Header for 4. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

4. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation

Dës Ried hunn ech den 15/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Débat sur la politique générale sur l’état de la nation” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Bon, den ADR weist hei alt erëm eng Kéier, datt hinnen d’Spekulante méi no sti wéi déi kleng Bierger, déi wierklech Wunnraum brauchen. Den Här Reding ass do e gutt Beispill dofir, datt een dat eent dobausse seet, wann et drëm geet, fir Stëmmen ze sammelen, an dat anert mécht, wann een dann heibannen op eemol seng eegen Täsch wëllt schützen.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Dann zum Här Kersch. Jo, ech ka mer dat vun engem Regierungs vertrieder denken, datt en 275 Wunnenge pro Joer an deene leschte sechs Joer fir e gudden Effort hält. Mir kennen alleguerten d’Modeller. Mir bräich ten däitlech méi. Et misst een eng Null hannen drunhänken am ëffentleche Wunnengsbau iwwert déi nächst zéng Joer, fir de Retard opzehuelen. Dat geet och net mat 150 Milliounen. Dat geet net mat 200 Milliounen. Do brauche mer substanziell méi Suen. Do brauche mer Milliarden!

An da kommen ech och schonn op de Pensiouns fong ze schwätzen, deen haut investéiert an deen haut déi Suen um Kont leien huet an eebe grad muss investéieren, fir e Rendement ze kréien. A wann en et a sécher Investissementer am Ausland placéiert, a Governmentbonds, da kritt en Negativ zënsen. Dat heescht, hei wär eng Méiglechkeet, fir datt eebe grad dëse Pensiounsfong, ganz am Cont raire zu deem, wat den Här Reding behaapt huet, kéint Suen net nëmmen am Interêt vu sengen eegene Cotisanten uleeën, e kéint se och nach gewënnbréngend uleeën, an dat hei zu Lëtzebuerg, ouni mussen en allze grousse Risiko anzegoen. Du erfir hu mer et op e Véierel limitéiert, fir eeben net e „single point of failure“ ze hunn.

Wien, Amsterdam goufe genannt. Ech gesi mech net als grousse Kommunist, wann ech mat Wien oder Amsterdam verglach ginn. Deementsprie chend: Mir wäerten dat heite stëmmen. Wien et net stëmmt, bref, dat ass erëm dat richtegt Gesiicht vun der Lëtzebuerger Politik!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement.

M. Roy Reding (ADR). Här President, Fait per sonnel.

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Roy Reding fillt sech ugesprach.

M. Roy Reding (ADR). Jo.

(Brouhaha)

Déi Positioun, …

M. Gilles Baum (DP). Just ee Wuert.

M. Roy Reding (ADR). … déi ech hei vertrueden hunn, …

M. Gilles Baum (DP). … just ee Wuert, just fir dee leschte Saz, …

M. Fernand Etgen, Président. Fir d’éischt den Här Reding, wéinst …

M. Gilles Baum (DP). Pardon, pardon.

M. Fernand Etgen, Président. … Fait personnel. An dann den Här Baum.

M. Roy Reding (ADR). Déi Positioun, déi ech hei vertrueden hunn, ass d’Positioun vu menger Partei.

Une voix. A!

M. Roy Reding (ADR). Dir kënnt eise Logements programm duerchliesen, dee mer net méi spéit wéi de leschte Sonndeg op eisem Kongress an den Däich halen ofgestëmmt hunn, …

(Brouhaha)

… eestëmmeg eestëmmeg! ugeholl hunn. Hei geet et ëm d’Positioun vu menger Partei an net ëm mäi Portmonni, Här Clement! Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Ech hunn och gesot, datt et ëm Är Partei geet.

(Interruptions)

M. Fernand Etgen, Président. Den Här Baum, wannechgelift.

M. Gilles Baum (DP). Pardon, just ee Wuert. Ech mengen, mir mussen awer trotzdeem am Debat seriö bleiwen. Et kann een awer net heibanne soen: „Wann een eis Motioun net matstëmmt, da weist en d’Gesiicht vun der Lëtzebuerger Politik.“ Ech fannen dat awer e bëssen e „starrekt Stéck“!

