Header for 3. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat

3. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat

Dës Ried hunn ech den 07/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Déclaration de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, au sujet de la stratégie de déconfinement progressif, suivie d’un débat” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Här Premier minister, Madamm Gesondheetsministesch, mir ginn elo also an déi zweet Phas vum Deconfine ment. E puer individuell Fräiheete kréien d’Bier gerinnen an d’Bierger also elo no bal zwee Méint erëm zréck, mee bäi Wäitem nach net all. D’Versammlungsrecht bleift weiderhin age schränkt, mee Besich ginn deelweis erëm er laabt a verschidde Geschäfter ginn erëm op.

Fir eis Piraten bleift d’Virsiicht awer d’Norm. D’laangfristeg Fräiheet ass awer dat iewescht Zil. Eis Matbiergerinnen a Matbierger, mir all eguerten hunn eis dat verdéngt, well mer soli daresch waren a well mer eis un d’Reegele ge halen hunn. Well mer alleguerten op eis an eis Matbierger opgepasst hunn, kënne mer elo nees e Schratt a Richtung Normalitéit goen. Fir eis Piraten, déi dësen État de crise schwéie ren Häerzens matgestëmmt hunn, ass dat e Grond zur Freed. Schliisslech si mer eng Partei, déi fir d’Grondwäerter vun der Fräiheet an der Selbstbestëmmung vum Mënsch antrëtt.

Am Ufank vum État de crise ass vill vu Propor tionalitéit geschwat ginn. Haut wësse mer, et war net fir näischt. Mir sinn haut e Schrëtt méi no un der Fräiheet.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Moien hunn ech mer d’Pressekonferenz vun der Covid19Taskforce op der Zong zergoe ge looss, an ech muss Iech eppes soen, léif Kollee ginnen a Kolleegen, ech war erféiert!

Här President, ech war erféiert, well offensicht lech den optimisteschsten Zenario agetrueden ass. Den optimisteschsten Zenario, dat si bal 100 Leit, déi bis haut gestuerwe sinn. Loosst eis net doriwwer diskutéieren, ob ee mat oder wéinst Covid19 gestuerwen ass, well all Dou degen ass een ze vill. Den Zenario, deem dës zweet Phas vum Deconfinement zugronn läit, geet dovunner aus, datt bis Enn des Joers bal 500 Persoune stierwe kéinten. 500 Mënschelie wen. 500 eenzel Schicksaler. Dat ass drama tesch!

Här President, d’Wëssenschaftler vun der Covid19Taskforce gesinn also elo ewell eng zweet Well vun August bis Oktober viraus, an dat souguer, wa mer eis theoreetesch alle guerte géifen un déi nei Reegelen halen. Na tierlech gëtt et keng 100% eg Sécherheet. Et gëtt keen Nullinfektiounsrisiko. Dat Eenzegt, wat et gëtt, dat ass ee Wëllen, e Wëllen, dee Vi rus hei ze bremsen, e gemeinsame Wëllen, de Risiko vum Virus doduerch, datt ee sech un d’Reegelen hält, ze miniméieren. Mir alleguerte mussen eis bewosst sinn, datt d’Reegelen, déi elo nees gelackert ginn, net dierfen op déi liicht Schëller geholl ginn. Et ginn nämlech och Modeller, déi vu bal 1.500 Doudegen ausginn. Dat wëllt kee vun eis heibannen erliewen!

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi lescht Wochen hu gewisen: Ekonomesch In teressie sinn och a Krisenzäite mat Mesures de précaution ze vereenen. Dat weist den Teletra vail, dee vill Biergerinnen a Bierger an de leschte Woche fir d’éischte Kéier an hirem Liewen esou direkt praktizéiert hunn. D’Coronakris huet och gewisen, datt mir et duerch den Teletravail fäer degbruecht hunn, d’Employéen ze schützen, ouni datt d’Aarbecht dobäi komplett op der Streck blouf. Den Teletravail, an dat gouf op dë ser Plaz ewell méi oft gesot, huet sech trotz grousser Skepsis innerhalb vu kierzester Zäit quasi generaliséiert.

Mir Piraten plädéieren zënter Jore fir den Aus bau vum Homeoffice an elo d’autant plus, well mir domat och nach effikass Liewe kënne schützen an d’Leit net onnéideg virun d’Dier schécken. Mir sollten eis mëttelfristeg iwwer leeën, wéi mir d’Effets bénéfiques vum Teletra vail och no der Kris weider notze kënnen. Man ner Ëmweltbelaaschtung, manner Trafic, méi Zäit mat der Famill an hoffentlech geschwënn och erëm méi mat de Frënn.

