Header for 3. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel d’une éventuelle application de traçage des contacts

3. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel d’une éventuelle application de traçage des contacts

Dës Ried hunn ech den 08/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’état actuel d’une éventuelle application de traçage des contacts” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten haten eis am Abrëll hei schonn an der Chamber kloer géint eng Tracingapp, déi obli gatoresch sollt sinn, ausgeschwat. A mir hunn eis och dergéint ausgeschwat, datt mer esou eng App sollen entwéckelen, well mer den Notzen dovunner net gesinn.

Fir eis Piraten war vun Ufank u kloer: Mir wëlle keng Verhältnisser, an deenen de Staat ouni Averständnis vun de Bierger däerf iwwerwaa chen, wien e wëllt a wéini en dat wëllt. A mir waren dunn och frou, wéi mer zesumme mat den anere Parteien, iwwregens alle Parteien an der Chamber, konnten eng Motioun stëmmen, déi géint eng obligatoresch Tracingapp war. Dofir wonnert et dann dach e bëssen, datt mer haut erëm iwwer eppes schwätzen, wou d’Chamber sech mat ganz, ganz breeder Majo ritéit dergéint ausgeschwat huet.

Une voix. Mir hu soss näischt ze dinn!

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass e schéinen Zwëscheruff. Ech hoffen, e fënnt sech am Verbatim erëm!

M. Fernand Etgen, Président. Loosst Iech net duerjerneebréngen, Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Keng Angscht, Här President, ech loosse mech net duerjerneebréngen.

Mir froen eis allerdéngs bei deenen, déi elo dësen Debat lancéiert hunn, wéi en Typ App Der Iech wierklech wënscht! Ass et déi App, déi ganz schmuel ënnert de Limitte vun der Mo tioun vu virun zwee Méint méiglech wär: eng fräiwëlleg, dezentral organiséiert, eng, déi ouni déifgräifend Aschnëtter kéint auskommen? Oder ass wierklech hei den Interêt grouss, fir d’Biergerinnen an d’Bierger ënner Generalver dacht ze stellen?

Ech hunn d’Gefill, datt et do definitiv bei der gréisster Oppositiounspartei zwou verschidde Meenunge gëtt, wat ganz okay ass. D’Fro stellt sech just, firwat d’Chamber muss den innerpar teileche Sträit vun der CSV léisen.

(Hilarité et interruptions)

„D’App ass keen Allheelmëttel“, dat huet de Premier virdru gesot, dat huet d’Gesondheets ministesch virdru gesot, dat hunn déi meeschte Virriedner virdru gesot. Et gesäit een: Déi Länner, wou d’App e Succès huet China, Südkorea , jo, dat seet eppes aus. Wann een dann awer kuckt, wéi dat an den europäesche Länner de Fall ass Däitschland gouf genannt, d’Belsch mat der Ëmfro gouf genannt; et goufen nach eng Rëtsch aner Länner, déi et probéiert hunn, Island, Norwegen, ech men gen, mir kënne se opzielen : Alleguerten hu se kee Succès! Et ass kloer: De Succès ass net do!

D’Konsequenze vun dëser Ausgangssituatioun missten u sech logesch sinn. Firwat Otemloft verschwenden, fir iwwer eng App ze diskutéie ren, déi just funktionéiert, wa se obligatoresch gëtt, well soss net genuch Leit se eroflueden, an déi net funktionéiert, wa se fräiwëlleg ass. Mir sinn awer géint eng Obligatioun. Force ment musse mer eis bewosst sinn, datt déi App an der aktueller epidemiologescher Situatioun net fonctionéiere kann. An eppes, wat net funktionéiere kann, dat sollte mer och net imposéieren.

An och déi däitsch Coronaapp, ech hu schonn dovunner geschwat, déi jo elo um lëtzebuerge schen Territoire kann erofgeluede ginn e schéint lëtzebuergescht Wuert, an net „gedön“ load , ass keng effikass Léisung.

Éischtens emol, well se mat der leschter Mise à jour e Bug hat. Do huet dann den RKI eng Mise à jour erofgelueden op d’Handye vun de Leit an op eemol war d’Unzuel vun de Kontakter, déi een hat, verschwonnen. Ma wat bréngt et mer dann, eng App ze hunn, wann ech, trotz deem datt jiddweree matgemaach huet, herno duerch e Computerproblem net weess, ob ech an engem Risiko war oder net?

Do stellt ee sech d’Fro: Wär et net besser, et hätt ee mer ugeruff a mer gesot: „Ma hei am Con tacttracing hu mer erausfonnt, datt Dir Kontakt mat engem hat, deen infizéiert ass. Hei sinn d’Mesuren, déi mer Iech elo un d’Häerz leeën. Gitt wannechgelift an en Test“, datt een alles erkläert kritt? Ech mengen, datt et wichteg wär, datt d’Leit erkläert kréien, wat geschitt, an dat net vun engem Computer, mee vu Mënschen. An dann kommt, mir sinn éierlech! , esou eng App …, mir kënnen och direkt jiddwerengem, dee Covid19positiv ass, eng rout Luucht op de Kapp setzen, déi liicht. Dat huet deen nämm lechten Effekt, wéi wann an enger App e roude Message ugeet, wou steet: Dir waart exposéiert.

(Interruptions)

A genau well mer keng esou eng Stigmatiséie rung wëllen, sinn d’Piraten, waren d’Piraten a bleiwen d’Piraten géint eng Coronaapp!

Ech widderhuele meng Metapher vu leschter Woch: Just an et ass wéi am Autosverkéier well e puer Leit sech wéi e Rowdy opféieren, verbidde mer net d’Autofueren. Just well e puer Leit sech wéi e Rowdy am Stroosseverkéier opféieren, imposéiere mer hinnen net alleguer ten, mat engem GPSTracker ze fueren.

A genau dat nämmlecht muss an der Bekämp fung vun der Coronapandemie gëllen! Déi puer Rowdyen däerfen net d’Fräiheet an d’Grond rechter vun eis alleguerten op d’Spill setzen. Dofir nach eng Kéier hei ganz kloer: Mir wäerte sécher keng App matstëmmen! Mir wäerte weeder eng obligatoresch nach eng fräiwëlleg ënnerstëtzen, aus all deene Grënn, déi ech genannt hunn. Well fir eis ass eppes kloer: D’Grondrechter sinn net verhandelbar!