(Brouhaha et interruptions)

M. Fernand Etgen, Président. Merci villmools.

M. Sven Clement (Piraten). D’Aussoe schwätze fir sech.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech kennen déi Question parlementaire. An ech muss soen, et ass ëmmer schéin, wann e Minister eng Annonce mécht. Mee mir sinn d’Chamber! A wa mir d’Regierung fir eppes invitéieren, dann ass dat nach eng Kéier e Renforcement vun där Positioun vun der Chamber an net nëmme vun engem een zelne Minister.

Wéi ëmmer d’Liblingswuert vun der Regierung: „Et ass superfetatoire.“ Majo, wann alles wat d’Oppo sitioun proposéiert, ëmmer esou schéi superfeta toire ka sinn, just well mer Iech un Är eegen Aussoe wëllen erënneren, ben, da froen ech mech e bëssen, wat fir eng Relatioun verschidde Regierungsmem bere mat der Oppositioun wëllen hunn.

M. Fernand Etgen, Président. D’Madamm Martine Hansen, wannechgelift.

Mme Martine Hansen (CSV). Jo, merci, Här Pre sident. Also mir wäerten dës Motioun sécherlech ënnerstëtzen. Mir hu gesot, mir brauche méi sozial Selektivitéit. A mir hunn och an de Riede scho ge sot gehat, datt et fir eis definitiv net sënnvoll ass, datt do Autoen, déi 150.000 Euro kaschten, u sech nach subventionéiert gi vum Staat. Also wäerte mir dat heite sécherlech ënnerstëtzen. Mir kéinte sou guer mat engem Nettokafpräis eens ginn, deen e bësse méi niddreg wier. Mee wann dat hei scho mol een Ufank ass, dann ass dat hei mol en Ufank.

Une voix. Très bien!

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Madamm Hansen.

M. Sven Clement (Piraten). Souguer dat ass deene Gréngen ze vill.

M. Fernand Etgen, Président. Ech ginn d’Wuert un den Här Minister Dan Kersch.

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Ech mengen, den Här Clement huet natierlech Recht, dass e seet, dass d’Chamber souverän ass an deem, wat se hei decidéiert. Op där anerer Säit, wann d’Chamber sech wëllt seriö huelen an och sel wer et seriö huelen, mengen ech, huet et kee Wäert, allkéiers erëm Motiounen ze presentéieren, déi dat bestätegen, wat d’Regierung entweeder an hirem Regierungsprogramm schonn niddergeschriwwen huet oder wat se an ëffentlechen Erklärungen als Äntwert op eng Question parlementaire schonn ugekënnegt huet.

Ech mengen, dat sinn zwou verschidde Saachen, déi een net sollt matenee vermëschen. Hei ass ganz kloer …

(Brouhaha)

… de Wëlle vun der Regierung dokumentéiert ginn, duerch eng Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun engem Member vun der Regierung. An domad der ass d’Positioun vun der Madamm Lorsché honnertprozenteg richteg. Et ass superfetatoire a mir brauchen déi Motioun do net.

M. Fernand Etgen, Président. Merci dem Här Vizepremier. Den Auteur vun der Motioun nach eng Kéier.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, Fait personnel. Ech gouf jo och erwäänt. U sech kéint jiddweree vun eis hei elo e Fait personnel maachen, well d’Chamber gouf elo grad vun der Regierung esou duergestallt, wéi wann zumindest en Deel vun der Chamber d’Chamber net géif eescht huelen. Ech fannen dat eng ganz geféierlech Ausso vum Här Vi zepremier, datt en hei mengt, d’Oppositioun géif d’Chamber net eescht huelen! Well d’Chamber ass eescht ze huelen! D’Oppositioun hëlt d’Chambers aarbecht méi eescht wéi verschidde Majoritéitspoli tiker, déi der Meenung sinn, datt just well e Minister eppes gesot huet, …

