Header for 4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 220 du 18 mai 2021 de M. Sven Clement relative à l’introduction d’une passerelle 1GSO vers le diplôme d’éduca teur, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la JeunesseQuestion n° 221 du 18 mai 2021 de Mme Martine Hansen rela tive à la décision de permettre aux élèves détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires générales de la section « Sciences sociales » de se voir décerner le diplôme d’éducateur endéans une seule année scolaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 220 du 18 mai 2021 de M. Sven Clement relative à l’introduction d’une passerelle 1GSO vers le diplôme d’éduca teur, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la JeunesseQuestion n° 221 du 18 mai 2021 de Mme Martine Hansen rela tive à la décision de permettre aux élèves détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires générales de la section « Sciences sociales » de se voir décerner le diplôme d’éducateur endéans une seule année scolaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dës Ried hunn ech den 18/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “4. Heure de questions au Gouvernement Question n° 220 du 18 mai 2021 de M. Sven Clement relative à l’introduction d’une passerelle 1GSO vers le diplôme d’éduca teur, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la JeunesseQuestion n° 221 du 18 mai 2021 de Mme Martine Hansen rela tive à la décision de permettre aux élèves détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires générales de la section « Sciences sociales » de se voir décerner le diplôme d’éducateur endéans une seule année scolaire, adressée à M. le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse” gehalen.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass tatsächlech esou, datt haut de Moie schonn zwee Commu niquéë koumen, ee vun der Gewerkschaft an ee vun der Konferenz vum LTPES, dee sech mat där heiter Fro beschäftegt a wou och drastoung, datt um Site vun der ENAD, also vun der Erwuessenebildung, schonn den 11. Mee déi nei Formatioun annoncéiert gi wier, well se anscheinend och sollt iwwert déi nach méiglech sinn. D’Zil schéngt ze sinn, fir méi Persounen en Zougang zum Educateursdiplom ze erméiglechen, an dofir soll elo esou eng sougenannt „Passerelle 1GSO vers le diplôme d’éducateur“ geschafe ginn.

Sou, ech mengen, ech ginn net dorop an, wat d’Madamm AsselbornBintz scho ganz gutt erkläert huet: datt domadder och ënner anerem 15 Woche Stagë géifen ewechfalen oder iwwerspronge kéinte ginn. Dat ass déi grouss Fro.

Dofir meng Froen un de Minister: Ass et richteg, datt de Minister un esou enger Voie rapide schafft? Falls jo: Ass et richteg, datt zwee vun dräi Joer an och déi domat verbonne Stagë kéinten iwwerspronge ginn?

Kann de Minister awer schonn eppes Konkreetes iwwert de Projet soen? Ass scho geplangt, wéini de Projet soll ëmgesat ginn a mat wéi vill Schüler an enger éischter Phas? A wéi wäert garantéiert ginn, datt och d’Schüler vun där Voie rapide déi néideg praktesch Erfarunge maache kënnen a gläichzäiteg all déi fir de Beruff wichteg theoreetesch Inhalter ver mëttelt kréien? Et geet vun dräi Joer op ee Joer erof.

An dann déi lescht Fro: Gouf an der Preparatioun vun där heiter Reform oder vun dësem Projet mam Ter rain geschwat? Well wann een d’Communiquéë vun haut de Moie liest, do hu sech awer zumindest zwou Instanzen als net gehéiert gefillt. Dofir dann och nach déi Fro.

Villmools merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Ech hunn nach …

M. Fernand Etgen, Président. … an der Froestonn virgesinn.

M. Sven Clement (Piraten). … 22 Sekonnen iwwreggelooss, extra, fir den Här Meisch ze froen, ob en dann …

M. Fernand Etgen, Président. Och dat ass net an der Prozedur virgesinn, mee Dir kritt awer d’Wuert.

Mee ech wëll Iech just dorun erënneren, well Dir am Fong geholl ëmmer wëllt d’Reglement béien. An dat Reglement gesäit dat doten awer elo net vir.

M. Sven Clement (Piraten). Ben, dat ass eng Ënnerstellung, Här President. Mee u sech wollt ech just den Här Meisch froen, ob en der Meenung ass, datt eelef dat nämmlecht ass wéi sechs plus néng plus eelef? Well dat ass nämlech dat, wat bei de Stagen den Ënnerscheed mécht: datt se elo an Zukunft eelef Woche Stage wäerten hunn, wou et haut awer 26 Woche sinn. Op déi Fro ass en nämlech net agaangen an dat wollt ech awer gekläert wës sen.