Header for 4. Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépen dante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgées, suivie d’un débat

4. Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépen dante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgées, suivie d’un débat

Dës Ried hunn ech den 13/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépen dante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgées, suivie d’un débat” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt och vu menger Säit e grousse Merci un de Jeannot Waringo a seng ganz Ekipp, déi hei de Meritt huet, e faktuellen, nuancéierte Rapport virgeluecht ze hunn.

Wann awer de virleiende Rapport eppes duerstellt, dann ass et, datt dës Kris an den Alters a Flee geheemer net primär vun hirem Ministère de tutelle, mee vum Gesondheetsministère geréiert ginn ass.

Wärend de Familljeministère sech ëmmer méi effa céiert huet, huet de Ministère de la Santé seng Res ponsabilitéite geholl. D’Familljeministesch war wärend dëser Kris bis elo esou onpresent, datt sou guer d’Fro am Rapport opgeworf gëtt, ob een net misst iwwer eng nei Opdeelung vun de Ressorten nodenken an der Santé einfach direkt dee ganze Beräich vun de Soins fir eeler Leit iwwerginn.

Selbstverständlech ass eng sanitär Kris e Problem, deen een net ouni Bedeelegung vum Gesondheets ministère abordéiere kann. Datt dat awer net heescht, datt ee sech als Minister komplett senge Responsabilitéiten entzéie kann, an datt een och selwer aktiv misst ginn, hunn aner Ministèrë gewisen. Vum Mëttelstandsminister iwwert d’Sécu rité sociale bis hunn zur Bildung hunn d’Ministeren agéiert.

A jo, ech muss hei souguer den Educatiounsmi nistère luewen. Et iwwerrascht mech e bësse selwer, mee souguer eise Bildungsminister hat no enger zimmlech inaktiver Startphas, wou de Virus nach op magesch Aart a Weis d’Schoulen ëmgaangen huet, erausfonnt, datt en eppes maache misst. Wéi eng Mesuren zu wéi engem Zäitpunkt déi richteg ware fir d’Schoulen, doriwwer léisst sech elo ganz gutt strei den. Mee ëmmerhin: Et ass eppes geschitt! Egal wat ee vum Plang, dee fir d’Schoulen opgestallt gouf, hält et gouf gemaach!

Vum Familljeministère konnt dogéint emol net dëse minimalen Aktivitéitskrittär erfëllt ginn. Mee dat ass u sech jo nach keng nei Informatioun. Dat hate mer jo och schonns virun dësem Rapport beklot. An duerfir gouf jo och drëm gebieden, datt eng appro fondéiert Analys gemaach géif ginn.

Wat de Rapport engem awer elo nach eemol virun Ae geféiert huet, ass d’Ausmooss, an deem sech hei d’Ministesch virun hirer Verantwortung gedréckt huet. Recommandatiounen ouni Ënnerschrëft, Datum oder Entête, vun deenen net kloer ass, ob se vun der Santé, der COPAS oder vläicht dach awer nach vum Familljeministère geschriwwe goufen.

Wat also bei privatem Bréifverkéier ganz gutt fonc tionéiert huet, schéngt bei offizielle Kommunika tiounen op eemol net méi ze fonctionéieren.

Recommandatiounen, déi mat „il est interdit“ uginn, a gläichzäiteg Empfeelungen, an deenen all d’Res ponsabilitéit op den Terrain ofgedréckt gëtt mat de Wierder: „Chaque gestionnaire est libre de prendre ses responsabilités“, wat jo bal eng Frechheet ass, engem esou eppes als Recommandatioun ze ënner breeden! Wéi wann d’Gestionnairen dat net sou wisou scho gewosst hätten!

Dann nach e ganze Summer an eng Rentrée, wou et guer keng nei Recommandatioune gouf, well déi al einfach weider gëlle sollten, obwuel sech d’Situa tioun awer lues a lues ëmmer weider zougespëtzt huet. An dann och nach eng Ministesch, déi am Hierscht mat eidelen Hänn do stoung an net op eng weider Well preparéiert war, obwuel de ganze Sum mer Zäit gewiescht wär, Konklusiounen aus där éischter Well ze zéien an ze plangen.

