Header for 3. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19

3. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19

Dës Ried hunn ech den 09/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Débat sur la déclaration du Gouvernement à l’égard de la situation actuelle de la pandémie du Covid19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Wéi de Coronavirus zu Lëtzebuerg ukomm ass, ass alles op eemol ganz séier gaan gen. Den État de crise ass bei eis zu Lëtzebuerg am Mäerz ausgeruff ginn. Mir kënnen haut frou sinn, net de schweedesche Wee gaangen ze sinn. Alles hätt kënnen anescht goen. Mir hätte kee Confinement gemaach, kee Lock down, keng Maske verdeelt, keng Distanciation sociale praktizéiert. Mir hätten dee lästege Virus einfach ignoréiert an esou weidergemaach wéi soss, ouni Rücksicht op Verloschter.

Eis Klinicke wieren no kierzester Zäit iwwerlaf gewiescht. Dee Stäerksten hätt iwwerlieft, dee Schwächsten net. D’Commercë wieren all op bliwwen, d’Leit hätte sech een nom aneren ugestach, dat zu engem Zäitpunkt, wou nach manner iwwert de Virus gewosst war wéi haut. Jo, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech si mer sécher, de Lockdown an den État de crise waren déi richteg Äntwerten op eng Kris, déi eis äiskal erwëscht huet. Ech sinn houfreg, datt ech an engem Land liewe mat enger politescher Kultur, déi drop baséiert, dat ze maachen, wat d’Bierge rinnen an d’Bierger schützt. D’Awunner vun eisem klenge Land woussten a schwéieren Zäiten ëmmer zesummenzehalen. Solidaritéit a Krisen zäiten ass eppes, wat eist Land auszeechent.

De Coronavirus ass zu Lëtzebuerg net instru mentaliséiert ginn, an zwar vu kenger Partei, fir dorauser politescht Kapital ze schloen. Bei en ger Gefor wéi där vum Covid19 sollte mer als Chamber, als Parteien, als Mënschen zesum mestoen.

M. Marc Goergen (Piraten). Ganz gutt!

M. Sven Clement (Piraten). Ech mengen, dat ass eis gelongen. An dat war wichteg, fir och de sozialen a politesche Fridden an eisem Land wärend der Kris oprechtzeerhalen an de Leit dobaussen ze weisen: Mir schaffen als Poli tik zesumme fir d’Gesondheet vun all Eenzel nem, quitte datt och all Eenzelne wärend der Kris huet missen a weiderhin nach wäert musse Sacrificë maachen.

Dësen État de crise ass also rezent op en Enn komm. Ma mir hu mat méi oder manner gudde Gesetzestexter nogebessert a verschidde Mesuren iwwert den État de crise eraus ver längert. Aktuell denke mer driwwer no, weider Mesuren anzeféieren, fir d’Ausbreedung vum Virus a Moossen ze halen an eng zweet Well ze verhënneren.

Mir Piraten sinn der Meenung, datt mer eis wei derhi sollten op dat Weesentlecht konzentréie ren: déi Schwaach schützen an d’Allgemeng heet derzou opruffen, d’Consignen an d’Reege len ze respektéieren, amplaz a Poleemik ze ver falen a vun de reelle Problemer ofzelenken. Na tierlech duerfe mer net riskéieren, laangfristeg Aschränkunge vum ëffentleche Liewen an de perséinleche Rechter einfach esou ze akzeptéie ren an domat déi laang erkämpfte Fräiheets rechter muttwëlleg um Altor vun enger souge nannter Sécherheet ze afferen.

Mir sollten och dat un d’Biergerinnen an d’Bierger weider kommunizéieren. All déi Ree gele si just sou laang do, bis mer en Impfstoff hunn, bis dee ganzen Zauber endlech eriwwer ass. Keen Dag méi laang! Well och ech perséin lech sinn net frou, datt mer perséinlech Grond rechter musse beschnëppele goen. Fir mech als Pirat ass dat souguer en Albdram!

Ech wëll an deem Kontext dann awer och nach zu engem Theema ze schwätze kommen, dat eis Piraten wärend an nom Deconfinement um Häerz geleeën huet an um Häerz läit: d’Tracing app.