Wéi bei all Kris ass een duerno ëmmer méi schlau. Mir däerfen elo net de Feeler maachen, erëm an al Muster zréckzeverfalen an erëm ze denke wéi virdrun. Den Teletravail ass ee vun deene Beispiller, wou d’Kris eis effektiv viru bruecht huet. Mir sollten dësen Outil elo och weiderhin notzen, fir d’Leit ze schützen, ouni datt dobäi wäertvoll Aarbechtszäit, awer och Liewenszäit verluer geet. Och am Deconfine ment bleift dës Aarbechtsweis d’Norm.

Här President, mir schwätze vu Gestebarrièren. Mir schwätze vu Masken, Masken, Masken an nach eemol Masken, déi d’Regierung verdeelt huet, verdeele wäert an déi een undoe soll. Jo, dat ass e grousse Gest, mee, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat si 50 Maske fir déi kleng Entre preneuren, déi fir all Client eng nei brauchen? Virun der Kris krut een esou eng Këscht vu 50 Maske fir 8 Euro. Aktuell kascht esou eng Këscht an der Apdikt gären emol iwwer 50 Euro.

Et geet net duer, d’Geschäfter nees opzemaa chen an op Gestebarrièren ze setzen. Och hei musse mer d’Betriber elo geziilt ënnerstëtzen, fir datt si sech kënnen adequat op déi néideg Sé cherheetsprecautioune preparéieren an hire Clientë kënnen e gudden a virun allem séchere Service ubidden, dat ouni finanziell Neibelaasch tung.

Här President, ech kommen awer nach eng Kéier op déi Pressekonferenz vun de Moien zréck, wou ee villes gewuer gouf, dovun och eng Rei Saachen, déi ech ewell an der Cham ber gefrot hat. Hei am héijen Haus gouf ech dunn awer vertréischt op e spéideren Zäit punkt. Nujee. „D’Kommunikatioun muss kloer an transparent sinn“, huet d’Madamm Hansen virdru gesot. Ma si muss virun allem kohärent sinn, muss Substanz hunn an däerf net vu sym boleschen Aktioune liewen. Mir hätten eis erwaart, dës Studië kënnen ze analyséieren an ze kommentéieren.

Déi aktuell Zuelen, dat sinn déi Zuelen, déi mer gëschter Owend geschéckt kruten. Här Pre sident, gëschter Owend, wärend mer nach iwwert de CETA diskutéiert hunn. D’Diskus sioun iwwert den Deconfinement ass doduerjer elo an den Hannergrond geréckelt.

Ech war éierlech gesot erstaunt, datt et der Re gierung hir Prioritéit war, de CETA wärend dem État de crise duerchzebaatschen, amplaz gëschter ewell iwwert den Deconfinement ze diskutéieren. Gären hätte mer awer och déi Mo deller an der Santéskommissioun mat de Wës senschaftler diskutéiert, amplaz se elo, net emol 24 Stonnen no der Publikatioun um Portail, hei mussen ze diskutéieren.

Transparenz? Fehlanzeige! Dat sinn alles Floske len, déi gären dobausse vun der Regierung affi chéiert ginn, mee et war awer heefeg schwie reg, fir un d’Informatiounen ze kommen. Mee da sot dat a schwätzt net vun Transparenz an Oppenheet!

A jo, Här Bettel, et sinn zéng Säiten. An han nert deenen zéng Säite sti mathematesch Mo deller, déi mer nach ëmmer net hunn. Hannert deenen zéng Säite si Grafiken, wou ee gesäit, datt iergendwou tëschent 500 a 1.500 Mënscheliewen um Spill stinn. A mir als Deputéier ten haten en amont vun dëser Diskussioun net d’Chance, fir d’Wëssenschaftler ze interpelléie ren, ze interrogéieren an ze froen, wourobber se déi eenzel Saache baséieren.

Anscheinend steet et am Ament um Ordre du jour vun enger gutt gefëlltener Santéskommis sioun en Dënschdeg de Moien. Ech weess net, wéi mer déi Punkten alleguerten, déi do um Ordre du jour stinn, an 90 Minutte sollen zur Genüge vu jiddwerengem traitéieren.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Ma da maacht eng weider Sëtzung!

