Header for 4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse du chômage en raison de la crise sanitaire Covid19

4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse du chômage en raison de la crise sanitaire Covid19

Dës Ried hunn ech den 20/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la hausse du chômage en raison de la crise sanitaire Covid19” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. An Däitschland kurséiert ëmmer erëm dëse catchy Slogan: „Sozial ist, was Arbeit schafft!“ An och zu Lëtzebuerg schéngt et mer, wéi wann dëst de Credo vun de meeschte Par teien ass. Ech ginn d’Gefill nämlech net lass, datt een domat engem Ideal noleeft, engem Ideal, wat u sech net méi zäitgeméiss ass, näm lech deem vun der sougenannter Vollbeschäf tegung.

Fir eis Piraten ass net sozial, wat Aarbecht schaaft, mee sozial ass, wat manner Aarbecht mécht, méi Fräiheet a méi Selbstbestëmmung schaaft.

Här President, d’Covid19Kris huet innerhalb vu kierzester Zäit derfir gesuergt, datt d’ADEM am Mount Mäerz 3.142 nei Dossiere fir Demandeurs d’emploi huet missen opmaa chen. Dëst entsprécht enger Hausse vu 25,2 % par rapport zum Mäerz 2019 e Véierel méi! Dësen Ustuerm un Demandeurs d’emploi huet virun allem domat ze dinn, datt d’Chantieren uechtert d’Land jo hu missen zoumaachen an d’Aarbechter, déi gréisstendeels Interim do ge schafft hunn, keng Aarbecht méi haten.

Här President, ech mengen, et ass wéineg ver wonnerlech, datt wärend der Kris de Chômage an d’Luucht geet. Mir Piraten sinn an éischter Linn frou, datt mer duerch de Lockdown an d’Mesuren, déi geholl goufen, evitéiere konn ten, datt nach méi Leit dem Virus zum Affer géife falen. Jo, Chômage ass schlecht, mee d’Gesondheet ass awer nach méi wichteg. Datt mer haut hei iwwert de Chômage schwät zen, gëtt eis awer och d’Méiglechkeet, eng weider Kéier op d’Transformatioun, déi dem Aarbechtsmarché net nëmme bevirsteet, mee an där mer schonn dra sinn, hinzeweisen.

Ech hunn ugangs de Slogan „Sozial ist, was Ar beit schafft!“ hei evoquéiert. An ech mengen, et ass un der Zäit, datt mer eis iwwer aner Aar bechtsmodeller Gedanke maachen an net wei derhi blann dem Zil vun der Vollbeschäftegung hannendrulafen.

All Hobbyekonomist weess, datt de Chômage frictionnel eng natierlech Erscheinung vun en ger Maartwirtschaft ass. Mir wäerten d’Vollbe schäftegung also ni erreechen an deements priechend och dat soziaalt Verspriechen, wat mer duerch de Slogan „Sozial ist, was Arbeit schafft!“ ginn, net aléise kënnen.

An eisen Ae muss ee sech wierklech froen, wéi laang mer den Taux de chômage nach kënnen als fiabel Referenz fir e gesonden Aarbechts marché huelen. Mir wëssen, datt duerch d’Transformatioun ganz nei Aarbechtsmodeller, ganz nei Beschäftegungsstrukture sech erginn hunn, a mir wëssen och, datt eng ganz Rëtsch Leit natierlech net an de Chômagezuelen op tauchen, well se a Mesured’emploien an esou weider dra sinn.

D’Defie vum zukünftegen Aarbechtsmarché sinn enorm. Mir wäerten deen Challenge net kënne gewannen, wa mer nach wie vor an der Logik vun enger Aarbechtswelt, wéi se am 19. Joerhonnert existéiert huet, denken.

Mir mussen nei Weeër goen! Weider am Scheema vun der Industrialiséierung ze den ken, geet net duer.

An, Här President, léif Kolleeginnen a Kollee gen, wéini ass den Zäitpunkt dofir besser wéi bei der Sortie de crise?

Här President, ech hu viru Kuerzem hei am héi jen Haus vun de sougenannte Bullshit Jobs ge schwat. Dës Jobs wäerten an Zukunft, a vläicht méi séier, wéi mer mengen, zu engem grous sen Deel ewechfalen. Se wäerten automatiséi ert ginn. Se wäerte keng Leit méi fannen, déi se wëlle maachen. Mir hunn et beim Teletravail gesinn, wéi séier d’Digitaliséierung dozou ka féieren, datt op eemol e Paradigmewiessel stattfënnt an der Aart a Weis, wéi mer schaffen. Keen hätt sech erdreemt virun dräi Méint, datt op eemol esou vill Leit vun doheem aus géife schaffen, datt dat méiglech wär.

Här President, de Chômage ass natierlech e grousse Problem. E stierzt Mënschen an eng prekär Situatioun ouni Perspektiv. Ma ass et wierklech d’Léisung, d’Leit Interim schaffen ze loossen an hinnen de Slogan „Sozial ist, was Arbeit schafft!“ virun d’Nues ze halen?

Fir eis Piraten ass et héich Zäit, datt mer iwwer alternativ Modeller nodenken, déi kapabel sinn, sech un den digitale Wandel um Aarbechtsmar ché unzepassen. An et wäert Iech jo wuel kaum wonneren, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ech dobäi ee vun eise Projets phares evoquéie ren, nämlech d’bedéngungsloost Grondakom mes. Dëst ass ee méigleche Wee, fir eebe ge nee sech op dësen digitale Wandel anzestellen. Här President, d’Coronakris huet de Chômage an d’Luucht gedriwwen. Jo, mir kënnen eis doriwwer austauschen. Mee schlussendlech musse mer déi richteg Léieren aus dëser Kris zéien. Mir mussen derfir suergen, datt d’Mën schen an eisem Land an an der Groussregioun zu Lëtzebuerg e modernen Aarbechtsmarché virfannen, deen net den Job selwer als ultimet Zil gesäit, mee d’Kreativitéit an d’Fräiheet vum Mënsch an de Vierdergrond setzt, dat Ganzt bei enger gerechter Bezuelung.

Ech soen Iech Merci.