Header for 2. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet du bienêtre au travail

2. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet du bienêtre au travail

Dës Ried hunn ech den 13/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Interpellation de M. Marc Spautz au sujet du bienêtre au travail” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst mech och als Éischt dem Marc Spautz als Inter pellant Merci soen, datt en dës Interpellatioun ugefrot huet, soudatt mer d’Chance hunn, och nach eng Kéier iwwert de Bienêtre, wann och dës Kéier iwwert de Bienêtre au travail ze schwätzen!

Ech mengen, datt de Bienêtre eis déi lescht Wochen nawell genuch beschäftegt huet an datt dat en Zeechen duerfir ass, datt et e wich tegt Theema ass, an net eppes, wat een op déi liicht Schëller soll huelen.

De Bienêtre au travail, bezéiungsweis d’Wuel befannen op der Aarbecht, ass e ganz facettë räicht Theema. Meng Virriedner hunn et, men gen ech, op verschidde Facetten erofgebrach. Vill verschidde Facteure spillen eng Roll, wann et drëms geet, ob en Employé sech op senger Aarbechtsplaz gutt spiert.

Graff geschwat léisst sech d’Wuelbefannen an dräi grouss Dimensiounen ënnerdeelen: Éischtens, d’Perséinlechkeet vum Employé. Wien ass déi Persoun, déi schafft, mat all hire Motivatiounen an Ängscht?

Zweetens, d’Aarbechtskonditiounen. Wéi eng Méiglechkeeten an Aschränkunge bitt den Aar bechtsposten aus materieller an immaterieller Siicht?

Drëttens, d’soziaalt Ëmfeld. Wéi eng Bindung entwéckelt sech zwëschent den Employéen a visàvis vum Patron?

Mir als Politiker mussen eis duerfir d’Fro stellen, wou genee de Staat an dësem multikausale Ge flecht am beschten d’Hiewelen usetze kann, fir d’Wuelbefannen op der Aarbecht esou ze er héijen.

D’Ausgangssituatioun fir déi meeschte Leit am Land ass aktuell déi, datt si schaffe ginn, fir Suen ze verdéngen, Suen, déi et hinnen da sol len erlaben, um gesellschaftleche Liewen deel zehuelen. Natierlech, Geld ass net alles. Ver schidde Leit maachen aus hirem Beruff och eng Passioun, och wa se mat hirer Aarbecht keng Millionäre ginn oder um Enn vum Mount et knapps opgeet.

Mee fir déi meeschte Leit ass et esou, datt si schaffe ginn, well se d’Sue brauchen, fir hiert Liewe gestalten ze kënnen. Mee se brauchen e Salaire, fir hire Loyer oder Prêt ze bezuelen, Ies sen ze kafen oder de Kanner Kleeder ze kafen.

Fir eng steigend Zuel u Persounen hei am Land geet de Salaire awer ëmmer méi oft net duer. Déi lafend Käschte si méi grouss wéi déi lafend Akommessen. Dat wierkt sech natierlech och op d’Wuelbefannen op der Aarbecht aus.

Wie 40 Stonnen d’Woch schafft an awer säi Lie wen net finanzéiere kann, dee fillt sech éischter wéi e Sklav an net wéi e Salarié op Aenhéicht a senger Entreprise. En Aarbechter, dee 40 Ston nen d’Woch ënner haarde Konditioune säi Kier per belaascht, fir um Enn vum Mount ëmmer nees mat engem eidele Kont dozestoen, well näischt Rescht bleift fir ze spueren, dee kann a sengem Beruff nëmme schwéier Erfëllung fan nen.

D’Working Poor sinn zu Lëtzebuerg trotz en gem Bruttomindestloun vun iwwer 2.000 Euro leider keng Seltenheet. Eurostat no ass méi wéi all zéngt Persoun mat enger Aarbecht zu Lëtze buerg aarmutsgefäerdet. Domadder leie mer op där traureger zweeter Plaz an der EU.

Dat ass ëmsou méi schockéierend, wann ee sech gläichzäiteg virun Ae féiert, datt d’On gläichheeten tëschent de Räichsten an den Äermsten an eiser Gesellschaft weider zouhuelen. Laut dem Statec hunn déi räichsten 10 % zéngmol méi Suen zur Verfügung wéi déi äermsten 10 % hei am Land. Et ass evident, datt hei de Sozialstaat mat senge solidareschen Ëmverdeelungsmechanismen intervenéiere muss. Aktuell bleift bei ville Leit och no de So zialtransferten um Enn vum Mount näischt méi um Kont iwwreg. Och déi rezent Hausse konnt dorunner net vill änneren. Duerfir war se dann awer ze geréng. Fir dem Phenomeen vun de Working Poor entgéintzewierken, brauch et also méi politesch Initiativ.