Mir Piraten haten eis jo am Abrëll an och gëschter hei an der Chamber derfir agesat, datt de Staat aus de bekannte Grënn keng obliga toresch Tracingappe sollt aféieren. Eis deemo leg Motioun gouf an ech soen dat och mat Freed am Mee an der Plenière hei ugeholl. Och de Premier ass mat op dee Wee gaangen a gesäit, an dat huet e gëschter nach eng Kéier confirméiert, aktuell kee Besoin a kee Méiwäert vun enger Tracingapp. Loosst eis also déi Dis kussioun begruewen! Loosst eis no vir kucken, wéi mer den analogen Tracing besser, méi per formant kënnen ausbauen an esou effikass de Leit hëllefen!

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer iwwer Europa schwätzen, da schwätze mer meeschtens vun der „libre circulation des per sonnes, des biens et des services“. Ma, d’libre Circulation ass an der mondialiséierter Welt eppes, wat mer iwwerall erëmfannen. Libre Circulation heescht och libre Circulation vun Id dien, vu Wäerter, ma eebe leider och vu Viren. Sech virzestellen zréckzegoen an ee System, wou mer eis op eis selwer zréckzéien an eis zu Lëtzebuerg hanner eise Festungsmauere ver stoppen, amplaz se houfreg den Touristen aus der ganzer Welt ze weisen, ass definitiv eriw wer. D’Spezifissitéit vun der Coronakris ass och, datt se weltwäit besteet. A weltwäit gëtt op verschidde Manéiere mat der Pandemie ëm gaangen.

Wéi selbstverständlech goufen an Zäite vum Confinement dann och d’Grenzen uechtert d’Groussregioun zougemaach. De belsche Re sident koum net méi op Lëtzebuerg, de lëtze buergeschen net méi a Frankräich oder Däitsch land. An insgesamt war d’Situatioun, wien eriw wer dierf a wien net, bis zum Schluss zimmlech chaotesch. Eenzel Länner hu probéiert, mat na tionale Mesuren op e globale Problem ze rea géieren.

Mir Piraten bedaueren dës Aktioune weiderhin zudéifst, well et an eisen Aen net däerf sinn, datt d’Biergerinnen an d’Bierger an der Grouss regioun vun engem Dag op deen aneren auser neegerass ginn. Dës Aktioune foussen net um europäesche Geescht vu Solidaritéit, mee op Egoismus an nationalistesche Reflexer.

Och wann e wäit dervun ewech ass, perfekt ze sinn, gleewe mir Piraten un de gemeinsamen europäesche Projet. A wann et Lëtzebuerg gutt geet, da soll et och der Groussregioun gutt goen. Eiser Meenung no muss d’Kooperatioun mat den Nopeschregiounen elo eréischt esou richteg verdéift ginn. Mir brauche méi gemein sam Projete mat eisen Noperen, fir esou d’Regi oun auszebauen an e resiliente Lëtzebuerger Modell ze schafen, een, deen net an Natiounen denkt, mee transnational, een, deen an deene Regiounen denkt, wou eis Aarbechtskraaft hier kënnt, wou déi Leit, déi all Dag mat eis, mat de Residenten zesumme Lëtzebuerg bauen, dra concernéiert sinn.

D’Solidaritéit, déi de Premier wärend dem Confinement scho bal mantrahaft vun eisen Nopere verlaangt huet, fir eebe grad déi Leit nach iwwert d’Grenzen ze loossen, däerf keng Einbanstrooss sinn. Et muss och e Retour ginn an dat muss iwwert d’Chrëschtdagsbeliichtung an den Nopeschgemengen erausgoen.

Et war fir vill jonk Leit déi éischte Kéier an hirem Liewen, datt se virun zouene Grenze stoungen. Ech gehéieren zu der PostSchen genGeneratioun, enger Generatioun vu Leit, déi et ni erlieft hunn, op enger Grenz ze waar den, den Auto op d’Kopp gedréit ze kréien, de Pass mussen derbäi ze hunn, just fir op déi aner Säit vun der Musel oder der Sauer ze goen. Ech gehéieren zu där Generatioun, déi vun de Schmugglerpied am Weste vum Land just aus den Erzielunge vun hirer Urgroussbom kennt, déi gesot huet, datt se alt emol heiansdo kuerz nom Krich do deen een oder anere Poulet iwwert d’Grenz geschmuggelt hätt.