(Brouhaha)

… et dann och géif geschéien. Eng ganz Rëtsch Annoncë stinn am Regierungsprogramm. Mir wësse säit gëschter, datt eng ganz Rëtsch Annoncen dovunner net ëmgesat ginn. Eng ganz Rëtsch Saa che stinn net am Regierungsprogramm, an da kréie mer iwwer Question parlementaire gesot, datt se …

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Här President, …

M. Sven Clement (Piraten). … awer ëmgesat

ginn. Do muss ech mer dann awer d’Fro stellen, wien hei wien net eescht hëlt. Ech huelen dëst Haus ganz eescht! An duerfir sollt dëst Haus och seng Meenung zu wichtege Punkten, nämlech zur sozia ler Selektivitéit bei Subsiden, hunn, seng Responsa bilitéit huelen a sech net diktéiere loossen, wat et ze stëmmen huet oder net.

(Interruption)

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement. Ech ginn d’Wuert zréck un de Vizepremier.

M. Dan Kersch, VicePremier Ministre. Här President, wann Der erlaabt, ech hunn elo virdru gesot, dass e Regierungsmember an eng Question parlementaire d’Äntwert net vun engem Minister, deen dat einfach emol eng Kéier gesot huet, mee d’Äntwert vun der Regierung op déi dote Fro ginn

hunn. Ech mengen, …

M. Sven Clement (Piraten). Awer net déi vun der Chamber!

3.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech verstinn, datt d’Regierung dat Theema hei net als éischte Punkt op der Agenda sëtzen huet, eleng dowéinst, well et schonn 2013 am Koalitiounsac cord stoung a säitdeem net ëmgesat gouf. Et gouf vill geschwat, datt mer d’Feeler vu FAGE misste ver meiden. An eppes, an dat hu souwuel d’Kolleege vun déi gréng wéi och d’Kolleegen aus der DP gëschter awer ganz kloer an hire Riede gesot, ass, datt et kloer, transparent an novollzéibar Krittäre dert! musse ginn. Ma näischt anescht gëtt hei gefuer Et gëtt gefuerdert, datt et en transparenten, oppene Krittärekatalog gëtt, datt e Jo e Jo ka bleiwen an datt et net nëmmen e Jo ass, deen d’Regierung iergendwou am stillen Kämmerlein gëtt, mee datt et e Jo ass, op dee sech eng Entreprise, déi op Lëtzebuerg wëllt kommen, déi hei wëllt investéieren, ka prepa réieren. Da ka se nämlech entscheeden, éier se déi éischt Demarchë mécht, ob se iwwerhaapt an d’Krit täre kéint erapassen.

De Problem ass: Wat geschitt esou? D’Regierung geet, wéi se et an der Vergaangenheet zu Recht gemaach huet, international Firmen demarchéieren, fir op Lëtzebuerg ze kommen. An déi kommen dann, maachen e Projet. An iergendwa gëtt dee Projet politesch diskutéiert! Dann huet d’Regierung awer vläicht scho Jo gesot. Ma dee Jo kann dach net e bannende Jo sinn, wann net kloer am Virfeld iwwert d’Krittären diskutéiert gouf!

An dofir si mir der Meenung, datt, éier mer iwwer eng Usiidlung schwätzen, esou e Krittärekatalog misst definéiert sinn, datt esou eng Nohaltegkeets charta misst ënnerschriwwe ginn, wou kloer drasteet, wéi déi Krittäre sollen agehale ginn, a fir datt domadder transparent fir jiddwereen ersiicht lech ass, wat geschitt. Datt mer net mussen d’Zivill gesellschaft hunn, déi op d’Geriicht geet, fir iwwert de Waasserverbrauch oder Stroumverbrauch vun där nächster Usiidlung hei zu Lëtzebuerg Asiicht ze kréien.

(Interruption)