Header for 3. Motion de M. Claude Wiseler relative à la situation au Bélarus

3. Motion de M. Claude Wiseler relative à la situation au Bélarus

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “3. Motion de M. Claude Wiseler relative à la situation au Bélarus” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech fänken u mat där heiter Motioun, wou et jo ëm Bielorussland geet. Ech fannen et ganz wichteg, datt mer hei Solidaritéit ausdrécken, well ouni Soli daritéit ass et fir eng Oppositioun grad an enger Autokratie schwéier, fir sech laangfristeg duerchze setzen. An hei ass et eebe grad dat. Mir condam néieren en autokratesche Regimm, e Regimm, deen eebe grad d’Opposanten aspäert, aus dem Land verweist an domadder en demokrateschen Dis cours onméiglech mécht.

An de Problem ass, mir hunn et virdrun diskutéiert, et brauch een heiansdo eng méi ferm Stëmm, fir ep pes ze soen. A spéitstens hei, wou d’Grenze vum demokrateschen Discours iwwerschratt sinn, wou deen onméiglech gemaach gëtt, muss een higoen an dat ferm condamnéieren. An duerfir fannen ech et gutt, datt d’Chamber dat heite wäert, esou wäit ech dat gesinn, unanime maachen, fir datt mer kënne weisen: Och Lëtzebuerg ass d’Demokratie net egal!