt, wat explizitt net däerf gesot ginn. A ge nau dat huet den Här Kartheiser hei gemaach. En huet grouss Wierder benotzt, fir an engem Debat déi Kleng nach méi kleng ze schwätzen. En huet grouss Wierder benotzt, fir vun „Eenzel fäll“ ze schwätzen.

(Interruption)

Ech si frou, datt den Här Kartheiser heibannen ee vun de wéinegen „Eenzelfäll“ ass, wann et ëm déi Attitüd geet. Well leider ass Rassismus, an dat hunn déi meescht Riedner heibannen haut wierklech gutt illustréiert, keen Eenzelfall. Et ass keen Eenzelfall, wat Leit, déi net wäiss sinn, reegelméisseg ze héiere kréien. An et ass leider keen Eenzelfall, datt vill ze heefeg Wäis ser derniewentstinn a just hir Zéiwespëtze kucken, well se net wëssen, wéi se mat Zivill courage deem eppes entgéintsetze sollen. Dorunner musse mer schaffen, datt mer eis all eguerten trauen, de Mond opzemaachen, wann een Haass verspreet, de Mond opzemaa chen, wann een anerer méi kleng mécht wéi se sinn, de Mond opzemaachen, wann een der Meenung ass, datt een awer gutt Lëtzebuer gesch schwätzt fir déi Hautfaarf oder fir dat Er scheinungsbild, wat en huet.

Mir mussen alleguerten de Mond opmaachen, an dofir däerf een esou Deklaratiounen net ein fach am Raum stoe loossen. An ëmsou méi schlëmm gi se, wa se op Lige baséieren.

Ech soen Iech Merci.

d.

M. Sven Clement (Piraten). Dir hutt domadder ugefaangen.

e.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Ech mierken, datt den „état des lieux concernant les politiques antidiscriminatoires“ vläicht e bësse falsch verstane gouf, och well ech virdrun dat e bësse kuerz duergestallt hunn, d’Zäit ass mer fortgelaf, als Inventaire vun de Gesetzer, déi et gëtt op deem Plang. Et geet och drëm, wéi eng Politik géint Diskrimi natioun gemaach gëtt.

Wann ech awer mierken, datt et eng Majoritéit sollt ginn, fir déi Motioun hei unzehuelen, an deem mer deen éischten Deelsaz sträichen, da maachen ech dat am Interêt vun deem zwee ten Deelsaz, datt mer e Plan d’action national contre le racisme kréien. Ech mengen, domad der wär schonn e ganz groussen éischte Schrëtt gemaach. An dofir kann ech deen éischte Saz gäre sträichen.

f.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Och vu menger Säit kënne mer déi Resolutioun matdroen. Ech hu se elo nach zwee mol gelies, nodeems den Här Kartheiser hei ge mengt huet, de CET géif elo op d’Geriicht goen. Bon. Et muss een da ganz vill zwëschent den Zeile liesen, fir op déi Iddi ze kommen. Ech wëll him elo net nach eng Kéier ënnerstellen, wat ech him virdru riicht an d’Gesiicht gesot hunn. Ech verstinn net, wéi ee kann dergéint sinn, eng fräiwëlleg Formatioun offréiert ze kréien. Déi Discoursen, déi haut wärend deene lesch ten zwou Stonne vun der ADR gehale goufen, sinn de Beweis, datt et jiddwerengem vun eis géif guttdoen, heiansdo mol eng Kéier sech mat Prejugéen auserneenzesetzen …

M. Fernand Kartheiser (ADR). Eng Frechheet, dat do …

M. Sven Clement (Piraten). … a sech ze informéieren an esou eng Offer unzehuelen.

(Brouhaha)

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här …

M. Sven Clement (Piraten). An, Här Presi dent, ech géif Iech bieden, ech hat d’Wuert an net d’Kolleege vun der ADR!

g.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. No Récksprooch mat de Kolleege vu relativ all de Parteien, wann net allen, géif ech proposéieren, datt mer déi Resolutioun an eng Kommissioun verweisen, wann dat géif d’Zou stëmmung vun de Kolleege fannen, well dat géif et erméiglechen, virun allem den Invite nach ze preziséieren, fir esou all Ambiguitéiten aus dem Wee ze raumen.