Header for 4. Déclarations de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, et de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Santé, concernant le Coronavirus SarsCoV2 « Covid19 », suivies d’un débat

4. Déclarations de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, et de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Santé, concernant le Coronavirus SarsCoV2 « Covid19 », suivies d’un débat

Dës Ried hunn ech den 13/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Déclarations de M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État, et de Mme Paulette Lenert, Ministre de la Santé, concernant le Coronavirus SarsCoV2 « Covid19 », suivies d’un débat” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci all deene Leit, vum Techniker bis bei d’Infirmière an den Dokter, iwwert de CGDIS, de Bauer an d’Police, jo, och all déi, déi an der Mobilitéit schaffen, déi de Fonctionnement vun eisem Zesummeliewen, dem Gesondheetssystem, der Alimentatioun an der Sécherheet weiderhin assuréieren. Ech kann elo net nach all anere Beruff opzielen, déi och schaffe mussen, ech mengen, mir hunn dat haut schonn e puermol héieren, mee jidd wereen, deen elo dobaussen ass a säi Bäitrag leescht, fir aus dëser Kris erauszekommen, ver déngt eisen déifste Respekt.

E Merci och un all déi, déi sech fräiwëlleg do baussen engagéieren, fir de Leit ze hëllefen. Fir eis ass et wichteg, datt dësen Engagement och iwwert d’Deeg vun der Coronakris eraus nach wäertgeschätzt gëtt. Mir wënschen eis och, datt all déi Beruffer, sief et am Gesondheetssec teur, am Beräich vum Nettoyage oder an de Grandesurfacen, an Zukunft endlech dee Stel lewäert kréien, deen hinnen zousteet an dee se dës Zäit beweisen.

Här President, de Coronavirus ass zu Lëtze buerg ukomm an dat an enger Envergure, déi virun e puer Wochen nach kaum ee sech aus gemoolt hätt. Mir sinn am État de crise. Europa an eist Land sti viru groussen Erausfuerderun gen. D’Regierung huet déif gräifend Aschnëtter an d’Liewen an an den Alldag vun de Biergerin nen a Bierger decidéiert. Dëst ass eng Ausna mesituatioun, däers sollte mer eis alleguerte bewosst sinn! Dës Situatioun musse mer eescht huelen! Ma ech wëll awer och virewech soen: Mir wäerten och dës Kris zesumme meeschte ren! A mir Piraten wënschen eis, datt mir als Gesellschaft gestäerkt a mat de richtege Kon klusiounen aus dëser Kris erausginn.

Dëst ass eng Bewärungsprouf, net nëmme fir Lëtzebuerg, och fir Europa a fir eist Zesumme liewen als solcht. Vun Ufank dëser Woch u gëllt: Bleift doheem!

Här President, mir schléissen eis de Consignë vun der Regierung un a ruffen all d’Biergerin nen an d’Bierger op, sech net nëmme selwer, mee virun allem och all déi Schwaach an der Gesellschaft ze schützen. Dofir ass Solidaritéit ënnerenee gefrot. Den Hashtag #FlattenThe Curve oder den Hashtag, deen dann och elo lancéiert gouf vun der Regierung: #BleiftDo heem, ass e Kommunikatiounsoutil, fir dat klo erzemaachen. D’Verbreedung vum Virus muss esou séier wéi méiglech méi lues gemaach ginn. Ganz stoppen, mengen ech, déi Illusioun huet kee vun eis heibannen. Et geet elo drëm, en ze verlangsamen an derfir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Leit sech weider ustiechen.

Mir sinn eis bewosst, datt et fir d’Regierung net einfach ass, a Krisenzäiten déi ganz Panoplie u Mesuren, déi misste geholl ginn, heiansdo och gefuerdert ginn, ze iwwerblécken; all Véierel stonn ännert d’Welt. Mir wëllen, datt d’Cham ber der Regierung dofir déi néideg Moyene gëtt, fir Entscheedungen ze huelen, Entschee dunge séier ze huelen, ouni awer hire parla mentaresche Contrôle opzeginn.

Ech si ganz frou, datt mer haut de Moien do unanime Léisunge fonnt hunn, wéi mer mat där eemoleger Situatioun hei zu Lëtzebuerg ëmgoe sollen. Et ass net d’Zäit vun der Partei politik, et ass d’Zäit vun der Kooperatioun. Wann ech soe „Kooperatioun“, da muss ee mat deene Leit, mat deenen ee kooperéiere wëllt, natierlech schwätzen, kommunizéieren. An ech mengen, datt do en Deeleffort scho gemaach gouf, datt awer den Effort vun der Kommunikatioun nach weider ausgebaut ka ginn. Et ass zwar bis elo gutt an der Form, mee heiansdo feelt et, mengen ech, am Fong.

Vill Leit si sech dem Eescht vun der Situatioun net bewosst, well se net verstinn, firwat ver schidden Decisiounen esou oder anescht oder elo an net zu engem aneren Zäitpunkt getraff goufen. Et gëllt also hei, net nëmmen ëmmer ze erklären, wat ze maachen ass, mee heiansdo och méi de Firwat.

Ech war ganz frou, wéi ech bei der Gesond heetsministesch op hirer leschter Pressekonfe renz dann och net nëmmen #FlattenTheCurve gesinn hunn, mee och eng Erklärung, firwat dat esou wichteg ass. Ech mengen, datt mer vill méi edukativ musse virgoen, vill méi kloer mussen erklären, firwat verschidde Mesuren néideg sinn, an net nëmmen, datt se néideg sinn.

