Header for 3. Débat sur la politique européenne et étrangère

3. Débat sur la politique européenne et étrangère

Dës Ried hunn ech den 14/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Débat sur la politique européenne et étrangère” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Deklaratioun zu der Aussepolitik vun der lëtzebuergescher Regierung, vum Här Asselborn gëschter huet eis a kondenséierter Form nach eng Kéier en Tour du monde gemaach. De Jules Verne huet 40 (veuillez lire : 80) Deeg fir den Tour du monde gebraucht, den Här Asselborn war e bësse méi séier wéi dat an en huet eis nach eng Kéier d’Ausmooss vun den aktuelle politeschen Erausfuerderungen um internationale Parquet virun Ae gefouert.

Den Opschwong un Zoustëmmung fir nationalistesch a protektionistesch Gruppéierungen uerchter ganz Europa an doriwwer eraus ass eng Gefor fir den europäesche Wäertekonsens, wärend déi säit Laangem bestoend an ëmmer nach unhalend Onkloerheeten ëm de Brexit d’Populatioun an d’Wirtschaft veronsécheren an zäitgläich international Konflikter an intolerabel Mënscherechtsverletzungen eis Opmierksamkeet fuerderen.

Dësen Erausfuerderungen hu mir als Natioun eleng näischt entgéintzesetzen. An Zäite vu fortschreidender Globaliséierung, an deenen d’Interdependenz tëschent de verschiddenen nationalen, wirtschaftlechen a politesche Systemer ëmmer weider zouhëlt, kann e Land nëmmen duerch international Kooperatioun seng Ziler erreechen.

Well dëst fir Lëtzebuerg, opgrond vu senger geografescher Gréisst, schonn ëmmer gezielt huet, ass dat fir eis keng Neiegkeet. Fir aner Länner stellen déi wuessend Bedeitung vun dëser Zesummenaarbecht a virun allem d’Onëmgänglechkeet vu multilateraler oder zumindest bilateraler Kooperatioun awer eng staark Verännerung duer.

Grouss Länner, déi laang Zäit eleng entscheede konnten, déi laang Zäit sech als „Empire“ gesinn hunn, entdecken, datt een haut d’Problemer just nach zesumme kann ugoen. An dat féiert zu Veronsécherung an den nationale Populatiounen. Hir Bevëlkerung ass einfach net gewinnt, datt een och zesummeschaffe muss an net ex cathedra diktéiere kann.

Aus dësem Grond ass et guer net erstaunlech, datt d’Leit op ville Plazen op der Welt am Moment skeptesch sinn a sech ëm e vermeintleche Verloscht vu Souveränitéit suergen. D’Bild vun der Natioun, esou wéi vun Nationaliste gezeechent, als Sécherheet, als Fixpunkt an enger Welt, an där alles ëmmer méi séier, méi grouss an dobäi iergendwéi och ëmmer méi onsécher gëtt, gewënnt fir vill Leit u Bedeitung.

Virum Hannergrond vun der wuessender Interdependenz gesi si an hirer Veronsécherung just nach national Aschränkungen als Léisung. Hei kann a muss Lëtzebuerg e Virbild sinn, fir ze weisen, datt et anescht geet. International Kooperatioun ass näischt, wat de Lëtzebuerger Angscht mécht, well et vun Ufank un en Deel vun der Identitéit vun eisem Land war. Lëtzebuerg, als Land mat enger grousser kultureller Villfalt an enger laanger Geschicht vun Engagement an der internationaler Zesummenaarbecht, misst an Europa eng nach méi héich Visibilitéit hunn als Beispill dofir, datt grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht a kulturell Villfältegkeet eben net zum Verloscht vun enger nationaler Identitéit féieren, mä ganz am Contraire e feste Bestanddeel vun dëser si kënnen.

Mir kënnen eis Aussepolitik also och weider dorop ausriichten, ze soen: „Kommt, mir sammelen all Siège, e bësse wéi an engem Kaartespill, vun europäeschen Institutiounen hei zu Lëtzebuerg!“ Mir kënnen awer och iwwer aner Weeër international Renommee fir eist fortschrëttlecht Land erreechen.