E gudde Salaire geet awer natierlech laang och nach net duer! D’Wuelbefannen op der Aar becht geet schliisslech och domadder anhier, wéi ee sech op senger Aarbechtsplaz fillt. Mir all verbréngen e groussen Deel vun eisem Lie wen, wann net souguer de Groussdeel dovun ner, wou mer waakreg sinn, op eiser Aarbechts plaz. Dobäi kënnen eng ganz Rei vu Facteuren eng Roll spillen, fir dass e Salarié sech schnell onwuel spiere kann.

Eng schlecht Ambiance mat Cheffen a Kollee gen oder d’Presenz vu gesondheetsbeanträch tegende Facteure sinn do nëmmen zwee Bei spiller. Et ass evident, datt mir als Gesetzgeeber net kënnen an tëschemënschlech Relatiounen agräifen, mir kënnen den Entreprisen och net virschreiwen, wéi se hir Personalpolitik wëllen ausriichten. Wat mir allerdéngs maache kën nen, ass, derfir ze suergen, datt all Salarié esou schaffe kann, datt seng physesch an och seng psychologesch Gesondheet op der Aarbechts plaz respektéiert gëtt.

Et muss ee sech zu Lëtzebuerg d’Fro stellen, ob am Beräich vun der Preventioun vun Acciden ter wierklech genuch ënnerholl gëtt, fir d’phy sescht Wuelbefanne vun de Salariéen ze garan téieren. Aus den Donnéeë vum Statec zu den Aarbechtsaccidenter aus dem Industriesecteur geet ervir, datt et 2018 zu Lëtzebuerg méi wéi 19.500 Aarbechtsaccidenter gouf, vun deenen der 15 leider déidlech ausgaange sinn. Dat sinn der ze vill!

An net nëmmen dat physescht Wuelbefanne kann op der Aarbecht gefäerdet sinn, mee och dat séilescht Wuelbefannen ass a ville Fäll zu Lëtzebuerg alles aneres wéi gutt.

De Risiko, datt Aarbechter bei eis am Land an eng Depressioun falen, ass mat ee vun deenen héchsten a ganz Europa. D’Grënn duerfir sinn erëm villschichteg: Zäitmangel, e Mangel u Wäertschätzung duerch Aarbechtskolleegen oder dem Patron bis hin zu Mobbing op der Aarbechtsplaz. Hei muss de Staat sensibiliséie ren a bei Gesetzesverstéiss haart duerchgräifen. Wie seng Aarbechter physesche Geforen oder psychescher Gewalt aussetzt, muss bestrooft ginn.

Wat d’Theema Mobbing ugeet, goufen an de leschte Jore schonn eng ganz Rei Fortschrëtter gemaach. Engersäits, wat d’Visibilitéit vum Pro blem ugeet. An Zukunft musse mer awer och nach verstäerkt op der Preventioun schaffen. Obwuel Mobbing duerch eng Villzuel vun Arti kelen aus internationalem an nationalem Recht an och duerch de Règlement grandducal vun 2009 verbueden ass, kënnt et a lëtzebuerge sche Betriber ëmmer nach zu Situatiounen, an deenen Aarbechter humiliéiert, degradéiert a psychologesch fäerdeggemaach ginn. Do kann och de gutt gemengte Rotschlo vun der ITM, deen op hirer Websäit ze fannen ass, net wierk lech weiderhëllefen, well dee seet Zitat: « Au niveau de l’agresseur, montrer des limites en criant aussi fort que lui. »

Ma, bon, wann et e Conseil ass, fir sech bei Mobbing duerch haart Jäizen zur Wier ze set zen, dann, mengen ech, hu mer nach e grous sen, e ganz, ganz grousse Wee virun eis!

Mir als Gesetzgeeber hunn hei d’Méiglechkeet anzegräifen. Viru méi wéi 17 Joer gouf an der Chamber de Gesetzesvirschlag 4979 „relative à la protection contre le harcèlement moral à l’occasion des relations de travail“ deposéiert, deen 2014 vun der deemools Deputéierter Ma damm Taina Bofferding iwwerholl gouf. Den Dossier ass och elo nees an d’Kommissioun ver wise ginn. Geschitt ass awer weider näischt! Do musse mer méi aktiv ginn! Mir sollten et zu Lëtzebuerg net bei enger Konventioun an en gem Règlement grandducal beloossen, mir brauchen e Gesetz, dat Mobbing konkreet als Infraktioun uféiert, fir esou en Outil ze hunn, fir de Problem ze ënnerbannen.

Esou Gesetzer existéieren zum Beispill schonn an der Belsch, wou de Mobbing op der Aar bechtsplaz och kloer definéiert gëtt. Mir Piraten fannen, datt Lëtzebuerg dee selwechte Wee sollt aschloen.