Esou gesäit e kompetente Krisemanagement ein fach net aus. An ech verstinn do och, datt d’Ges tionnairë sech um Terrain an éischter Linn un d’Or donnancë vun der Santé gehalen hunn a manner un déi sougenannt „Recommandatioune“ vum Famillje ministère. Do war schliisslech net vill ze huelen.

Wann ech dann och nach héieren, wéi e puer DP Politiker elo virun hir Ministesch sprangen a betou nen, datt iwwert de leschte Summer jo dach awer esou vill gemaach gi wier, well Preparatioune getraff gi sinn, fir de LargeScaleTesting an d’Hai ser ze kréien an och nach e Stufeplang mat der COPAS auszeschaffen, da kann ech nëmme stau nen.

Den ominéise Stufeplang, op deen elo hei op eemol verwise gëtt, gouf an de Medie kloer vun der COPAS an, souwäit ech mech erënneren, net vun der Mi nistesch presentéiert. Wat d’Ministesch ëmmer nees sot, war just, datt all Gestionnaire seng Res ponsabilitéite selwer sollt huelen. Well si sech eeben net kloer an ëffentlech hannert dëse Plang gestallt huet, hat en um Terrain wuel och esou eng, soe mer emol, limitéiert Wierkung, datt en et emol net kloer an de Rapport Waringo gepackt huet. An dat seet jo u sech schonn alles dozou aus!

A wat de LargeScaleTesting betrëfft, esou kann ee wuel net behaapten, datt et eng grouss Leeschtung wier, datt Persounen, déi sech wéinst Handicap oder Krankheet net deplacéiere konnten, eréischt Méint nom Rescht vum Grand public vum LST profi téiere konnten.

M. Michel Wolter (CSV). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Do hu sech méinte laang Invitatiounen an den Altersheemer gestapelt fir vulnerabel Persounen, déi ganz gär vun der Offer profitéiert hätten, mee fir déi en Deplacement bis an d’Teststatioun méi Gefore beinhalt hätt, wéi den Test en Notzen hat. Datt do am Hierscht endlech eppes geschitt ass, nodeems d’Leit sech scho méintelaang beschwéiert haten, war keng Leeschtung, mee et war den absolutte Minimum!

Duerfir bleiwen ech, genee wéi dëse Rapport, bei der Aschätzung, datt et iwwert d’Summerméint am vergaangene Joer eng Phas gouf, wou keng Recom mandatiounen un den Terrain méi erausgaange sinn an och kee konkreete Plang fir eng nächst Well aus geschafft gouf.

Deen eenzege Punkt, deen an dëser Phas gewënn bréngend war, war d’Opstelle vun enger Ligne de garde aus Dokteren. Mee dat war jo och nees e Pro jet, wou et eigentlech ëm d’Gesondheet goung. An datt d’Dokteren an de Gesondheetsministère wärend dëser Kris hiert Bescht ginn hunn, stellt wierklech keen a Fro!

Mir Piraten deelen och d’Aschätzung aus dem Rap port net, datt et keng legal Basis ginn hätt fir Ak tiounen a Virgabe vusäite vum Familljeministère.

Wéi den honorabele Kolleeg Gilles Roth gëschter schonns bei der Presentatioun vum Rapport uge mierkt huet, kann een och an eisen Aen d’ASFT Gesetz hei als legal Basis uféieren. Et hätt kënne méi gemaach ginn, mee et ass einfach net geschitt.

Här President, dëse Rapport huet eis awer net nëm men Informatiounen iwwert d’Aarbecht vum Famill jeministère geliwwert, mee och konkreet Analysen iwwert d’Impf an Teststrategie.

