Header for 4. Heure d’actualité de la sensibilité Piraten sur le projet de résolution du Conseil européen « Sécurité grâce au chiffre ment, la sécurité malgré le chiffrement » et sur la position du Gouvernement quant au droit au chiffrement

4. Heure d’actualité de la sensibilité Piraten sur le projet de résolution du Conseil européen « Sécurité grâce au chiffre ment, la sécurité malgré le chiffrement » et sur la position du Gouvernement quant au droit au chiffrement

Dës Ried hunn ech den 19/11/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure d’actualité de la sensibilité Piraten sur le projet de résolution du Conseil européen « Sécurité grâce au chiffre ment, la sécurité malgré le chiffrement » et sur la position du Gouvernement quant au droit au chiffrement” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de 6. November huet den EUMinisterrot en Entworf fir eng Resolutioun virgeluecht, déi Plattformbedreiwer wéi WhatsApp, Signal a Co zwénge soll, Generalschlësselen unze leeën, fir et den nationalen Autoritéiten ze erlaben, EnnzuEnnverschlësselt Messagen zu all Moment entschlësselen ze kënnen.

Bis elo ass et esou, datt digital Messagen, zum Bei spill vu WhatsApp, verschlësselt verschéckt gi fir ze verhënneren, datt Persounen, déi e Message géi fen offänken, en einfach liese kéinten.

Anescht wéi e Bréif, deen ee mat der Post ver schéckt, huet en digitale Message am Internet, wann en net verschlësselt ass, nämlech keng Enve loppe a keng Bréifboîte mat engem Schlass, déi e viru frieme Blécker géif schützen. Elo huet den EU Ministerrot awer en Dokument virgeluecht, wat pro poséiert, genee dës Protektioun vun eise private Messagen ze ënnergruewen, andeems d’Plattform bedreiwer solle gezwonge ginn, en Zougrëff op Mes sagen ze erméiglechen am Kader vun Ermëttlunge vusäite vun der Police an de Geheimdéngschter.

An ech verstinn, datt dat sech fir d’Leit, déi sech net mat der digitaler Kommunikatioun auskennen, als Éischt emol no enger gudder Iddi kéint kléngen. Esou wéi d’Autoritéite sech mat engem riichter leche Beschloss Zougang zu engem Haus ver schafe kënnen, solle se elo och Accès op Messagë kënnen ufroen. Esou einfach, esou gutt.

Hei gëtt et just zwee Problemer.

Éischtens wunnt jidderee vun eis normalerweis just an engem Haus, vläicht heiansdo och nach op zwou oder dräi Plazen, mee an der Reegel net méi. A mat wéi ville Leit hutt Dir en Chatverlaf op ärem Handy? Warscheinlech hutt Der fir all eenzelne vun Äre Kontakter en eenzelnen Chatverlaf. An dann och nach divers Gruppenchatten.

Dat sinn dann awer scho ganz vill Haiser. An elo gehéieren dës Haiser och nach alleguerten e puer verschiddene Proprietären. WhatsApp wär, wann de Projet vum Ministerrot géif zu engem Gesetz ginn, verflicht, zu all Moment zu all Chatverlaf vu senge Clienten en Accès kënnen ze hunn. Wann Dir Milliounen oder souguer Milliarden Haiser géift besëtzen an zu all Moment ee misst kënnen era loossen, hätt Dir dann eng Milliard verschidde Schlësselen? Wuel kaum. Dir hätt ee Passepartout! A falls Der elo driwwer nodenkt, wéi ee vläicht awer eng Milliard Schlësselen dank der Digitaliséierung sënnvoll sortéiere kéint, denkt drun, datt Firme wéi WhatsApp a Co déi bëllegste Weeër sichen an net dee beschten.

Dat heescht, et gëtt herno ee Schlëssel, fir Saachen ze entschlësselen. An dat ass e Code, mat deem een op ee Coup Zougrëff op eis ganz privat digital Kommunikatioun kréie kéint.

Mengt Der wierklech, dee Code géif laang geheim bleiwen? Soubal et ee Generalschlëssel wäert ginn, wäerten Hacker op der ganzer Welt probéieren, en an d’Hänn ze kréien. Mir hunn dat gesi mat de Schlässer op Äre Wallissen. Jiddwereen huet esou en TSAkonformt Schlass drop. Et gouf ëmmer ge sot, déi Schlëssele si geheim. Majo, mëttlerweil kritt een déi Schlësselen iwwerall am Internet ze kafe fir e puer Euro, soudatt, wann een eng Walliss fënnt, een déi ouni Problem kann opspären, egal wat Äre Code ass.

