Header for 4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 208 du 27 avril 2021 de M. Sven Clement relative à la participation des jeunes au système démocratique, adres sée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 208 du 27 avril 2021 de M. Sven Clement relative à la participation des jeunes au système démocratique, adres sée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dës Ried hunn ech den 27/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 208 du 27 avril 2021 de M. Sven Clement relative à la participation des jeunes au système démocratique, adres sée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten). Jo. Merci, Här President. Et ass esou, datt ee jo alles soll maachen, fir datt ee Kanner a Jugendlechen eeben net d’Gefill gëtt, datt se an den demokrateschen Institutioune kee Gehéier fannen. Et soll een hinnen, tout au con traire, Weeër opweisen, wéi se Gehéier kënne fan nen. Et soll een hinne Participatiounsméiglechkee ten opweisen, fir hinnen esou d’Gefill ze ginn, Här a Meeschter iwwer hir eegen Zukunft ze sinn.

Fir bei Kanner a Jugendlecher also eebe grad dat Gefill vun der Politikverdrossenheet guer net eréischt opkommen ze loossen, gëtt am Ausland, ënner anerem an Däitschland, reegelméisseg déi grouss Shell Jugendstudie gemaach, wou eebe grad erhuewe gëtt, wéi d’Kanner an d’Jugendlecher an do och den Ënnerscheed vun deenen ënner 15järegen an den iwwer 15järegen sech an der Gesellschaft erëmfannen.

Well d’Vertrauen an d’Demokratie als Staatsform an d’Iwwerzeegung, an enger Demokratie als Eenzel nen Afloss op säin eegent Liewen, mee och op d’Gesellschaft am Ganzen huelen ze kënnen, fous sen an dat ass, mengen ech, kloer op d’Wëssen iwwert d’Institutiounen an déi reell Participatiouns méiglechkeeten, déi all Eenzelne vun eis huet. Fir antidemokrateschen a rietspopulisteschen a leider och ëmmer méi heefeg rietsextreeme Gruppéierun gen net weider Waasser op d’Millen ze ginn, ass et wichteg, datt mer de Jonken net d’Gefill ginn, datt se net gehéiert ginn, datt se eebe wëssen, wou se participéiere kënnen, wéi se participéiere kënnen.

An deem Kontext dann och d’Froen: Huet d’Regie rung esou änlech Studie wéi d’Shell Jugendstudie, déi ech ugeschwat hunn, oder ËmfroResultater vir leien, déi duerleeën, wéi sech d’Demokratieakzep tanz an/oder d’Vertrauen an d’demokratesch Strukture bei Kanner a Jugendlechen an de leschte Joren zu Lëtzebuerg entwéckelt hunn? A gouf et Initiativen oder Mesuren an deene leschte fënnef Joer, déi bei Kanner a Jugendlechen, also ënner 15 Joer an iwwer 15 Joer, ugebuede goufen, fir hinnen eng Plattform ze bidden, fir esou kënnen d’Demo kratieakzeptanz héichzehalen?

Merci.