Header for 2. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la légalisation du cannabis récréatif au Luxembourg

2. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la légalisation du cannabis récréatif au Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 20/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Interpellation de M. Claude Wiseler au sujet de la légalisation du cannabis récréatif au Luxembourg” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ee Virdeel huet et, datt d’Madamm Oberweis elo Member hei vum héijen Haus ass, nämlech hir Gréisst: Ech muss de Mikro net méi an d’Luucht drécken no mengem Vir riedner.

(Hilarité)

Komme mer zu deene méi seriöe Saachen!

Suchtbehandlung amplaz vu Strofverfollgung, Pre ventioun an Ënnerstëtzung amplaz vu Repressioun: Dat mussen d’Piliere vun enger moderner Drogepo litik sinn, déi den Drogen net ganz einfach de Krich erkläert, mee de Suchtpatienten eng Hand reecht.

(Mme Djuna Bernard prend la présidence.)

Gläichzäiteg muss engem bewosst sinn, datt net all Consommatioun vun Drogen direkt enger Suchter krankung entsprécht an datt eng Verdäiwelung vu psychotrope Substanze kengem weiderhëlleft.

D’Legaliséierung vu Cannabis zu rekreativen Zwecker kéint e wichtege Schrëtt an enger moder ner Drogepolitik sinn, wa se da richteg ugepak gëtt.

Vill wësse mer vun de Pläng vun der Regierung jo nach net. Ze vill konkreet wollt bis elo nach kee ginn. Mee trotzdeem schéngt et, wéi wa ganz oner waart fir eng routblogréng Regierung eng Aart protektionistesch Solutioun sollt gewielt ginn: Nëmme Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, solle Cannabisproduite kafe kënnen. An dës sollen am beschten och nach nëmmen zu Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerg produzéiert ginn.

Dat kéint ee sech elo ënner dem Begrëff „regionale Commerce“ iergendwéi nach schéischwätzen, mee eigentlech muss een et als dat enttarnen, wat et ass, an zwar eng antieuropäesch Approche.

Lëtzebuerg wäert mat der lokaler Produktioun der Nofro no Cannabisproduiten, sief et zu medezin neschen oder zu rekreativen Zwecker, net kënne gerecht ginn an op Liwwerungen aus dem Ausland ugewise bleiwen. Mir gesi jo scho bei der Nofro no medezinneschem Cannabis, datt d’Demande hei kloer d’Offer depasséiert an et dofir ëmmer nees zu Ruptures de stock kënnt, déi dann d’Patienten zwéngen, hir Therapie ze ënnerbriechen, wat fir déi Betraffe leider mat vill Péng ka verbonne sinn.

Mee am Ausland anzekafen an dann ze soen: „Jo, mir importéieren zwar ,Är’ Produiten, mir verkafe se dann awer nëmmen un ,eis’ Awunner“, dat ass an ei sen Aen net d’Aart a Weis, wéi e wirtschaftlech oppent Land sollt optrieden. Dat ass net europäesch, ganz ze schweige vum Problem, datt jo esou e Sys tem geschaf gëtt, deen eis Gesellschaft an zwou Klasse spléckt: engersäits déi, déi hei wunnen, an anerersäits déi, déi zwar hei liewen a schaffen, mee owes iwwert d’Grenz schlofe ginn. Mir schwätzen esou gär dovun, datt eis Frontalieren zu eiser Gesell schaft derzougehéieren, an trotzdeem solle se elo bei dësem Sujet anescht behandelt gi wéi de Rescht vun eis. Dat ass net solidaresch a sécher och net europäesch.

(Brouhaha)

Bei der Legaliséierung vum Cannabis a vun THChaltege Produite geet et net drëm, eng nei Fräizäitbeschäftegung ze schafen, et geet drëm, de Schwaarzmaart ze zerstéieren an den Tabu, deen ëmmer nach mam Theema verbonnen ass, ze briechen. Well kommt, si mer emol éierlech: Wie vun eis heibannen huet nach keng Wick gefëmmt?

(Interruption)

An Dir musst elo keng Hand weisen, keng Angscht, ech kontrolléieren net. Mir ginn et …

(Interruption)

… och net un d’Police weider.

(Brouhaha)

Well ech hu mer soe gelooss, et däerft een hei op der Tribün och net zouginn, dat schonn eng Kéier gemaach ze hunn, well soss kéint ee sech strofbar maachen.

Une voix. Den Här Bauler, deen …

M. Sven Clement (Piraten). Et geet drëm, wierk lech deene Suchtkranken, deenen, wéi d’Madamm Oberweis et gesot huet, …

(Interruption par M. André Bauler)

Ma, Här Bauler, ech hunn Iech elo grad gesot, datt ech dat hei op der Tribün net soe kann, well ech mech soss potenziell kéint enger Strof aussetzen.

Deementspriechend zéien ech mäi Recht, drop ze schweigen.