Dat ass Sécherheet ënnergruewen! Dat si Gene ralschlëssele fir Schlässer, ouni datt et e Gain de sécurité gëtt.

An ech weess, da kënnt och nach gären d’Argu ment: „Wie sech näischt zu Scholde komme léisst, huet jo och näischt ze verstoppen.“ Mee mir schwätzen hei vun engem Zougang op eis gesamt Onlinekommunikatioun. Keen kriminell oder net wëllt, datt Fotoe vu senge Kanner, déi en un d’Bomi an de Bopi schéckt, an e puer Deeg am Darknet ze fanne wären. Kee vun eis wëllt, datt d’Police ein fach esou eng Dier kann opmaachen, ouni demo kratesche Contrôle.

Wa mer der Police wéilten Accès zu verschlëssel ter Onlinekommunikatioun ginn, bedeit dat nämlech, datt mer der Police eng Dier opmaachen. An eng Dier, wa se bis eemol opsteet, kann ee grad am Digi talen net méi esou einfach zoumaachen. An da kann een och net garantéieren, datt net vläicht nefaste Leit och duerch déi Dier erakommen. Dat heescht, mir maachen domadder och der Cyberkriminalitéit d’Dieren op.

Dat wär et da mat der Privatsphär, well wie ver sprécht eis, datt déi Bréifboîttebedreiwer oder déi Provideren online net dee Schlëssel vläicht abuséie ren? Vläicht net selwer an net strukturell, mee vläicht eenzel Mataarbechter. Gedriwwe vun engem Profittdenke kéint et da sinn, da schreift ee senger Fra, datt d’Meedche sech fir Chrëschtdag en neie Vëlo wënscht, an da gëtt ee wochelaang mat Reklamme fir Vëloen am Internet zougespamt. An dat wär nach dee beschte Fall. Säit dem Skandal ëm Cambridge Analytica wësse mer, wat mat eisen Date ka geschéien a wéi se kënne mëssbraucht ginn.

Domat awer och net genuch. Obwuel ech denken, datt dat Gesote scho misst duergoe fir ze ënner maueren, firwat Lëtzebuerg géint dës Resolutioun misst stëmmen, gëtt et awer nach weider Pro blemer. D’Resolutioun gesäit schliisslech vir, datt d’Plattformoperateuren den Autoritéite sollen Zou grëff ginn. Wien dës Autoritéite sinn, gëtt net gesot. Wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir Zou grëff ze kréien, gëtt net gesot. Esou kann net ausge schloss ginn, datt d’Geheimdéngschter ouni riichter lech Kontroll Accès op egal wéi eng Chats ufroen an d’Regierungen d’Kommunikatioun vun hire Bierger iwwerwaache kéinten.

Ech hoffen, datt mer eis eens sinn, datt mer esou eng Situatioun an der Europäescher Unioun net wëllen. Scho guer net an Zäiten, an deene Staate wéi Ungarn oder Polen d’Rechter vun hire Bierger elo scho Schrëtt fir Schrëtt ënnergruewen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Här Minister, wa mer doriwwer schwätzen, Hannerdiere fir verschlësselt Chats unzeleeën, da schwätze mer vun engem Ver stouss géint eis fundamental Rechter op Pri vatsphär an Dateschutz. Da schwätze mer dervun, Geheimdéngschter, Regierungen a groussen Entre prisë wéi Facebook e Schlëssel ze ginn, mat deem si d’Totalitéit vun eiser Kommunikatioun am Inter net matliese kënnen, an Hannerdieren opzemaa chen, déi eis Sécherheet am Internet gefäerden.

A mat wat fir engem Zil? Mat der Wonschvirstel lung, esou géint d’Kriminalitéit kënne virzegoen, well een deem organiséierte Verbriechen an dem Terrorismus ëmmer e Schrëtt viraus kéint sinn, well een hir Kommunikatioun verfollege kéint. Kee wäert nach iwwer WhatsApp e Verbrieche plangen, wann der EU hir Pläng bis ëmgesat sinn.

Déi Leit, déi eppes ze verstoppen hunn, wäerte sech aner Weeër siche fir ze kommunizéieren. Zur Nout setze si hir eege Plattform op oder fueren iwwer en Operateur, dee kee Sëtz an der EU huet. Wat kéint d’EU scho maachen, wann eng russesch oder eng chineesesch Plattform fir Onlinekommu nikatioun einfach refuséiere géif, den Europäer hir Entschlësselungscoden ze ginn?