(Interruption par Mme Simone Beissel)

Jo, och Pouleten, Madamm Beissel.

Mme Simone Beissel (DP). Och Schwäin.

M. Sven Clement (Piraten). Net jiddwe ree konnt sech e Schwäi leeschten deemools.

Mee et ass eng Generatioun, déi elo op eemol duerch eng Pandemie virun engem Schlagbam stoung, virun enger Grenz, déi zou war, virun enger Grenz, wou Douaniere stoungen, deel weis schwéier bewaffnet Bundespolizisten op der däitscher Grenz. An et huet ee sech gefillt wéi e Kriminellen. Et huet een den europäesche Gedanken iergendwéi zu Graf gedroen. An et däerf net méi virkommen, datt mer d’euro päesch Fändele mussen op Hallefmast setzen, well d’Grenzen zougemaach ginn.

Här President, d’Follge vum Confinement a vum Virus am Allgemenge sinn net nëmmen um wirtschaftleche Plang, op deen ech am Verlaf vu menger Ried nach wäert agoen, grav. Och op soziopsychologeschem Niveau musse mer mat enger ganzer Rei schwéiere Konse quenze rechnen. Datt de Confinement bei ville Leit Spueren hannerlooss huet, ass net ze iwwersinn. Vill Mënsche sinn onsécher, fir virun d’Dier ze goen, liesen Noriichten an der End losschläif, fille sech eleng gelooss a verluer. Vun de vulnerabele Leit guer net ze schwätzen, déi an enger konstanter Angscht liewen, dem Virus enges Daags zum Affer ze falen.

Mir mussen eis Matbiergerinnen a Matbierger och op psychologeschem Niveau ënnerstëtzen. Mir musse géint nach ëmmer bestoend Stereo typpen a Klischeeë virgoen, déi besoen, datt een „verréckt“ ass, wann ee sech psychologesch Hëllef sicht. Mir mussen aktiv derfir antrieden, datt jiddereen, deen Hëllef op deem Niveau brauch, se och kritt, ouni sech marginaliséiert oder stigmatiséiert ze fillen, ouni datt et sech um Ëmfang vu sengem Portmonni moosst, ob e sech dat leeschte kann oder net.

Mir Mënsche si grad derbäi ze léieren, mam Virus ze liewen. Mir Piraten sinn der Meenung, datt all Mënsch een Halt brauch. Mir mussen derfir suergen, datt eis keng Leit en cours de route verluer ginn, datt mer hinne psycholo gesch Assistenz bidden, datt mer hinnen Hoff nung maachen, datt mer iergendwann erëm zu engem normalen Zesummeliewe wäerten zréck fannen.

Wann ech vu psychologescher Hëllef sch wät zen, dann ass et grad an der Sortie vun esou enger Kris dramatesch, datt eng Stonn beim Psycholog 100 oder méi Euro kascht an net rembourséiert ka ginn. Dat ass de richtege Skandal! Wa mer herno nach iwwert d’Sue schwätzen, da musse mer de Leit hëllefen. Da musse mer deenen hëllefen, déi am stäerkste getraff sinn, an deenen, wou d’Problemer vläicht net visibel sinn, well Psychosen, psycho logesch Problemer si genausou eng Krankheet wéi e siichtbaren Handicap oder eng siichtbar Krankheet.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, och d’Situatioun vun deenen eelere Leit huet mat der Coronakris schnell geännert. Vill eeler Per soune sinn a betreite Strukturen, a Fleege oder Altersheemer. Anerer si Wittmann oder Wittfra a sëtzen eleng doheem. Alleguerten hoffe se, datt se gesond duerch dës Kris kommen.

An da kënnt d’Mesure vum 50EuroBong, fir an den Hotel ze goen, fir Vakanz doheem ze maa chen. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi Leit, déi am Altersheem oder an engem Fleegeheem sëtzen, déi maache keng Vakanz doheem! Déi hunn ee ganz anere Problem, nämlech deen, datt se op eemol sech hu missen en Tablet kafen, fir mat hire Léifsten a Kontakt ze bleiwen. Déi hunn de Problem, datt vun haut op muer hir Famill net méi huet dierfen d’Wäsch maache kommen a se elo eng zousätzlech Depense an hirem Alters oder Fleegeheem derbäi kruten. Hei wär et dach sënnvoll gewiescht, de 50EuroBong fir dës Persounen net fir an der Hotellerie ze maachen, mee fir hinnen ze hëlle fen, entweeder en Tablet ze kafen, en Handy ze kafen oder soyons fous! d’Wäsch ze maa chen, fir déi Käschten ze reduzéieren, déi hin nen duerch de Lockdown entstane sinn.

