Header for 4. Dépôt d’une motion par M. Sven Clement

4. Dépôt d’une motion par M. Sven Clement

Dës Ried hunn ech den 28/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Dépôt d’une motion par M. Sven Clement” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de 24. Januar war d’Journée internationale de l’éducation, de Weltbil dungsdag, an an deem Kader huet d’Directrice gé nérale vun der Unesco, d’Madamm Audrey Azoulay, gesot, datt d’Bildung e fundamentaalt Recht ass. A virun allem huet se Zuelen devoiléiert: datt 91 % vun alle Schülerinnen, Schüler, Studenten dat sinn 1,5 Milliarde Mënschen dëst Joer an hirer Bildung ageschränkt goufen, ageschränkt wéinst enger Pan demie, déi mer, mengen ech, alleguerte kennen, déi eis alleguerten e bëssen zum Hals eraushänkt, déi awer do ass.

Dës Pandemie huet also zu enger Rëtsch vun Desa vantagë gefouert bei enger ganzer Rëtsch och vu Kanner a Jugendlechen. An dofir géif ech hei eng Motioun deposéieren, déi u sech fuerdert, sech e bësse mat deenen Effekter auserneenzesetzen. An dat sinn am Ganze véier Punkten.

Dat Éischt ass, verstäerkt staatlech finanzéiert No hëllefscoursen unzebidden, fir esou d’Kanner aus sozial schwaache Menagen ze ënnerstëtzen, wa se Hëllef brauchen.

Dat Zweet ass, d’digital Inklusioun net eleng der So ciété civile ze iwwerloossen, déi haut zwar eng he roesch Aarbecht mécht, mee déi awer heiansdo och un hir Grenze kënnt, soudatt mer e besseren Zou gang zu digitalen Ekipementer kënne fir jiddwereen, ob am Apprentissage, am Studium oder an der Schoul, garantéieren.

Dann, sech derfir anzesetzen, datt d’Bachelor an d’Masterstudie parallell zu enger Aarbecht, also „berufsbegleitendes Studieren“, wéi een op Däitsch seet, verstäerkt méiglech gemaach ginn, fir datt esou en Zougang zur Bildung fir jiddweree garan téiert gëtt, net nëmme fir déi Leit, déi d’Chance ha ten, dat schonn an hirer Kandheet oder an hirer Jugend ze maachen.

An da schlussendlech natierlech och, d’Formation continue auszebauen.

Ech weess, datt dat heiten eng ganz komplex Mo tioun ka sinn. Dofir wäert ech och net drop bestoen, datt mer doriwwer haut nach ofstëmmen. Mir kën nen déi entweeder muer diskutéieren oder se och an d’Kommissioun verweisen, wou mer dann déi véier Theeme kënnen diskutéieren.

Här President, hei ass d’Motioun. Merci.

Motion