Ee vun den Haaptproblemer, deen hei direkt an d’A spréngt, ass deen zum Deel dach vill ze niddrege Participatiounstaux, souwuel wat d’Bereetschaft ugeet, sech testen ze loossen, wéi och, wat d’Impfungen ugeet. Hei ass et elo wichteg, weider Opklärungsaarbecht um Terrain ze maachen an déi, déi sech net impfe gelooss hunn, nach eemol ze in vitéieren, sech dach awer nach e Rendezvous an engem Impfzenter ze huelen.

De Gesondheets a Fleegesecteur krut ganz fréi d’Méiglechkeet, vun Impfunge profitéieren ze kën nen. An dat war och d’Zäit, an deene Suergen ëm d’Niewewierkungen an de Medie grad fir eng Schlagzeil no där anerer gesuergt hunn. Do ass et duerchaus méiglech, datt et fir eng Rei Persounen ze séier goung a si sech nach net prett gefillt hunn, fir direkt geimpft ze ginn. Mëttlerweil sinn awer e puer weider Méint vergaangen. Ëmmer méi Leit krute schonn eng Impfung an esou hunn och ëmmer méi Persoune Vertrauen an d’Sécherheet vun der Impfung kënne faassen, ganz besonnesch bei den mRNAImpfstoffer.

Well vergiesse mer net: De Gesondheetssecteur, de Fleegesecteur besteet zu engem groussen Deel aus jonken a manner jonke Fraen, déi an enger éischter Phas, wéi déi Impfungen ugefaangen hunn, och spezifesch vun AstraZeneca, oder Vaxzevria, wéi en haut heescht, ofgerode kruten aus Angscht viru Sinusvenenthrombosen. Dës Angscht ass haut geholl. Mëttlerweil hu mer Impfstoffer, genuch Impfstoffer, fir och jiddwerengem kënnen eng Offer mat engem mRNAImpfstoff ze maachen, dee sech bis elo net geimpft huet.

Ech deposéieren dofir haut och dës Motioun, mat där ech d’Regierung wëll alueden, den Employéen aus dem Santés a Fleegesecteur nach eemol e Bréif zoukommen ze loosse mat enger Invitatioun, an de kommende Wochen nach e Rendezvous maachen ze kënnen, fir mat engem mRNAImpf stoff geimpft ze ginn, falls se nach kee Vaccin kru ten.

Ech weess, datt et jidderengem aktuell fräisteet, sech op eng Lëscht anzedroen, fir sech impfen ze loossen. Mee grad well et hei ëm esou e wichtege Secteur geet an de Rapport Waringo jo ganz kloer gesot huet, wéi wéineg Leit sech do bis elo impfe gelooss hunn, denken ech, datt et wichteg wier, d’Fleege a Gesondheetspersonal nach eemol prio ritär drunzehuelen, éier dann de Rescht vun der Po pulatioun och nach eng zweet Chance op eng Impfung kritt. Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Impfunge si wichteg a si schützen. Dat geet och aus den Etüden aus dem virleiende Rapport ervir. Déi tragesch Verloschter, déi mer säit dem Ufank vun dëser Kris an och nach dëst Joer haten, hunn eis gewisen, wéi geféierlech de Virus grad fir déi vulnerabel Leit ass. An dofir musse mer se beschtméiglech schützen. Dofir ass et och wichteg, datt mer Konklusiounen aus der Vergaangenheet zéien, fir eventuell Feeler net ze widderhuelen.

Ech vermëssen et dofir och, datt an dësem Rapport net méi genee analyséiert gouf, wéi eng Mesurë wéi eng Haiser wéini en place haten a wéi sech d’Infek tioune par rapport zu genau dëse Mesuren entwé ckelt hunn.