Wat ech mech froen ass: Wéi brénge mir et an Zukunft fäerdeg, jonk an al méi no beieneen ze bréngen? Wéi kënne mer d’Kommunikatioun an de Versteesdemech tëscht de Generatioune stäerken, fir datt mer als Gesellschaft zesum men un engem Strang zéien?

Mir wäerten, wa mer dëst wëllen erreechen, net ronderëm eng Opwäertung vum Benevolat kommen. Wéi kënne mer de sozialen Tissu, deen hei zu Lëtzebuerg laang Zäit op engem performante Reseau u benevollen Associatioune gefousst huet, an Zukunft nach méi staark op bauen an déi eeler Leit mat de Jonken zesum mebréngen?

D’Situatioun vun eelere Leit an der Coronakris weist eis, wéi séier et ka goen, datt déi eeler Generatioun vun haut op muer vun där jonker ofgeschnidden ass, datt mer erëm an Alters gruppen denken. Ech wëll net an enger Gesell schaft liewen, wou mer den Drëtten Alter op d’Ofstellgleis setzen, well se fir eis eng Laascht ginn. Ech wënsche mer, datt d’Generatiounen erëm vunenee léiere kënnen. Mir sollten dës Kris och als Geleeënheet notzen, de Genera tiongap ze iwwerwannen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann een dann nach eng grouss Léier aus der Covid19Pande mie zéien däerf, dann ass et déi, datt d’Mënsch heet besser ass wéi dat, wat vill vun hir denken. Wärend vill eeler a vulnerabel Mënschen an hire Wunnengen agespaart waren, hunn Dausende Leit hir Zäit investéiert, fir aneren ze hëllefen. De Benevolat hat wärend der Kris Héichkonjunktur a krut eng héich Unerkennung wärend dem Confinement.

Et gëtt dofir Zäit, datt d’Benevolatsaktivitéiten endlech dee Stellewäert kréien, dee se verdén gen. An hei kann d’Politik eng Panoplie u Mesuren huelen an deployéieren: iwwer Steier kreditter, d’Urechne vum Benevolat an der Pen siounskarriär oder duerch d’Aféierung vu spe zielle Congéë fir Fräiwëlleger.

Mir als Legislateur hunn hei d’Méiglechkeet, a sollte se och notzen, fir de Benevolat an eiser Gesellschaft ze stäerken. An duerfir, Här Presi dent, iwwerreechen ech Iech eng Motioun, an där mer froen, fir e Screening vun de bestoende Congéen am Kader vum Benevolat ze maachen, ze evaluéieren, ënner wéi enger Form een dës Congéë kéint regruppéieren a méi breet acces sibel maachen, an der Chamber eebe grad e Rapport vum Screening a vun dëser Evaluatioun ze iwwerreechen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mam Erof fuere vun eiser Wirtschaft huet sech an der Gesellschaft e Paradigmewiessel an d’Plaz ge sat. Elo an der Zäit vu Corona gi vill Beruffer méi geschat. Vill Beruffsbiller, déi virun dëser sanitärer Kris keng oder wéineg Bedeitung vun eiser Gesellschaft zougeschriwwe kruten, ginn elo als Helden applaudéiert.

Wärend vill Mënschen doheem hu misse blei wen, sinn dës Mënsche flichtbewosst all Dag op d’Aarbecht gaangen an hunn hiren Déngscht fir eis alleguer geleescht. Dëst war natierlech an éischter Linn dat medezinnescht Personal, mee och Personal am Handel, d’Botz personal, d’Buschaufferen, d’Camionsfuerer, d’Lokfürer an, an, an. Mir hunn hinnen hei banne méi wéi eng Kéier op der Plaz Merci fir hir Leeschtunge gesot. Ech wéilt mech deem och haut nach eng Kéier uschléissen an hinnen eise Respekt ausdrécke fir dat, wat se geleescht hunn, fir de System, deen ouni si net fonc tionéiert, um Rullen ze halen.