Mir sollten aussepolitesch vläicht e bësse manner Wäert drop leeën, eis als Muechtzentrum mat schicken Institutiounen, Glas- a Bëtonsbauten um Kierchbierg a groussaartegem wirtschaftlechen Erfolleg ze promouvéieren. Domat ass Europa näämlech net gehollef. Neen, ganz am Contraire. Esou eng Politik vu Glas a Bëton ënnerstëtzt d’Distanzéierung tëschent der Politik an de Bierger.

Wat Europa brauch, si keng staark Institutiounen, mä oppen Institutiounen. D’Opkomme vu rietspopulistesche Stréimungen op d’Effekter vun der Wirtschafts- a Finanzkris ze limitéieren (veuillez lire : zréckzeféieren), ass kuerzsiichteg. D’Politik vum Fortschrëtt, dem Wonsch, ëmmer weider no vir ze kommen an ëmmer weider ze wuessen, huet an hirer Bewegung no vir scho viru laanger Zäit de Bierger hanner sech gelooss.

Fir dëse Problem ze behiewen, muss d’Politik erëm méi biergerno ginn. Dofir muss d’EU den Opbau vun hiren Institutiounen am Hibléck op méi politesch Participatioun iwwerdenken. An dofir misst Lëtzebuerg sech an der EU staarkmaachen. D’Ustriewe vu bestëmmte mat Prestige bekleete Siègë geet do einfach net duer.

D’Digitaliséierung bréngt an dësem Kontext ganz nei Chancë mat sech. Den Internet, als Instrument vun der participativer Demokratie, kéint an der EU d’Demokratiséierung an neiem Ausmooss beliewen.

Wa Lëtzebuerg als First Mover an engem innovativen an digitale Beräich zur internationaler Renommee komme wëllt, da sollte mir och op politeschem Niveau dat virliewen. Mir mussen d’politesch Matsproocherechter vun de Bierger verbesseren. A mir géifen eis wënschen, datt Lëtzebuerg an deem Kontext eng Virreiderroll géif anhuelen.

Well, wat geschitt, wann dat net geléngt, kënne mer am Moment um Beispill vu Groussbritannien gesinn: Den Interessi fir d’Politik geet erof, d’Wahlbedeelegung sénkt a rietspopulistesch Stréimunge gewannen un Zousproch.

Wat de Brexit ugeet, hoffe mir natierlech nach ëmmer op e geregelten Austrëtt an hoffen, datt mer an där nächster Plenièreswoch hei déi néideg Texter nach kënnen op de Wee bréngen, datt och tatsächlech am Fall vun engem No- Deal dat keng allze staark Repercussiounen op Lëtzebuerg wäert hunn.

Mir deelen dem Minister seng Opfaassung, datt Groussbritannien och no sengem Austrëtt, egal wéi en dann ausgesäit, e wichtege Partner an en enke Partner vu Lëtzebuerg an der EU bleiwe muss. Eleng schonn, fir Elenggäng bei Steier- a Sozial- oder Ëmweltfroen ze vermeiden.

Här President, mir hu gëschter och héieren, datt eng Rei Méiglechkeete fir horizontal Erweiderunge vun der EU envisagéiert ginn. Datt et prinzipiell ze ënnerstëtzen ass, d’Wäerter an d’Fräiheete vun der EU duerch nei Bündnisser op méiglechst vill europäesch Länner auszeweiten, fir en internationaalt friddlecht Zesummeliewen ze fërderen, steet ausser Fro. Ob aktuell awer wierklech de richtege Moment ass, fir iwwer nei Bäitrëtter ze verhandelen, ass zweifelhaft. Jo, den Austrëtt vu Groussbritannien an e wuessenden Europaskeptizismus schwächen d’EU. Mä dat heescht net, datt een elo schnellstméiglech probéiere sollt, dës Vertrauensverloschter duerch nei Allianzen auszegläichen.

Ier mer iwwert d’Erweiderunge schwätzen, musse mer iwwert d’Rule of law an d’Demokratiséierung an der EU schwätzen. Soulaang mir d’Ursaache vun der Europaskepsis net an de Grëff kréien, wäerten eis déiselwecht Problemer einfach ëmmer an ëmmer erëm verfollegen, egal zu wéi vill oder zu wéi wéineg mer am Club EU sinn.