Déi Leit, ëm déi et hei bei deem ganze Projet geet, wäerte sech der Saach entzéien. Wat bleift, si Mil lioune vu Leit, déi sech näischt zuscholde komme loossen an einfach mat hire Frënn an hirer Famill a Kontakt wëlle bleiwen. Et sinn déi Leit, déi duerno wäerten iwwerwaacht ginn, net d’Terroristen! Déi wäerten da scho laang enzwousch anescht am Internet ënnerwee sinn.

An dee Problem ass och net nei. Schonn de Pre mier huet 2010, deemools war en nach Deputéier ten, am Kader vun enger Upassung vum Gesetz iwwert d’Vorratsdatespeicherung beim Depot vun enger Motioun, déi duerno och deene Gréngen hir Ënnerstëtzung fonnt huet, gewarnt, mir géife jo net mengen, datt, wann een esou Texter géif stëmmen, déi Leit, déi wierklech spezialiséiert wieren, dann nach op déi Matièrë géifen zréckgräifen. Déi géife scho Saache fannen, fir dat kënnen ze ëmgoen. An den Utilisateur doheem, deen net wéisst, wat kontrolléiert géif ginn a wéi kontrolléiert géif ginn, wär dat, wat géif bleifen. Deemools sot den Här Bettel, esou eppes wär inakzeptabel fir d’Fraktioun vun der Demokratescher Partei. Ech hoffen, datt dat haut nach ëmmer esou ass.

Mee natierlech kann een net ausschléissen, datt net awer iergendwann emol ee géif e Feeler maa chen an aus Gewunnecht nach emol iwwer seng al Chatkanäl kommunizéiere géif, fir e Verbriechen ze plangen.

Dofir huele mer emol ee Moment un, dass dëse Projet genausou funktionéiere géif, wéi de Mi nisterrot sech dat virstellt: Déi Kriminell géifen chat ten an d’Police kéint matliesen. Selbstverständlech kann d’Police net permanent all Chat matliesen, soss misste mer sou vill Poliziste wéi Krimineller hunn. Et gëtt also decidéiert: Wien ass verdächteg? An et gëtt decidéiert: Wien iwwerwaache mer?

Ma wat ass dat? Dat ass klassesch Ermëttlungs aarbecht! Dat bedeit, datt mer gutt ausgebilte Poliziste brauchen, déi kënnen Ermëttlungsaar becht maachen. Ermëttler um Terrain, déi kënnen erausfannen: Wien ass verdächteg?, an net einfach nëmme méi iwwerwaachen.

An engem iwwerlaaschte System, an deem een d’Nol net fënnt, well de Koup Hee ze grouss ass, hëlleft et näischt, nach méi Hee op de Koup ze puchen, wa mer dee Koup sollen duerchsichen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Här Minister, ech hoffen, et ass mer gelongen, Iech hei an deene puer Minutten duerzestellen, firwat de Plang vum EUMinisterrot geféierlech, naiv an absolutt net zilféierend ass.

D’Piraten hunn dës Heure d’actualité ugefrot fir ze verhënneren, datt Lëtzebuerg an der kommender COREPERSëtzung fir dës Resolutioun stëmmt.

Et géif mech awer och vum Minister interesséieren, wéi da Lëtzebuerg sech de Moien an der COSI Sëtzung dozou positionéiert huet. Well, datt mer haut hei doriwwer diskutéiere kënnen, ass nëmmen engem Leak ze verdanken, well déi Dokumenter, iwwert déi d’EU hei diskutéiert, net public sinn. Se si limitéiert.

Ech fannen, datt et sech u sech gehéiert hätt, bei esou engem déifgräifende Projet déi zoustänneg Kommissioun en amont ze informéieren an en Debat, mengetweegen à huis clos, wann et esou geheim muss sinn, ofzehalen, fir datt d’Parteie sech hätte kënne positionéieren, fir datt mer hätte kënnen iwwert dat Theema schwätzen an net op e Leak ugewise wären, fir hei am héijen Haus driwwer ze schwätzen.