Dës Beruffer waren a sinn elo nach systemrele vant. Wéi schonns gesot: Et geet net duer, 100 mol Merci ze soen an alles beim Alen ze loos sen. Mir Piraten hu méi wéi eemol ënnerstrach, datt den Effort vun de Leit och monetär misst unerkannt ginn, sief et duerch eng Primm oder, nach besser, duerch d’Opwäertung vu system relevante Beruffer, eventuell duerch Steiervir deeler a Steierkreditter oder optimalerweis och nach Gehaltsopbesserungen.

Natierlech kënne mer soen: „Mir hunn d’Kris solidaresch gemeeschtert“, mee mer mussen elo d’Weeche fir d’Zukunft stellen. Wat sinn eis déi essenziell Beruffer wäert? Wëlle mer de Botzsec teur an Zukunft geneesou weider schufte loos sen? Brénge mer den Infirmieren an Infirmièren an Zukunft endlech dee Respekt entgéint, deen hinnen zousteet?

Ech wënsche mer et, Här President. Ech wëll, datt mer och iwwert d’Konditiounen an enger ganzer Rëtsch Secteure schwätzen an et dann net nëmme bei Wierder beloossen, mee och konkreet eppes maachen.

Wa mer eng fair a modern Gesellschaft wëllen, musse mer systemrelevant Beruffer net nëmme mat schéinen Dankesrieden, mee mat klore Me surë stäerken. An ech denken do, datt d’Cham ber hei awer zesumme mat der Regierung hir Responsabilitéit muss huelen.

Wie sech virun der Covid19Pandemie als Elte rendeel nach wéi an engem Hamsterrad gefillt huet, deen hat elo wärend dem Confinement méi wéi genuch Zäit, fir mat senge Léifsten zesummen ze sinn, wa säi Beruff dann iwwer Te letravail gemaach konnt ginn oder wann e Congé pour raisons familiales hat.

Sécherlech war dës Zäit net ëmmer einfach, well et krut nëmmen een Elterendeel de Congé pour raisons familiales. Des Weidere war d’Re gierung an hiren Aussoen net ëmmer kloer, soudass vill Elteren oft an ëmmer erëm an On kloerheet waren, wat se dann elo dierften a wat net a wéi d’Delaien da wären. Heiansdo waren d’Delaien immens kuerz, well immens kuerzfristeg reagéiert gouf.

Mir Piraten haten eis dofir, esou wéi d’Oppo sitiounsroll dat vun eis verlaangt, direkt an e puer parlamentaresche Froen un d’Regierung adresséiert, fir séier a kloer Äntwerte kënnen ze ginn, sou zum Beispill och beim Congé pour raisons familiales.

Jo, ech verstinn, datt d’Regierung verschidde parlamentaresch Froen heiansdo nerveg fënnt. Et kascht Aarbechtszäit, et kascht Ressourcen, et kascht Nerven an et muss een erklären. Mee datt déi Froe wichteg sinn, weist, datt eng ganz Rëtsch Ännerungen an de Prozeduren duerch parlamentaresch Froe vun der ganzer Oppositioun zustane koumen. Do, wou d’Kom munikatioun vun der Regierung heiansdo ad hoc war an net ëmmer ganz kloer, huet d’Op positioun duerch d’Nohaken déi néideg Kloer heet agefuerdert. Dat ass konstruktiivt Mat schaffen: net nëmme kritiséieren, mee konkreet a kohärent Konkretiséierunge vun Äntwerte froen.

Vill Elteren hu sech trotz dem Congé pour raisons familiales gezwonge gefillt, fir wärend hi rem Congé trotzdeem iergendwéi ze schaffen, dem Patron zu Léift. Sou ass et dann och vill Fäll ginn, wou vill Eltere vun doheem geschafft hunn a sech niewebäi ëm hir Kanner hu misse këm meren, wat sécherlech weeder am Interessi vum Employé nach vum Employeur war.

