Header for 4. Heure d’actualité sur la stratégie de vaccination Covid19 au Luxem bourg

4. Heure d’actualité sur la stratégie de vaccination Covid19 au Luxem bourg

Dës Ried hunn ech den 08/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure d’actualité sur la stratégie de vaccination Covid19 au Luxem bourg” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi een an der Impf strategie vun der Regierung liese kann, huet Lëtze buerg sech jo dozou verflicht, Impfstoffer fir insge samt eppes iwwer 800.000 Persounen ze kafen. Wéi vill vun dëse bestallten Impfdosen an enger éischter Phas awer wäerten disponibel sinn, steet zum aktuellen Zäitpunkt nach net fest.

Kloer ass awer, datt mer am Ufank net genuch Impf dose fir jidderee wäerten hunn an datt et dauere wäert, bis jiddereen, dee geimpft wëllt ginn, och un den Tour komm ass. Ech soen hei bewosst „jidder een, dee geimpft wëllt ginn“, well eng Impfflicht steet ausser Fro. Dofir musse mer och oppassen, datt et net zu enger indirekter, verstoppter Impf flicht kënnt, andeems Persounen, déi sech net impfe gelooss hunn, vu bestëmmten Aktivitéiten oder Plazen ausgeschloss ginn.

D’GDPR, d’Dateschutzgesetz, verbitt ganz kloer, datt Informatiounen iwwert de Gesondheetszou stand vun enger Persoun ausserhalb vun engem medezinnesche Kontext erhuewe ginn. Dat beinhalt och d’Fro, ob ee geimpft ass oder net. Ob ee sech impfe léisst oder net, däerf iwwert de rengen Impf schutz eraus keng Vir oder Nodeeler hunn, weeder op der Aarbechtsplaz nach an der Fräizäit. An et ass wichteg, datt mer dat haut alleguerten nach eng Kéier affirméiert hunn. Well och do gëllt et heiansdo, dat ze widderhuelen, wat zwar gesetz lech scho virgeschriwwen ass, wat awer vläicht vun deem engen oder deem aneren net esou gelieft géif ginn, wéi et am Gesetz steet. Et ass kloer: Et kann net zu enger verstoppter Impfflicht kommen!

Här President, fir ze wëssen, wéi virgaange soll ginn, fir déi Leit ze impfen, déi dat gäre wëllen, huet d’Regierung sech eng Impfstrategie ginn. A mir freeën eis, datt dës Heure d’actualité ugefrot gouf, fir gemeinsam e kritesche Bléck op dës Regierungs strat egie ze werfen an esou verschidde Lacunne vläicht och nach am Virfeld auszebesseren.

D’Regierung huet virgesinn, datt d’Personal aus dem Gesondheetswiesen, d’Spidolspersonal an och d’Personal aus den Altersheemer prioritär solle geimpft ginn. Dat ass eng Aschätzung, déi mir dee len an déi esou och vum nationalen Eethikrot pro poséiert gouf. Wa mer net d’Méiglechkeet hunn, déi ganz Gesellschaft ze schützen, dann ass eis bescht Optioun, déi Leit ze impfen, déi duerno wéinstens der ganzer Gesellschaft am Krankheetsfall hëllefe kënnen.

Mee wat ass mat deenen nächste Schrëtt, wa mer bis déi Leit mat Beruff aus dem Beräich vun der Medezinn an de Soine geimpft hunn, wie kënnt dann drun? Déi aktuell Regierungsstrategie gesäit vir, datt Persounen, déi an Altersheemer liewen, als nächst un den Tour solle kommen an och aner vul nerabel Persoune vun hirem Médecin traitant fir eng Impfung kënnen ugemellt ginn. Als nächst kéim d’Personal aus den Infrastructures critiques drun. An dann de Rescht vun der Populatioun, uge faange mat deenen Eelste bis erof zu deene Jéng sten.

Zu dëse weidere Schrëtt huet d’Eethikkommissioun sech nach net geäussert. A si kënne sech jo och nach änneren, wéi mer gewuer goufen.

Eis stellt sech hei virun allem d’Fro: Wat geschitt, wann net genuch Impfdosen do sinn, fir eng ganz Persounegrupp ze impfen? Wat geschitt, wa mer net alleguerten d’Residenten aus den Altersheemer impfe kënnen? Impfe mer dann déi eelst an déi mat de meeschte Virerkrankungen als Éischt, well dës am vulnerabelste sinn? Oder awer grad déi jéngst mat de mannste Virerkrankungen, well dës poten ziell nach méi glécklech Jore viru sech hunn?

