Header for 3. Heure d’actualité des groupes politiques DP, LSAP et déi gréng au sujet de la reprise progressive des activités dans les écoles et les structures d’accueil

3. Heure d’actualité des groupes politiques DP, LSAP et déi gréng au sujet de la reprise progressive des activités dans les écoles et les structures d’accueil

Dës Ried hunn ech den 06/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Heure d’actualité des groupes politiques DP, LSAP et déi gréng au sujet de la reprise progressive des activités dans les écoles et les structures d’accueil” gehalen.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Ongewëss heet a puncto Schoulrentrée soll haut thema tiséiert ginn. D’Elteren hunn Angscht, d’Kanner engem onbekannte Risiko auszesetzen, Angscht iwwert d’Reaktioun vun de Kanner, wa se hir Frënn erëmgesinn, Angscht, de Virus ze verbree den, Ängschten, déi méi oder manner gerecht fertegt sinn.

D’Ouverture vun de Schoulen a Betreiungs strukture kann e grousse Risiko sinn, wa keng kloer Richtlinne virleien. En éischte Schrëtt an d’Normalitéit ass awer noutwendeg. Mir mussen déi emotional Belaaschtung vun de Kanner ewechhuelen an d’Ënnerscheeder, déi sech an deene leschte Woche gebilt hunn, net méi grouss gi loossen. All Kand soll déi selwecht Méiglechkeeten hunn, well den Homeschooling huet seng Limitten: Net all Famill ass perfekt eki péiert. Net all Famill huet d’technesch Kompe tenzen, fir d’Kanner ze ënnerstëtzen. Och beim Léierpersonal ass et esou, datt net jiddwereen d’Ekipement oder den techneschen Knowhow huet, fir zu honnert Prozent vum Homeschoo ling kënnen ze profitéieren.

Fir dëst awer ze erméiglechen, muss d’Sé cherheet vun all Eenzelnem priméieren. Mir wëssen, eng honnertprozenteg Sécherheet gëtt et net. Et kann ee keng „Vollkaskomentalitéit“ assuréieren, wann et ëm e Virus wéi de Covid19 geet. Wat mer awer kënne maachen, ass, de Risiko ze miniméieren. Well dee Risiko, deen et gëtt, deen ass och do, wa mer akafen, spadséieren oder schaffe ginn. Et muss een der fir suergen, datt Mesuren en place sinn, déi de Risiko vun enger potenzieller Infektioun mini méieren.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et gëtt Zäit, erëm de Wee a Richtung Normalitéit ze fannen. Dozou gehéiert d’Reouverture vun de Schoulen. Ganz kloer! Déi néideg Precautioune mussen awer getraff ginn, fir en anstännegen Oflaf de 25. Mee wéi och déi Wochen duerno fir Schüler, Enseignanten an Educateuren ze ga rantéieren.

D’Schoul ass wichteg fir d’Entwécklung, d’Wei derbildung vun de Kanner an et ass e Milieu, wou e soziaalt Ëmfeld opgebaut ka ginn. Et ass awer esou, datt d’Kanner aus dem Cycle 1 net verstinn, wat et mam Covid19 op sech huet. Si kruten et vläicht erkläert, mee de Risiko ass deene Klenge warscheinlech am mannste bewosst. Et stellt sech also hei d’Fro, ob et net méi sënnvoll gewiescht wier, op d’mannst de Cycle 1 op fräiwëlleger Basis erëm zréck an d’Schoul ze schécken.

En aneren ëmstriddene Punkt sinn déi Kanner, déi mat enger vulnerabeler Persoun zesummen doheem wunnen. Ob dat an de Genera tiounewunnengen ass, déi d’DP am Walpro gramm stoen hat, ob dat awer och Kanner sinn, déi vläicht an enger Famill mat engem vulnera bele Geschwëster wunnen, all dës stinn am Mo ment virun der Onkloerheet, ob si, andeem se der Schoulflicht wat eng Flicht ass nokom men, net vläicht hir Famill, hir Nächste selwer a Gefor bréngen.

Déi Belaaschtung engem Kand opzeerleeën, déi Entscheedung Elteren opzeerleeën, fir ent weeder sech un d’Gesetz ze halen an domad der potenziell d’Famill a Gefor ze bréngen oder eebe géint d’Gesetz ze verstoussen am Interêt vun der Gesondheet vun hiren Nächsten, dat ass, mengen ech, net den Interêt, deen d’Re gierung hei wëllt promouvéieren.

Et ass also wichteg, datt mer kloer sanitär Richt linnen hunn. A wann de Minister de Moien an der Kommissioun gesot huet, datt grad fir de Cycle 1 elo emol nach sanitär Virschrëfte sollen ausgeschafft ginn, well kloer ass, datt se sech net un alles hale kënnen, da muss ee sech d’Fro stellen, wéini d’Elteren an d’Kanner dat mat gedeelt kréien.

Dofir den Appell un d’Regierung, de Familljen Informatiounen iwwert d’Hygiènesmesuren, d’Sécherheetsmesuren, d’Richtlinnen am Tran s port, d’Gestebarrièren an d’Prozeduren, déi ugewannt ginn am Fall vun enger Infektioun, dräi Deeg virum physesche Schoulufank matze deelen.

Här President, ech hunn Iech dofir och eng Motioun op digitalem Wee deposéiert, déi ge nau dat vun der Regierung fuerdert.

En neie Message muss vermëttelt ginn: adap téieren, léieren, d’Liewe mam Virus ze handlen, sech unzepassen a soumat de Virus ze iwwer stoen. Et geet drëm, zesummen d’Gestes bar rières an eisen Alldag anzebauen.

Här President, no der Päischtvakanz ass virun der Päischtvakanz. D’Situatioun wäert sech net vun haut op muer änneren. Mir musse léieren, mam Virus ze liewen. Et ass wichteg, de Kanner virun der Vakanz d’Méiglechkeet ze ginn, dat wat se an deene leschte Wochen erlieft hunn, zesumme mat hire Frënn ze verschaffen an hin nen de Prozess vun deenen nächste Wochen nozebréngen. Et ass e gudden Exercice fir no der Vakanz, en Deel vum Stoff, deen déi lescht Wochen ze kuerz koum, opzeschaffen.

Et bréngt näischt, d’Kanner bis September anzespären. Et weess een nämlech elo schonns, datt de Virus am September warscheinlech nach ëmmer wäert do sinn. Mir mussen eis elo der Erausfuerderung stellen, fir muer zréck an eisen normalen Alldag ze fannen.

De Message sollt sinn: Ech passe mech un a léieren, mam Virus ze liewen.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Och merci dem Minister. Dir hutt elo grad vun deene Kanner geschwat, déi selwer vulnerabel sinn. Ech hat virdrun a menger Ried awer och nach de Fall opgeworf, wou se Ge schwëster hunn, déi vulnerabel sinn. Well ech mengen, datt dat wierklech op d’Psyche och vun de Kanner géif wierken, ze wëssen, datt se duerch den Akt vum And’SchoulGoen poten ziell hir Schwësterchen oder hire Bridderchen a Gefor kéinte bréngen. An ech mengen, do feelt am Moment eng kloer Äntwert. An dofir, Dir hutt elo d’Chance, fir do eng ze ginn.