Trotz dëse Fäll kann een awer ënnert dem Stréch soen, datt vill Famillje wärend dem Confinement endlech méi Zäit fireneen haten. Dat, wat virun der Covid19Kris net de Fall war, well d’Deci sioun ganz einfach war: Wie sech mat Häerz ëm d’Erzéiung vu senge Kanner këmmere wollt, deen huet misse Concessioune maachen, ent weeder Suen oder Zäit fir déi, déi engem wich teg sinn.

Och wann d’Schoule mëttlerweil op sinn, sou lafen d’Crèchen aktuell nach op Spuerflam, ier se de 15. Juli erëm ganz hir Dieren opmaachen. Spéitstens da wäert fir e groussen Deel vun den Elteren erëm de gewinnten Traintrain vun OpstoenTrafickschaffenTrafickschlofen ufän ken.

Mir sinn der Meenung, datt grad elo no der Covid19Pandemie d’Weechen ëmgeluecht ginn, fir eng Familljepolitik ze maachen, an där d’Elteren déi kloer Gewënner sinn an net d’Crèchen. Duerfir musse mer Léisunge fir den Tele travail fannen, fir eng méi kloer Trennung tëscht Privat a Beruffsliewe kënnen ze enca dréieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, am Kontrast zu deem, wat dobaussen esou als Rumeur zirkuléiert, kënne sech net just Erwues sener an eeler Matbierger mam SarsCov2 Virus infizéieren, mee, an dat hu mer wärend de leschten zwou Woche festgestallt, och Kan ner a Jugendlecher kënne sech mam Virus infi zéieren. Dëst beonrouegt natierlech virun allem Elteren, déi hir Kanner beschütze wëllen. Dat ass e ganz normale Reflex.

Dës Eltere brauchen Informatiounen, dass et hire Kanner gutt geet, wa si se an d’Schoul schécken. A genee hei muss een awer feststel len, datt d’Kommunikatioun vum Bildungsmi nistère an de leschte Wochen a Méint net be rouegend war. Am Géigendeel: D’Mesuren, déi geholl goufen, ware fir vill Elteren an och d’Léi erpersonal heiansdo onverständlech. Si hunn oft zu Veronsécherung gefouert an et war net ëmmer kohärent mat den Aussoen, déi vun anere Plaze koumen.

Sou huet de Bildungsminister Claude Meisch ge sot: „Et ass kee Problem, d’Kanner an d’Schoul ze schécken“, wärend als Wëssenschaftsminister de Claude Meisch d’Unistudie presentéiert huet, wou ganz kloer en Impakt ze gesi war. Ma da sot de Leit, wéi grouss den Impakt ass, a verstoppt Iech net hannert engem Graphique, deen net er kläert gëtt!

A kierzester Zäit koumen duerfir dunn och an dat ass déi logesch Konsequenz an enger Petitioun iwwer 4.500 Ënnerschrëften zesum men, wou d’Eltere gefuerdert hunn, datt d’Schü ler eréischt erëm am September sollen an d’Schoul goen, fir esou alle Risiken aus de Féiss ze goen.

Jo, et gëtt keng „Vollkaskogesellschaft“, mee et däerf een awer och Bedenken, Ängschten net einfach op d’Säit wëschen. Et ass eng Fro vu Kohärenz an der Kommunikatioun. D’Regie rung seet op där enger Säit: „Maacht keng Par tie doheem! Sidd zu esou mann wéi méiglech esou mann wéi méiglech Zäit zesummen!“, a gläichzäiteg gi mer aus klenge Klassen erëm grouss Klasse maachen.

Ech wëll guer net de wëssenschaftleche Meritt vun där Decisioun beurteelen, well duerfir fee len der Chamber nach ëmmer eng ganz Rëtsch Donnéeën, fir dat kënne wierklech effikass ze suivéieren, mee et muss een awer d’Fro opwer fen: Ass dat eng kohärent Kommunikatioun? A fir eis Piraten ass d’Äntwert dorobber kloer: Nee!

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an deene leschte Wochen hu mer eng grouss Zuel u Gesetzesprojeten hei misse bewältegen. An déi nächst zwou Woche stinn der nach eng Kéier eng ganz Rëtsch un, déi zum Zil hunn, datt d’Covid19Pandemie sech net an enger Wirt schafts a Sozialkris nidderschléit. Fréizäiteg goufe virun allem op EUNiveau Fongen a Ga rantien op d’Bee gestallt, fir déi europäesch Wirt schaft stabill ze halen. Och déi vun der EUKom missiounspresidentin implementéiert „Green Lanes“ hunn derfir gesuergt, datt den Handel an d’Logistik innerhalb vun der EU an trotz zouene Grenze konnte weiderlafen.