Dofir hu mir haut déi ëffentlech Diskussioun uge frot an hoffen, datt mer zu engem breede Konsens komme kéinten an eis eens ginn, datt Lëtzebuerg engem Verstouss géint d’Recht op Privatsphär an Dateschutz zugonschte vu grousse Konzerner a Geheimdéngschter net zoustëmme kann. Lëtze buerg muss sech op europäeschem Niveau fir d’Erhale vun enger sécherer digitaler Kommunika tioun asetzen.

Mir reechen dofir haut och dës Motioun an, mat där mer d’Regierung invitéiere wëllen, géint den Entworf vun der Resolutioun ze stëmmen a sech doriwwer eraus och an Zukunft géint all Projet ze stellen, deen envisagéiert, d’Rechter op Privatsphär an Dateschutz opzeweechen duerch e Verbuet oder eng Aschränkung vu verschlësselter Onlinekommu nikatioun. Et wär e wichtege Schrëtt, wa mer dës Motioun haut gemeinsam stëmme kéinten.

Wéi de Minister Asselborn d’lescht Woch richteg sot, dierfe mir visàvis vun Extremismus an Is lamismus eis fundamental Rechter net a Fro stellen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Et ass e Freudsche Verspriecher!

3.

M. Sven Clement (Piraten). Jo. Merci, Här Pre sident. Ech war mer elo net sécher, ob et just den Henri Kox wär, dee géif schwätzen, dofir wollt ech just op Nummer sécher goen, well elo weess ech nach ëmmer net, wéi d’Regierung déi Resolutioun géif stëmmen, wa se da géif virgeluecht ginn.

Et huet mech awer eppes anescht interpelléiert. An dat ass: Den Henri Kox huet gesot, datt et mëttler weil nei Versioune vun deem Text gëtt.

An dofir, Här President, géif ech Iech dann hei eng Motioun iwwerreechen, déi fuerdert, datt d’Regie rung der Chamber virun engem Vott op euro päeschem Plang déi Texter vun där Resolutioun zougänglech mécht, se presentéiert, an awer och gläichzäiteg déi Recommandatioun, déi derzou gehéiert, wéi déi Resolutioun soll ëmgesat ginn. Well och déi stoung de Moien um Ordre du jour vum COSI an och déi ass geheim.

An ech mengen, datt et irresponsabel ass fir eis als Chamber, fir sollen Diskussiounen ze féieren iwwer esou aschneidend Agrëffer an eis Grondrechter, ouni datt de Minister och nëmmen de Courage hätt, fir en amont hei an d’Kommissioun ze kommen. An dofir wär ech ganz frou, wa mer dann och déi Tex ter als Chamber kéinte kréien.

Une voix. Très bien!

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Ech huelen zur Kenntnis, datt den Här Bettel sech grondsätzlech wéilt fir Dateschutz asetzen, wéi och d’Kolleegen aus der Majoritéit dat heibannen duergestallt hunn, datt e sech awer um drëtten Invite stéiert, den Invite, fir och an Zukunft méi kohärent sech do couragéiert géint all déi Projeten ze stellen.

Ma, mir läit et hei un der Saach. Mir läit et hei un der Saach vun dësem Projet haut ganz konkreet!

An dofir kann ech …

(Interruption)

… just soen: Ech si bereet, den drëtten Invite falen ze loossen, wann dat derzou féiert, datt mer déi Motioun haut kënnen unhuelen. Wann dat net de Fall ass, géif ech en natierlech oprechterhalen.

An als kleng Anekdot: Den Här Bettel, ech weess, en hat virdrun e wichtegen internationale Ren dezvous. Ech erënneren e just u seng Wierder vun 2010, wéi en nach Deputéierte war an en am Kader vun den Upassunge vum Gesetz iwwert d’Vorrats datespeicherung beim Depot vun enger Motioun gesot huet, mir géifen net mengen, datt, wann een esou Texter géif stëmmen, déi Leit, déi wierklech spezialiséiert wieren, dann nach op déi Matièrë géifen zréckgräifen. Déi géife scho Saache fannen, fir dat kënnen ze ëmgoen. An den Utilisateur doheem, deen net wéisst, wat kontrolléiert géif ginn a wéi kontrolléiert géif ginn, wär dat, géif bleifen! Deemools sot den Här Bettel dann och nach, esou eppes wär inakzeptabel fir d’Fraktioun vun der Demokratescher Partei.

Ech hoffen, datt sech an deene leschten zéng Joren näischt u senger Meenung geännert huet. An deementspriechend wär ech bereet, den drëtten In vite ze sträichen, wann dat d’Zoustëmmung vun der Majoritéit fënnt.