Och an de Geschäfter, ob Alimentatioun oder Baumäert, ass et nach net bei jiddwerengem ukomm, firwat déi Mesuren esou dréngend néi deg sinn. Et kann dach net sinn, datt mer op där enger Säit soen: „Bleift doheem!“, an op där a nerer Säit Leit d’Schlaang maachen, fir bei enger grousser Baumaartkette virun der Dier Faarf ze kafen, fir doheem d’Kummer unzesträichen! Ech mengen, et gi méi wichteg Saachen am Mo ment, wéi kënnen e Liter Faarf an engem Ge schäft ze kafen. Et muss kloer sinn, datt mer do madder net nëmmen eis selwer, mee jiddweree ronderëm eis a Gefor bréngen an datt mer déi Leit, déi do schaffen, zousätzlech belaaschten, ouni grouss Valeur ajoutée.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi aktuell Mesuren, fir de Virus a seng Ausbree dung anzedämmen, wäerten déi kleng a mëttel stännesch Betriber treffen. Dat gouf gesot. Eng ganz Rëtsch vun de Mesurë goufen thematiséi ert. Loosst mech dofir nach eng Kéier op d’Inde pendanten agoen! D’Independantë sinn déi, déi Stand haut de Moien eeben net vun engem Chômage partiel kënne profitéieren, déi net kënne vun aneren Aidë profitéieren. Hei geet et drëm, séier a kloer ze kommunizéieren, wéi mer all deenen hëllefen, déi sech getraut hunn, ep pes fir d’Lëtzebuerger Ekonomie ze maachen. Et kann net sinn, datt op där enger Säit d’Leit net kënne schaffen, op där anerer Säit awer misste schaffen, fir iwwert d’Ronnen ze kom men. Hei si pragmatesch a séier Léisunge ge fuerdert. Och do geet et wäit iwwert d’Kommu nikatioun eraus.

Här President, d’Coronakris zwéngt eis elo do zou, Mesuren, iwwert déi mer ewell laang schwätzen, fréizäiteg ëmzesetzen. D’Madamm Ministesch huet d’Salle d’attente virtuelle uge schwat, mee ech nennen elo emol just d’Beispill vum Teletravail. Laang hu mer eis missen un héieren, datt den Teletravail dach esou schwéier wär an datt eng ganz Rëtsch vu Betriber ni am Liewe kéinten Teletravail maachen, well, jo well …, dat Argument ass ëmmer e bësse schwaach gewiescht. Haut gesi mer, datt duerch eng Kris, wann e Wëllen do ass, och e Wee do ass, fir Teletravail vill méi wäit ze generaliséieren. Jo, mir wäerten ni an déi Zäit kommen, zumin dest net esou séier, wou de Pilot am Fliger op eemol seet: „Moien, ech schaffen haut vun do heem aus“, oder wou d’Caissière am Geschäft remplaçabel gëtt. Mee all déi Beruffer, déi haut schonn zu der Wëssensgesellschaft gehéieren, déi haaptsächlech virun engem Ecran stattfan nen, weisen an dëser Zäit, datt et geet! Dëst weist déi grouss Noutwendegkeet, sech perma nent un den digitale Wandel unzepassen, fir ee ben och esou a Krisenzäiten déi Outile kënnen ze benotzen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, iwwerall an Europa ginn d’Grenzen zouge maach. Däitschland bunkert Medikamenter prioritär fir däitsch Staatsbierger, Frankräich mécht dat selwecht mat Otemschutzmasken. Ëmmer méi europäesch Staate bauen op sani tär Sécherheet duerch zoue Grenzen. Dobäi misst een dach grad elo, wou ganz Europa vum Coronavirus iwwerrannt gëtt, op europä esch Solutioune bauen!

D’Coronakris weist eis, datt Lëtzebuerg ee Land ass, dat méi wéi all anert Land an Europa op seng Nopeschlänner ugewisen ass. Zu engem Moment, wou eise Gesondheetssystem virun enormen Erausfuerderunge steet, gëtt eis dat ëmsou méi bewosst. E Groussdeel vun de Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen, haart schaffen, kommen aus der Groussregioun. Och am Secteur vun der Alimentatioun leeschten d’Frontalieren an d’Lëtzebuerger gemeinsam en onschätzbare Bäitrag zum Iwwerliewe vun eisem Land. Wann Europa iergendwou gelieft gëtt, dann hei zu Lëtzebuerg!

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dës Kris zwéngt eis zu engem Paradigmewiessel. Mir mussen eis bewosst ginn, wéi wichteg d’Kooperatioun fir e Land wéi Lëtzebuerg ass. Mir brauchen d’Ko operatioun an alle Beräicher, sief dat d’Re cherche, d’Mobilitéit, de Logement oder Froe vun der Fiskalitéit.

Den Donald Trump schwätzt dovun, en Impf stoff exklusiv fir d’USA ze entwéckelen. Ech fan nen dat degueulasse!

Une voix. Nei Tester …

M. Sven Clement (Piraten). An Zäite wéi dëse musse mer zesummestoen an eis un d’Uweisungen halen, déi mer vun internationa len Institutiounen un d’Häerz geluecht kréien, internationalen Institutiounen, déi zu engem groussen Deel aus deene leschte grousse Krisen eraus entstane sinn!

Fir et an de Wierder vum Albert Camus ze soen: « Le bien public est fait du bonheur de chacun. » Kommt, mir schwätzen net nëmme vu Solidaritéit! Kommt, mir liewe se, an dat op allen Niveauen! Ech denken an dëse schwéiere Stonne besonnesch un déi eeler Leit, déi schwaach Leit, déi Leit, déi wierklech am Mo ment doheem sëtzen an Angscht hunn. Mir bieden Iech nach eng Kéier: „Bleift doheem! Passt op Iech op!“

Mir packen dat, wa mer zesummestinn! Ech soen Iech Merci.