Mee fir op d’Wierder vun der Madamm Oberweis zréckzekommen: Et geet drëm, wéi een Ëmgang ee mat Drogen huet, net, ob een Ëmgang mat Drogen huet. Well hätt ech elo d’Fro heibanne gestallt: „Wie vun Iech huet nach ni gedronk?“, da wäre manner Hänn an d’Luucht gaangen. A genau dat ass de Pro blem. Mir behandele Suchtstoffer ënnerschiddlech.

Mir behandelen Alkohol anescht wéi Tubak, anescht wéi Cannabis, an dann anescht wéi déi sougenannt „haart“ Drogen.

An do gefält mer déi portugisesch Approche ganz gutt, well déi portugisesch Approche mécht eeben den Ënnerscheed: Wéi ginn ech mat deene Sucht stoffer ëm? An do geet et eeben drëm, deene Suchtkranken ze hëllefen, andeems ee se aus der Il legalitéit an domat och aus der Onsiichtbarkeet hëlt, a gläichzäiteg déijéineg, déi einfach gäre vun Zäit zu Zäit emol owes eng fëmmen, esou wéi anerer e Whisky drénken, vun engem falsche Stigma ze befreien.

Wéi solle mer och nëmmen eent vun dësen Ziler er reechen, wa mer d’Frontalieren an d’Visiteure vun den Awunner ënnerscheeden? Wéi soll de Schwaarz maart zerstéiert ginn, wann d’Frontalieren nach wei derhin op dësen zréckgräifen? Wéi soll de Stigma ge brach ginn, wann et fir Honnertdausende Leit nach ëmmer en Tabu bleift?

Jo, mir sinn eng Grenzregioun. A kee wëllt kilometer laang Stauen un de Grenze wéinst dem sougenann ten „Drogentourismus“. Mee amplaz de Verkaf vu Cannabis op d’Awunner ze limitéieren, proposéieren d’Piraten e System, deen de Konsum vum Cannabis am ëffentleche Raum an och d’Consommation sur place op de Verkafsstelle verbitt, de Verkaf dofir awer net op d’Residentë limitéiert. Dat mécht den Drogentourismus bedeitend méi onattraktiv, well een d’Consommatiounsméiglechkeete vun den „Touris ten“ aschränkt, ouni awer d’Vente op eng diskrimi néierend Aart a Weis op eng bestëmmt Persoune grupp anzeschränken.

Wann eppes an eisem Land legal ass, da muss et fir jidderee legal sinn. Anescht erhale mer, trotz der Legaliséierung, de Schwaarzmaart. Wat iwwregens och geschéie kéint, wann d’Präisser an de Ver kafsstellen d’Präisser um Schwaarzmaart bei Wäitem iwwersteigen och dat si Konklusiounen aus Länner, déi sech scho mat der Legaliséierung beschäftegt hunn. Et wäert ëmmer Leit ginn, déi mannerwäerteg Produiten zu méi gerénge Präisser ënnert der Hand verkafen. Do muss ee just an de GebrauchtAutoHandel kucke goen, fir dat ze verstoen. Mee mir mussen oppassen, datt mer de legale Maart net direkt schonn am Ufank duerch eng ze héich Besteierung esou deier maachen, datt de Leit keen Ureiz méi bleift, de legale Wee ze wielen.

Et kënnt, wéi d’Madamm Oberweis et virdru gesot huet, och op d’Verpackung un, et kënnt op d’Quan titéiten un, et kënnt drop un, wéi mer et besteieren, wou mer et zougänglech maachen a wéi mer et zougänglech maachen. Et ass eebe wichteg, eng Balance ze fannen tëscht enger gerechter Be steierung an enger Präispolitik, déi der Kriminalitéit net an d’Hänn spillt, tëscht enger Verpackung, déi net zum Konsum incitéiert, déi awer deem ent sprécht, wat d’Leit, déi et haut um Schwaarzmaart kafen, gewinnt sinn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ech soen, datt et hei net drëms geet, eng nei Fräizäit aktivitéit ze schafen, dann heescht dat och, datt mir Piraten mengen, datt d’Legaliséierung natierlech och mat enger Sensibilisatioun anhiergoe sollt. Grad d’Fëmme vu Cannabis ass duerch d’Verbrennung mat gesondheetleche Risike verbonnen, sou wéi dat jo och bei den Zigaretten de Fall ass. Souwuel bei Erwuessene wéi och bei Jonke muss dofir Opklärungs a Sensibiliséierungsaarbecht geleescht ginn.

A bei deene Jonken ass et dann natierlech beson nesch wichteg, se ëmmer nees iwwert d’Kon sequenze vum Konsum vu psychoaktive Substanze ganz allgemeng opzeklären, well all Aarte vun Drogen an och Alkohol an Tubak an engem Alter, wou d’Gehier nach an der Entwécklung ass, beson nesch problematesch kënne sinn. Dofir ass et fir eis och ganz kloer, datt et eng Alterslimitt soll ginn, déi d’Kafe vu Cannabis an THChaltege Produiten eréischt ab fréistens 18 Joer erlaabt an de Verkaf u Mannerjäreger weiderhin ënner Strof stellt.

