Header for 3. Interpellation de M. Paul Galles au sujet de la politique d’intégration au GrandDuché de LuxembourgDébat de consultation sur l’intégration

3. Interpellation de M. Paul Galles au sujet de la politique d’intégration au GrandDuché de LuxembourgDébat de consultation sur l’intégration

Dës Ried hunn ech den 28/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Interpellation de M. Paul Galles au sujet de la politique d’intégration au GrandDuché de LuxembourgDébat de consultation sur l’intégration” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hu bis viru Kuer zem an der Sonnestrooss gewunnt.

Une voix. A!

M. Sven Clement (Piraten). Déi Strooss huet kee franséischen Numm.

Une voix. Tipptopp.

M. Sven Clement (Piraten). Ech wunnen elo um Bockebierg. Déi Strooss huet kee franséischen Numm!

Wann ech déi heite Motioun géif konsequent iwwer leeën, misste mer also aus der Sonnestrooss, fir d’Méisproochegkeet ze fërderen, net nëmmen d’Sonnestrooss maachen, mee och nach d’Sonnen straße a vläicht och nach eng Rue du Soleil. An aus dem Bockebierg wéisst ech net emol, wéi ech dat géif op eng aner Sprooch iwwersetzen.

(Interruption)

Ech wëll mer et zumindest net virstellen. Et kéint fir e bësse Gelächter suergen.

Et ass iwwregens net onbedéngt ëmmer praktesch, an enger Strooss ze wunnen, déi e lëtzebuerge schen Numm huet, well wann Der emol eng Kéier engem, deen Iech eppes liwwere soll, musst „Sonnestrooss“ buschtawéieren, mat zwee o an zwee s, an dat net nëmmen eng Kéier, mee e puer mol am Dag, da wësst Der ganz séier, datt et heiansdo net praktesch ass, wann eng Strooss op Lëtzebuergesch „strooss“ heescht.

A vun aneren Termen, déi mer dann och op Lëtze buergesch benotzen, weess ech net, ob et eng Plus value huet, wa mer der „Maison relais“ elo e lëtze buergeschen Term géife ginn, deen am Alldags sproochgebrauch net benotzt gëtt.

Fir mech ass dat heiten ganz kloer eng Motioun, fir eppes ze fuerderen, woubäi et u sech kee Problem gëtt. Well et geet drëm, Lëtzebuergesch ze benot zen. Dat ass am Dialog! Dat ass an den ëffentle chen Debatten! Dat ass hei an der Chamber! Dat ass dobaussen, wa mer mat Leit schwätzen!

Et ass net e Schëld, wat mécht, datt eis Sprooch méi oder manner wäert gëtt. Wat eis Sprooch méi wäertvoll mécht, ass, se ze benotzen. Een, deem dat heite wichteg ass, dee kann e Buch schreiwen op Lëtzebuergesch. Dee ka Lëtzebuergesch schwät zen. Dee kann audiovisuell Medie benotzen. Mee e Stroosseschëld ze iwwersetzen, dat ass Symbolpo litik vum Feinsten. An dat bréngt eis weeder an der Integratioun nach am Gebrauch vum Lëtzebuerge sche weider. An dofir wäerten d’Piraten och géint dës Motioun stëmmen.