Header for 4. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet de la gouvernance des établissements hospitaliers

4. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet de la gouvernance des établissements hospitaliers

Dës Ried hunn ech den 28/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet de la gouvernance des établissements hospitaliers” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Alleréischt och vu menger Säit e ganz grousse Merci un d’Kolleege vun déi Lénk a ganz speziell dem Marc Baum, fir dëse wichtege Punkt op den Ordre du jour gesat ze hunn. Ech mengen, et ass net nëmme wéinst der Covid19Pandemie, wou ee sech d’Spideeler eng Kéier méi genau muss ukucken, mee et ass generell eppes, wat déi lescht Joren e bëssen ze kuerz koum.

Zweetens wollt ech awer och e ganz, ganz grousse Merci un dat ganzt Personal am Spidolswiese riich ten, well bei all Visitt an trotz alle Mëssstänn, iwwert déi een eventuell schwätze kann, et ass ganz seelen d’Personal um Terrain, well bei all Vi sitt, déi ech zumindest erlieft hunn, huet dat sech wierklech duerch Professionalitéit a Frëndlechkeet, trotz Stress, ausgezeechent!

Dat heescht, wa mer iwwer Mëssstänn schwätzen, muss een hei leider dat Spréchwuert beméien: „De Fësch sténkt vum Kapp.“ An ech mengen, wéi mer all wëssen, sinn an deene leschte Wochen a Méint leider eng ganz Rei Mëssstänn um Kapp vun de Spideeler oder vun enger Rëtsch vu Strukturen opgedeckt ginn, déi mat der Gestioun vun de Covidimpfungen, mee och mat dem alldeegleche Geschäft vun ënner anerem den Hôpitaux Robert Schuman ze dinn haten.

D’Virwërf vun Impfdrängelen, Interessekonflikter, Favoritismus an Harcèlementer vun Employéë respektiv Independanten hu kee gutt Liicht op d’Verwaltungsstrukture geworf an och d’Fro vun der politescher Responsabilitéit huet sech gestallt.

Misst de Staat net méi genee kontrolléieren, wéi mat den ëffentleche Gelder, déi jo am Spidolssec teur stiechen, ëmgaange gëtt? Misst d’Politik net vill méi kloer Reegele formuléieren, fir Interesse konflikter auszeschléissen an d’Personal an d’Pa tienten aus de Spideeler ze schützen?

Eise Spidolssecteur ass par rapport zu der Gréisst vun eisem Land immens fraktionéiert. Firwat? Firwat ginn et esou vill verschidden Entitéiten, déi onofhän geg vunenee sinn a wou de Staat kee richtegen Duerchbléck a virun allem kee richtegen Duerchgrëff huet, wat an deenen eenzele Verwaltungsréit ge schitt? Am Contraire schaffe verschidde Strukturen an do muss ech dann d’HRS erëm nennen dach nach aktiv drun, fir dee bësse Contrôle, de mer mam Commissaire aux hôpitaux hunn, nach ze courtcir cuitéieren, andeem se nach Ënnerstrukture grënnen, déi dann erëm aner Rechtsstänn hunn an domadder en effikasse Contrôle vum Staat vun ëffentleche Gel der quasi onméiglech maachen.

Firwat ass et méiglech, als Member vun engem Ver waltungsrot vun engem Spidol nach esou vill Man dater ze cumuléieren, datt ee sech froe muss, ob all d’Tâchen, déi mat de Mandater verbonne sinn, iwwerhaapt nach assuréiert kënne ginn, oder ob et just nach ëm de perséinleche Prestige oder d’Be räicherung geet?

Ech denken, mir sinn eis all eens, datt mer aus der Covidkris mussen eis Léieren zéien an net einfach esou weidermaache kënne wéi bis elo. De Staat finanzéiert d’Infrastrukture vun de Spideeler an d’CNS bezilt d’Prestatiounen. Firwat soll de Staat dann net och méi Kontroll hunn? Wär et net besser, den aktuellen a fraktionéierte System opzeginn zu gonschte vun engem System mat engem Établisse ment public mat verschiddene Sitten a lokalen Direk teren?