Et huet kee Wäert ze wuessen, just fir ze wuessen. Souguer ënnert der aktueller Zesummestellung huet d’EU Problemer, hir Wäerter, hir Regelen a wierklech alle Beräicher, an net nëmmen an deenen, wou d’Partnerlänner perséinlech Virdeeler kennen, iwwergräifend duerchzesetzen. Wa mir duerch verfréit Erweiderungen d’Valeuren, déi Europa grouss gemaach hunn, op d’Spill setzen, dann hu mir näischt gewonnen. Neen, dann hu mer eppes verluer. Europa kann et besser! Mä dat musse mir fir d’Éischt beweisen. An eréischt da sollte mir iwwer weidere Wuesstum nodenken.

Dat soll awer net heeschen, datt mer net begréissen, datt Länner, ganz besonnesch um Balkan, probéieren, national historesch Konflikter ze léisen, fir prett ze sinn, wann d’EU et dann och ass. Wa Bäitrëttslänner national hir Efforte maachen, wärend mir innerhalb vun der EU eis Feeler op de Leescht huelen an dorauser léieren, steet enger Erweiderung, laangfristeg, näischt am Wee. Mä dofir ass et essenziell, datt mer kuerzfristeg a mëttelfristeg als Éischt eise Stot opraumen, ier mer nei Gäscht invitéieren.

Trotz de ville Baustellen, déi et an der EU an an hiren Nopeschlänner aktuell gëtt, musse mir och eng global Vue bäibehalen. Net nëmmen innerhalb vun der EU oder am Kontakt mat de potenzielle Partnerlänner a Bäitrëttslänner musse mer eis Bezéiunge fleegen.

Et ass essenziell, datt Lëtzebuerg endlech ufänkt, senger Aussepolitik ee méi schaarfe Profill ze ginn, well, wa mer op allen Hochzäite gläichzäiteg danzen, da gi mer ganz vill midd, an, wéi virdrun héieren, wäert den Här Asselborn seng Famill nach manner gesinn. Dofir triede mir a fir eng Aussepolitik mat engem méi staarken an engem méi spezifesche Profill, an net eng Aussepolitik, wou mer probéieren, iwwerall op der Welt gläichzäiteg d’Feier auszemaachen.

Mir wäerten nach eng Kéier iwwert d’Kooperatioun an d’Entwécklungshëllef schwätzen. Dofir ginn ech haut net allze wäit drop an. Mä mir sollten eis awer bewosst sinn, wann et ëm Aussepolitik geet, datt mer grad a Länner, déi duerch europäesch Kolonialpolitik entstane sinn a wou Grenze mam Lineal um Pabeier, en absence vun allen Negociatioune mat de Betraffenen um Terrain, gezu goufen, datt Europa do eng Responsabilitéit huet, dës Konflikter hëllefe bäizeleeën, ouni ze indoktrinéieren, ouni eppes ze octroyéieren, mä andeem mer facilitéieren.

Och op den Ausbau vun der medezinnescher Versuergung an eise Partnerlänner muss Wäert geluecht ginn. Mir hu vun enger feministescher Aussepolitik geschwat an dozou gehéiert, ënner anerem, datt mer mat eiser Entwécklungspolitik d’gynäkologesch Versuergung vu Frae sollte besser duerstellen (veuillez lire : opstellen). Am Beräich vun der Versuergung vu Fraen, mä och insgesamt vu Vergewaltegungsaffer, ob männlech oder weiblech, ass nach vill ze maachen.

Gläichzäiteg zu der Entwécklungshëllef, an …

Ech hu jo déi zéng Minutte vun der Motioun, huelen ech un, Här President? Jo, gutt.

Gläichzäiteg zu der Entwécklungshëllef …

M. Fernand Etgen, Président.- Dir hutt keng zéng Minutte méi.

M. Sven Clement (Piraten).- Et sinn der nach néng Komma eppes.

Gläichzäiteg zu der Entwécklungshëllef misst Lëtzebuerg awer och bei wirtschaftlechen Importfroe méi Responsabilitéit iwwerhuelen. Et kann net sinn, datt mer en vue vu wirtschaftleche Benefisser eis Prinzipien iwwer Bord werfen, fir eng besser Handysbatterie, Autosbatterie oder e méi schnelle Computer ze kréien.