Haten Haiser no Phasen, an deenen d’Residentë just nach an hiren Zëmmer iessen duerften, manner Infektioune wéi Haiser, déi hir Salle à manger opge looss hunn? Wéi een Afloss haten déi verschidde Modeller, fir Visitten ze maachen? Goufen et Ënner scheeder tëscht Haiser, bei deene verschidde Servi cer soustraitéiert goufen oder en héije Personal turnover war, par rapport zu Haiser, wou dat anescht war? A wéi ass et mat de verschiddene Modeller, fir de Cohortage ze maachen, also de Méiglechkeeten, fir infizéiert Persoune vu geson den ze trennen, andeems een entweeder ganz Etagë fir positiv geteste Residentë virgesäit oder awer just besonnesch Hygiènesmoossnamen asetzt, wann ee vun Zëmmer zu Zëmmer geet? Wat waren hei eis Erfarungen?

Zu dësen Detailer seet de Rapport leider näischt, wat vläicht engem Mangel un Zäit geschëllt ass.

Mee esouwäit et aus dem Rapport ervirgeet, waren d’Gestionnairë jo méi wéi entgéintkommend, wann et ëm d’Dokumentatioun vun hirer Krisegestioun goung, soudatt ech mengen, datt hei definitiv nach nodréiglech Auswäertunge misste méiglech sinn.

Duerfir hoffen ech och, datt déi ganz Dokumenta tioun, déi dësem Rapport zugronn läit, wäert archi véiert a fir weider Fuerschungszwecker kënnen opgeluecht ginn, natierlech nodeems verschidden Dokumenter anonymiséiert oder pseudonymiséiert goufen, fir den Dateschutz ze gewärleeschten.

Et wär wichteg, der Fuerschung hei zäitno en Zou gang ze bidden, fir datt si zum Beispill och nach mat Leit um Terrain schwätze kann, fir vläicht d’Siicht vu Mataarbechter, Mataarbechterinnen, Residenten a weiderem Personal um Terrain auszewäerten, sou laang wéi hir Erënnerungen un déi vergaange Méint nach frësch sinn. Dat konnt aus Zäitgrënn fir dëse Rapport jo nach net gemaach ginn.

Mee och wa vergläichend Etüden tëscht den Haiser aktuell nach feelen, sou fanne mer an dësem Rap port awer schonn e méi konkreet Beispill vun engem Haus, an deem et ganz vill Infektioune gouf.

An och hei falen e puer Punkten op, aus deenen een éischt Léieren zéie kann an och zéie misst.

Éischtens gëtt hei vu Persoune geschwat, déi Symp tomer presentéiert sollen hunn an awer eréischt e puer Deeg méi spéit getest goufen. Hei muss kloer sinn: Soubal e Resident e Krankheetssymptom pre sentéiert, dat bei eng Covidinfektioun passt, muss direkt getest ginn! Ech hoffen, datt dat mëttlerweil klappt.

Da gëtt och dovu geschwat, datt den Oflaf vun den Impfungen an dësem Haus soll chaotesch gewiescht sinn. Do ass natierlech all Haus anescht an dës Impfunge ware fir jiddereen eppes ganz Neies an och verschidde Feeler sinn ze excuséie ren. Mee och hei musse Léieren aus de Feeler, déi gemaach goufen, gezu ginn.

An zu gudder Lescht bleift dann och nach d’Fro vun deene ville Varianten, déi hei kuerz noeneen an engem Haus opgetaucht sinn an drop schléisse loossen, datt och, nodeems déi éischt Persoune positiv getest goufen an d’Virsiichtsmoossname jo awer méi streng goufen, ëmmer nach nei Infek tioune vu baussen erageschleeft goufen. Hei muss ganz kloer nach eng méi déifgräifend Analys ge maach ginn, fir ze kucken, wat konkreet hätt kënne besser gemaach ginn. Dat gëllt net nëmme fir dat heiten Haus, dat gëllt, mengen ech, fir all déi Haiser, déi méi wéi zwee Clusteren haten. Well wa mer eppes aus dem Rapport Waringo kënnen zréck behalen, dann ass et dach erschreckend, datt et véier Haiser gouf, déi véier oder méi Clustere wärend dëser Pandemie haten, esou als wär aus deenen éischte Clusteren näischt geléiert ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen: 27,7 Fäll an der Moyenne pro Cluster an eng kloer Sur mortalitéit. Dat ass den traurege Bilan vun dësem Rapport. Mir hu vill Leit verluer an et gouf a gi Pro blemer, iwwert déi een net einfach esou ewech kucke kann. Do hëlleft et och net, ëmmer nees ze betounen, datt mer par rapport zum Ausland gutt ewechkomm sinn.