Et ass wichteg, e Gesondheetssystem ze hunn, deen no un de Leit ass, e System, deen aus Spideeler a Praxisse besteet, déi dezentral iwwert d’Land verdeelt sinn, awer net mam éischten Zil, fir Profitt aus de kranke Leit ze maachen. Dat heescht nämlech och net, datt een aus enger Struktur net eng dezentral Gouvernance kéint schafen, awer eng, wou de Staat d’Kontroll hält, eng, wou de Staat den Iwwerbléck iwwer e Secteur, an dee ganz héich Zommen u Steiergelder fléissen, iergendwou awer nach hält.

Dat, wat mer haut hunn, ass eng Situatioun, wou de Staat vill gëtt, wou mir alleguerten, all d’Biergerin nen a Bierger indirekt Aktionär sinn, well mer u sech d’Suen op den Dësch duerfir leeën, mee wou mir alleguerten um Enn vum Dag ganz wéineg Contrôle hunn. An dat ass, mengen ech, de gréisste Mëssstand, wa mer iwwert d’Gouvernance vum Spi dolswiese schwätzen.

D’Covidkris huet eis awer och gewisen, wou am Spi dolswiesen de Schong dréckt, an dat net nëmmen, wann et ëm d’Gouvernance geet, iwwert déi mer haut haaptsächlech schwätzen, mee natierlech och, wann et ëm d’Aarbechtskonditioune vum Gesondheets a Fleegepersonal geet. A mir war virdrun e bëssen de Mond opstoe bliwwen, wéi ech hei vun nationaliste schen „tropes“ héieren hunn, datt et Haifësch op där anerer Säit vun der Grenz géif ginn, déi just wéilte mam Lëtzebuerger Gesondheetswiese Profitt schloen. Well si mir dann net d’Haifësch, déi Perso nal aus den Nopeschlänner ofzéien, andeem mer hinne besser Paien offréieren?

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

Musse mir eis dann net vläicht éischter de Virworf gefale loossen, datt mir d’Haifësch sinn, déi d’Ge sondheetswiesen an eisen Nopeschlänner méi schlecht dostoe loossen, wéi et kéint sinn? Ech denken, datt mer ganz, ganz virsiichteg musse sinn, hei Scholdzouweisungen iwwert d’Grenz ewech ze maachen. A virun allem sollte mer hei net an e Scheema vum Schwaarzwäissdenke kommen!

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). … hei geet et ëm Organisatiounsformen. Et deet mer leed!

M. Sven Clement (Piraten). Här Di Bartolomeo, ech mengen, datt et och ganz, ganz vill Strukturen hei zu Lëtzebuerg gëtt, déi mat ganz oneethesche …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… Weeër Sue maachen, an dat och, …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… wéi Dir Minister waart!

Ech denken, aus de Riede vum haitegen Dag an, Här President, ech kommen zum Schluss eraushéieren ze hunn, datt e Konsens doriwwer besteet, datt een net esou weider ka maache wéi bis elo an datt d’Poli tik méi Responsabilitéit muss iwwerhuelen. Ech hof fen, datt dës Heure d’actualité duerfir just en éisch ten Ufank vun engem weideren a längerfristege Mo derniséierungsprozess ass, deen esou séier wéi méiglech op d’Schinne gesat muss ginn. D’Proble mer um Terrain si multipel an d’Regierung kann net einfach ewechkucken.

Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Här Di Bartolomeo, ech mengen, datt et och ganz, ganz vill Strukturen hei zu Lëtzebuerg gëtt, déi mat ganz oneethesche …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)

… Weeër Sue maachen, an dat och, …

(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo) … wéi Dir Minister waart!

Ech denken, aus de Riede vum haitegen Dag an, Här President, ech kommen zum Schluss eraushéieren ze hunn, datt e Konsens doriwwer besteet, datt een net esou weider ka maache wéi bis elo an datt d’Poli tik méi Responsabilitéit muss iwwerhuelen. Ech hof fen, datt dës Heure d’actualité duerfir just en éisch ten Ufank vun engem weideren a längerfristege Mo derniséierungsprozess ass, deen esou séier wéi méiglech op d’Schinne gesat muss ginn. D’Proble mer um Terrain si multipel an d’Regierung kann net einfach ewechkucken.

Merci.