Bei Bluttdiamante si mer aktiv ginn. Mir hunn eis do derfir agesat, datt déi net méi an der EU gehandelt ginn. Mir hunn iwwer Tracking an iwwer weider Mesuren eis staarkgemaach, datt d’Mënscherechter, zumindest e Stéck méi, an der Diamantefërderung geschützt ginn.

Et geet elo duer! Mir musse bei Bluttressourcë genau dat nämlecht maachen! Mir mussen ethesch gesourcte Materialie benotzen, fir eis digital Geräter, déi mer fir d’Digitaliséierungsstrategie brauchen, och tatsächlech mënschewierdeg ze beschafen a mënschewierdeg kënnen ze benotzen.

D’Ausbeutung vu Mënschen dierf sech finanziell net lounen. Hei muss Lëtzebuerg seng Responsabilitéiten iwwerhuelen, och wann dat bedeit, an enger éischter Phas, op e puer Produiten ze verzichten. A mir musse mat eise Partnerlänner, a virun allem mat den EU-Partner derfir suergen, datt mer dës Ausbeutung vu Bluttressourcen ënnerbannen.

Weltwäit si Mënsche gezwongen, hir Aarbechtskraaft, hire Kierper an domat eigentlech hiert ganzt Liewen ze verkafen, fir um Enn vum Dag eppes Klenges ze iessen ze hunn, wärend hir Sécherheet permanent duerch Ausbeutung, politesch Onrouen, Biergerkricher a leider och ëmmer nach duerch grouss Kricher mat internationaler Bedeelegung bedrot ass. Aarmut, Hongersnéit, zerstéiert Stied a verstéiert Mënschen, déi sech mat hire leschte puer Saachen op de Wee maachen, hiert Doheem a vläicht hiert Land verloossen an ni méi wäerten erëmgesinn, sinn och am 21. Jorhonnert ëmmer nach all Dag eng Realitéit.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, eigentlech ass et eng Schan, wann Europa vun enger Flüchtlings- a Migratiounskris schwätzt. Wat mir eigentlech hunn, ass eng weltwäit Solidaritéitskris, eng Friddenskris, eng Kris vum internationale Respekt. All eenzelne Waffekonflikt, all eenzel Mënscherechtsverletzung an all eenzel Situatioun, an där et un tëschemënschlechem Respekt a Solidaritéit feelt, constituéiert en Element vun där aktueller Kris. Mënschen, déi op dës Grausamkeete reagéiere mussen, gehéieren dogéint net zu den Elementer vun enger Kris, mä sinn hir Affer.

An deem Kontext sollte mir och besser differenzéieren. Mir mussen tëschent der Flucht an der Migratioun ënnerscheeden. A mir musse virun allem derfir suergen, datt d’Mënsche sech net op dee geféierleche Wee iwwert d’Mëttelmier op engem Schlauchboot maachen, mä datt mer hinne legal Migratiounsweeër erméiglechen a gläichzäiteg déi ouni Chance séier digne behandelen an hinnen esou och kloermaachen, wou d’Grenze si vun deem, wat jiddwereen droe kann.

Nieft Dublin-Reforme brauche mer och op de Migratiounsrouten dréngend Reformen. An eng vun deene Reformen, an ech hoffen, datt se an den Europawahlen dëst Joer thematiséiert gëtt, ass, datt mer déi Carrier-Sanctions-Directive ofschafen, deen Text, deen haut dofir verantwortlech ass, datt d’Flüchtlingen, anstatt sech fir 50 Euro an de Fliger ze setzen a sécher an Europa kéinten ukommen an hei Asyl kéinten ufroen, sech mat Schlepper, mat kriminelle Banden op Schlauchbooter op e beschwéierlechen, geféierlechen a vill ze heefeg déidleche Wee musse maachen an dobäi nach e puer Dausend Euro op den Dësch musse leeën.

M. Fernand Etgen, Président.- Här Clement, wann Der déi Zäit wëllt beusproche vun der Motioun, da musst Der och zur Motioun schwätzen.