Wann ech an enger Schwammkompetitioun mat Flossen an Taucherbrëll un de Start ginn, wärend déi aner ouni Hëllefsmëttel auskomme mussen oder souguer mat uneneegestréckte Bee probéie ren, iwwer Waasser ze bleiwen, da kann ech et duerno net eleng op meng Kompetenze schiben, wann ech gewannen. Da muss een déi individuell Leeschtung bewäerten. An do denken ech, datt ee muss zouginn, datt eise Familljeministère Chance hat, datt eise Gesondheetsministère sech trotz der gudder Ausgangssituatioun net dorop ausgerout huet a sech zu all Moment voll investéiert huet, wat déi glécklech Konsequenz hat, datt esou souguer genuch Kraaft opbruecht gouf, fir dat kläglecht Geplanschs wéinstens e bëssen auszegläichen.

Mee hei wär méi dra gewiescht! Et wär méi dra gewiescht, wann hei all Regierungsmember sech voll investéiert a seng Responsabilitéiten iwwerholl hätt! Mee dat ass, wéi dëse Rapport weist, net geschitt.

Mir hate scho säit laangem d’Gefill, datt et hei zu Versäumnisser koum. An de Rapport Waringo huet eis Ängschten, déi jo och schonn un den Originne vun der éischter Motioun stoungen, elo och confir méiert. Duerfir hu mer d’Motioun vun allen Oppo sitiounsparteien ënnerstëtzt a reaffirméieren eisen Opruff un d’Familljeministesch, hir Konsequenzen ze zéien.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech fan nen dat doten e bëssen, muss ech elo soen, intellektuell onéierlech, fir den éischten Alinea ze zéien an dann den zweeten Alinea awer ze ignoréie ren, wou nämlech drasteet an an der Motioun steet et dran, duerfir gëtt et kee Grond, dat net ze zitéieren, an et ass e Saz fir sech, deen net dependant ass, et ass net en „et“ zum éischten Alinea : « En cas de risque imminent pour la santé physique ou morale de l’usager d’un service, le ministre compétent ou le fonctionnaire délégué à cet effet peut prendre toute mesure appropriée ou saisir l’autorité compétente en vue de la protection de l’usager concerné. » Et geet do net … Dat ass meng Liesweis an ech mengen och, datt d’Juristen heibannen ech sinn och kee Jurist, mee ech liesen et d’nämmlecht wéi verschidde Juristen ganz kloer soen, datt dat eng Base légale ass.

Den Här Waringo ass gëschter dorobber ugeschwat ginn an huet gesot, dat wier him ze komplizéiert gewiescht an e wéilt do keng Konklusioun zéien.

Dat ass ee Saz am ganze Rapport! An domadder war e ganze Volet, deen haut och an dëser Motioun thematiséiert gëtt, …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… vum Dësch geholl. Dat fannen ech schued! Ech hätt mer gewënscht, datt déi Analys gemaach géif.

Déi Analys gouf net gemaach. Den Här Waringo huet awer och gesot, et wär dann un der Politik, déi Konklusiounen ze zéien.

Majo, déi véier Oppositiounsparteien hunn hir Kon klusioun dorauser gezunn an hunn dorauser gezunn, datt mer weiderhin dat fuerderen, wat mer scho bei der éischter Motioun gefuerdert hunn.