Alles dat ass essenziell. Well vergiesse mer net: D’lëtzebuergesch Ekonomie hänkt dovunner of, wéi gutt et eise Partner an der EU geet.

D’Coronakris huet der europäescher Ekonomie e béisen Dämpfer verpasst. Bal all Handelsakti vitéite sinn an deene leschten dräi Méint zum Stëllstand komm, hu missen erofgefuer ginn a sinn zum Deel nach haut staark duerch déi sa nitär Oplage beanträchtegt.

D’sanitär Restriktiounen, déi leider an dat muss een ënnersträichen hu misse getraff ginn, hunn derzou gefouert, datt vill manner Valeur an eiser Wirtschaft erschafft gouf. Dat erkennt een notamment um Abroch vun eisem PIB an och de Pronosticken, wéi se vum Statec an anere Statistikbehërden uechter Europa op gestallt goufen.

Rezent Pronosticke schwätze jo eleng fir dëst Joer mat engem Abroch vu 6 % bis 8 %, jee nodeem, wien ee freet. Wat d’Aussiicht fir d’nächst Joer ugeet, sollt een awer nach virsi ichteg sinn. Mir kennen d’Suitte vun dëser Kris de Moment nach net. Mir gesinn nach net wäit genuch. Mir kënnen eis just op Hypotheese stäipen.

D’Lach am Staatsbudget an an der gesamter Wirtschaft ass also do. An, jo, ech sinn erféiert, wéi eis an der Kommissioun och nach déi Milli ard Defizit dat Lach bei der Sozialversécherung presentéiert gouf. D’Gesamtrechnung vun dëser Kris ass also grouss. Dofir gëtt et keng aner Méiglechkeet, wéi mat eisem Er spuertem, mat Kreditter a mat immens vill Aar becht elo derfir ze suergen, datt dat Lach an ei ser Ekonomie net derzou féiert, eise ganze wirt schaftleche System mat sech ze rappen.

An do muss ee sech d’Fro stellen, ob mer couragéiert genuch sinn. 2008 hu mer 18 % vun eisem PIB fir d’Bankerettung mobiliséiert. Fir d’Banken! An dëser Kris mobiliséiere mer ak tuell zwësche 14 % a 15 % vum PIB fir d’Betri ber an d’Leit. Dat ass en Ënnerscheed!

D’Banke goufen, ouni mat der Wimper ze zu cken, mat bal engem Fënneftel vun eisem PIB vun eiser Ekonomie gerett. D’Leit musse mat e bësse manner auskommen. Am Contraire: Grad elo musse mer also d’Hiewelen a Gang setzen, fir eis Wirtschaft ze moderniséieren, ze digitali séieren an doduerch ze stabiliséieren an esou nohalteg ze gestalten. Eng Organisatioun vun eiser Ekonomie nom Motto „weider wéi elo“ muss ophalen! Et wäert elo net duergoen, wei derzemaachen. Mee mir mussen elo, wéi de Premier dat schonns eng Kéier hei esou schéi sot, „weider maachen“.

Eng zimmlech einfach an elegant Léisung ass d’Digitaliséierung vu Prozesser, déi kee Méi wäert zu eiser Gesellschaft bäidroen. Big Data, kënschtlech Intelligenz, Blockchain an d’Auto matiséierung wäerten eis Aart a Weis ze wirt schaften an awer och eis Konzeptioun vun der Aarbecht op d’Kopp stellen. Mir sinn also net nëmmen an enger sanitärer Kris, mir sinn och an enger Transitiounsphas, déi eist Zesumme liewen, eis Wirtschaft an eis Definitioun vun der Aarbecht massiv wäert veränneren.

D’Digitaliséierung muss de Leit zeguttkommen an däerf sech net nëmmen op eng reng Auto matiséierung an een Ofschafe vu Prozesser be schränken. Wou automatiséiert gëtt, musse mer eis awer an Zukunft d’Fro stellen: Wéi kënne mir aus der Wäertschëpfung, déi duerch d’Automatiséierung acceleréiert gëtt, derfir suer gen, datt de Staat och säin Deel vum Kuch kritt an domat de Wuelfaartsstaat weiderfinan zéieren?