Gläichzäiteg proposéieren d’Piraten, eng Limitt anze setzen, déi de legale Besëtz vu Cannabis an deri véierte Produiten op den Eegekonsum beschränkt, an och kloer Grenzwäerter fir de Stroosseverkéier festzehalen. Hei wär an eisen Aen de kanadesche System e gudde Modell, deen, sou wéi et jo och beim Alkohol bekannt ass, ab engem gewëssenen Taux e Protokoll virgesäit an da progressiv mat steigendem Taux och steigend Strofe virgesäit.

Eppes ass kloer: Keen, deen hanner engem Steier sëtzt, dierf ënner Substanzafloss stoen, sief et Al kohol, Medikamenter oder awer och Cannabis.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Madamm Presidentin et deet mer leed, ech hat net gesinn, datt Der han nert mer gewiesselt hat , loosst mech zum Schluss nach zu engem Punkt kommen, dee mech beson nesch erstaunt bei enger Regierung mat grénger Bedeelegung: an zwar deen, datt et soll verbuede ginn, selwer Cannabis unzebauen. Falls deem esou wär, kéint ech dat tatsächlech net verstoen!

Mir schwätze vun ökologeschem Konsum, vum Senke vun Zäregasen a ginn dann awer hin a verbid den de Leit, doheem zwou bis dräi Planze fir den ee gene Konsum ze hunn, fir datt se dann an e Geschäft fuere mussen, fir do e Produit aus engem grousse Gewächshaus ze kafen, vun deem se net wëssen, ënner wéi enge Konditiounen et ugebaut gouf. An dat alles wéinst vermeintleche Qualitéitskrittären.

Wann ech mer doheem eng Tomat ziichten, interes séiert de Staat sech jo och net dofir, wéi eng Quali téit déi huet. A wann ech en Apel vu mengem Bam plécken, kënnt de Staat net kucken, ob e Wuerm dran ass oder net.

De Staat interesséiert sech dee Moment a muss sech interesséieren dee Moment, wou ech et verka fen! Mee genau dat ass jo d’Zil, datt mer dee priva ten Handel net erlaben. Dat heescht: Wa mer de pri vaten Handel verbidden, da sollte mer wéinstens de Privatubau erlaben.

Mir hoffen, datt d’Regierung hei nach eng Pist wiele wäert, déi et de Leit erlaabt, e puer Planze selwer ze besëtzen. Wat kéint besser sinn, wéi den eegene Konsum mat der eegener Produktioun ze assuréie ren? Ouni Pestiziden, ouni Liwwerweeër mat CO2 Ausstouss, ouni Geschäfter oder Coffeeshops, déi Verschiddene jo en Dar am A sinn, an ouni datt d’or ganiséiert Kriminalitéit iergendwéi hir Hänn an d’Spill kéint kréien.

Wéi ech schonns sot: D’Legaliséierung vum Canna bis zu rekreativen Zwecker kann e wichtege Schrëtt hin zu enger moderner Drogepolitik sinn, mee si muss richteg ugepak ginn. Mir brauchen de Courage, de Leit hir Fräiheeten a Responsabilitéiten ze iwwer loossen. Mir brauchen e System, deen op Eegeverant wortung a Sensibiliséierung fousst an net op Aus grenzung a Repressioun!

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Ech hunn déi Motioun matënnerschriwwen, duerfir wäert ech se och matstëmmen. An ech wäert dem Marc Goergen genau dat nämmlecht recomman déieren.

Ech stelle mer awer e bëssen d’Fro, wann ech hei d’Argument vum Claude Wiseler héieren, vu wee gen, mat enger Legaliséierung ab 18 géife mer déi Jugendlech domadder op der Streck loossen … Ech wollt just constatéieren, Här Wiseler, datt d’CSJ haut eng Altersgrenz vun 33 Joer huet. Dat heescht, D’CSV consideréiert Leit als jonk bis 33. Wa mer also kucken, mir hu vu „15 bis se ophale jonk ze si“ geschwat, da concernéiert et dräi Joer, 15 bis 18, wou déi Jonk dann net däerfe consomméieren, an duerno 15 Joer, vun 18 bis 33, wou se consomméie ren dierften. Dat heescht, ech verstinn objektiv gesinn net, wéi Der hei kënnt soen, mir géife Jonker op e Schwaarzmaart drécken. Mir drécke vläicht Teenager, …

Une voix. A jo!

M. Sven Clement (Piraten). … eventuell, mee net all Jugendlecher, well „jugendlech“ ass e vill méi groussen Term wéi nëmme 15 bis 18 Joer.

(Brouhaha)