Dat gesot, mengen ech, datt et hei net ëm Hoer spalterei geet, mee datt et wierklech, an dat hunn ech a menger Ried duergeluecht, ëm méi wéi eppes geet. Et geet net nëmmen ëm eng vermasselt Impf campagne. Dat ass nämlech, mengen ech, ze kuerz gegraff. Et geet jo och ëm d’Teststrategie. Et ass u sech déi ganz Strategie ronderëm d’Alters a Flee geheemer, wou Feeler gemaach goufen. An ech mengen, datt den Här Waringo dat ganz kloer a sen gem Rapport opgeworf huet.

Mir hunn heibannen eng ënnerschiddlech Liesweis.

Dont acte! Ech mengen, datt och d’Wielerinnen an d’Wieler eng ënnerschiddlech Liesweis dovunner hunn, an dat kënnt dann och bei dësen Debaten hei zum Ausdrock.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Ech hu mer déi Motioun gutt ugekuckt.

Et sinn zéng Consideranten an et liest sech e bësse wéi d’Schéifäerberei, déi verschidde Leit op Dating portaler gären emol maachen.

Virun allem de Considerant 5 fannen ech dann och ganz speziell an dat ass och de Grond, firwat mer déi Motioun hei net kënne matstëmmen, dat soen ech direkt. Et goung nämlech ni ëm eng Balance tëschent Autonomie vun de Gestionnairen, mee et goung ëm politesch Verantwortung. An dat gëtt hei e bësse kuerz gegraff. Et gëtt nämlech just geschriwwen, et géif ëm en Equiliber zwëschent der Autonomie an der Responsabilitéit vum Gestionnaire an der Sécherheet an der Fräiheet vun den Usagere goen. Ech mengen, datt et u sech falsch do drasteet.

Et geet ëm d’politesch Responsabilitéit versus d’Sécherheet an d’Fräiheet vun den Usageren.

An da muss ech ganz éierlech soen, fannen ech déi Motioun generell e staarkt Stéck fir d’Lëtzebuerger Parlament, well d’Invitten 2, 3 a 4 sinn u sech eppes, wat ech awer e bëssen e geféierlechen Trend fan nen. D’Chamber e Legislateur invitéiert d’Regie rung, fir hir Aarbecht ze maachen. Ma da kënne mer de Buttek hei zoumaachen! Genau dat ass de Grond, firwat mir mat Nee stëmmen.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Ech sinn an engem anere Film, sorry! Ech hu mat kengem Wuert an där Motioun hei vu Kräiz impfunge geschwat. Ech hunn dovunner geschwat, datt déi Leit, déi sech nach net impfe gelooss hunn null Dosen, net eng Dosis, mee null Dosen; well dat vläicht net kloer war, wëll ech et hei nach eng Kéier kloerstellen, déi sollen … Nach eng Kéier, mir wësse jo, wéi mer se erreechen.

Malheureusement, an dat ass e Problem mam Date schutz an deem heite Fall, wësse mer jo net force ment, wie sech geimpft huet. Dat heescht, mir mussen d’Gesondheetspersonal am Ganze sensibi liséieren. An ech weess, do lafe Campagnen. Do gëtt och iwwert d’Haiser geschafft, an e grousse Merci fir all Initiativ, déi do geholl gëtt, och an den Haiser, wou wierklech probéiert gëtt ze sensibili séieren.

Mee ech mengen, datt et hei wierklech sënnvoll wär a mir kommen un déi Adressen, well mir wëssen, iwwert den LST brénge mer et och fäerdeg, Leit geziilt ze invitéieren. Op Basis vun hire Codesocio professionnelle sollte mer, an dat ass meng fest Iwwerzeegung, Leit geziilt nach eng Kéier uschrei wen, fir sech och prioritär zu allen aneren impfen ze loossen, well hei geet et drëm, déi Leit ze impfen, déi déi vulnerabelste Leit all Dag begéinen. An do ka keen Effort ze grouss sinn. A wann d’Regierung oder d’Majoritéitsparteien do dergéint stëmmen, ma dat seet vill doriwwer aus, wéi se d’Impfbe reetschaft wëllen erhéijen.