Ee Beispill, wéi d’Digitaliséierung de Leit kann zeguttkommen, ass den Teletravail. Wärend eng ganz Rëtsch vu Politiker a Patronen zënter Joren enger digitaler Aarbechtsweis opposéiert sinn, krute mer am Confinement androcksvoll bewisen, datt eis Gesellschaft scho laang prett ass, d’Ausféierung vun der Aarbecht ze digita liséieren. An awer, och hei musse mer virsiich teg bleiwen, Scheinselbststännegkeet verhën neren an d’Aarbechtsrecht esou stäerken, datt keen duerch den Teletravail op der Streck bleift. Gläichzäiteg goufen duerch d’Aspuere vun den Transportweeër mam Auto Dausenden un Tonnen un Zäregaser agespuert an d’Leit haten no hirer Aarbecht méi Zäit fir sech selwer, well se net hu missen zwou Stonnen am Stau stoen, fir vun oder op d’Aarbecht ze fueren.

Et geet awer elo net duer, datt een eemol wärend enger Period vun dräi Méint eng po sitiv Klimabilanz huet. Mir musse konsequent Aktioune fërderen, déi eis Wirtschaft strukturell op eis Klimaziler preparéieren. An dozou zielt d’Digitaliséierung.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, bei der éischter Well hu mer gesinn, wat ee Confinement fir Auswierkungen op eis Gesell schaft huet. Eng weider Kéier kënne mer eis et net erlaben, alles zouzemaachen. Verschidde kleng a mëttelstänneg Entreprisë géifen dat net iwwerliewen an iwwerliewen et vläicht elo schonn net.

Wann Entreprisë mussen zougemaach ginn, da brauche mer e konkreete Plang, wéi mer déi als Staat kënnen ënnerstëtzen, datt se eeben sou laang wéi méiglech, esou effikass wéi méiglech iwwerliewen an datt d’Biergerinnen an d’Bier ger, déi do schaffen, net penaliséiert gi fir eng Kris, fir déi se wierklech näischt konnten.

Ee Beispill, wat ech awer nach wollt zitéieren, Här President, ass dat vun den Inegalitéiten. De Jeff Bezos, de Boss vun Amazon, ass eleng an deene leschten dräi Méint ëm 40 Milliarde méi schwéier ginn, net a Kiloen, mee an Dollaren. Richtegt Geld!

(Interruptions)

Dat, wärend de klengen Epiceriesbuttek seng Dieren net huet dierfen opmaachen. Dëst weist eis och, wéi d’Coronakris den digitale Wandel virugedriwwen huet. Mir mussen elo oppassen, datt mer vun där Entwécklung net iwwerrannt ginn. Mir mussen haut schonn de Betriber hëllefen, sech op dëse Wandel anzestellen. Ver schidde Secteure wäerte laangfristeg net iwwerliewen, wa mer d’Weechen net richteg stellen. Do komme mer net derlaanscht a mir ginn och net gefrot.

Et gëllt elo, den Eenzelhandel nach an der Kris ze stäerken an derfir ze suergen, datt mer alle guerten zesummen, kleng souwéi mëttel wéi grouss Commercen, duerch dës Kris kommen. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et gëllt, elo iwwert déi nächst Méint nach villes ze maa

chen. Mir mussen d’Ouere fir eis Bierger grouss opmaachen. Mir mussen oppe si fir d’Iddie vun de Leit. Mir mussen d’Biergerinnen an d’Bier ger an d’Associatiounen elo un der Gestioun vun dëser Kris bedeelegen, well nëmme wa mer dat mat de Leit dobaussen zesumme maa chen, da kënne mer derfir suergen, datt kee vernoléissegt oder vergiess gëtt.

Dëst gesot, Här President, wënsche mer eis, datt mer méiglechst schnell en Impfstoff fannen an dat Bescht aus dëser Pandemie mat eraushuelen. Bis mer e Vaccin hunn, Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, gëllt awer: Passt op Iech op! Passt op Är Matmënschen op!

Ech soen Iech Merci.