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass eng gutt Ausso, Här Di Bartolomeo. Et wär awer gutt gewiescht, wa mer vläicht schonn éischter hätte kënnen driwwer schwätzen, anstatt datt mer ëmmer erëm an déi ganz Säit vun der Oppositioun huet dat haut méi wéi eng Kéier widderholl mussen der Regierung an der Majoritéit hei verschidden Daten a Fakten aus der Nues zéien! Et muss bal méi penibel si wéi e Coronatest! Ech kann Iech soen, esou ee Co ronatest ass richteg, richteg onagreabel! A war scheinlech misste mer nach eng méi laang Pi pette huelen, fir Iech d’Donnéeën aus der Nues ze zéien.

(Brouhaha)

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir haten ewell bei der éischter Phas vum Deconfi nement gefuerdert, kloer Richtlinne fir d’Ges chäfter opzestellen, wat d’Unzuel vu Persoune pro Quadratmeter ugeet. De Premier sot, et wier net néideg, well déi meescht sech un d’Reegelen halen. Eng kloer Richtlinn géif awer och deenen Employéen hëllefen, déi net fir déi meescht schaffen, mee fir déi schwaarz Schof.

Ech kommen erëm op d’Fro vun de klore Mes sagen zréck. Kloer si Messagen, déi d’Leit ein fach novollzéie kënnen. Kloer Messagë sinn net: „Dir musst net méi doheem bleiwen, mee bleift awer éischter doheem!“ Kloer wier et, wéi vill Persoune pro Quadratmeter an engem Ge schäft vun 10 Quadratmeter, 50 Quadratmeter oder 1.000 Quadratmeter erlaabt sinn.

Een, vun deem ech gemengt hat, en hätt dat mat de klore Messagë verstanen, war de Wirt schaftsminister, dee gesot huet: „Et gëtt keen am Ree stoe gelooss.“ Mee wat ass d’Realitéit? Vill Schall, vill Rauch, mee d’Hëllef kënnt net un! D’Kolleegen hunn et ewell gesot: D’Refuse fir d’Independantë sinn e weidere Coup an de Bauch fir Leit, déi sech trauen, sech trauen, fir op eegene Been ze stoen, sech trauen, fir Aarbechtsplazen ze schafen, sech trauen, fir d’Ekonomie um Rullen ze halen. Amplaz mat Plooschteren ze probéieren, Schosswonnen ze verpléischteren, soll d’Regierung endlech d’Am bulanz fir eis Ekonomie ruffen an net och nach op d’Ambulanz schéissen, wa se mat kloren, mee deplacéierte Messagë behaapt, all Inde pendant wär e klenge Krösus. E klore Plang fir d’Relance wär hei vunnéiten.

Ech schwätzen alt nees vu Kloerheet. Kloerheet, déi eis an der Kommunikatioun feelt. Vill gëtt annoncéiert, mee um Enn gëllt net dat, wat ee versprécht, mee dat, wat een ëmsetzt.

Wa mer d’Ambulanz fir eis Wirtschaft ruffen, da musse mer u jiddwereen denken, an net nëm men un déi Déck. Mir mussen ënner Anhale vun der physescher Distanz an an no der Kris méi no beieneeréckelen. Dat heescht, datt déi, déi am prekäersten dru sinn, och als Éischt musse gehollef kréien. Déi, déi duerch d’Kris virun nei Käschte gestallt goufen, mussen Ën nerstëtzung kréien. Mir mussen d’Digitaliséie rung virundreiwen an awer och derfir suergen, datt wéinst der Digitaliséierung keen ofge haange gëtt!

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, e Méindeg maache mer e klenge Schratt an e wei deren Deconfinement, mee et brauch eis alle guerten, fir och weider d’Verantwortung ze iw werhuelen. Mir mussen d’Effekter vun der zwee ter Well mitigéieren. Mir musse weider zesum menhalen, fir datt mer weiderhin dem optimis teschste Modell vun eise Wëssenschaftler no bleiwen an net an d’Horrorzenarie kommen, déi kee vun eis sech wierklech virstelle wëllt.

Ech sot et ewell gëschter, wéi mer iwwert d’Opmaache vun de Schoule geschwat hunn: Mir musse léieren, mam Virus eens ze ginn. Mir musse vigilant bleiwen. A mir alleguerte sinn Deel vun dëser Lutte géint en onsiichtbare Feind. De Kampf géint de Virus ass nach net eriwwer, mee mir si gutt ënnerwee. Loosst eis all zesummen derfir suergen, datt et esou wei dergeet!

Merci.