Header for 2. Résolution de M. Yves Cruchten relative au transfert des activités de la CHAFEA à Bruxelles

2. Résolution de M. Yves Cruchten relative au transfert des activités de la CHAFEA à Bruxelles

Dës Ried hunn ech den 11/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “2. Résolution de M. Yves Cruchten relative au transfert des activités de la CHAFEA à Bruxelles” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass als Éischt emol e grousse Merci un den Yves Cruchten an och un de Laurent Mosar fir d’Ini tiativ vun dëser Resolutioun auszedrécken, well wann d’CHAFEA fortgeet, dann ass dat ze ver gläiche mam Depart vun engem gréissere Be trib hei zu Lëtzebuerg.

Den David Wagner huet et gesot: Dat betrëfft net nëmmen d’Fonctionnairen, déi reaffektéiert ginn, déi zwar weiderhin e feste Salaire kréien, déi awer net onbedéngt méi do kënne wun nen, wou se sech wuelfillen, nämlech hei zu Lëtzebuerg. Mee et betrëfft virun allem och all déi zivill Mataarbechter, déi ganz normal do iwwer Aarbechtskontrakter agestallt sinn. Et si Leit, déi vun haut op muer, an dat grad um Ufank vun enger Wirtschaftskris, kéinten de Patron verléieren. Ech mengen, dat däerf een net vergiessen, wann ee vum Depart vun esou enger Agence schwätzt.

Dat Zweet ass: Net nëmmen, datt déi Leit hir Aarbecht géife verléieren, och dee ganzen eko nomeschen Impakt, deen awer d’Presenz vun all deene Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der CHAFEA huet, géif een natierlech mier ken.

Mir hunn haut de Moien nach driwwer disku téiert, datt Restaurateuren et spieren, datt méi Leit am Teletravail sinn, datt manner Leit haut op d’Büroen zréckkommen. Genau dat nämm lecht geschitt, wann eng ganz Agence vun haut op muer hir Wallisse paakt. An dofir fan nen ech et ganz schued, datt d’Europäesch Kommissioun hei unilateral decidéiert huet, ouni Concertatioun mat Lëtzebuerg, ouni hir Accorden, déi ënnerschriwwe goufen, ze res pektéieren, déi Agence wëllen ze delokaliséie ren.

An duerfir wäert ech och dës Resolutioun ze summe mam Marc Goergen ënnerstëtzen an och dofir stëmmen. Ech soen Iech Merci.