Här President, ech hunn Iech net méi spéit wéi haut e Bréif geschriwwen jo, e physesche Bréif op Pabeier mat Ënnerschrëft, wéi mer dat hei heiansdo maachen , fir datt dee Gesetzesvir schlag 4979 erëm opgegraff gëtt, weidergefou ert ka ginn an un déi zoustänneg Kommissioun verwise gëtt.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, niewent dem Schutz vun den Aarbechter viru psychescher Gewalt sollte mer eis an Zukunft och nach verstäerkt dem Ausbau vun alterna tive Schaffmodeller, wéi zum Beispill dem Tele travail, der Kompatibilitéit vum Familljeliewe mat der Aarbechtswelt an och dem Theema vun der Erwuessenebildung, widmen.

Dir verstitt, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zéng Minutte ginn net duer, fir de ganze Spektrum, deen een am Aarbechtsrecht misst ugoen, ze thematiséieren. Loosst mech awer zum Schluss nach een Theema uschwätzen, wat mir per séinlech um Häerz läit, nämlech d’Matbestëm mungsrecht vun den Aarbechter an hire Betriber!

Et ass esou, datt zu engem gudden Aarbechts klima an zu enger wierklecher Verwierklechung am Betrib och dozou gehéiert, datt ee sech „empowered“ fillt, datt ee sech fillt, wéi wann een en Deel vun engem grousse Ganzen wär, an datt een och vun de Friichte vun dëser Aar becht ka profitéieren.

Am Ausland ginn et eng ganz Rëtsch Modeller, wéi Entreprisen, déi an d’Hand vun hire Mat aarbechter geluecht ginn oder wou Mataar bechter e gréisseren Deel um Kapital herno matdroen, erméiglecht ginn. Ech schwätzen do net vun de StockOptions, déi haaptsächlech am StartupSecteur en Theema sinn, ech schwätzen do ganz konkreet vun de Méiglech keeten, aus de Mataarbechter net nëmmen e Mataarbechter ze maachen, mee e Mataktio när, e Matbestëmmer am Betrib.

Duerfir, Här President, erlaabt mer, Iech dës Motioun ze iwwerreechen, an där ech ënner anerem eng Etüd iwwert den Impakt vun esou engem Actionnariat salarié fuerderen a gläich zäiteg awer och de Finanzminister invitéiere géif, fir bei der Reform vun de Steieren dat Theema nach eng Kéier unzeschwätzen, fir eventuell Betriber, déi zu engem Groussdeel vun hire Salariéë gehale ginn, steierlech ze be gënschtegen!

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech mierken eleng um Debat, dee sech jo awer elo hei ronderëm déi Motioun lan céiert huet, datt et wäit vu superfetatoire ass a wäit vu scho giess ass, dat Theema, mee datt et do nach Diskussiounsbedarf gëtt! Duerfir och vu mir den Appell un déi zwee zoustänneg Kommissiounspresidenten: Ech géif et ganz gä ren nach eng Kéier an enger Jointe zum Debat bréngen, eleng schonn, well dat e flotten De bat ass.

Ech mierken esou e bëssen, datt d’Majoritéits parteien do eng ofleenend Haltung hunn, fir dat an der Kommissioun ze debattéieren. Ech muss ganz éierlech soen, ech hunn de Koaliti ounsaccord gelies. Mir hunn e matgestëmmt. An eis geet déi Dispositioun net wäit genuch, déi d’Regierung sech do drageschriwwen huet. Mir denken, datt reng eng Participation aux bénéfices eppes ganz Vages ass. Den Här Baum hannert mer huet et ugeschwat. Dat kann en gersäits natierlech duerch Loun goen, dat kann duerch e Boni goen, dat kann duerch d’Gratt, den 13. Mount voire méi goen. Dat ass eppes relativ Vages.

Wat mir hei mat där Motioun u sech wëlle be zwecken, ass net d’Risikoverlagerung vum Sala rié oder op de Salarié. Hei ass et éischter drëm gaangen, e Matbestëmmungsrecht ze schafen, well dorëms geet et! Et geet net ëm d’Partici pation aux bénéfices. Dat soll den Employé souwisou hunn! Wann et engem Betrib gutt geet, soll et och de Salariéë gutt goen, well soss gi se fort. Ech mengen, et ass dat, wou mer eis alleguerten eens sinn, datt e Salarié soll um Profitt vu sengem Betrib participéiere kën nen. E soll awer och a sengem Betrib kënne matentscheeden.

A wann den Här Kersch hei seet, dat wier eng Risikoverlagerung, deem muss ech widdersprie chen, well wann eng Firma faillite geet, da sëtzt den Employé virun der Faillite ob e mat Aktionär ass oder ob e just Salarié ass, dat mécht dee Moment keen Ënnerscheed op der Strooss.

Et geet also hei net ëm d’Verlagerung vun en gem Risiko. Et geet drëm, e Matbestëmmungs recht an domadder en Empowerment vun den Eenzelnen ze schafen. Wann Der dergéint sidd, dont acte. Ech géif léiwer driwwer diskutéieren.