M. Sven Clement (Piraten).- Ech schwätzen dann och nach ganz kuerz zur Motioun.

M. Fernand Etgen, Président.- Mä Dir hutt net méi vill Zäit.

M. Sven Clement (Piraten).- Ech weess. Merci.

Zur Motioun, ganz kuerz. Et geet, ënner anerem, ëm d’Integritéit vun der Europäescher Unioun. D’EU huet haut eng Positioun, déi seet, datt Zypern ee Memberstat ass. Leider ass dat haut de facto nach ëmmer net de Fall. De jure, jo, zumindest an den Ae vun der EU, de facto leider net. Hei gëllt et, sech och fir d’Interessie vun eise Memberen an der EU staarkzemaachen.

Ech gesinn, d’Kolleege vun der LSAP sinn elo verzweifelt amgaangen, an der Motioun no der Referenz op Zypern ze sichen.

M. Yves Cruchten (LSAP).- Mir wëssen net, vu wéi enger Motioun dass mer schwätzen. Vu wéi enger Motioun schwätzt Dir?

M. Sven Clement (Piraten).- Ech weess elo net, ob et d’Motioun 1 oder 2 ass, Här Cruchten.

(Interruption)

Ben, jo, soss däerf ech déi Zäit net benotzen.

M. Yves Cruchten (LSAP).- Ah, okay. Ech hat gemengt, Dir hätt och vläicht eng Motioun agereecht.

M. Sven Clement (Piraten).- Nee, nee, mir hu keng Motioun elo eraginn.

M. Yves Cruchten (LSAP).- Et ass déi vun der ADR.

M. Sven Clement (Piraten).- Ech kommen awer elo zum Schluss. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Globaliséierung an d’Digitaliséierung hunn déi international Interdependenz verstäerkt an eis viru vill nei Erausfuerderunge gestallt. Eis Welt ass méi séier ginn. An et gëtt eng Villzuel u Verännerungen, un déi mer eis upasse mussen. An enger multipolarer Welt dierfe mir net méi a bipolaren Achsen denken. Ost/West ass Geschicht. A mir mussen eis iwwerleeën, wéi ee Rôle mir als Lëtzebuerg an där neier Konstellatioun wëllen iwwerhuelen.

Eng Saach ass dobäi essenziell: Mir mussen de Mënsch, d’Gerechtegkeet an d’Solidaritéit an de Mëttelpunkt setzen an net de Fortschrëtt an de Wuesstum, just fir de Fortschrëtt an de Wuesstum. Wien am Numm vum Fortschrëtt deen Eenzelnen näämlech zréckléisst, kënnt net no vir, mä mécht e Réckschrëtt a puncto Mënschlechkeet.

Ech soen Iech villmools Merci.

Une voix.- Très bien !

M. Fernand Etgen, Président.- Merci villmools, Här Clement.

Une voix.- Ganz gutt!

M. Fernand Etgen, Président.- Leschten ageschriwwene Riedner ass den honorabelen Här Laurent Mosar. Här Mosar, Dir hutt d’Wuert.

M. Laurent Mosar (CSV).- Jo, Merci, Här President. Ech sinn elo 25 Joer Member vun deem héijen Haus. Déi Prozedur, déi Der elo hei applizéiert hutt, wollt ech soen, ass e bëssen apaart, well den Här Kolleeg Clement huet elo hei wärend zéng Minutten iwwer anere Kolleegen hir Motioune geschwat. Esou hunn ech dat bis elo nach net interpretéiert. Ech si bis elo ëmmer dervun ausgaangen, datt, wann ee selwer eng Motioun hei géif deposéieren, wat och mäi Fall wäert sinn, een dann déi fënnef Minutte kéint huelen.

M. Fernand Etgen, Président.- Neen, Här Mosar, et däerf een och Stellung huelen, well ech hat just virdrun den Artikel nogelies. Wann Dir fäerdeg sidd mat schwätzen, da liest dann och den Artikel no!

(Brouhaha)

M. Laurent Mosar (CSV).- Da sinn ech frou, Här President, datt Dir dat elo esou large interpretéiert. Ech sinn dann …

M. Gast Gibéryen (ADR).- Här Mosar, Dir misst dat wëssen.

M. Laurent Mosar (CSV).- Jo, et misst een dat wëssen. Ech hunn dat zwar bis elo, Här Gibéryen, ëmmer e bëssen anescht interpretéiert, mä ech si wéi Dir …

M. Sven Clement (Piraten).- Dir waart dach och emol Chamberspresident, Här Mosar.