A wat maache mer mat jonke Leit, déi opgrond vu Virerkrankunge vulnerabel sinn, wa mer och hei net genuch Impfdosen hunn, fir d’Nofro an enger éisch ter Phas ze decken? D’Regierung gesäit vir, datt d’Patientendossieren net iwwermëttelt ginn, wann den Dokter eng vulnerabel Persoun als Kandidat fir eng Impfung andréit. Heescht dat also: Deen Éisch ten ass vir? Wär dat gerecht an eethesch vertriet bar? Mir hoffen alleguerten, datt mer net an eng Si tuatioun komme wäerten, wou mer esou Entschee dungen treffe mussen, mee mir mussen eis virbe reeden. Wann et bis souwäit ass, wäert den Zäit drock d’Iwwerleeungen net méi einfach maachen.

Eng aner wichteg Fro, op déi ech an der aktueller Strategie och nach wierklech keng Äntwert fonnt hunn, ass déi: Wat geschitt, wann eng Persoun eng Invitatioun fir eng Impfung kritt an awer net geet? Kritt dës Persoun dann eréischt nees eng Invita tioun, wann alleguerten déi aner Leit aus dem Land hir kruten? Ka se zu engem belibegen Zäitpunkt goen? Wéi ass et zum Beispill mat enger Infirmière, déi als eng vun deenen Éischten e Bréif kritt an zu deem Zäitpunkt deem Impfstoff, deen dann drop steet, nach net traut. Kritt déi dann nach weider In vitatiounen, e puer Woche méi spéit, fir de Fall, datt se sech bis dohinner méi sécher spiert? Oder huet se dann hir Chance verpasst a muss waarden, bis hiren Tour erëm drukënnt?

A wat ass, wann eng Persoun sech just mat enger bestëmmter Aart vun Impfstoff impfe wëllt loos sen? Mir schwätze vu sechs verschiddene Produ zente mat dräi verschiddenen Typpe vun Impfstof fer. Et kéint gutt sinn, datt d’Leit engem Produit méi traue wéi deem aneren. Wat geschitt, wa si enger Invitatioun net nokommen, well se e bestëmmten Impfstoff net wëllen, an awer bereet wären, sech mat engem aneren impfen ze loossen?

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir befaassen eis hei mat engem extreem wichtegen a ganz sensibe le Sujet, dee vill Leit beonrouegt. Nëmme wa mer trans parent an éierlech mat eiser Strategie an den domat verbonnenen eethesche Froen ëmginn, kënne mer dëse komplexen Theema bei de Leit do bausse gerecht verteidegen. Wann d’Impfunge bis uginn, muss zu all Zäitpunkt kloer sinn: Wéi vill Impfungen hu mer? Wie kritt se? A wéi ass de Choix fir déi eng oder déi aner Persoun justifiéiert?

Déi virleiend Strategie ass am Moment den Aus gangspunkt, vun deem aus mer nach eng ganz Rei Froen detailléiert diskutéiere mussen. Ech hoffen dofir, datt den haitegen Debat vun der Regierung just als eng éischt vun nach ville weidere Consulta tioune mat der Chamber gesi gëtt.

Ech soen Iech Merci, ouni awer ze vergiessen, datt den éischten Impfstoff net eréischt gëschter ent deckt gouf an op eemol innerhalb vun enger Woch oder zwou duerch d’Prozedure gaangen ass. Den éischten Impfstoff war am Januar dëst Joer ewell an der Fuerschung. Knapps nodeem déi éischt Leit zu Wuhan positiv getest goufen, hunn déi éischt La boe sech drugemaach, fir en Impfstoff ze fannen, wéi dat hautdesdaags üblech ass. Dat heescht, déi éischt Impfstoffer, déi, déi mir elo kréien, déi si säit engem Joer an der Entwécklung an deementsprie chend och an Tester. A mat Zéngdausende vu Leit, déi déi Impfstoffer scho getest hunn, denken ech, datt mer op d’EMA kënne vertrauen, déi eis seet, wéini an ob en Impfstoff sécher ass oder net.

Ech soen Iech Merci.